D'Karen Decker ass Bësch Coach, ma als passionéiert Bësch Guide weess hat awer och ganz vill iwwert d’Beem an och soss all Bëschbewunner ze zielen. D’Karen ass elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner, Educateur gradué an huet sech nach ëmmer fir orientalesch Philosophy a Spiritualitéit interesséiert. En Trip a Japan mat 19 Joer hat och do en groussen Afloss. D’Karen huet dann och Chinesesch Medezin studéiert, en Diplom als Face-Yoga-Prof a meditéiert reegelméisseg. 2016 hat hatt en totalen Burnout deen 3 Joer gedauert huet an den Bësch huet gehollef fir do nees erauszekommen a genee dat mécht hat dann och haut mat de Leit: Bësch Coaching… an dat ka vill méi bewierke wéi ee vlait kéint op den éischte Bléck mengen…
www.beschcoaching.lu