Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

Charel Krier

Shows

Loscht op MordLoscht op MordEpisod 99 - De Fall Sarah H. Am Summer 2016 gëtt d Police geruff well ee Mann moies um 6 Auer plakesch Trompet am Gaart spillt. Dëse Mann ass keen Onbekannten, d'Nopere ruffen ëmmer rëm mol d Police wéinst dem Axel G. Mee wéi d'Beamten dës Kéier bei d'Haus kommen, ass et anescht wéi soss, et sténkt, all Fënster an d'Dier stinn op an et sténkt extrem. Am Buedzëmmer fannen se dann eng Läich, d'Iwwerreschter vum Sarah H. Wien ass d'Sarah H.? Firwat ass hatt dem Axel G. zum Affer gefall? A wien ass den Axel G.? Wat huet h...2025-03-0956 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 98 - D'Ragdoll an de Syko Sam Am September 2009 trëfft d'Ragdoll endlech op de Syko Sam. Si hunn sech online op MySpace kenne geléiert a schonn zënter engem Joer chatten an telefonéieren déi Zwee mateneen. D'Emma, dat sech online Ragdoll nennt, ass dann awer séier vum Syko Sam, dee gebierteg Richard heescht, enttäuscht. An vun der online Léift ass net méi vill do. Dat mierkt de Richard och an et gesäit een him d'Roserei an d'Enttäuschung séier un.2025-02-2352 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 97 - De Mord um Brian Thompson De 4. Dezember 2024 gëtt de Brian Thompson, den CEO vun der amerikanescher Gesondheetsversécherung United Healthcare, zu New York op oppener Strooss erschoss. Den Täter, de Luigi Manghone, gëtt zënter der Dot vu ville Bierger als Rächer gefeiert. Firwat dat esou ass a wat bis lo iwwert de Fall gewosst ass, fënns du alles an dëser Episod eraus.2025-02-0941 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 96 - De Fall Shannon Graves Dem Shannon seng Famill huet zënter Dezember 2016 näischt méi vum Shannon héieren. Am Juni mellt de Papp sech beim Shannon sengem Frënd, mee dee behaapt, dass hat hie verlooss hätt an duerchgebrannt wier. Vill Ongewëssheete ginn et bis eng Koppel an enger Tiefkühltruh Stecker vun enger Läich fënnt. Bei dëse Stecker handelt et sech ëm déi stierflech Iwwerreschter vum Shannon. Wat ass geschitt? A wie war dat?2025-01-1936 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 95 - Déi éischt a lescht grouss Léift: De Fall Ellie Gould 2019 huet dat 17 Joer aalt Ellie Gould säin éischte Frënd, den Thomas an dobäi handelt et sech dann och ëm dem Ellie seng éischt grouss Léift. Hatt wäert sech awer am Mee vun him trennen a leider hëlt den Thomas dës Trennung net gutt op. Sou kennt et, dass de 17 Joer alen Thomas no der Trennung bei d'Ellie fiert a wéi den Thomas d'Haus erëm verléisst, ass dem Ellie säi Liewen eriwwer. Wat genee geschitt ass, gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.2024-12-1534 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 94 - Déidlech Party: De Fall Angie Barlow De 26. Oktober 2016 ass d'Angie Barlow engagéiert gi fir op enger privater Party als Dänzerin ze schaffen, dëst ass u sech näischt Besonnesches fir d'Angie, mee vun dësem Job soll d'Angie awer net méi Heem kommen. Et vergi Méint bis een dem Angie seng Läich fënnt an e puer Verdächteger huet een och. U sech ass alles offensichtlech, mee de Fall kann trotzdeem net geléist ginn. Firwat dat sou ass a wat alles mam Angie geschitt ass, gëss du an dëser Episod vum Podcast Loscht op Mord gewuer.2024-12-0139 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 93 - The Silent Twins 1963 ginn d'June an d'Jennifer Gibbons als Zwillinge gebuer. Scho fréi an hirer Kandheet stellt ee fest, dass déi 2 zimmlech schlecht a lues leieren ze schwätzen. Wéi si 3 Joer al sinn, maachen si ënnert sech den Deal, dass si mat Kengem méi schwätzen, ausser nach ënnert sech. Dëst féiert zu villen Problemer. Mee vu wou kennt dat? Déi zwou Schwëstere landen iergendwann duerch Strofdoten an enger Héichsécherheetspsychiatrie. Mee ass dat déi richteg Platz fir si? Kommen si do erëm raus? Wat ass mat dësen zwee Meedercher wierkl...2024-11-1742 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 92 - Crime Fails 2.0 Mir hu fir dech erëm d'Crème de la crème vun de net sou intelligente Verbriecher erausgesicht. Et sinn erëm Crime Fails bei deenen d'Verbriecher sech ganz blöd ustellen. Wat déi gemaach hunn a wat alles geschitt ass erziele mir dir an dëser bëssi méi witzeger Episod.2024-09-2243 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 91 - D'Geiselnam vu Cheshire Den 22. Juli 2007 ass fir d'Famill Petit ee Sonndeg wéi all aneren och, si ginn hirer Traditioun no, dass eent vun de Kanner fir d'Famill kacht. Dobäi wëssen se net, dass d'Gefor direkt virun hirer Dier lauert.  Zwee Abriecher waarden nëmmen drop, dass d'Famill schlofe geet, fir dass si an d'Haus kënnen. Wéi et dann sou wäit ass, eskaléiert alles an aus dem Abroch gëtt en Iwwerfall an aus dem Iwwerfall gëtt eng Geiselnam mat grausame Qualen.  Wat do alles geschitt an och schif gelaf ass, gëtt een an dëser Episod gew2024-09-0834 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 90 - Besiess vum Christina Grimmie D'Christina Grimmie ass fir deen een oder aneren e Begrëff, hatt war eng jonk talentéiert Sängerin aus deen USA, dat 2014 duerch The Voice an den USA bekannt ginn ass.  De 27 järege Kevin James Loibl, e scheien Typ, deen sech éischter zeréckgezunn huet, huet 2015 ugefaangen absolut besiess vum Grimmie ze sinn. Dat geet esou wäit, dass hien 2016 no engem Concert d'Christina fir d'éischt erschéisst an dono sech selwer d'Liewen hëlt. Alles iwwert dee Fall gëtt et an dëser Episod.2024-08-1146 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 89 - De Fall Brianna Denison Am Januar 2008 verschwënnt d'Brianna an der Nuecht aus der Studentewunneng vun zwou Frëndinnen. Schnell ass kloer dass d'Meedchen net fräiwëlleg verschwonnen ass. Kuerz Zäit drop fënnt een dem Brianna seng Läich. Wien huet hat entfouert an ermort a firwat?2024-07-2835 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 88 - Geféierlechste Seeriemäerder? An den 1980er Jore fänkt de Charles Cullen säi Job als Infirmier un, wat opfält iwwerall, wou hie schafft, stierwe Patienten, dëst geet Jore laang esou a verschiddenen Spideeler, an deenen hie schafft. Iwwer 40 Morde soll de Cullen begoen, éier hie gefaasst gëtt. Wéi et souwäit konnt kommen a wat alles virgefall ass gitt dir an dëser Episod gewuer.2024-06-3030 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 87 - Krankhaft Obsessioun um Danielle Jones Den 1. Juni 2001 verschwent d'Danielle Sarah Jones moies um Wee fir an d'Schoul. Zeie gesinn nach wéi hat mat engem Mann an engem bloe Van streit, mee vun deem Punkt u ass d'Danielle ni méi gesi ginn. Ee bestëmmte Mann mat enger krankhafter Obsessioun fir d'Danielle sollt fir alles verantwortlech sinn. Wien dat ass, wat geschitt ass an all weider Informatioune gitt dir an dëser Episod gewuer.2024-06-1630 minLoscht op MordLoscht op Mordfolge #86 - De Fall Hannah Graham 2014 gëtt dat 18-järegt Hannah Graham no enger Party vermësst. Seng lescht Noricht un seng Kolleege war, dass et sech verlaf hätt. Kuerz Zäit drop ginn Hiweiser zum Hannah sengem Verbleiwe fonnt an och schnell dann dem Hannah seng stierflech Iwwerreschter. Mee och en Täter ka schnell fonnt ginn. Hei kënnt dann dat schlëmmst un d'Luucht: et handelt sech ëm e Serientäter. Vill ongekläerte Fäll kenne lo ofgeschloss ginn. Wien et war a wat geschitt ass gitt dir an dëser Episod gewuer.2024-06-0226 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 85 - D'Entféierungvum Maria Börgerl Am Mee 2010 gëtt d'Maria Börgerl, d'Fra vum Virstands-Virsëtzende vun enger Spuerkeess, aus hirem eegenen Haus entfouert. Et kennt och en Uruff mat enger Léisegeld- Fuerderung. Mee hei soll et schif lafen, wat dem Maria säin Doud zur Follge huet. Wat genau geschitt ass an ob d'Täter gefaasst goufen, gitt dir an dëser Episod gewuer.2024-05-1936 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 84 - De Fall Aileen Wuornos D'Aileen Wuornos huet eng immens traumatesch Kandheet a Jugend duerchlieft a wat esou eppes mat engem Mënsch ka maache wéisst dëse Fall ganz gutt. Well d'Aileen gëtt zu enger Seeriemäerderin. Mee wat ass alles geschitt, fir dass et esou wäit konnt kommen a wéi ass alles ofgelaf? Dat alles gitt dir an dëser Episod gewuer.2024-05-051h 11Loscht op MordLoscht op MordEpisod 83 - De Bréif aus dem Graf Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.2024-04-2149 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 82 - De Mord um Yangjie Li Den 11. Mee geet d'Yangjie Li zu Dessau joggen, wéi et dat esou oft mécht. Mee dës Kéier sollt et net méi a senger WG ukommen. De Sebastian Flech an d'Xenia Lang hunn e perfide Plang, deen se ëmsetze wëllen. Dësem Plang fält d'Yangjie zum Opfer a sollt dat Ganzt net iwwerlierwen. Wat genau geschitt ass, erziele mir an dëser Episod.2024-03-2444 minLoscht op MordLoscht op MordEpisode 81 - Verschwonnen op Aruba 2005 ass dat 18 Joer alt  Natalee Holloway mat Frënn op Aruba fir hire Schoulofschloss ze feieren. Mee um Dag vun der Ofrees ass d'Natalee net um Flughafen opgedaucht. Fir d'lescht gouf et mat 3 lokale Männer gesinn, mee déi wëssen och net wou d'Natalee ass... oder villäicht dach? Gitt et an eiser neier Episod gewuer.2024-03-1029 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 80 - D'Verschwanne vum Branson Perry Den 11. Abrëll 2001 ass den 20-järege Branson Perry amgaangen d'Haus ze raumen an ze botze fir wa säi Papp aus dem Spidol heem kënnt. Dobäi fënnt hie Kabelen, déi hien an de Schapp brénge wëll. Mee de Jong kënnt aus dem Schapp ni zeréck. Vun him feelt all Spuer. Wat ass mam Branson geschitt? Firwat wierkt et sou wéi wann déi Stad Skidmore Verbrieche reegelrecht unzezéien?2024-02-2548 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 79 - D'Verschwannevum Madeleine Maddie McCann Am Mee 2007 ass d'Famill McCann a Portugal an d'Vakanz. Een Owend sinn d'Elteren iessen an d'Kanner sinn eleng an der Wunneng. All 30 Minutte geet een no de Kanner kucken, bis op eemol d'Maddie verschwonnen ass.  Dëst ass den Ufank vun engem vun de gréisste Vermësste-Fäll aus Europa. Wat genau geschitt ass a wéi et weider geet, gitt dir an dëser Episod gewuer.2024-02-111h 03Loscht op MordLoscht op MordEpisod 78 - D'Verschwanne vum Caleb Diehl Den 29. Mäerz 2015 wëll den 18-järege Caleb Diehl sech mat engem Kolleeg treffen. Nom angeblechen Treffen daucht de Jong awer net méi op. Wou ass en? Wat ass geschitt? Seng lescht Spuere feieren op den Haff vun engem Famillje-Kolleeg. Huet dësen eppes mam Verschwanne vum Caleb ze dinn? Lauschter d'Episod a fannt et eraus.2024-01-2835 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 77 - Karl Koch - Vum Hacker zum Spion An den 1980er Jore war de Karl Koch grouss an der Hacker-Zeen dran an huet sech do en Numm gemaach, schliisslech gouf e vum KGB agestallt fir ze hacken. Wéi et dozou komm ass a firwat säin Doud sou komesch war, gitt dir an dëser Episod gewuer.2024-01-1433 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 76 - De Fall Bobbi-Anne McLeod Den 20. November 2021 verschwënnt dat 18 Joer aalt Bobbi-Anne McLeod zu Plymouth. Kuerz drop gëtt seng Läich fonnt, well den Täter sech selwer stellt. Schockant un deem Ganzen ass, dass et net wierklech ee Motiv gëtt. Firwat misst d'Bobbi-Anne stierwen?2023-12-1736 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 75 - Onkel Tick-Tack Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold. An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld.2023-12-0334 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 74 - Diskussioun pt.2 Dës Kéier ass et kee Fall, dee mir iech presentéiere, mee mir wäerten dës Kéier iwwert eis Faszinatioun fir True Crime schwätzen an doriwwer wat eis an dës Spart gefouert huet. Dat natierlech mat ëmmer rëm klengen Diskussiounen iwwert verschidde Fäll.2023-11-191h 08Loscht op MordLoscht op MordEpisod 73 - Weimar-Morde Am Joer 1986 verschwannen d'Kanner vun der Famill Weimar, Ufanks gëllen se als Vermësst, bis d'Läiche vun de Meedercher fonnt gi. Mais wien huet d'Kanner ëmbruecht a firwat? Dat diskutéieren d'Juie an de Charel an dëser Episode.2023-11-0548 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 72 : 3 Morden op Halloween Et ass rëm déi wonnerbar Zäit vun Halloween, Horrorfilmer, erschrecken, grujeleg verkleeden, Kürbisse schnëtzen asw., mee net alles ass ëmmer esou flott. Dobausse ginn et och richteg Monstere, Mäerder. An dëser Episod kritt dir 3 kuerz Mordfäll presentéiert déi op Halloween begaange goufen.2023-10-2232 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 71 - Verschwonnen am Dschungel Am Mäerz/Abrëll 2014 sinn d'Kris Kremers an d'Lisanne Froon op enger Work-and-Travel-Rees a Panama. Den 1. Abrëll wëllen déi 2 Meedercher eng kleng Wanderung iwwert den El Pianista Trail maachen, e relativ einfachen Dages Ausfluch. Mee vun dësem sollen déi 2 net méi rëmkommen. Woche méi spéit fënnt een Iwwerreschter vun de Meedercher. Wat ass mat hinne geschitt?2023-10-0844 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 70 - D' Verschwanne vum Sigrid Paulus De 14. Februar 2008 verschwënnt d'Sigrid Paulus no engem heftege Sträit mat sengem Mann, de Gerd. Den Dag selwer an déi kommend Deeg hofft een nach dass d'Sigrid rëm kënnt, mee fir déi nächst 5 Joer ass näischt vum Sigrid ze fannen. Bis d'Duechter d'Christina mat enger Iwwerleeung bei d'Police geet.2023-08-2731 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 69 - Doud am Zëmmer 348 Am Zëmmer 348 vun enger Pension am Texas gëtt den Greg Flineke dout opfonnt. Äusserlech feelt dem Mann näischt, mee seng Innereien sinn zerfetzt. Wat ass geschitt, dass den Greg sou säin Enn fonnt huet?2023-08-1333 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 68 : De Mordfall Hannah Wiedeck Den 29. August 2007 ass d'Hannah Wiedeck um Wee fir Heem, nodeems et bei sengem Frënd war. D'Eltere waarde mam Owesiessen op hat, mee et kënnt do ni un. Puer Deeg drop fënnt een d'Läich vun engem Meedchen. Wat ass mam Hannah geschitt?2023-07-3028 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 67 : Tristan Brübach De 26. Mäerz 1998 gëtt den 13 Järegen Tristan Brübach zu Frankfurt am Liederbachtunnel vun engem Onbekannten op grausam Aart a Weis ermort. Wien dësen Onbekannten ass a firwat den Tristan stierwe misst, ass bis haut net gekläert. Wat iwwert de Fall gewosst ass a wat do sou geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.2023-07-1652 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 66: De Mord um Tupac De 7. September 1996 no engem Boxkampf zu Las Vegas, kënnt et zu engem Drive-by-shooting. Hei schéisst een Onbekannten op den BMW an deem den Tupac dran souz. Dëse gett déidlech blesséiert. Wie geschoss huet, ass bis haut net gekläert.2023-07-0231 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 65 - De Mord um Sylvia Likens 1965 kommen d'Sylvia Likens a seng Schwëster bei d'Gertrude Baniszewski, déi di zwee Kanner bei sech ophëlt. Ufanks ass alles an der Rei, ma et dauert net laang bis fir d'Sylvia d'Hell ausbrécht an hatt méi spéit ëmbruecht gëtt. Wat alles geschitt ass, duerch wien a wéi genau, gidd dir an dëser Episod gewuer.2023-06-1834 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 64 : Eenheet 731 Wärend dem 2. Weltkrich, gouf vum Japaner Shiro Ishii d'Eenheet 731 gegrënnt. Hei goufen extrem mënscheveruechtend Experimenter gemaach a biologesch sou wéi chemesch Waffen entwéckelt. Alles wat an der Eenheet 731 geschitt féiert dozou, dass de Shiro Ishii als japanesche Josef Mengele bezeechent gëtt. Wat d'Eenheet 731 war a wat se gemaach hunn erziele mir iech an dëser Episoden.2023-05-2841 minLoscht op MordLoscht op MordD'Monster vun Amstetten 2008 gëtt d'Welt an Schock versat nodeems am éisträicheschen Amstetten ee vun den grausamste Verbriechen aus den leschten 20 Joer opflitt. De Josef Fritzl huet wärend 24 Joer seng eegen Duechter am Keller gefaange gehalen a mëssbraucht. Wéi dat Ganzt geschitt ass, a wéi et opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.2023-05-1443 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 62 - Hitman for hire Ufank 2016 deckt de Chris Monteiro eng Hitman-for-hire Websäit am Darkweb op an erstellt eng Lëscht mat den Zilpersounen. Ganz uewen op der Lëscht steet den Numm vum Amy Allwine. Wien ass den Auftraggeber mam Numm DogDayGod? Firwat wëll desen d'Amy ermorden loossen? Dat gidd dir an dëser Episod gewuer.2023-04-3050 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 61: Selbstjustiz vum Marianne B. Nodeems dem Mariane B. säi Meedchen am Alter vu 7 Joer grausam ermort gëtt an de Täter viru Gericht steet, hëlt d'Fra d'Justiz an déi eegen Hand. virbestrooften Wéi et dozou koum, wien den Täter war a firwat en dat 7 Joer aalt Meedchen ëmbruecht huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.2023-04-1646 minLoscht op MordLoscht op MordDe Fall Rebecca Reusch De Fall Rebecca Reusch Beschreiwung: Den 18. Februar 2019 verschwënnt dat 15 järegt Rebecca Reusch aus dem Haus vu senger Schwëster. Bis Haut weess een net wat geschitt ass a wou d'Rebecca ass. Wat gewosst ass, wien verdächteg ass a wat fir Theorien et gëtt, beschwätze mir an dëser Episod.2023-04-0241 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 59 - Wat ass mam Fluch MH370 geschitt? Den 8. März 2014 ass den Fluch MH370 vun Malaysia-Airlines op mysteriéis Aart a Weis verschwonnen. De Fliger mat 239 Menschen u Bord ass zënterdeem ni méi fonnt ginn. War et eng Entféierung oder e Selbstmord vun engem Crewmember oder war et dach eppes ganz aneres?2023-03-201h 04Loscht op MordLoscht op MordEpisod 58 - Gëtt de Mënsch béis gebuer? An dëser Episode diskutéiere mir iwwert e puer moralech Froen sou wéi eis Siicht op verschidde Froen am Beräich vum Verbriechen.2023-03-0547 minLoscht op MordLoscht op MordPodcast - Mord oder Suizid? 2006 verschwënnt de Ray Rivera nodeems hien en Uruff krut. Et dauert e puer Deeg an da fënnt een seng Läich. Hien ass anscheinend duerch een Daach gefall, mee alles weist drop hin, dass dëst net méiglech wier. Wat ass wierklech geschitt?2023-02-1935 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 56 - The Candyman Ufanks de 70er Joren huet den Dean Corll mat 2 Komplizen eng Rei vun Entféierungen, Vergewaltegungen a Morde gestart. Wat do geschitt ass, a wéi alles opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.2023-02-0524 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 55 - Déidleche Fanatismus vum Lori Vallow Bis 2017 féiert d'Lori Vallow ee schéint Familienliewe mat sengem Mann an hire Kanner. Bis hatt op religiéis Bicher vum Chad stéisst, an dann an ee Fanatismus fält dee fir seng Famill déidlech op en Enn geet.2023-01-2230 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 54 - Dr. Tod Vun de 70er Joren un bis Enn vun den 1990er Joren huet den Dr. Harold Shipman ganz vill Mënschen ermord bis en am Joer 1998 opgeflunn ass. Op wéi eng Aart a Weis den Dr. Tod seng Doten begaangen huet, gidd dir an dëser Episod gewuer.2023-01-0830 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 53 - "Kloster der Hölle" Am Joer 1883 kënnt e Missionär vun der katoulescher Kierch an d'Kloster Marienberg zu Oochen. Hie kënnt net fräiwëlleg dohinner a wat him an aneren do am Klouschter geschitt ass erschreckend. Nodeems en do flüchten konnt versicht en dat alles opzedecken. Wien dat war a wat do geschitt ass, erzielen d'Julie an de Charel eis an dëser Episod.2022-12-1841 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 52 - De Mäerder-Hotel vum H.H. Holmes An den 1880er-1890er Joren huet den Dr. Henry Howard Holmes en Hotel gebaut deen nëmmen engem Zweck soll déngen, dem Morden. Wien den H.H. Holmes ass, wat mat dësem Hotel war, erziele mir iech an dëser Episod.2022-12-0455 minLoscht op MordLoscht op MordVerschwannen vum Dorothy Arnold #51 Dorothy Arnold2022-11-2045 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 50: YOG'TZE-Fall Am Hierscht 1984 fillt den Liewensmëtteltechniker Günther Stoll sech verfollegt an a Gefor. An der Nuechtt vum 25. op den 26. Oktober stierft den Günther Stoll op rätselhaft Aart a Weis. War et en Mord oder einfach en Accident mat seelenen Ëmstänn? Dat gitt dir an dëser Episode gewuer.2022-11-0633 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 49 - de Fall Bobby Dunbar 1912 ass d'Famill Dunbar bei engem Famillienausfluch bei engem Séi, do verschwënnt hire 4-järegen Bouf, de Bobby. En ass net méi ze fannen, bis 8 Méint méi spéit en Arbechter mat engem Jong gesi gëtt deen ausgesäit wéi de Bobby. Ass dësen Jong de Bobby Dunbar? Da gitt dir an dëser Episod gewuer.2022-10-2147 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 48 - Hexeprozesser vu Salem Am Joer 1692 ass et an der Stad Salem zu enger Rei vun Ukloen wéinst Hexerei komm. An dëse Prozesser goufe vill onschëlleg Mënschen gefoltert, agespaart an higeriicht. Wéi et dozou komm ass, a wat genee geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.2022-10-0938 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 47 - Arlis Perry Am Oktober 1974 streit sech d Arlis Perry mat sengem Mann Bruce an hatt beschléisst owes eleng an d Kierch ze goen. Aus der Kierch sollt et awer ni méi lieweg Heem kommen. Wat, wéi a wien doru Schold ass, dat gitt dir an dëser Episod gewuer.2022-08-2832 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 46 - Versace Mord Am Juli 1997 gëtt de Grënner vun der Modemark Versace erschoss, mee hien ass net dat eenzegt Affer. Hien ass dat läscht Affer aus enger Mordserie. Wien do hannendrunner stécht a firwat, gidd dir an dëser Episod gewuer.2022-08-1454 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 45 - Crime Fails An dëser Episode geet et net ëm ee speziellen Fall, maee mir schwätzen iwwert e puer Verbriecher, déi sech net besonneg schlau ugestallt hun. Also Crime Fails.2022-07-3136 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 44 - Lake Bodom De 4. Juni 1960 gi 4 Jugendlecher a Finnland un den Lake Bodom campen, dëst sollt en flotte Campingtripp ënner Frënn sinn. Et kënnt awer alles anescht wéi geplangt: Nëmmen ee vun de 4 sollt d'Nuecht iwwerlierwen. Wat geschitt ass, ween den Täter war an alles ronderëm den Virfall diskutéieren de Charel an d'Julie an dëser Episod.2022-07-1039 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 43 - Keen Liicht op Eilean Mòr 1900 em Chrëschtdag , sinn erëm 3 Wäerter vum Liichttuerm op Eilean Mòr ouni Spueren verschwonnen. War et geplangt? War et en Accident? Oder war et dach e Mord? Wat geschitt ass diskutéiere mir an dëser Episode vu Loscht op Mord.2022-06-2625 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 42 - De Fall O.J. Simpson 1994 gëtt dem O.J. Simpson seng Ex-Fra d´Nicole Brown an den Ronald Goldman ermord virum Haus vum Nicole Brown opfonnt. Den Ex-Football Spiller O.J. Simpson gëtt verdächtegt de Mord begaangen ze hunn. Sou entsteet ee vun den spektakulärsten Gerichtsprozesser aus der US-Geschicht. Wat genau virgefall ass, gidd dir an deser Episode gewuer.2022-06-1351 minLoscht op MordLoscht op MordDe Brummi-Mäerder An de Joren 2003 bis 2006 ginn et 4 Iwwergrëffer op Fraen, 3 vun hinne ginn ëmbruecht, 1 iwwerlieft. Ween den Täter ass a wat d'Grënn fir des Dote si beschwätze mir an dëser Episod.2022-05-2930 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 40 - Doppelmord vun Herne Am Mäerz 2017 brécht dem Marcel H. säi Liewen auserneen. A sengem Frust wëll hien sech d'Liewen huelen. Dat klappt awer net an esou decidéiert hien, dofir een aneren ëmzebréngen. Wat genau geschitt ass, gidd dir an dëser Episod gewuer.2022-05-1538 minLoscht op MordLoscht op Mord39 - Amanda KnoxCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio D'Amanda Knox ass eng amerikanesch Studentin, wat an Italien an enger WG lieft wou alles ganz normal leet. Bis enges Dages eng Matbewunnerin ermort an der WG opfonnt gëtt an eng riseg Ermëttlung an d'Weeër geleet gouf: Wat ass geschitt? Wien ass de Mäerder?2022-03-2752 minLoscht op MordLoscht op Mord38 - D'Bochumer Uni-PhantomCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio An de Joren 1994 bis 2002 gouf et zu Bochum an zu Sprockhövel eng Rei vu sexuellen Iwwergrëff. Den Täter gouf vun der Press als Uni-Phantom bezeechent. Wat do geschitt ass, erziele mir Iech an dëser Episod.2022-03-1333 minLoscht op MordLoscht op MordEpisod 16 - Spiller déi Konscht sinn!Mir hunn iwwert déi wonnerbar Landschaften vun Horizon II: Forbidden West, iwwert Flashbacks vun Dying Light an onmoosseg laang iwwert SIFU geschwat. An och haut erëm Battlefield mam Motto: "wéi schëppt een säin Gruef ëmmer méi déif?!"2022-02-231h 15Loscht op MordLoscht op Mord37 - The FappeningCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Am Joer 2014 goufe vill privat Fotoen a Videoe vu Promie geleaked. Dat Ganzt ass ënnert dem Numm "The Fappening" em d'Welt gaangen. An dëser Episod erziele mir iech dëse Fall an diskutéieren iwwer d'Sécherheet am Internet a wei een seng Daten zum Deel besser schütze kann.2022-02-2228 minLoscht op MordLoscht op Mord36 - D'Verschwanne vum Peggy KnoblochCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio 2001 verschwënnt dat klengt Peggy Knobloch um Wee fir Heem no der Schoul. Vun him feelt all Spuer. Wou ass d'Peggy? Wat ass geschitt? Wien huet domadder ze dinn?2022-02-061h 03Loscht op MordLoscht op Mord35 - Den "Todespfleger"Charel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Den Niels Högel schafft tëscht dem Joer 1999 an 2005 a verschidde Spideeler. Hien gëtt als gudde Fleeger ugesinn, bis opfält datt ëmmer wann hien am Déngscht ass et besonnesch vill Reanimatiounen a Stierffäll ginn. Wat den Niels Högel domadder ze dinn huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.2022-01-2343 minLoscht op MordLoscht op Mord34 - Affär: Gabby PetitoCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Am Summer 2021 ass d'Gabby a säi Verloobte Brian op enger USA-Rees mat engem Camper-Van, bis Mëtt-Enn August schéngt alles normal ze sinn. Mee dunn ass eppes Virgefall, wat do geschitt ass, gi dir an dëser Episod gewuer.2022-01-0937 minLoscht op MordLoscht op Mord33 - Marc DuTroux Part 2Charel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Haut geet et weider mam Monster aus der Belsch, de Marc DuTroux. Mat dobäi ass en Gaascht, deen eis e bëssen erzielt wei dat deemools war, wat fir eng Angscht do ënnert de Leit war.2021-12-121h 00Loscht op MordLoscht op Mord32 - Marc DuTroux Part 1Charel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Den Numm Marc DuTroux misst zu Lëtzebuerg bal jidderengem eppes soen. An dëser Episode gi mir op dee Fall an a kucke wat do alles schif gelaf ass an a weie Chaos dat d'Belsch geheit huet. Vue dass de Fall sou grouss ass, hunn mir deen an 2 gedeelt, am 1. Deel geet et em alles wat bis zur Verhandlung geschitt ass.2021-11-2852 minLoscht op MordLoscht op Mord31 - Based on a true StoryCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Jidderee kennt aus de Filmer de Saz "Based on a true Story". Haut hunn mir eis 3 Horrorfilmer geholl déi op richtegen Verbriechen baséieren a kucken och wat dovu wierklech wouer ass.2021-11-1428 minLoscht op MordLoscht op Mord30 - Xavier Dupont de LigonnèsCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Am Abrëll 2011 ginn zu Nantes a Frankräich d'Läiche vun enger ganzer Famill fonnt, just vum Papp feelt all Spuer. War hien de Mäerder? Wou ass hie lo?2021-10-2046 minLoscht op MordLoscht op Mord29 - Falsch FrënnCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio De 6. Juli 2012 verschwënnt dat 16 järegt Skylar Neese. Wat ass geschitt, wien huet mam Verschwannen ze dinn? Dat alles erziele mir iech an dëser Episode vu Loscht op Mord.2021-10-1136 minLoscht op MordLoscht op Mord28 - Amoklaf ColumbineCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Den 20. Abrëll 1999 laafen zwee Jugendlecher an der Columbine Highschool Amok, dat zu dem Zäitpunkt de schlëmmsten Amoklaf ass, de jeemools an enger US-Amerikanescher Schoul war.2021-08-181h 04Loscht op MordLoscht op Mord27 - De Mord um Joseph ComunaleCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Den 12. November 2016 geet de Joseph mat Kolleegen an en Club feieren, Nodeems de Club zou gemaach huet, verschwënnt de Joseph virum Club an Taucht net méi op. Wat ass am Joseph geschitt, wou ass en hin? Äntwerten op des Fro kritt dir an dëser Episode vu Loscht op Mord.2021-08-0438 minLoscht op MordLoscht op Mord26 - Jerry Michael WilliamsCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Am Joer 2000 geet den Jerry Michael Williams (Mike) fëschen. Owes kënnt en awer net Heem a seng Fra mécht sech Suergen. Wat ass dem Mike geschitt? Alles dat fannt der an dëser Episode vu Loscht op Mord raus. Des Weidere gëtt et um Enn nach ee klengt Gedanken-Experiment fir iech all.2021-07-2856 minLoscht op MordLoscht op Mord25 - D'Famill SchulzeCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Am Juli 2015 verschwënnt d'Famill Schulze ouni Spuer. Et goufe keng Unzeeche fir en Verbriechen oder Änleches. Ass d'ennergedaucht oder stécht do en Famillen-Drama derhannert?2021-07-0742 minLoscht op MordLoscht op Mord24 - Amanda ToddCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Ee jonkt onschëllegt Meedchen aus Kanada mécht en Feeler am Internet, dëse Feeler ass den Ufank vu sengem Enn.2021-06-231h 13Loscht op MordLoscht op Mord23 - Jeffrey DahmerCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio An dëser Episode beschäftege mir eis mam Fall Jeffrey Dahmer, ee vun de bekanntsten a schlëmmste Seriemäerder aus den USA.2021-06-091h 16Loscht op MordLoscht op Mord22 - Wa Kanner morden...Charel Krier, Julie Gerard, Eldoradio 1957 kennt dat klengt Mary Bell op d'Welt, en klengt onschëllegt Kand, dat keng Léift kritt. Dëst huet Auswierkungen déi an d Onbeschreiflechst sech auswierken. Wat genau do geschitt ass fann dir an eisen neien Episode Raus.2021-05-2647 minLoscht op MordLoscht op Mord21 - Gypsy RoseCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio D'Gypsy ass en jonkt Meedchen dat zanter senger Kandheet gehäit ass. D'Gypsy ass schwéier krank an d'Liewe leet him a senger Mamm ëmmer méi Steng an de Wee. Am Joer 2015 ännert sech alles, bis eng traureg d'Wourecht un Dagesliicht trëtt.2021-05-1243 minLoscht op MordLoscht op Mord20 - De Ruhr-KannibalCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Am Juni 1976 huet d Police zu Duisburg eng grausam Entdeckung gemaach. Sie sinn op d'Spuere vun engem Seriemäerder gestouss deen 20 Joer laang onentdeckt gebliwwe war.2021-04-2851 minLoscht op MordLoscht op Mord19 - Mord am U-BootCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Am August 2017 huet den dänesche Constructeur déi schwedesch Journalistin op säin U-Boot ageluede fir en Interview. Den Dag drop taucht d U-Boot rëm op mee vun der Journalistin feelt all Spuer. Wat ass do virgefall?2021-04-1444 minLoscht op MordLoscht op Mord18 - JonBenét RamseyCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Chrëschtdag 1996, een Dag un deem ee mat der Famill zesummen ass an eng schéin Zäit verbréngt. Sou sollt et och bei der Famill Ramsey sinn. Bis de Moie vum 26. Dezember. D' JonBenét ass verschwonnen an en Erpresserbréif gouf fonnt. Mee wat stécht hannert dem Ganzen?2021-03-3152 minLoscht op MordLoscht op Mord17 - Down the HillCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Den 13. Februar 2017 sinn d' Abby (14) an d' Libby (13) zu Delphi op d' Monon High Bridge gaange fir Fotoen ze maachen. Do sinn si och ukomm, mee wéi de Papp si sollt ofhuelen, sinn d'Meedercher net opgetaucht. Den Dag drop goufen déi zwee dout opfonnt. Deen eenzegen Hiweis op Dot ass en Video deen d'Libby mat Snapchat opgeholl huet.2021-03-3148 minLoscht op MordLoscht op Mord16 - Natascha KampuschCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Natascha Kampusch gouf 1998 um Wee fir an d' Schoul entféiert a bis 2006 gefaange gehalen.2021-03-3142 minLoscht op MordLoscht op Mord15 - Mini SpecialCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Als Entschiedegung fir eis Verspéidung, kritt dir hei en klengen Special mat Theorien an Froen.2021-03-3114 minLoscht op MordLoscht op Mord14 - Devils Pass (Djatlow)Charel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Op mysteriéis Aart a Weis sinn néng Wanderer 1959 am Russeschen Uralgebierg ëm d' Liewe komm.2021-03-311h 22Loscht op MordLoscht op Mord13 - Ed KemperCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio An dëser Episod geet et em ee vun de bekanntste Seriemäerder iwwerhaapt, den Ed Kemper. D´Julie huet sech getraut en Fall ze wiele vun dem de Charel vill weess.2021-03-311h 02Loscht op MordLoscht op Mord12 - Quiz an DiskussiounCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio An dëser Episod hunn mir kee Fall. D' Lisi ass rëm mat dobäi, mir maachen ee klenge Quiz a mir diskutéieren e bëssen iwwert True Crime.2021-03-311h 30Loscht op MordLoscht op Mord11 - IsdalCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Ee Proff ass mat sengen 2 Meedercher wanderen, op eemol fannen si d' Läich vun enger onbekannter Fra. Wat ass mat hier geschitt?2021-03-3137 minLoscht op MordLoscht op Mord10 - D' Läich am Waassertank (Elisa Lam)Charel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Am Joer 2013 ass eng kanadesch Studentin zu LA an engem Hotel verschwonnen. E puer Deeg nom Verschwanne kloen d'Gäscht vum Hotel, datt eppes mam Waasser net stemmt. Wat ass do geschitt?2021-03-3153 minLoscht op MordLoscht op Mord9 - D. B. CooperCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Ee Mann huet 1971 ënnert dem Numm Dan Cooper en Fliger entféiert, 200'000$ akasséiert an ass aus dem Fliger gesprongen. Dëse Fall ass ënnert dem Numm D.B. Cooper bekannt ginn.2021-03-311h 10Loscht op MordLoscht op Mord8 - AlcatrazCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Dréi Prisonéier ass 1962 d' Flucht vun Alcatraz gelongen. Ween dat war a wei se dat gemaach hunn, ginn dir an dëser Episod gewuer.2021-03-3128 minLoscht op MordLoscht op Mord7 - SlendermanCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Dréi 12-Järeg Frëndinnen aus den USA hunn 2014 fir Schlagzeile gesuergt. Hiert Verbriechen huet mat der urbaner Legend vum Slenderman ze dinn. Wat ass do genau geschitt a wei eng Roll spillt de Slenderman?2021-03-3154 minLoscht op MordLoscht op Mord6 - Russian Dollmaker (Anatoly Moskvin)Charel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Beim Duerchsiche vum russesche Staatsbierger Anatoly Moskvin sengem Appartement gouf eng grausam Entdeckung gemaach. Fonnt ginn goufen 29 mumifizéiert Läichen, dorënner 26 Kannerläichen.2021-03-3148 minLoscht op MordLoscht op Mord5 - Frauke LiebsCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Zu Paderborn ass 2006 dat 20 Joer aalt Frauke Liebs verschwonnen, nodeems et mat enger Frëndin an engem Irish Pub en Match vun der Fussball-WM gekuckt huet. Déi folgend Deeg kommen ëmmer rëm SMSen an Uriff vum Frauke, mee Geneeës seet et ni. Am Oktober 2006 fënnt een dann d' Läich vum Frauke.2021-03-311h 03Loscht op MordLoscht op Mord4 - Jack the RipperCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio 1888 war d´ Zäit vum bekanntste Seriemäerder deen et gëtt... de JACK THE RIPPER.2021-03-312h 20Loscht op MordLoscht op Mord3 - Lars MittankCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Juni 2014, d' WM a Brasilien ass voll amgaangen an den 28 järege Lars Mittank ass mat Kolleegen a Bulgarien um Goldstrand an der Vakanz. Alles verleeft sou wéi et geplangt war... bis den Owend virun der Heemrees.2021-03-3148 minLoscht op MordLoscht op Mord2 - Das Horrorhaus von HöxterCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio Zu Höxter an Däitschland ass 2016 een Haus an d'Schlagzeile komm, well do iwwert d'Jore verschidde Frae festgehalen a schwéier mësshandelt goufen. An mindestens zwee Fäll hunn dës Mësshandlungen zum Dout gefouert. Dëst Haus krut an de Medien den Numm "Horrorhaus von Höxter".2021-03-3150 minLoscht op MordLoscht op Mord1 - BTKCharel Krier, Julie Gerard, Eldoradio An den 1970er Joren huet zu Wichita de BTK-Killer mat senger Mordserie ugefaangen. Déi Mordserie ass 30 Joer laang net opgekläert ginn.2021-03-311h 20