Spillen ass dat natierlechst vun der Welt also wéini hues du fir d'lescht gespillt? Hëls du d'Liewen och mol spilleresch un oder bass de ëmmer am 'verstännege' Modus a reegs dech iwwer alles éischter op? Huel net ëmmer alles sou serieu a virun allem dech selwer net.
Um Teppech diskutéiere mer eis an anere Leit a Kanner hier Spillverhalen a wei een d'Liewe vläit ka vun enger anerer Säit beliichten.
Wéini souz du fir d'lescht op enger Schaukel oder waars op enger Rutschban?