podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
CSV Fraktioun
Shows
MIKROSKOP
#9 - Claude Wiseler
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV-Fraktioun De Chamberpresident ass den Invité an der 9ter Episod vu "Mikroskop". De Claude Wiseler erzielt, wéi hien déi gréisst politesch Enttäuschung 2013 verkraft huet a firwat hien awer besonnesch de Poste vum Chamberpresident immens gären huet a wat hien nach wëll an der Chamber änneren. Donieft geet et ëm d'Wichtegkeet vun der Demokratie a mir léieren den éischte Bierger vum Land och Privat besser kennen. De Claude Wiseler fannt der och op de soziale Medien : https://www.facebook.com/WiselerClaude https://www.instagram.c...
2025-06-20
31 min
MIKROSKOP
#8 - Laurent Mosar
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV Fraktioun De Laurent, oder Laury, Mosar ass zanter iwwer 30 Joer an der Politik aktiv, lokal an der Stad an national an der Chamber. De Laury ass nach ëmmer ganz engagéiert, motivéiert a virun allem och gutt gelaunt. Wat dreift hien dann nach ëmmer all Dag un sech fir seng Matbierger anzesetzen a wat mécht de Laury privat……ausser Helene Fischer lauschteren ? Dat Alles gitt der an dëser Episod gewuer. De Laurent Mosar fannt der och op de soziale Medien : https://www.linkedin.com/in/laurent-mo...
2025-05-22
33 min
Wat lauschters du?
MIKROSKOP
An dësem Podcast vun der CSV Fraktioun ginn déi aktuell 21 CSV-Deputéiert an der Chamber ënnert d’Lupp geholl.
2025-05-20
04 min
MIKROSKOP
#7 - Laurent Zeimet
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV-Fraktioun De Laurent Zeimet ass zanter ronn 14 Joer Buergermeeschter vu Beetebuerg an och zanter 2023 fir d'zweet an der Chamber. Mir schwätze mat him iwwert dat duebelt Engagement awer och iwwert seng Vergaangenheet als Journalist a firwat dass hien Droit studéiert huet. De Laurent Zeimet fannt der och op de soziale Medien : https://www.facebook.com/laurent.zeimet https://www.instagram.com/laurentzeimet/?hl=en https://www.linkedin.com/in/laurent-zeimet-26a751265/
2025-05-07
28 min
MIKROSKOP
#6 - Octavie Modert
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV-Fraktioun D'Octavie Modert ass d'Invitée an der 6ter Epsiod vun eisem Podcast MIKROSKOP. Mat der Ost-Deputéiert hu mer eis ënnert anerem iwwer d'Justiz, Landwirtschaft a Wäibau, an natierlech iwwer Kultur, ënnerhalen. Dir léiert d'Octavie Modert am Podcast awer och Privat besser kennen. D'Octavie Modert fannt der och op de soziale Medien : https://www.facebook.com/octavie.modert.3 https://www.instagram.com/octavie.modert/ https://www.linkedin.com/in/octavie-modert-39009a133/
2025-03-28
33 min
MIKROSKOP
#5 - Maurice Bauer
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV-Fraktioun Den éischte Schäffen aus der Haaptstad, Maurice Bauer ass eisen Invité an dëser Episod. De Maurice ass zanter 2023 och Deputéierten an hie schwätzt iwwert dat duebelt Engagement. Seng Stad läit him immens um Häerz an dat mierkt een och gutt a sengen Aussoen. Lauschtert eran a léiert de Maurice Bauer besser kennen. Dir fannt de Maurice Bauer och op de soziale Medien : https://www.facebook.com/maurice.bauer.35 https://www.instagram.com/maurice.bauer/ https://www.linkedin.com/in/maurice-bauer-b265145/
2025-03-14
33 min
MIKROSKOP
#4 - Paul Galles
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV-Fraktioun Vum Paschtouer zum Politiker. De Paul Galles hat seng berufflech Carrière als Paschtouer ugefaangen. Wéinst dem Zölibat huet hien dee Beruff awer opginn an ass bei d'Caritas schaffe gaangen ier hie schliisslech an d'Politik koum. De Paul schwätzt am Podcast ganz fräi iwwert seng Decisiounen, iwwert seng Léift zu de Mënschen, iwwert d'Affaire Caritas, déi hie béis getraff huet, iwwert säi Wee vun der Kierch op de Krautmaart an natierlech och iwwer ganz Privates. De Paul Galles fannt der och op de sozi...
2025-02-14
28 min
RTL - Commentaire
Annick Goerens (Radio): Wëllkomm am neien CSV-Staat, 29/01/2025
An der CSV-Fraktioun huet et an de leschte Woche méi wéi eng Kéier gerabbelt. Et gëtt deck Loft bei de Chrëscht-Sozialen. Et ass e Kampf tëscht zwou verschiddene Stréimungen. Chrëschtlech-sozial géint wirtschaftsliberal. E Commentaire vum Annick Goerens.
2025-01-29
03 min
MIKROSKOP
#3 - Alex Donnersbach
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV-Fraktioun Den Alex Donnersbach, Deputéierten, Schäffen zu Walfer a Generalsekretär vun der CSV ass den Invité an der drëtter Episod vu Mikroskop. Mir kucken op dem Alex seng éischt Zäit am Parlament, säin Engagement an der Gemeng an awer och nach eng Kéier op seng Aarbecht als fréieren CSJ-President. Den Alex Donnersbach fannt der och op de soziale Medien : https://www.facebook.com/alex.donnersbach https://www.instagram.com/alex_donnersbach/ https://www.tiktok.com/@alex_donnersbach https://www.linkedin.com/in/alex-do...
2025-01-28
31 min
MIKROSKOP
#2 - Jeff Boonen
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV-Fraktioun Den Nord-Deputéierte Jeff Boonen ass den Invité an dëser Episod. De Jeff ass zanter 2023 Deputéierten a Bauer. Den Haff am Schweecherdall ass ee Familljebetrib mä ier de Jeff Boonen den Haff iwwerholl huet, huet hien no sengem Studium an der Akerbauschoul geschafft a war ënnert anerem och Mat-Responsabel bei der Organisatioun vun der Foire Agricole. Am Podcast schwätzt de Jeff iwwert d'Landwirtschaft mä och ënnert anerem iwwert d'Energiepräisser. De Jeff Boonen fannt der och op de soziale Medien : https://www.facebook.com/boonen.jeff https...
2025-01-08
32 min
MIKROSKOP
#1 - Françoise Kemp
MIKROSKOP - de Podcast vun der CSV-Fraktioun An der éischter Episod vun MIKROSKOP léiere mer d'CSV Süd-Deputéiert Fränzi Kemp besser kennen. D'Françoise ass eng Stack-Diddelengerin an erzielt iwwert säi Liewen an d'Politik mä awer och iwwert hir Aarbecht wärend der Covid19-Pandemie an der Covid-Taskforce. D'Françoise Kemp ass dernieft Generalsekretärin vun der CSV an och dat ass een Thema an dëser éischter Episod vun MIKROSKOP. D'Françoise Kemp fannt der och op de soziale Medien : https://www.facebook.com/francoise.kemp https://www.instagram.com/francoise.kemp...
2024-12-17
20 min
Parteien hunn d'Wuert
CSV / déi Lénk
D'Thema fir d'Emissioun vun der CSV ass: "En Nationalfeierdag vum Mateneen". Et schwätzt de Claude Wiseler, President vun der CSV-Fraktioun. An der Emissioun vun déi Lénk mécht d'Carole Thoma, Spriecherin vun déi Lénk de Point iwwer de Wahlkongress vun der Partei, dee leschte Sonndeg war.
2017-06-21
07 min