Listen

Description

Haut hu mer net nëmmen héije Besuch (eisen éischte President!) mee et ass des Kéier och e Podcast, dee struppevoll ass mat de verschiddensten Themen. Well de Fred Neuen ass un allem interesséiert wat mat Geschichtenerzielen a Weltebauen ze dinn huet. De Fred ass duerch an duerch Cinephile vu klengem un, dat erkennt ee spéitstens wann ee säin Tattoo gesäit.

Iwwer d'Joren huet hien net nëmme Filmer gemaach als Regisseur a Produzent, mee och Telés Programmer, Musiksvidoen, Reklammen, huet Produktiounsfirme gegrënnt, kreéiert Video Spiller a produzéiert VR Projeten. Als Kréinung ass en dann och nach de President vun der Filmakademie.

Also ganz éierlech, keng Anung wéi deen Typ dat mécht, fir alles ännert een Hutt ze bréngen. E Geheimtipp schéngt ze sinn, och als Erwuessenen net ze vergiesse, vu wat een als Kand gedreemt huet. An do war am Fall vum Fred vill lass, wéi een sech ka virstellen.

Support the show

Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don:
www.35mfilms.com/podcast-donate


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com