Listen

Description

Mir sinn am Grujel-Mount Oktober ukomm an passend dozou hunn mir eng Episode iwwer Awerglawen, Horoskoper an Geeschter Geschichten opgeholl. Wat ass Awerglawen iwwerhaapt an ass dat wierklech eppes wat eis am Liewen beaflosst? Och iwwer verstuerwen Séilen, komesch Gestalten an Schicksal-Geschichten hunn mir 3 des Kéier diskutéiert. Et ass nees eng Folge wou mir eisem Gebraddels keng Grenzen setzen an wënschen iech domat vill Spaass beim Lauschteren!