Episod 4/4 iwwert den DemokratieLabo vum Zentrum fir politesch Bildung.
Wann mer de Choix hunn tëscht Privatsphäre oder Fräiheet, a méi Sécherheet, wat wär eis méi wichteg?
Wär en Iwwerwaachungsstaat d’Léisung fir all eis Kriminalitéitsproblemer? Kann eng Demokratie iwwerhaapt ouni Privatsphäre funktionéieren?
Am Gespréich mat dobäi: d’Véronique Bastian, de Jacques Delleré an den Gilles Lanners.