Wéi huet sech eist Verhältnis zu Sport am Laf vum Liewe verännert? D’Lynn ass méi risikobereet ginn, wärend d’Melody et méi roueg ugoe léisst. Ma eppes hu mer gemeinsam: Mir brauche Sport mëttlerweil, fir de Kapp fräi ze kréien, duerch den (Aarbechts)alldag ze kommen an och aus dësem einfache Grond: Et mécht Spaass.
Apropos Aarbecht: An der Vakanz ass dem Lynn opgefall, wéi vill Leit mat hirem Job onzefridde sinn. Mee firwat ass dat esou? Mir schwätzen iwwert “sech bekloen” - de Lëtzebuerger Vollekssport.