Israel, Gaza, Gewalt am Noen Osten. Business ass usual, kéint ee mengen, wann do net den 7 Oktober gewiescht wär.
Wat passéiert grad tëscht Israel a Gaza, an firwat? Op wat leeft d’Situatioun eraus? Gëtt et eng sortie de crise? Oder gëtt et en regionalen Krich? A wat ass de geopoliteschen Kontext?
Respektiv, wien huet Recht, a wien sinn di béis?
Dat sinn Froen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren, fir en Iwwerbléck zum Problem ze kréien.