Listen

Description

Am neie Joer ass bei ärem Liblingspodcast alles beim Alen: Et gëtt sech ënnerbrach, dass d'Fatze fléien, mat 300 Dezibel gelaacht an d'Thema am Sekonnentakt gewiesselt – haut ganz nom Motto: "Nach müd' kommt blöd".

Spontan ewéi e Stëppche starte mir an d'Joer Nummer 7 (!) a mat dobäi sinn zum Beispill d'Kim aus Amerika (a seng Regime-Pokemons), d'"Rocky Horror Picture Paus" an e nationale Podcast-Orbituary.

D'Deeg no Silvester ware stresseg: Mir ware mam Tommy Schlesser beim James Bond, um Enn am Theater a mam Remi Malek zu Mondorf.

Do bleift just nach ze froen: Who puts the "boff" in "Bofferding"? Steet den T an "LGBTQ" fir "terrorist"? An hu mir vläicht aus Versinn d'"Rockhal" kaf?