Zu Paderborn ass 2006 dat 20 Joer aalt Frauke Liebs verschwonnen, nodeems et mat enger Frëndin an engem Irish Pub en Match vun der Fussball-WM gekuckt huet. Déi folgend Deeg kommen ëmmer rëm SMSen an Uriff vum Frauke, mee Geneeës seet et ni. Am Oktober 2006 fënnt een dann d' Läich vum Frauke.