podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Cecilia Said Vieira
Shows
Ceci, Do You Love Me?
#57 Festival Edition: Koll & Aktioun
FESTIVAL SEASON IS ON!Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d’Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun.De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8. Juni zu Haut-Maarteleng statt. Zu Gaascht am Studio fir iwwert de Festival ze schwetzen hunn ech de Goerges vum Booking Team an d'Audrey vum Volunteers Team. Mir diskutéieren iwwert verschidden Themen zum Beispill, wisou et hinne wichteg ass, Fraen ...
2025-05-04
37 min
Wat lauschters du?
Ceci, do you love me?
E Podcast vun der Cecilia Said Vieira deen als Ënnertitel huet: „Komm raus aus denger Bubble! Lëtzebuerg ass net sou kleng wéi dir mengt“. E Podcast fir d’Generatioun Z an d'Invitéë sinn dacks Lëtzebuerger Kënschtler:innen, Musiker:innen an Aktivisten an Aktivistinnen.
2025-01-14
09 min
Ceci, Do You Love Me?
#56 LOIVOS - E Bléck an d'Band
Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe! Dir hut Loscht si kucken...
2024-12-25
43 min
PICKNICK. De Podcast
#10 Picknick mam Sonia Gleis - En Tour duerch d'Konschtgallerie
An dëser Episode hunn ech Sonia Gleis invitéiert. Hat huet net nëmme scho weltwäit gemodelt zum Beispill a Japan, Paräis a Korea, mee hat ass och eng talentéiert modern Kënschtlerin. An dëser Episode trëpple mir duerch de Centre Culturel Paul Barbley a kucken eis dem Sonja seng Konscht un. Seng Konscht ass extra, well se an zwou Welte funktionéiert. Offline an Online! D'Konscht beweegt sech wann een se duerch den Handy, oder iPad kuckt. Et ass also eng immersiv abstrakt Molerei inspiréiert vum Test de Rorschach. Natierlech...
2024-11-24
31 min
Ceci, Do You Love Me?
#55 Eileen Byrne - Wat geschitt hannert de Kulisse vun engem Filmset?
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext...
2024-10-27
39 min
Ceci, Do You Love Me?
Special Edition - Semaine de la Santé Mentale - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen. Et gi vill Klischeeën...
2024-10-07
32 min
Ceci, Do You Love Me?
#54 Jill Lallemang - GenZ vs Millenial
Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizéiers, da bass de héchstwa...
2024-10-01
49 min
Ceci, Do You Love Me?
#53 Loïc Juchem - The Show must go on!
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer. An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir? Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze hunn? Gëtt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dr...
2024-06-16
36 min
Ceci, Do You Love Me?
#52 Saint Charles - Ëmmer humble bleiwen.
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? - Gemengen: Süden vs. Norden - Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns - Street Credit: "Zu Lëtzebuerg huet keen wierklech Streetcredit, a wann dann war et seng eegen Entscheedung" - Glaawen...
2024-06-09
41 min
Ceci, Do You Love Me?
#51 Marlee Dos Reis - Fighting For Representation
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :) D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach. Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren...
2024-05-14
49 min
Ceci, Do You Love Me?
#50 Thomas Roland - De Maale Gars mécht Schluss
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech? Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal? - Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn? - Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen? - Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach?
2024-04-28
40 min
PICKNICK. De Podcast
#3 Picknick mam Ceci - Alles ausprobéieren
An dëser Episode hat ech ee Picknick mat der D'Podcastqueen Ceci (Cecilia Said Vieira). Dat ganzt Gespréich huet sech sou ugefillt als hätt ech mat menger Enkelin geschwat. Richteg angeneem dir wäert et selwer héieren. 🥰 Nierwend sengen 2 Podcasten Ceci, Do You Love me an Kulturpur schafft hat als Freelancerin. Hat erzielt eis, dass et net sou einfach ass, mais trotzdeem ass et déi richteg Entscheedung fir hat. Hat huet och een neit Hobby entdeckt an zwar Teppecher! Wéi leeft dat of an wéi fänkt een esou een aussergewéinlecht Hobby u...
2024-04-28
31 min
Ceci, Do You Love Me?
#49 Elisha Winckel - Aktivismus am Zuch
Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆 Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen: ➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann. ➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber. ➡️ Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si? ➡️ Optimismus am Aktivismus: Wéi mëss du dat fir keng Hoffnung fir d'Zukunft ze verléieren? ➡️ Wat ass...
2024-04-14
34 min
Ceci, Do You Love Me?
#48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond. Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech...
2024-03-12
38 min
We Belong
#44 Fostering a Sustainable & Inclusive Society with Daniela Ragni
For the #44 episode of We Belong, we met Daniela Ragni, the Director of the André Losch Foundation. Since 2023, the André Losch Foundation supports We Belong Europe through our PowHer Leadership Program. The Foundation has independently supported projects dedicated to young people in Luxembourg, in the fields of education, social inclusion and health. Daniela leads the Foundation on strategic and operational development since 2019. During her career, Daniela has worked for around twenty years within non-governmental organisations active in the social and International Cooperation in Luxembourg, by occupying several management positions, notably at Fairtrade asbl and the Caritas Foundation. In conversation with Dan...
2024-02-21
22 min
Ceci, Do You Love Me?
#47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?
Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert. Lauschtert eran and stay tuned for more!
2024-01-11
34 min
We Belong
#40 How to reach Gen Z with Cecilia Said Vieira
For the episode #40 of We Belong, we met the inspiring Cecilia Said Vieira. She is a Social Entrepreneur, Marketing & Communication Expert and Founder of the podcast 'Ceci, Do You Love Me?'. Cecilia is a Luxembourger with a Brazilian background and during her studies in Berlin she noticed that many Luxembourgers live in a "bubble" from which many don't dare to venture out. She wanted to change this through her successful podcast that deconstructs prejudice and sparkles meaningful conversations across Luxembourg. In conversation with Cecilia, we discussed her target audience and the ways she engages and reaches the Gen Z...
2023-12-22
18 min
Ceci, Do You Love Me?
#46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀 Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natie...
2023-12-10
35 min
Ceci, Do You Love Me?
#45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur
De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nui...
2023-10-10
23 min
Ceci, Do You Love Me?
#44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner? 🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt? 🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun? 🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Do...
2023-09-17
48 min
Ceci, Do You Love Me?
#43 IREM - Female Support an der Musekszeen
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff! Wouriwwer schwätze mir? ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek? ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch? ➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien? ➡️ Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren." ... a villes méi. Vill Spaass beim Lauschteren! ...
2023-08-20
30 min
Ceci, Do You Love Me?
#42 Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum sexual Abuse
An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun. Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus? Wat geschitt am Kapp vum Täter an Affer? Wéi erkennt een potentiell Täteren? Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et gé...
2023-07-23
59 min
Ceci, Do You Love Me?
#41 Jeremy Palluce - New Projects, Nonna & Léift
An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn! De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :) Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen: - Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn?...
2023-07-04
45 min
Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You VOTE Me? #6 Loris Meyer
Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht. Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren. Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Mee wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat dir fir richteg haalt. __________________ Am Kader vun de Gemengewalen...
2023-05-28
11 min
Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You VOTE Me? #5 Yannick Iannelli
'Ceci, do you VOTE me?' - Fir Episode 5 vum Podcast fir d'#Gemengewalen ass de bekannte Content Creator Yannick Iannelli zu Gaascht - deen och zu Déifferdeng Kandidat fir d'Walen ass. Out now! __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sec...
2023-05-21
11 min
Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You VOTE Me? #4 Katrin Kohl
An dëser Episode vu Ceci, Do You Vote Me ass d'Katrin Kohl vun der Gemeng Dikrech zu Gaascht. Themen déi him wichteg sinn, sinn Inclusioun a Gerechtegkeet tëscht: Mann a Fra - Persoun ouni Behënnerung a mat - Auslänner a Lëtzebuerger. Lauschtert erann! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kand...
2023-05-14
08 min
Ceci, Do You Love Me?
#40 Cloe von Van - Gamergirl vs Sexismus
An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt. Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe. Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :) Villmools Merci un de Sponsor vun d...
2023-05-06
33 min
Ceci, Do You Love Me?
Ceci, Do You VOTE Me? #3 Hugo Da Costa
'Ceci, do you VOTE me?' - Episode 3 mam jonken an engagéierten Hugo Da Costa aus der Gemeng Betzder, ass out now! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www...
2023-04-30
10 min
Ceci, Do You Love Me?
Ceci Do You VOTE Me? #2 Jeffrey Drui
'Ceci, do you VOTE me?' - déi zweet Episode ass do! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 2 ass de Finanzberoder a Gemengekandidat Jeffrey Drui zu Gaascht. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Ver...
2023-04-23
08 min
Ceci, Do You Love Me?
Ceci, do you VOTE me? #1 Jana Degrott
Ceci, do you VOTE me? It's Collab time! Dëst Kéier gëtt et politesch. Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 1 ass d'Aktivistin a Steeseler Gemengeconseillère Jana Degrott zu Gaascht. Vill Spaass b...
2023-04-16
10 min
Ceci, Do You Love Me?
#39 De Wollef - How to Go Viral & Méi
An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka “De Wollef” aka Blogger vun der Page “Mood Luxembourg” op Instagram a Tiktok. Mir schwätzen iwwert ganz vill interessanten Themen: Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram? Influencer: Moral vs. Image Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land? Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen? Deep Talk: Themen déi gemilkt (am bsp. vu Feminismus) a villes méi! Lauschtert eran a gitt mir gäre Feedback zu dëser Episode! ...
2023-04-12
46 min
Ceci, Do You Love Me?
#38 Julien Hübsch - Wat ass onkonventionell?
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d’Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt. Ech schwätze mam Julien iwwert d’Bedeitung vun onkonventioneller Konscht, Behind the Scenes vun der Scene a wat den Julien gären an der ganzer Konschtwelt ännere wéilt. Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass normal? Wat ass o...
2023-03-19
41 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: SUMO - Liewenszil: Vum Hobby Liewen
An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen: - Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf. - Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen? - De Sumo gesäit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee säi Liewenszil erreecht, soubal ee...
2023-02-23
32 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS Katharina Bintz - Schicksalsschlag & Me Too Beweegung
Zu Gaascht an dëser Episode ass d'multidisziplinär Kënschtlerin Katharina Bintz . Hat ass Schauspillerin, Schrëftstellerin, produzéiert seng eege Filmer a mécht och Synchronisatiounsaarbechten. Mir schwätzen an dëser Episode iwwert folgend Themen: ➡️ Bedeitung sech mat senger Stëmm a verschidden Aart a Weisen auszedrécken ➡️ Prozess rauszefanne wat een am Liewe maache well ➡️ Schicksalsschlag: Multipel Sklerose ➡️ Wisou gouf et keng Me Too Beweegung zu Lëtzebuerg? ➡️ Erzielung: Valley Girl Lidder déi an dëser Episode gefeatured gi sinn: 14:15 Laikipia - Down Down 36:02...
2023-02-09
39 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Blanket Hill - Heavy Metal Mol Aneschters
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht. Themen vun der Episode: ➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier? ➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek" ➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert? ➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten? ➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och eng Famill huet Ups a...
2023-01-26
45 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Benjamin Kruithof - Musek anechters lauschteren
Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof. Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un: Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d'Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass. De Benjamin wënscht sech, dass Leit Musek rëm schätze sollen an sech mol dohinner sëtze soll...
2023-01-05
44 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Sarah Bergdoll - Der Gesellschaft eppes zréckginn
D’Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d’Fondatioun leescht an wéi d’Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d’EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an...
2022-12-22
36 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Sarah Mandres - The Inner Child an der Konscht
An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht 🎨 ➡ Wéi schwéier ass et "wéi ee Kand" ze molen? D'Konscht vu Kanner ass fräi vun all Jugement vun der Gesellschaft a gëtt als "reng" Konscht bezeechent, déi Erwuesse Leit oft net hikréien. ➡ Du muss dech am Ufank als Kënschtlerin beweisen - wéi ass dat zu Lëtzebuerg? ➡ Kënschtlerfaktor: Wéi rechne Kënschtler:innen hier Präisser? ➡ Konscht als Selbstthe...
2022-12-08
26 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Sarah Vermeulen- Réckewand an der Kënschtlerzeen
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un: - Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform? - Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren? - Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz? - Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmze...
2022-11-24
34 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Sandra Biewers - Inktologie - Tattoowelt: Fréier & Lo
Zu Gaascht an dëser Episode vu KulturPur ass d'Sandra Biewers vun Inktologie. Hat ass säit 20 Joer Tattooartistin an huet déi ganz Entwécklung vun der lëtzebuergescher Tattoo-Scene matgemaach. Dat heiten ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt era falls dir méi iwwert d'Tattoowelt gewuer wëllt ginn. Dat heiten sinn d'Themen déi mir an dëser Episode uschwätzen: ➡ Wéi huet d'Tattoowelt zu Lëtzebuerg viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut? ➡ Burnout bei Kënschtler:innen - D'Wichtegkeet "Nee" zu Opträg kënen ze soen.
2022-11-10
47 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Maale Gars & Damien Giudice - Hannert Frëndschaft, Musek a Konscht
VIDEOPREMIERE LET'S GO! An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars. Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gemeinsam Band Epicure, wat no der Band geschitt ass, an wei eng Richtung si sech herno beweegt hunn. Nei bei dësem Pod...
2022-10-27
54 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Brooze - Rap ass net gläich Rap
Zu Gaascht an der drëtter Episode vu KulturPur ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d'Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d'Medien et agestoe wëllen, oder net - hien huet ee groussen Impakt op d'lëtzebuergesch Kultur. Vill Spaass beim Lauschteren! Theme wouriwwer mir an dëser Episode schwätzen: Wisou gëtt ee Kënschtler, de vun den Zuelen hier, ee vun deene beschte Kënschtler* am Land ass, sou wéineg vun de Medien ënnerstëtzt? ...
2022-10-13
38 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: MAZ - Ee Solo Artist ass ni eleng.
An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka MAZ zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d’Trennung vu Frëndschaft a Business – kann ee mat gudde Kolleege produktiv schaffen? D’Äntwert dozou a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn: 37:48 MAZ – Good Shit 10:54 MAZ – Upside Down Folgt dem MAZ op Instagram. ___________ KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an...
2022-09-25
39 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Pleasing - Kreativen Impakt duerch Mental Health
Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka @pleasingsome . Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann. Lidder déi an dëser Episode geafeatured sinn: 13:07 @mazuniverze - Over 18:28 Pleasing - Bplr 38:33 @tuysband - More Than An Account ___________ @kulturpur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam @radioara & Podcast Host @vonwegenceci . Et ass e...
2022-09-11
41 min
Ceci, Do You Love Me?
#37 Liz Breuer - Faszinatioun United States of America
In New Yooooork, concrete jungle where dreams are made of There's nothing you caaaan't do 🎶✨ Ech hunn d'Liz Breuer zu New York getraff, fir genau ze sinn am Central Park. D'Liz ass no der Première op New York geplënnert fir do Fashion Management ze studéieren. Mëttlerweil huet hat seng eegen Sustainable Marketingagentur gegrënnt a wunnt fest am Big Apple. Hat erzielt eis an dëser Episode wéi hat sou wäit komm ass, wéi déi verschidde Steps ausgesinn fir iwwerhaapt sou wäit ze kommen, wéi et sech zu New...
2022-08-30
48 min
Ceci, Do You Love Me?
#36 Raphael Betti - Vu Schoulmeechter op Award-Winning Bartender
Episode 36: Vu Schoulmeeschter op Award-Winning Bartender Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg bzw. aus Benelux. Mir beäntferen an dëser Episode ënner aanerem folgend Froen: Wisou ass de Raphael vu Schoulmeeschter an d'Gastro gewiesselt? Wat ass d'Konzept vun der Event-Reih "Moonshine"? Wat ginn et fir aussergewéinlech Bar Konzepter op der Welt - a kéinten déi och zu Lëtze...
2022-08-14
45 min
Ceci, Do You Love Me?
#35 Djuna Bernard - Scoutismus, Feminismus a positive Lobbyismus
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard. Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn. An dëser Episode schwätze mir iwwert vill verschidden Themen. Ënner anerem iwwert dem Djuna säi Werdegang, wat fir eng wichteg Roll de Scoutismus a sengem Liewe spillt, wisou Lobbyismus net ëmmer schlecht ass a - mäi Liblingsdeel - w...
2022-07-31
51 min
Ceci, Do You Love Me?
#34 Hugeriter - Save the Bees!
Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :) Mir schwätzen iwwert folgend Saachen: - Wat brauch een alles fir Imker ze ginn? - Wéi kommunizéiere Beien a wéi funktionéeiert hier "Welt"? - Wisou si Beien sou wichteg fir eis? - Wéi kann een "Fake Hunneg...
2022-07-17
44 min
Ceci, Do You Love Me?
Mir si Miersch 2022 - Special Festival Episode
Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot. An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) : - Tun Van Beest (Mat Organisateur) - Ledé Milestone (Artist https://neon.ly/vE3XK ) - Marvin Caldarella (Haapt-Organisateur) - Art in Motion - Damien Giudice vun Mediabox https://www.mediabox.services ...
2022-07-13
32 min
Ceci, Do You Love Me?
#33 Lindsay Caldarella - Asexualitéit & Polyamorie
*VERBESSERUNG* Et ass keen während den Riots gestuewen! Asexualitéit bezeechent d'Absence vu sexueller Unzéiung géigeniwwer anere Leit an och d'feelend Interess u Sex - Dat heiten ass déi méi wëssenschaftlech Definitioun vun Asexualitéit déi och zimmlech iwwerflächlech ass. Well hannert der Orientéierung stécht vill méi wéi just dat. Ech hunn dofir dem Lindsay Caldarella ganz vill Froen iwwert Asexualitéit gestallt. Mir schwätzen ënner anerem iwwert folgend Themen: Wéi fënnt e raus, dass een Asexuell ass? Muss een sech als Asexuell outen? Wéi verleeft eng asexuell...
2022-06-28
48 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI ASKS: Klichéen vun enger veganer Ernährung
Veganer hu Proteinmangel, iesse just Zalot a mussen ëmmer jidderengem soen, dass sie Veganer sinn. Dat heiten si just dräi vu ville Clichéen mat deene Veganer:inne am Alldag konfrontéiert ginn. Wat viru 10 Joer eppes komplett Alternatives war, ass haut a ville Grousstied zum Normale ginn. Vill Leit - zumools Jonker - entscheeden sech ëmmer méi op eng vegetaresch a suguer vegan Ernährung emzesteigen - wat natierlech gue net mol sou einfach ass. Dofir hunn ech mat 3 Veganer:inne geschwaat déi mir vun hiere liiblingsklichéen erzielt hunn a wisou sie sech vegan ernähren. Vil...
2022-06-19
36 min
Ceci, Do You Love Me?
#32 Anouk Treff - Wéi lieft ee mat Anorexie?
Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de Fraen an 0,3% vun de Männer leiden. An dëser Episode schwätzen ech mam Anouk Treff, wat duerch d'Krankheet gaangen ass, wéi et dozou komm ass, wéi et säin Ëmfeld betrëfft, wat d'Symptomer dovunner sinn an och wisou et him wichteg ass doriwwer ze schwätzen. D'Episode ass zimmlech "positiv" op...
2022-06-05
45 min
Ceci, Do You Love Me?
#31 Andreia Monteiro - Borderline Personality Disorder
Éischt Episode vun der 3. Staffel: An dëser Episode schwätzen ech mam Andreia Monteiro iwwert eng Krankheet, vun der een oft an den Medien héiert: Borderline Personality Disorder. Wat genau ass déi Krankheet? Wat sinn d'Symptomer, wéi lieft een domad an kann een et heelen? Et ass extrem schwéier mat der Krankheet ëmzegoen dofir ass et dem Andreia wichteg doriwwer ze schwätzen fir Awareness zu Lëtzebuerg ze schafen. Ech hoffen dir kritt mat Hëllef vun dëser Episode een anert Bild op mental Krankheeten. Vill Spaass beim Lauschteren! TRIGGERWARNING: Falls iech Themen...
2022-05-15
41 min
Ceci, Do You Love Me?
#30 Jil Devresse - Tëscht Zoufall, Gléck an Talent
Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei ville Saachen ee Stréch ënnert d'Rechnung gezunn huet, wéi wichteg Connections zu Lëtzebuerg sinn a schlussendlech schwätze mir och iwwert dem Jil Devresse säin éischt Lidd ënnert sengem Kënschtlernumm "Lilou". Vill Spaass beim Lauschteren! . . . Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht a vill Energie...
2022-03-27
48 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI ASKS: Fraestreik - Wisou bass du haut hei?
Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten: faire Lounausgläich allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen automatesch Unerkennung vun der Elternschaft fir homosexuell Koppelen Recht op bezuelbare Wunnraum Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt Pour Info: Dat si genau déi selwecht Fuerderunge wéi virun engem Joer, well sech d'Situatioun nach ëmmer net geännert huet - éischter souguer verschlechtert, well d'Pandemie alles méi schlëmm gemaach huet. ...
2022-03-13
17 min
Ceci, Do You Love Me?
#29 Matilda Preka - D'Realitéit hannert der Flucht.
- DISCLAIMER - Déi heiten Episode gouf den 31.01.2022 opgeholl. Mir thematiséieren also NET den aktuelle Russland - Ukraine Konflikt. D'Matilda huet eng Vergaangenheet hannert sech, mat der just déi wéinegst hei am Land relate kennen. Hat ass 2001 als Flüchtlingskand op Lëtzebuerg komm an huet missen duerch vill extrem Situatioune goen. hat beschreift eis wéi d'Realitéit hannert der Flucht ausgesinn huet a wéi dat ganzt hat bis haut nach gepräägt huet. Et ass interessant ze héiere wéi hat säi Wee fonnt huet mat der Situatioun eens ze...
2022-03-06
52 min
Ceci, Do You Love Me?
#28 Tun Tonnar - Boys Don't Cry!
Vill vu menge Kolleegen hunn sech ëmmer gefrot, wisou ech nach keng Episode mam Tun opgeholl hunn. U sech wollte mir scho säit laangem eng Episode ophuelen, mä leider hu mir ni ee richtegt Thema fonnt. Bis lo. Den Tun ass säit 2 Méint net méi op Social Media an dat ass een Thema wouriwwer mir vill an dëser Episode schwätzen. Nierwend dem "Offline" sinn hu mir och doriwwer geschwat, wéi een als Museker Sue verdéngt, wéi ee mat sengen Traumata ëmgeet, wisou Männer méi kräische sollen a schlussendlech...
2022-02-06
1h 07
Ceci, Do You Love Me?
#27 Dirk Kesseler - Kréativitéit ass ee Mindset
Den Dirk Kessler ass an der lëtzebuergescher Illustrator Scene scho zimmlech etabléiert. Hien huet scho zesumme mat den Rotondes een augmented Reality Kannerbuch illustréiert an animéiert, zuelräich Comics a Plakater designt a schonn e puer Awards ofgeraumt. Hien set zwar vu sech selwer, dass hien nach kee richtegen Illustrator ass, well hien nach net fäerdeg ass mat sengem Studium, mee ech denken, dass dat engt net vun dem aneren ofhängeg ass. Den Dirk erzielt eis an dëser Episode ënner anerem seng Usiichten zum Thema “Stil fannen” mee awer och erkläert en eis, wat et...
2022-01-23
57 min
Ceci, Do You Love Me?
#26 Angel Cara - Be REAL
Happy New Year! Wéi fänkt een d'Joer am beschten un? Ma mat enger neier CDYLM Episode natierlech. Dëst Kéier zu Gaascht Angel Cara :) EP: 26 - Angel Cara - BE REAL Oft ass et sou, dass Kënschtler sech hannert enger Fassade verstoppen an eng Persona duerstellen, déi si a Wierklechkeet net sinn. Beim Cara gesäit et awer e bëssen aneschters aus. Hat ass REAL. Musek ass fir hat net einfach simpel Musek, mee och ee Wee fir alles ze veraarbechte wat hat erlieft huet. Hat erzielt eis an dëser Episode iwwe...
2022-01-01
40 min
Ceci, Do You Love Me?
#25 Debbie Kirsch - Sustainable Entrepreneurship
Mäi Gaascht an dëser Episode ass d’Debbie Kirsch. D’Debbie ass d’Grënnerin vum sustainable & faire Kleedergeschäft Devi. Mir schwätzen an dëser Episode bei engem wuelverdéngte Glas Crémant iwwert sustainable Entrepreneurship an awer och iwwert d’Problemer déi eisen Lifestyle matsechbréngen. Hat erklärt iech net nëmmen wéi säin ganzt Konzept opgebaut ass, mä och wat een alles brauch fir eng erfolgräich an nohalteg Brand ze grënnen. Vill Spaass beim lauschteren! Websäit: https://devi-clothing.com/
2021-12-19
48 min
Ceci, Do You Love Me?
#24 Khalid Oke - Wa Kulturen openee stoussen.
De Khalid ass een talentéierten Kënschtler, de mat senger Musek d'Geschicht vu senger Kultur a vu sengem Way of Living erzielt. Hien weist sech ongefiltert sou wéi hien ass an erzielt eis an dëser Episode wat en an senger Kandheet duerchmaachen misst, mee awer och wat en zu dem gemaach huet, wat en haut ass. Leider war Mobbing an Diskriminéierung ee groussen Deel vu sengem Alldag. Mee genau dat huet hien als Mënsch gestäerkt: En ass dankbar fir dat wat hien huet, hien bereit näischt an hien versicht ëmmer dat Positiivt am Liewen...
2021-11-28
54 min
Ceci, Do You Love Me?
#23 Jeremy Palluce - All Mënsch ass ee Kënschtler!
All Mënsch ass ee Kënschtler! Wat ass Konscht? Wat ass de Sënn vum Lierwen? Dat si Froen, déi onméiglech sinn, fir ze beäntferen. Trotzdem gouf dat an dëser Episode zum Thema. De Jeremy Palluce beschreift sech selwer als de privilegéierste Mënsch op der Welt. A genau doriwwer, schwätzt hien och a senge Konschtwierker. Als Lëtzebuergesche Kënschtler, den duerch seng Fashion Mark „Palazzo Parano“ bekannt ginn ass, huet hien et an engem ganz jonken Alter schonn hikritt am Mudam ausgestallt ze ginn. An dat, kann net jidderee vun...
2021-11-09
58 min
Ceci, Do You Love Me?
#22 Ken Braz - Ee positiven Impakt mat engem Kaffi Business
Vill kënnen net ouni Kaffi. Et ass eppes wat bei ville Leit zum Alldag gehéiert an dofir dréint sech an dëser Episode quasi alles ronderëm de Kaffi. De Ken an ech schwätzen an dëser Episode ënner anerem iwwert Social Businesses, wéi ee mat Marketing ee positiven Impakt op d'Gesellschaft kann hunn an natierlech och wéi een gudde Kaffi erkennt. De Ken Braz huet grad seng eege Crowdfunding am Start mat der en seng mobil Kaffi Réischterei finanzéiere well. Hëlleft him säin Dram z'erfëllen an ënnerstëtzt seng Campagne...
2021-10-24
50 min
Ceci, Do You Love Me?
#21 Laurent Lamesch - Hannert der Aarbecht vun engem Bestatter
Wéi geet een mam Doud em, wann een all Dag domadder a Kontakt kënnt? Déi Fro a ganz vill aner hunn ech dem Laurent an dëser Episode gestallt. Hien schafft nämlech als Bestatter bei Erasmy - Pompes Funèbres. Mais wat ass eigentlech konkret seng Arbescht? Wat stécht hannert dem Job? Eppes wouriwwer an eiser Gesellschaft net vill geschwat gëtt, ass den Doud. Et gëtt tabuiséiert an heiansdo ënnert dem Teppech gekiert. Mais wisou schwätzen mir net gären iwwert den Doud, wann et souwisou jiddereen eng Kéier erliewen wärt? Wéi seet...
2021-10-11
55 min
Ceci, Do You Love Me?
#20 Mathieu Lohr - Wéi leescht een humanitär Aarbecht?
Wou ech de Mathieu gefrot hunn, als wat hien säin "métier" bezeechne géing, konnt hie mir keng kloer Äntwert ginn, well hien sech selwer net secher ass, wat hien elo schlussendlech ass. Consultant? Humanitären Aktivist? Ee Virbild? Ee Fotograf? Dat si menger Meenung no, d'Beschreiwungen déi seng Aarbecht am beschte beschreiwen. Hien befend sech zweschen zwou Welten. Déi eng ass Lëtzebuerg, ee Land wou positive Fridden herrscht. Déi aner ass ënner anerem Somalien, ee politescht instabilt Land. Mais wat mëscht hien do? de Mathieu leescht humanitär Aarbecht. Wat dat bede...
2021-09-26
55 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI ASKS: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg?
STAFFEL 2 - Ceci Asks: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg? Eeeendlech rëm Podcasts! Dat heiten ass déi éischt Episode vun der neier Staffel vun ärem lieblings lëtzebuergesche Podcast Ceci, Do You Love Me? Ech wollt déi nei Saison direkt mat enger special Edition Episode ufänken. Ceci Asks: Dir kennt et schonn! Eng Fro - 3 Gäscht - 1 Thema. An deene leschte Méint huet Lëtzebuerg de Klimawandel däitlech ze spiere kritt: Fluten - Lëtzebuerg war enner Waasser. Dat kann dach net sinn! Dach, an et wäert ëmmer méi s...
2021-09-11
1h 03
Ceci, Do You Love Me?
#19 Maxime Weber - Tëscht Aktivismus, Bicher & Legosteng.
De Maxime Weber ass mech zu Berlin besiche komm - Hien hat et amfong net wäit, well en selwer hei zu Kreuzberg wunnt :) Mir hunn iwwert vill verschidden Theme geschwat: Enner anerem iwwert Leit déi seng Aarbecht als Aktivist géint Rietsextremismus verurteelen, mais awer och iwwert seng Passioun ronderëm Musek, Videoen a Filmer. Wärend dem Gespréich ass mir opgefall, dass de Maxime een ultimativen Alleskënner ass. Wat kann hien eigentlech net? Hien ass ee Schrëftsteller, hie war schonn a gefillt 20 Bands (Ech hunn opgehale mat zielen!), hie féiert Regie, sc...
2021-06-26
48 min
Ceci, Do You Love Me?
#18 Nadine Robert - Z’iwwerliewen ass eng Konscht.
An dëser Episode hunn ech ee méi aussergewéinlecht Gaascht zu Besuch. D'Nadine Robert ass eng 63 Joer jonk Lëtzebuergerin, wat sech vu ville Leit an hirem Alter ervirhieft. Ech gesinn si als Kämpferin un, well d'Nadine et am Liewen net ëmmer liicht hat. Sie erzielt eis e bëssen iwwert d'Vergaangenheet an och erkläert si eis, wisou si sou grousse Fan vun der jonker Generatioun ass. Obwuel mir ee groussen Altersënnerscheed hunn, hunn mir mega vill Gemeinsamkeeten! Vill Spaass beim Lauschteren! :) Folgt him a mir op Instagram: https://www.instagram...
2021-06-13
50 min
Ceci, Do You Love Me?
CECI ASKS - Wéi wäit duerf Musek goen?
Dat heiten ass déi alleréischt Episode vu menger neier Rubrique: CECI ASKS An der Rubrique geet et drëms, dass an enger Episode Leit aus dem selwechte Beräich, déi selwecht Fro gestallt kréien. Dat ganzt gëtt vun engem Lidd begleet, den an der Folg de roude Fuedem ass. D'Lidd gett jeweils an all CECI ASKS Episode un d'Thema ugepasst. "Wéi wäit duerf Musek goen?" Déi Fro kruten an dëser Episode 8 Leit gestallt. Sinn sie all der selwechter Meenung, oder loossen sech do Ennerscheeder erkennen? Et ass schwéier...
2021-05-29
41 min
Ceci, Do You Love Me?
#17 Elisa Meyer - Dramjob Profi Kuschlerin
Profi Kuschlerin? Jo dir hutt richteg gelies. Dat ass dem Elisa Meyer säi Job. Fir déi déi schonn e bësse méi laang a mäin Podcast ralauschteren, wëssen, dass ech ëmmer op der Sich sinn no Leit déi onkonventionell Jobs hunn. Dat heiten ass wuel den ongewéinlechste Job wouriwwer ech hei jeemools geschwat hunn. Dir hutt vill Froen iwwert dat Thema gestallt an ech hunn der e puer rausgepickt an dem Elisa gestallt. D'Äntwerten hunn mech selwer mega iwwerrascht an elo gesinn ech de ganze Job mat aneren Aen. Vill Spaass beim...
2021-05-15
54 min
Ceci, Do You Love Me?
#16 Ivan Leal Martins - Rape Culture zu Lëtzebuerg
TRIGGERWARNUNG: THEMA VERGEWALTEGUNG & SEXUELL MËSSHANDLUNG ‼️ Den Ivan Leal Martins huet sech bei mir gemellt, fir seng Geschicht z’erzielen. Hien ass vu sengem Hausdokter sexuell mësshandelt ginn a schwätzt oppen iwwert dat Thema. Vergewaltegungen, sexuell Mësshandlung an alles wat mat dem Thema ze dinn huet duerfen NET mei zu Lëtzebuerg tabuiséiert gi. Zemools well et leider an eisem Rechtssystem laut dem Ivan a villen aneren Opfer eng „Rape Culture“ herrscht. Dat heecht, dass eise Rechtssystem pro Täter ass, wat sou Affären erschwéiert an a ville Fäll net fir Gerechtegkeet ge...
2021-05-02
52 min
Ceci, Do You Love Me?
#15 Jana Degrott - Politik bei den Jonken? D'Jana peeckt aus!
Uff, wou soll ech ufänken? An dëser Episod schwätzen d'Jana an ech iwwert d'Hannergrënn vu senger Aarbecht. Hat verréit eis, dass a punkto Politik nach ganz vill gemaach muss ginn fir déi Jonk a Minoritéiten besser z'integréieren. A senger Aarbecht muss hat oft mat Ignoranz a Diskriminéierung kloer kommen. A genau dowéinst probéiert ha alles fir eppes dogéint ze maachen a genau aus dem Grond bewonneren ech ech hat sou vill. Ech hoffen, dass dir, nodeems dir des Episode gelauschtert hutt, aneschters iwwert bestëmmte Themen denken wäert!
2021-04-17
56 min
Ceci, Do You Love Me?
#14 Philippe Schockweiler - Do der Gesellschaft eppes Guddes!
An dëser Episode schwätzen ech mam Philippe iwwert verschidde wichteg Themen. Enner anerem Politik, Aktivismus an Inclusioun. Hien huet an all deene Beräicher vill Erfarung kënne sammelen an deelt iech déi mat! Ech konnt ganz vill vum Philippe léieren an ech hoffen, dass et iech och inspiréiert.
2021-04-10
53 min
Ceci, Do You Love Me?
#13 Memes of Luxembourg - D'Philosophie vun de Memes
Jo dir liest richteg. Memes? Eng ganz Folg nëmmen iwwert Memes? Genau! An dat mam one and only Admin vun der Instagram Säit @memes_of_luxembourg - deen an dëser Episode als „Jempi“ bezeechent gëtt, well hien natierlech anonym wëll bleiwen. Ech verroden dëst Kéier net vill. Loosst iech einfach iwwerraschen! Villmools Merci Jempi fir d‘Laanschtkommen :) Folgt him op Instagram: https://www.instagram.com/memes_of_luxembourg/ Folgt mir op Instagram fir Näischt ze verpassen: https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/
2021-04-03
39 min
Ceci, Do You Love Me?
#12 Isaiah Wilson - Wéi gëtt een zu engem interdisziplinäre Kënschtler?
Den Isaiah (aka Saisai) ass an enger Basketfamill opgewuess, mais hien ass den eenzege vu senge Bridder gewiescht den sech dozou entscheet huet eppes aneres ze maachen an zwar ze danzen: Als éischten huet en mat Urban ugefaangen, dono huet en Ballet gedanzt a schliisslech mëscht hien Danse Contemporaine. Scho säit hie kleng ass, danzt hien op allerlee Bünen zu Lëtzebuerg. Hien huet op der University for Performing Arts at Codarts zu Rotterdam studéiert an erzielt eis et wéi et do war a wéi den Alldag vun engem interdisziplinäre Kënschtler ausgesäit. Hien verré...
2021-03-27
50 min
Ceci, Do You Love Me?
#11 Versavia Peckels - Poledance matzen op der Première
An dëser Episode schwätzen d'Versavia an ech iwwert säin Hobby, dem Poledance, a wéi et zu sou Zäiten op der Première leeft. Hat erzielt iech alles wat dir jeemools iwwert Poledancing wësse wollt. Poledancing? ass dat net sou eppes fir Stripper? Nee - scho säit laangem net méi! Dat ass eng unerkannte Sportaart a gëtt zu Lëtzebuerg och an zwou Schoule praktizéiert. Leider gëtt déi Sportaart vu ville Leit nach net richteg "eescht" geholl, well si dat mat de Cabarete verbannen. Mais d'Versavia ass hei fir opzeklären!
2021-03-21
40 min
Ceci, Do You Love Me?
#10 Jimmi Harvey - Mask Off: Hannert de Kulissen
De Jimmi huet a senger Lafbunn zimmlech vill erlieft a vill gemaach. Hien huet déi ongewéinlechst Projeten a ville Beräicher gehat a mat ville Leit zesumme geschafft fir seng musikalesch a kënschtleresch Carrière virun ze bréngen. Mais leider huet en oft probéiert eng Persoun ze sinn, déi en net gewiescht ass. Dorënner huet en extrem vill gelidden - Angschtzoustänn a Panikattacken hunn fir hie bei de Musikstournéen zum Alldag gehéiert. Hien erzielt iech an dëser Episode wéi et hannert de Kulisse vun Austinn ausgesinn huet a wéi hien et...
2021-03-13
50 min
Ceci, Do You Love Me?
#9 Melanie Oliveira - Vegan Ernärung, Bodybuilding & Beauty Standards
Mäin Gaascht an dëser Episode ass d'Melanie Oliveira. Hat huet als Jugendlecht vill mat sengem Kierper gestruggelt, wat vill jonk Meedercher a Jongen novollzéien kënne. Ech hat selwer als Kand vill Zweiwel u mengem Kierper well ech ëmmer sou ausgesinn wollt wéi d'Models an den Werbunge. Mais doriwwer hinaus schwätzen d'Melanie an ech iwwert vegan Ernärung a Fitness. Kann een als Veganerin, einfach Muskelen opbauen? D'Entfert ass: jo! Méi doriwwer gid dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren! PS: Detox ass Bullshit! :D Fol...
2021-03-06
49 min
Ceci, Do You Love Me?
#8 TUYS - Tëscht Harmonie, Topegkeet an Pickled Onions
An dëser Episode war ech bei den Band Memberen vun Tuys zu Besuch. Den Tun, Yan a Sam wunnen nämlech säit e puer Méint an enger WG zu Kreuzberg (net ze verwiesselen mam Kräizbierg zu Diddléng). Sie erzielen wéi et ass säit jonkem Alter an enger Band ze sinn an wéi sech dat alles zesummen entwéckelt huet. Zemools wann et dorëms geet zesummen Konflikter ze léisen, hunn si hier eegen Aart a Weis fonnt fir domadder ëmzegoen. Nierwend dem Band Alldag schwätzen mir enner aanerem och doriwwer wéi e...
2021-02-28
1h 00
Ceci, Do You Love Me?
#7 Criss Steichen - Ouni Passioun geet guer näischt!
Eng Bubble an der ech guer net dra sinn, ass der vun der Autoswelt. Zu Lëtzebuerg spillen Autoen eng grouss Roll an doduerch sinn och grouss Communities em dat Thema entstanen. Eng vun deenen huet sech de Criss Steichen ganz vu selwen opgebaut. Ech muss éierlech zouginn, dass ech am Ufank Angscht hat, dass ech bei dem Thema net vill matschwätze kéint, mais et huet sech rausgestallt, dass mir vill Gemeinsamkeeten hunn, wann et em de Mindset geet. De Criss Steichen huet seng eege Fashion Brand Misfitted fir seng Community gegrënnt. En huet kleng...
2021-02-20
38 min
Ceci, Do You Love Me?
#6 Amii Watson - Wéi fënnt ee raus wat ee wierklech well?
D’Amii an ech hunn schonn als Kanner an der Sandkëscht zesumme gespillt. Et ass spannend ze gesinn, wat no sou laanger Zäit aus eis ginn ass a wéi mir zwee eis entwéckelt hunn. De roude Fuedem den sech duerch d’Episod zitt kann een an engem Wuert beschreiwen an zwar: „Ausprobéieren!“ Dem Amii seng Lafbunn huet extrem vill Héichten an Déiften an ass eng grouss Mëschung vu familiärer Pressure a Beaflossung vum Emfeld. Trotz allem huet hat elo seng Passioun fonnt an dat ass d‘Musik an d’Opleeën. Wéi ass...
2021-02-13
54 min
Ceci, Do You Love Me?
#5 YAYA - Courage weisen an enger onfairer Welt
An deser Episode schwätzen ech mam Yannick Schumacher iwwert ganz wichteg, mais och iwwert onwichteg an trotzdem interessant Themen. Wéi war dem Yannick seng schoulesch Laafbun, wat mecht heen elo, wéi huet heen Homophobie zu Letzebuerg erlierwt an wat ass seng Influencer Erfahrung. Nierwend denen Saachen erzielt en eis och, wéi heen et hikritt a enger onfairer Welt staark ze bleiwen an emmer no fir ze kucken. Dat an nach vill méi gid dir an deser Episode gewuer. Ech hoffen et gefällt iech! PS: Ech misst während dem Interview sou oft laac...
2021-02-06
51 min
Ceci, Do You Love Me?
#4 Eugénie Anselin - D'Schauspillerwelt & ee Leopardenslip
Vum Clownenstage, Basketssterrain an Turnhal bis op d'Bühn a virun der Kamera! Dat beschreiwt ongeféier dem Eugénie Anselin seng Laafbunn. An deser Episode, schwätzen ech mat him doriwwer, wéi een dozou kent als Letzebuergerin an der Schauspillerwelt eecht geholl ze ginn. Säit Bad Banks hunn letzebuergesch Schauspiller endlech un Unerkennung gewonnen. Mais wat heecht dat iwwerhaapt an kann een als Schauspiller*in zu Letzebuerg lierwen oder wärt een emmer vum Ausland ofhängeg sinn? Ausserdeem gid dir hei Insights gewuer, déi een normalerweis net kennt, wann een sech net grad an der Sc...
2021-01-30
54 min
Ceci, Do You Love Me?
#3 Christophe Bleser - Den Impakt vu Famill & Gesellschaft
Jidderee spillt eng Roll an der Gesellschaft an oft geschitt et, dass Leit eng Roll iwwerhuele mussen, déi net wierklech bei si passt. Mir jonk Lëtzebuerger sinn extrem privilegéiert am Verglach zu aner Länner. Mir hunn bei der Auswiel vun eiser Roll ee Choix. An dat ass och villäicht de Grond, wisou mir et sou schwéier hunn eis fir de richtege Wee z'entscheeden. De Christophe an ech diskutéieren an dëser Episode doriwwer, wéi et sech ufillt, net ze wëssen, wat een no der Première maache soll an och wat...
2021-01-23
55 min
Ceci, Do You Love Me?
#2 Laure Cales - #Girlboss vun Pilea
#FastFashion #Motivatioun #SocialResponsibility #secondhand An dëser Folg erzielt eis d'Laure wéi hat dozou komm ass säin eegenen Second Hand Shop an der Stad opzemaachen. D'Entscheedung an den Wee bis dohin waren nämlech guer net sou einfach. Ausserdeem kläert hat eis iwwert d'Thema "Fast Fashion" op an schwätzt iwwert seng Erfarung an enger Naturschutzorganisatioun. Dat alles an wat hat iech op den Wee kann matginn, gitt der an dëser Folg gewuer. Wann dir an dem Laure seng Bubble eraluussen wëllt, dann lauschtert ran! :)
2021-01-16
50 min
Ceci, Do You Love Me?
#1 Eng kleng Intro
Befier ech eng Folg mat engem Gaascht veröffentlechen, erzielen ech iech ebessen iwwert mech an wéi ech opgewuess sinn. Alles wat ech soen, ass mäi Point de Vue, an wéi ech d'Welt an der Schoul an och méi spéit opgeholl hunn. Falls et bei iech aanechters war, dann ass at natierlech verständlech, well jidderee gesäit d'Welt an sengem eegenen Filter. Kee vun iech muss mir Recht ginn, dat ass nett mäin Ziel, mais sou kritt dir eng Usiicht, déi dir sou villäicht nach nett gesinn hud. ...
2021-01-10
26 min
Ceci, Do You Love Me?
Ceci - Wen?
Dat heiten ass meng Intro, déi an all Folg gespillt gett. Credits ginn raus un den Tun Tonnar, den dat ganzt agesongen an gemixt huet. Merci!
2021-01-08
00 min