Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

Chris & Klot

Shows

Gudden NoperGudden Noper#23 // Live aus der City ConcordeDe Chris an de Klot waren dës Kéier live op der Bün vun der City Concorde. Ob e Centre Commercial wirklech déi richteg Plattform ass, a wisou ëmmer nach vill Leit shoppe ginn, alles dat héiert dir an dësem Podcast. P.S. Entschëllegt datt mir dës Kéier e bëssen ofgelenkt waren, mir hunn eis och missen ëm eist Live-Publikum këmmeren2023-06-041h 06Gudden NoperGudden Noper#22 // Let's get loudDës Kéier geet et em de wëlle Westen vun den USA, Fitness an Italien, eng kal Nues am Boot, en neien Mindset duerch d'Jennifer Lopez a Real Talk fir all Geschlechter.2023-04-211h 18Gudden NoperGudden Noper#21 // Neies aus der NoperschaftAn dëser Folleg goufen de Chris an de Klot zu 100% duerch Artificial Intelligence ersat. Net wierklech, awer bal. Lauschtert era wa mir erëm eist geféierlecht Hallefwësse präisginn.2023-02-131h 28Comic Book Podcast | Talking ComicsComic Book Podcast | Talking ComicsTalking Comics Podcast: Issue #583 - You Bring the Virgin, I'll Bring the GoatIn this episode, the whole gang assembles to discuss many of the hottest books on the stands, like the latest issue of Saga to the new X-Men event Sins of Sinister. We do not cover the latest DCU film and television announcements but don't worry, another podcast is on the way!Books: AXE Judgment Day, Youth Season 3 #1, Now Let Me Fly: A Portrait of Eugene Bullard, Blood Klot (Webtoon), How to Cult 101 (Webtoon), Lemon Soda and Coffee (Webtoon), Dandelion Tea (Webtoon), The Magic Order 4 1, GCPD: The Blue Wall #3-4, Saga #61, Catwoman: One Bad Day #1, Justice Society #2, Blacula...2023-02-012h 24Gudden NoperGudden Noper#20 // De grousse Joresréckbléck (not)De Chris an de Klot kucke kuerz zréck op 2022, a woen och en Ausbléck op 2023. Den ideale Start an d'Joer, inklusiv dem engen oder aneren Tipp fir och am neie Joer e gudden Noper ze sinn.2023-01-071h 14Gudden NoperGudden Noper#19 // Telefonterror bei de Lëtzebuerger PromienDe Chris an de Klot hunn de Lëtzebuerger Hip Hopper a Produzent Tun Tonnar ugeruff fir mat him iwwert d'Lag vun der Natioun ze schwätzen. Niewent Theme wéi d'Fussball WM an däischter Zäiten hu mir awer och e Virgrëff op d'Wiel vun der Sportlerin vum Joer gemaach an och scho fläisseg gratuléiert.2022-11-211h 03Gudden NoperGudden Noper#18 // Äis, Pink Grapefruit an GinMobilité douce gëtt grouss geschriwwe beim Gudden Noper. Mir hunn an dëser Folleg nach eemol op dem Yannick Lieners säi Plooschterprojet opmierksam gemaach, hunn awer och den een oder aner Ausflug an d'Musekswelt gewot. En True Crime mam Chris, wéi och d'Jugendwuert vum Joer mam Klot.2022-10-301h 25Gudden NoperGudden Noper#17 // 836 Deeg méi spéit ...Et gëtt Neies aus der Noperschaft. No kuerzer Abstinenz huelen de Chris an de Klot iech erëm mat an d'Welt vum ganz geféierlechen Hallefwëssen. Lauschtert eran!2022-10-141h 11Gudden NoperGudden Noper#16 // Vakanz doheemE Summer zu Lëtzebuerg? E realisteschen Zenario, an dofir gi mir iech praktesch Tipps wou dir är 50€ Bongen am cleversten aléise kënnt. De Chris hëlt iech mat an d'music history an erkläert iech wisou et sech lount bei verschiddene Lidder ganz genau nozelauschteren. Desweideren huet de "Lëtzeboier" och erëm en Optrëtt an der Sendung.2020-06-291h 03Gudden NoperGudden Noper#15 // Waasser an de WäinDe Chris an de Klot schwätzen iwwert dem Chris säi Gesangstalent, dem Klot seng Adoptioun vun engem Flamingo a si schwelgen a Kandheetserënnerungen. Et ass e Bewosstsinn opkomm datt vill vun onse Problemer Luxusproblemer sinn. Ënner anerem stinn en Tour an eis Kichen, eng Rees a Nordkorea an an dat asiatescht Paräis um Programm.2020-06-101h 01Gudden NoperGudden Noper#14 // Ocean’s Seven feat. Paule KremerDe Gudden Noper huet haut Besuch vum Paule Kremer. D'Paule schwëmmt (hoffentlech) am Summer de Catalina-Channel a Kalifornien. Mir schwätzen awer och iwwer geféierlech Kommunikatioun via WhatsApp, erkläre wisou ee gottseidank net méi bei den Eltre vun de Kolleegen uruffe muss a ginn iech och den een oder anere Buchtipp.2020-05-291h 04Gudden NoperGudden Noper#13 // Done is better than perfect (Sponkaf-Kontinuum)De Gudden Noper, dee frëndleche Podcast zu Lëtzebuerg. Haut schwätzen de Chris an de Klot iwwert zwee intressant Konstrukter déi sech jeeweils op dem aneren Enn vum Spektrum befannen - Perfektioniusmus vs. Done is better than perfect.2020-05-141h 09Gudden NoperGudden Noper#12 // Lego-Fail a Glätteisen-ExperienceDee frëndlechste Podcast aus dem Ländchen ass no 2 Woche Paus erëm do. Das Literarische Quartett, en Tower am Central Park, de groussen Owend wärend dem NFL-Draft a wisou een e Glätteisen net ënnerschätze sollt.2020-05-061h 02Gudden NoperGudden Noper#11 // Alea iacta estDe Gudden Noper ass wéi en dréchene Schwamm am Eemer Waasser oder en Tupperware's Dëppen am Schaf. Dës Kéier mat folgenden Themen: Skandal-Gruppen op Facebook, iwwer Nuecht um Bankomat zum Millionär, wéi e Wierfel e Liewe verännert, wisou eise Podcast als weekly Newschannel duerchgeet an e schéine Bonjour un all Wannabes an Haters.2020-04-231h 00Gudden NoperGudden Noper#10 // vum Tellerwäscher zum MillionärDe Chris an de Klot huelen iech mat hannert d'Kulissen vun den Opname vum Feierstorch, definitiv en Highlight an dëser Zäit. Gefillt hëlt d'Motivatioun an der Quarantän insgesamt awer of, wéi kann een de Kapp an dëser Situatioun héich halen? Lauschtert eran!2020-04-151h 10Gudden NoperGudden Noper#Special // De Feierstorch - Kapitel 8 - Déi verlueren InselD'Krunnemécken hunn eis fir dat 8. kapitel vum Feierstorch nominéiert. De Chris an de Klot huelen iech mat op d'Insel Siracha, wou de Raym, d'Janine an de Feierstorch e puer flott Abenteuer erliewen. Vill Spaass. Mir nominéiere Juuubel fir dat 9. Kapitel.2020-04-1412 minGudden NoperGudden Noper#09 // MaskebalE flotten Home-Office ass fir de Chris & de Klot an dëser Zäit vu Virdeel. Mat der Mask an de Cactus, en Zoossis-Bréitchen am Bus op Riccione a wisou mir och de Leit am Duerf frëndlech Moie soen.2020-04-0356 minGudden NoperGudden Noper#08 // Et ass keng VakanzLëtzebuerg an der Isolatioun. Wat sinn d'Chancë fir eis Gesellschaft a wouropper sollt een oppasse wann een d'App Houseparty benotzt. Mécht Nout wierklech erfinderesch, sinn online Quizzen an Home-Workouts e Modell fir d'Zukunft? Lauschtert era beim Chris a beim Klot!2020-03-2853 minGudden NoperGudden Noper#07 // Home-OfficeDe Chris an de Klot sinn am Home-Office an huelen dëse Podcast vun doheem op. Wéi ass d'Liewen zu Corona-Zäiten doheem, wéi beaflosst dat d'Leit a kann ee Positives aus dëser Zäit zéihen? Inklusiv enger Top5-Lëscht vun Saachen déi een doheem maache kann. #stayhome #staysafe2020-03-2155 minGudden NoperGudden Noper#06 // Fly High Party Hard feat. DJ BisiDës Kéier hu mir den aktuell ugesootesten, coolsten an internationalsten Lëtzebuerger DJ op Besuch: den DJ Bisi. Mir beäntwerten d'Fro a wéi engem Kiosk een owes eng Cola an der Stad kritt a wisou et dréngend néideg ass de Sonndeg (15.03.) op eis Grouss Botz ze kommen.2020-03-1253 minGudden NoperGudden Noper#05 // Hochzäits-AerobicMir nenne 5 Grënn wisou Step-Aerobic erëm in ass, wéi eng Superpowers wichteg sinn, de Chris dee richtegen DJ op ärer Hochzäit ass a wat de Ben Affleck domadder ze dinn huet.2020-03-0552 minGudden NoperGudden Noper#04 // "Taff-Life" zu Bali feat. Lynn TheisenMir fuere mam Triangels-Bréitchen op Ischgl, besichen d'Lynn Theisen (ausgewandert Surferin an Influencerin) zu Bali a fannen eraus wisou Tik Tok net dee neien Facebook ass.2020-02-2751 minGudden NoperGudden Noper#03 // Sport ass Mord - oder vläicht awer e Liewensretter feat. Yannick LienersDe Chris an de Klot hunn hiren éischten Invité. De Yannick Lieners, Triathlet beim CA Bieles an Initiator vum Plooschter Projet ass op Besuch beim Gudden Noper.2020-02-2044 minGudden NoperGudden Noper#02 // Orange is the new CheapFrëndschaft, Famill an d'Angscht virun der Presentatioun viru Leit. De Chris an de Klot huelen iech mat an de Fitness mat den orange Geräter a probéieren ze erklären wisou am Ausland alles anescht ass.2020-02-1341 minGudden NoperGudden Noper#01 // Denis ParadigmaDe Chris an de Klot schwätzen iwwert d'Trainercarrière bei Hannover 96, iwwert de Struggle als Entrepreneur, den Denis, eise sportleche Quizfrënd an op den "N" wierklech néideg ass beim Gudden Noper.2020-02-0644 minGudden NoperGudden Noper#00 // 2Pac meets GospelDe Chris an de Klot ziele Geschichten aus der Noperschaft2020-02-0107 min