Wéi wichteg ass d’Mémoire? A wéi commémoréieren mer richteg? Firwat iwwerhaapt engem gedenken, wiem gedenke mer, a fir wen eigentlech?
D’Stolpersteng sinn eng Aktioun, di di Froen erëm aktualiséiert hunn, a fir Diskussioun gesuergt hunn.
Fir ze verstoen, wéi en Denkmal un d’Opfer vun den Nazien problematesch ka sinn, hunn ech beim Françoise Brück a mam Jacques Delleré nogefrot.