Firwat decidéiert een*t sech politesch ze engagéieren? Déi Fro huet de Louis Evers aus der Entreprise Sätzwierk verschiddene Proffen an Educateuren aus dem Lycée Ermesinde gestallt, déi sech bei de Chamber- oder Gemengewalen opgesat haten. An och engem Schüler, deen domat zu engem vun de jéngste Kandidaten op enger Lëscht gezielt huet.