An dëser zweeter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert säin Ufank als Dirigent vun der Jugendmusek an duerno vun der HMD. Wéi et war als 19 Joer jonke Mann vun hannen an der Perkussioun, vir op d'Dirigentepult stoen ze kommen.
Mir schwätzen vill iwwert seng haut legendär Ouverturen, mee och iwwert seng aner Kompositiounen an Arrangementer.
Mir verroden iech elo schonn datt nach en drëtten Deel nokënnt.
Produktioun: Harmonie Municipale Differdange
Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira
Technik: Dominique Mosar
Opgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD