An dësem Episod vun „Mäin Element“ ass de Max am Max Planck Insitute Luxembourg op Besuch. Am Department of International Law begéint hien d'Bianca Nalbandian. D'Fuerscherin kombinéiert an hirem Alldag d'Entwécklungen op der Finanzplaz mat geopoliteschen Aflëss wärend si, ganz niewebäi, nach reegelméisseg Artikelen zum Thema Klimawandel publizéiert. Am Podcast erzielt d'Bianca dem Max, wéi e Problem si mam Begrëff "ambitiéis" huet, firwat der Italienerin eng Karriär am Geheimdéngscht nogeluecht gouf a wéi et dozou koum, dass si e pelzege Matbewunner mam Numm „Julio“ huet.