Listen

Description

Mir sinn zréck!! Eisen éischte Gaascht vun der neier Saison ass de Jules Waringo.

Kaum ee war sou fréi schonn op Filmsets ënnerwee wéi hien. Als Fils vun engem Produzent an enger Schauspillerin, war et jo bal net anescht méiglech, dass hien haut och déi zwee Beruffer mécht.

De Jules erkläert eis net nëmme wou den Ënnerscheed läit tëschent Produzent a Production Manager – mee erzielt eis och wéi et op der Premiere zu San Sebastian war, wou hien den neie Film vum belsche Starregisseur Joachim Lafosse presentéiert huet. Am „Six Jours ce Printemps-là“ huet eise Jules nämlech eng vun den Haaptrollen dierfe spillen.

Natierlech musse mer awer och iwwert déi News schwätzen, déi iwwert de Joachim wärend dem Dréi erauskomm sinn, an säin – soe mer – problematescht Behuelen op Tournagen an der Vergaangenheet uprangeren.

Wéi dem Jules seng Erfarung mat him war – a wisou hien an der Lycée’s Zäit aus der Schoul geflunn ass – dat erzielt hien eis an dësem Interview. 

Support the show

Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don:
www.35mfilms.com/podcast-donate


Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com