podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Dylan Vogel
Shows
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 140 - Leeschtungsdrock
D'Buvette ass rëm zu 3! De Gilles ass rëm do a schwätzt mam Ben a mam Dylan iwwert de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, d'Bundesliga an d'Premier League. Wien ass de Momement "déi" Equipe an der BGL Ligue, wat hat Rouspert fir e Spillplang géint Nidderkuer, wéi geet den Dylan mat Leeschtungsdrock ëm, an an an. Alles an der neier Folg Buvette.
2024-03-12
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 127 Arjen Robben vu Wish
Et war rëm vill lass am Fussball. Wéi geet et mam Tuchel a Sky weider ? Wat ass bei Rouspert géint den UNK geschitt? Wéi huet den Dylan de Match géint de Mike Wunderlich erlieft? Wéi kritt den Urs Fischer trotz 12 Nidderlagen d'Leit op seng Säit? Genau déi a nach wieder Froe beschwätzen de Ben an den Dylan an der neier Episod Buvette.
2023-11-08
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 123 - Den Eden beim Henssler
123 Episode Buvette... Ufangs si mir nach zu zwee mee de Gilles gëtt och nach an dëser Episod agewiesselt. Mir schwätzen iwwert dem Ben seng Victoria Rosport, dem Dylan seng Königsdorfer a vill weider interessant Themen. Wat mécht den Eden Hazard elo no senger Karriär? Wat huet de Giroud net gepackt a firwat leeft et beim Ben a beim Dylan grad sou gutt, dass se rëm en 9 Punkte Weekend erliewen?
2023-10-11
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 121 - D´Nuller-Vögel
Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass. 24 rout Kaarten goufen et no 7 Spilldeeg an der BGL Ligue an de Ben ass der Saach natierlech op de Grond gaangen. Déi Mierscher sammelen als Opsteiger weiderhin hier Punkten an e Grond dofir ass de Stiermer Benny Bresch, iwwert deen de Gilles eng steil These opstellt. Beim Dylan an der TUS leeft et och an de Ben an den Dylan hunn an der lescht souguer eppes gemeinsam.
2023-09-27
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 120 - Die Nummer sucht den Spieler
Besser spéit wéi ni. D´Buvette ass rëm fir iech do. Wat ass mam Ben lass a wou kommen seng offensiv Aktiounen hier, géint wien spillt den Dylan an der nächster Coupe a wéi schéin war de Goal vum Golkipp vun Neapel wannechgelift? All dat a nach weider Froen hu sech de Ben an den Dylan an der néier Episod vun der Buvette gefrot.
2023-09-22
36 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 108 - E beschassene Match fir de Mario
Et ass eng vun deene stressegste Folgen an der Buvette-Geschicht. Op alle Fall fir de Ben. Trotzdeem kee Grond net iwwer déi aktuell Themen am Fussball ze schwätzen. Den Hermann Gerland hat de Weekend ee vun deenen authenteschsten Optrëtter am Doppelpass, den Maximilian Arnold ësst doheem Kelloggs mat Gin Tonic an den Dylan huet dem Gilles an dem Ben eng spannend Quizfro matbruecht.
2023-04-05
28 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 103 - Extra-Stonne fir den Dylan
Den Dylan drénkt dann haut mol e Glas Waasser well Fuesent zu Köln dann dach méi haart war wéi erwaart. De Ben an de Gilles kréien et hin de Marc Thomé mam Julian Nagelsmann ze vergläichen an da gëtt och nach de Karim Adeyemi bis an den Himmel gelueft. Ënnert anerem gëtt e bëssen iwwer d'Champions League a verschidde skurril Geschichten an de Stadie gebraddelt.
2023-02-22
30 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 102 - Gegen Gegen
Dat nämmlecht Gebraddels wéi ëmmer: de Ben kritt et hin eng perfekt Zesummefaassung vu Bayern ze maachen, den Dylan war um Zappes-Cup Fan vun der Equipe Gegen Gegen an d'Sky-Moderatoren nerven ëmmer nach, woubäi de Ben do schonn e Nofollger fir den Didi Hamann fonnt huet.
2023-02-14
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 98 - An de Bierger ass et glat
D´Buvette geet an d´Wanterpaus. An dëser Folg zeien de Ben, de Gilles an den Dylan nach eng kéier e klenge Bilan aus der Hironn. Ënnert anerem fält op, dass sech zu Nidderkuer sou munches geännert huet. Dann ass dem Ben en Opruff vu Schengen opgefall an de Gilles bréngt dem Manuel Neuer seng aktuell Situatioun op de Punkt. An zu gudder Lescht gëtt et einfach nëmmen e Merci vun eis, un iech.
2022-12-13
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 97 - Buvette Liveticker
Dobausse gëtt et esou lues fierchterlech kal an dat mierken och d'Jongen aus der Buvette. De Gilles fréiert schonn no 20m bei den Auto, den Dylan ass nom Match krank an de Fupa-Liveticker live Ticker léisst no. An trotzdeem ginn et do rëm herrlech Saachen ze berichten an dowéinst gëtt et an der Buvette elo déi nei Rubrik "De Liveticker". Soss gouf normal gebraddelt wei ëmmer an den Interview vum Schweinsteiger an dem Flick ënnert d'Lupp geholl.
2022-12-06
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 95 - Danke Seb
D'WM huet ugefaangen a soll awer net d'Haaptthema an der Buvette sinn. Bis op e puer kleng witzeg Saachen wéi eng ze héich Zuschauerzuel an en eidele Stadion no 60 Minutten, widmen déi dräi aus der Buvette sech deene wichtege Saachen. Den Dylan zum Beispill feiert dem Sebastian Vettel säi Karrieres-Enn op eng ganz besonnesch Aart a Weis an de Ben erzielt eis wéi ee de Match a 4 Méint géint Portugal kucke kann.
2022-11-22
29 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 93 - Schnell gaangen
Et war rëm vill lass an der Fussballwelt. Den Dylan war zu Bielefeld, zu Mënster war dem Gilles säin Toppmatch an d'Champions League gouf ausgeloust. Ënnert anerem kruten de Ben, de Gilles an den Dylan eng hannert d'Läffelen well net genuch iwwer déi ënnescht Lige geschwat gëtt. Ma guer kee Problem.
2022-11-08
36 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 91- Wegbier Becks
Et ass erëm Dënschden an et gëtt vill ze beschwätzen. Firwat huet de Benzema ëmmer e Verband gedroen? A wéi enger Liga spillt den Dylan do a firwat heeschen d'Bouwen amfong d'Bouwen? Ënnert anerem kucke ma erëm an d'Bundesliga wou dem Gilles seng Dortmunder nees gewonn hunn an an d'Zweet Liga wou den Terrence Boyd erëm fir Lautern geknipst huet.
2022-10-25
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 90 - Peaky Blinders oder Sherlock Holmes?
An dëser Episod schwätzen de Ben, de Gilles an den Dylan doriwwer, dass dat Duell "Haaland vs Van Dijk" éischter ausgesäit wéi wann e Croisières-Schëff géint en AirBus360 spillt. Ënnert anerem gouf et a Spuenien bei Barcelona e ganz besonneschen Trikot an den Dylan fänkt d'Episod als Eminem un.
2022-10-18
31 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 89 - Do ass den Oli bal vum Stull gefall
Den Dylan hat e wonnerbare Weekend zu Hamburg an de Gilles huet sech Samschdes zu Mainz blécke gelooss. Ënnert anerem erzielt eis de Ben firwat d'Spiller vu Wolfsburg an Augsburg haut alleguer schwaarz Zéiwen hunn. Wat u kengem laanscht gaangen ass, beschwätzen déi dräi och nach a kucke firwat den Oliver Kahn bal vum Stull gefall ass.
2022-10-11
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 88: Dräi Këschten zu Wëntger
Déi 88. Episod Buvette an et gëtt gebraddelt wéi ëmmer. De Gilles gëtt relativ gutt mam BVB verglach, de Ben erzielt vu senger Weltrees op Wëntger an den Dylan huet eng Erklärung firwat de Füllkrug net an der Nationalequipe spillt. Ënnert anerem erzielt den Dylan vu sengem Lautern-Ausflug an et gëtt sech d´Fro gestallt wéi krass den Erling Haaland iwwerhaapt ass.
2022-10-04
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 87 - Lion King
Et war Lännermatchpaus an trotzdeem gëtt et genuch ze zielen. De Ben an den Dylan hate fräi an hunn de Weekend genoss. De Gilles bréngt Gerüchter an d Gespréich an erzielt vu sengem Weekend zu München. Ënnert anerem gëtt de Gerson vun deenen dräi zum Lion King gekréint, op dem Pizarro säin Oofschlossmatch gekuckt an op e spezielle Podcast higewisen.
2022-09-27
31 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 86 - Kung-Fu Panda
An dëser Folg geet et nees "heiß hier". De Gilles huet net laang gebraucht fir ze wësse wiem säi Goal genau sou war wéi dem Haaland säin, den Dylan erkläert firwat den Neymar eng giel Kaart krut an de Ben faasst d'BGL Ligue ganz einfach zesummen. Ënnert anerem gëtt iwwer d'Bayern geschwat a firwat weder de Ben, nach den Dylan dëse Weekend gespillt hunn.
2022-09-20
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 85 - Sponsor-Bingo
An dëser Folg widmen de Ben, de Gilles an den Dylan sech dem Lëtzebuerger Fraefussball, et gëtt op dem Ben an dem Dylan säi Weekend gekuckt a weiderhin stellt sech d Fro wéini een dann elo Hänns päife kann. Ënnert anerem gi ganz geckeg Theesen opgestallt wat de Max Kruse dann no senger Karriäre mécht a firwat de Ben zu Nidderkuer ëmmer Sponsor-Bingo spillt.
2022-09-13
38 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 82: Geschnëtzeltes Crème Champignon
Nodeems et lescht Woch Boulette gi sinn, dëschen d'Jongen aus der Buvette dës Kéier da mol nees eppes op, och wann et en zweete Versuch gebraucht huet. Ganz ongewinnt huelen déi Dräi des Kéier un engem Stéck op a braddele wei gewinnt iwwer de Weekend. Beim Dylan huet d'Saison ugefaange, de Ben war Kapitän an de Seba Thill bréngt lecker Flanken. Weidere Quatsch an dëser Episod.
2022-08-23
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 79 - Zeréck an der Buvette
No enger gefillten Éiwegkeet setzen de Gilles, de Ben an den Dylan rëm an der Buvette. D'EM vun den Damme gëtt Revue passéiere gelooss, de Ben schwäermt vun engem herrlechen Dag um Betze an de Gilles mécht op d´Kicker Managerspill opmierksam. E labbere Start an déi nei Saison Buvette.
2022-08-02
30 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 77 - Granulat in der Ritze
Den Dylan suergt alt nees fir eng Iwwerraschung a sengt eppes, et gëtt sech d´Fro gestallt ob den Duksch oder de Füllkrug vu Bremen méi drénkt an da fält dem Gilles nach op, dass den Dylan bal géint de Kevin Großkreutz gespillt hätt. Ënnert anerem gëtt gefillt all Opsteiger a Meeschter genannt a kräiz a queer duerch d Lige geflunn. Eng ganz well Folg.
2022-05-18
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 76 - Blo-Wäisse Weekend
Den Dylan ass Opsteiger a kënnt aus der Feierei net raus, den Immer freet sech rem op d‘Revier-Derby an de Ben zitt eng batter Niddkuer-Bilanz vun deene leschten 8 Matcher. Ënnert anerem kucke ma wie nach sou opgestigen ass, a froen eis op d‘Stad Sevilla prett ass fir den 18.05.2022.
2022-05-10
37 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 75: De Magath dee Fuuss
E Simon Terodde deem d‘Stëmmbänner gerass sinn, en Dylan dee beemol Zweekämpf gewennt an e Felix Magath, dee matt enger cleverer Aussoh fir déi nächst Bayern-Victoire suergt! Dat alles a nach weider Themen an der aktueller Folg
2022-05-03
39 min
Buvette - De Fussballpodcast
Episod 74: Angry Birds
Gilles Immer, Ben Vogel & Dylan Vogel Buvette, Episod 74: De Ben, de Gilles an den Dylan leeën de Fokus des Kéier méi op Lëtzebuerg an d'Bundesliga. En Davie Selke schéisst ee Goal a feiert zwee mol, d´Meeschterschaft vun de Bayern ass jidderengem egal an d'Mondorfer Angry Goats gi schnell mol mat engem bekannte Spill verwiesselt. Wat den Dylan e Samschdeg opgefouert huet a firwat de Ruhrpott sou schéin ass, an dëser Episod.
2022-04-26
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
#73 Eeër, mir brauchen Eeër
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et ass Ouschteren a ganz nom Motto "Eeër, mir brauchen Eeër" diskutéieren de Ben, Dylan a Gilles iwwert déi geckeg Woch an der Champions League, d'Frankfurter Invasioun zu Barcelona an dem Ben seng selwer ernannte schlechtste Prestatioun op engem Fussballterrain.
2022-04-19
26 min
Buvette - De Fussballpodcast
#72 3/3 Buvette
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D'Buvette ass endlech rëm komplett! De Gilles zielt vu senge Champions League Erliefnisser, dem Ben waart op den nächsten Zuch an den Dylan huet sech rëm erkritt, nodeems en flaach louch. Zu Berlin hat dem Felix Magath säin Interview méi Highlights wei seng Equipe wärend dem Match an an der Premier League gouf den absolutten Toppmatch gespillt.
2022-04-12
37 min
Buvette - De Fussballpodcast
#71 2/3 Buvette
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Zanter laangem erëm ee Stadionbesuch fir den Dylan, eng nei zukünfteg Nummer 1 beim Progres an e Gilles deen an der Aarbechtswelt ukomm ass. Dat alles a wei et bei de Bayern zum 12.Mann um Terrain koum, hu fir eng leschte Kéier nëmmen zwee vun deenen dräi aus der Buvette beschwat.
2022-04-05
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
#70 Leben und leben lassen
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Mam Fussball hunn dei zwee sech de Weekend omfong net sou befaasst an trotzdem gouff et genuch ze beschwetzen. Wei kann een 8:0 verleieren, wat schreift de Werner sech fir Notizen op a mat wem huet de Gilles an de States eventuell e Patt gedronk?
2022-03-29
30 min
Buvette - De Fussballpodcast
#69 Nëmme Gezwitscher
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Eng Episod nëmme Gezwitscher. Wärend ee vun deenen 3 aus der Buvette Vakanz mécht, ginn déi aner zwee wei gewinnt hirem Job no. Nierwend Krämpercher vum Ben an engem gehalenen Eelefmeter vum Dylan, hunn déi zwee sech och nach dem Béierbecher zu Bochum gewidmet a verroden, wei een am Lëtzebuerger Fussball déi eng oder aner Wett gewanne kéint. Ganz besonnesch an der Folleg: D´Definitioun vun enger Buvette.
2022-03-22
30 min
Buvette - De Fussballpodcast
#68 Come backer
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Beim Ben gëtt et Zäit, nei Schlappen auszepaken an den Dylan huet mat der TuS en Derby ënnert Flutlicht virun sech! An der Bundesliga dierf de legendäre Quälix seng Qualitéiten da lo beim Big City Club ënner Beweis stellen a Leverkusen muss eng batter Pell schlécken. A wärend de Messi a PSG doheem ausgepaff gëtt, hat de Ronaldo en Weekend, wei een sech en besser net hätt kéinte virstellen.
2022-03-15
27 min
Buvette - De Fussballpodcast
#67 Biwer Baal
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Eng nei Woch an der Buvette heescht e weidere laangen an onnéidegen Text, dee souwisou kee Mënsch duerchliest. Et fält warscheinlech guer net op, dass et hei ganz a guer net em de Fussball geet, mee just dorëm, d'Zeilen ze fëllen, fir dass et op Spotify net sou eidel ausgesäit. A wann et iergendeen tatsächlech bis heihinner gepackt huet a sech freet, wat der Däiwel dat hei soll, da schwätzen d'Jongen aus der Buvette e grousse Merci aus a prosten op dech. Déi passend Diskussiou...
2022-03-08
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#66 Mir brauchen en neien Kepa
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel De Progrès ass rëm do wou mer en gär hätten an d'Preparatioun vun TuS Königsdorf geet mam Rosenmontag op en Enn. Karneval war de Weekend och am Kölner Keller, wou de VAR méi wei ee Mol als Jeck ënnerwee war, sou dass dem Max Kruse wéi och der beléifter Hertha vu Berlin net no Konfetti war. An da freet een sech an der Buvette, wéi et sech als Kepa ufillt, extra fir d'Eelefmeterschéissen agewiesselt ze ginn an den entscheedenden Eelefmeter an d'Wolleken ze donneren.
2022-03-01
26 min
Buvette - De Fussballpodcast
#65 Lëfteg Affär
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Den zukünftege Snowboardlehrer ass nees do a soumat ass d'Buvette och rëm komplett. Fussballmatcher kennen heiansdo laang ginn, mee dat ass fir de Progrès grad sou gutt. Laang gëtt och deen oder anere Ball, wann een d'Rechnung ouni déi lëfteg Konditioune mécht, wei een dat de Weekend um Käerjenger Dribbel feststelle konnt. An wann Sonndes an der Bundesliga méi Goler fale wei Samschdes mëttes, da weess een, dass d'Konferenz rëm fir d'Kaz war.
2022-02-22
28 min
Buvette - De Fussballpodcast
#64 Schwarzgeld
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et ass roueg! Dat läit éischtens dorun, dass deen Drëtten aus der Buvette nach ëmmer feelt an zweetens, dass am internationale Fussball net vill lass war, wouriwwer een sech déifgrënneg ënnerhale misst. Dofir war et dës Woch eng éischter labber Affär, mat ënner anerem engem Thema aus dem Amateurfussball, wat virun allem an Däitschland mëttlerweil e grousse Problem ass.
2022-02-15
30 min
Buvette - De Fussballpodcast
#63 Schwammmeeschter gesicht
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Dës Woch läit et rëm um Duo Ben a Gilles, well den Dylan d'Schipisten onsécher mécht an de Wee an d'Buvette net packt. Wärenddeem huet d'BGL-Ligue nees ugefaangen, och wann se op verschidde Plazen direkt rëm ënnergeet. An Däitschland war et en turbulente Weekend mat zwee Toppmatcher, engem Trainer, deen an der Stuff hin an hier sprengt an engem Lëtzebuerger Duell an der 2. Liga. An schliisslech geet den Afrika-Cup och op en Enn.
2022-02-09
31 min
Buvette - De Fussballpodcast
#62 Kee Fussball, kee Probleem
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Kee Fussball, kee Probleem. An der Buvette vergeet d'Zäit och ouni dass den Weekend Lännermatcher waren oder an de Championnater gespillt gouf. Sou war eng jett um Transfertmarché lass, eng Doku op Netflix stoung um Programm an et huet ee souguer Zäit fonnt, iwwert aner Sportaarten ze schwätzen.
2022-02-01
36 min
Buvette - De Fussballpodcast
#61 Mir versti just Chineesesch
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D'Fussballwoch huet mat enger verréckter däitscher Coupe ugefaangen an hält mat chineesesche Paräis Tricoten op. Dotëscht ploen sech de Ben an den Dylan duerch d'Virbereedung, an der 2. Liga gëtt et neien Dramduo an em den Afrika-Cup ass et bësse méi roueg ginn. Mee vill Leit wäerten sech elo och froen, firwat nächste Weekend net gespillt gëtt.
2022-01-25
30 min
Buvette - De Fussballpodcast
#60 Do kann een sech froen, firwat?
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Eng ganz geckeg Episod mam Ben op der Äispist, dem Dylan, deen de Gabor Kirali imitéiert an de Gilles, deen eng oder déi aner ganz intressant Story vum Afrika-Cup matbréngt. Dann hunn déi zwee Knupperten aus der Bundesliga rëm geliwwert, an England ass den Zuch fir dem Tuchel seng Equipe fort an a Spuenien spillen déi eng e Match iwwert zwee Deeg, wärend déi aner souguer op engem anere Kontinent spillen. Do kann een sech froen, firwat?
2022-01-18
38 min
Buvette - De Fussballpodcast
#59 Kee Stil, just Goler!
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D'Buvette späert seng Diere fir 2022 op an och den Dylan ass rëm mat u Bord! Wärend d'Preparatiounen zu Nidderkuer a Königsdorf rëm uginn, geet et an der Bundesliga weider, wou Bayern souwuel mat Gladbach wei och mam Covid ze kämpfen huet. Dee Problem gesäit een och an England, wou d'Matcher entweder ganz ofgesot ginn, oder mat vollen Tribüne gespillt ginn. An dann dierfe mir op dem Gilles seng Aarbecht als Afrika-Cup Korrespondent gespaant sinn.
2022-01-11
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
#58 Déifferdenger Chrëschtmaart zu Wolz
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Den Dylan hänkt an de Bierger fest an iwwerléisst dofir deenen aneren zwee d’Buvette, déi sech an der leschter Episod fir des Joer gutt Zäit gelooss hunn, dem Ben seng nei Roll als Goalgetter ze klären an op d’BGL Ligue ze kucken. De Gilles huet et richteg genoss, rëm lëtzebuerger Fussball ze kucken an dem Ben säi scho bal historeschen Dag zu Wolz mat ze erliewen. An da gouf et bei der UEFA eng net onintressant Pann, wat puer Spekulatioune mat sech bréngt.
2021-12-14
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
#57 Wat man mer wann de Géigner sou spillt?
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel De Ben trëfft monter weider an den Dylan feiert säi Comeback, wärend de Gilles nom däitsche Klassiker net sou richteg wees, wouhi mat sech. E Match, bei deem rëm alles dra war an um Enn awer op en Neits Bayern als Gewënner vum Terrain geet. Mee dat soll net den eenzege geckege Match an der Bundesliga gewiescht sinn! Iwwert Ëmweeër soll den Dylan matkritt hun, firwat et zu Gladbach net esou leeft... an op der Insel kann de Rolf Rangnick säin Debut feieren.
2021-12-07
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
#56 De Ballon d‘Or knapps verpasst
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel De Ballon d’Or ass gewielt, och wann de Ben de Weekend nach eng Kéier alles gemaach huet fir do e Wuert mat ze schwätzen. Wärenddeem setzt den Dylan weiderhin a Quarantän, de Gilles ass op Studierees an endlech gouf et mol rëm eng Bundesliga Samschdes Mëttes Konferenz, déi Spaass gemaach huet. A Portugal wees een net op et net awer Kreisliga war a wann ee mengt et hätt een alles gesinn, da muss een a Rumänien kucke goen... oder eben nëmmen hallef.
2021-11-30
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
#55 Skipper geht von Bord
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Eng turbulent Woch, an där et definitiv net langweileg ginn ass... Quarantän, Beaujolais mat Kéis a wichteg Punkte stinn déi Kéier ganz uewen op der Lëscht. Mee domat laang net genuch: an England raumt den Ole Gunnar mat frëndlecher Hëllef vun eisem beléiften Harry da lo awer säi Büro, a Frankräich sinn alt rëm Fläsche geflunn an an der Ukrain ass den Oli Thill guer net méi ze halen.
2021-11-23
36 min
Buvette - De Fussballpodcast
#54 Lännermatchvakanz
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Zum Ofschloss vun der WM-Qualifikatioun goufen et vun eise Roude Léiwen 3 Auswäertspunkten zu Baku an den éischte Match an engem ausverkaafte Léiwen-Park. De Gerson Rodrigues huet gezaubert, de Seba Thill trëfft monter weider an de Ralph Schon hat méi Grënn sech dëser Deeg ze freeën. An wat fir déi meescht eng Lännermatchpaus ass, ass fir de Ben ganz einfach Vakanz.
2021-11-16
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
#53 Gänsehaut
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Zu Rodange gouf Bëton gemëscht an den Dylan huet e weidere Kreisligamatch am CV stoen. Am internationale Fussball huet de Gilles eng logesch Erklärung fir déi Dortmunder Resultater dem Ament an et schéngt, wéi wann den däitsche Meeschter scho rëm feststeet. Op der Insel ass Manchester scho rëm blo, an awer setzt den Ole Gunnar Solskjaer nach um Stull, och wann dat wuel just un engem gewëssene Ronaldo läit. An dann gouf et nach een oder deen anere Lëtzebuerger Gol de Weekend.
2021-11-09
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
#52 D'Brausepiraten
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Den Dylan huet säi Gebuertsdagsweekend richteg genoss, de Gilles huet sech och näischt entgoe gelooss an de Ben konnt mat sengem Eelefmeter dozou bäidroen, dass de Progrès de Swift vun Hesper aus der Coupe geheit. Deemno war et eng gelonge Woch mat intressante Resultater a Matcher an engem Iwwerraschungscadeau fir de Brausepirat Dylan.
2021-11-02
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
#51 De Mo an der Telefonskabinn
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Nei Woch, nei Episod. De Ben a säi Progrès huelen 3 Punkten an enger weiderhi spannender BGL-Ligue mat, wärend den Dylan mat TUS Königsdorf op enger laanger Auswährtsfahrt déi éischte Kéier an dëser Saison keng 3 Punkte mathëlt. An der Bundesliga ass géint Bayern kee Kraut gewuess, egal wéi en Trainer op der Säitelinn steet. Highlight vum Weekend war awer den Toppmatch an England, dee méi wéi däitlech ausgaangen ass an dat och de Grond ass, dass am Old Trafford ee Stull ferm um wa
2021-10-26
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
#50 Ee Scheich mécht der 100
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Gëllen Hochzäit an der Buvette! An der Jubiläumsepisod ass et no de Lännermatcher rëm Zäit ginn, an eng spannend BGL-Ligue ze kucken, an eng Bundesliga déi éischter wéineg Spannung versprécht an eng Premier League, déi ee Scheich-Club méi huet. An déi Euphorie zu Newcastle stéisst an der Buvette op wéineg Begeeschterung.
2021-10-19
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#49 Nations ween?
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et war eng vun deene ganz rouege Wochen, well ausser eise Roude Léiwen, déi bëssen onglécklech géint d’Serbe verluer hunn, stoung just nach d’Nations League um Programm, déi deen een oder anere souwisou scho vergiess hat. Fir de Recht war an der Fussballwelt net vill lass, wat et de Jongen an der Buvette erméiglecht huet, bësse méi ronderëm de Bräi ze schwätzen. An dat kennen se gutt.
2021-10-12
30 min
Buvette - De Fussballpodcast
#48 Vun der Méimaschinn op den Troun
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Dës Woch gëtt et just een Thema an dat ass eise Seba Thill, dee Lëtzebuerger Fussballgeschicht schreift. Net nëmme kennt elo d'ganz Welt säi Numm, mee am Bernabeu sinn se och d'Spannennetzer lass. A well dat nach net genuch ass, huet säi Brudder Oli zwou Buden um Weekend zum Beschte ginn.
2021-10-05
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
#47 Deen hat scho Giel
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Mir erliewen eng spannend BGL-Ligue Saison, wou gefillt jiddereen e Wuert em déi éischt Platze matzeschwätzen huet. An der Bundesliga sinn et rëm déi Dortmunder, déi dem Gilles Suerge maachen, och wann eng Arbitterdécisioun groussen Undeel dorun huet. A wann de Ronaldo den nächsten Eelefmeter schéisst, dierft dem Bruno Fernandes säi Ball dann och mëttlerweil ukomm sinn. Zu gudder Lescht steet rëm Champions League un, wou eis zwee Nationalspiller sensationell gestart sinn.
2021-09-28
31 min
Buvette - De Fussballpodcast
#46 Harmonesch ënnerwee
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et harmonéiert an der Buvette, wat och doru läit, dass ee vun dem aneren, Woch fir Woch, léiert! Deck Loft gëtt et awer dogéint zu Käerjeng, och wann et alles anescht wéi schlecht leeft. A wärend zu Bremen de Mitchell Weiser um Terrain fir Gespréich suergt, mécht den Tim Wiese et uewen an der Buvette.
2021-09-21
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
#45 No XXL kënnt Lukaku
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D'Lännermatcher sinn eriwwer an d'Spiller dierfen zréck bei hier Veräiner, och wann deen een oder aneren en Ëmwee maache muss. Wärend d'Bundesliga mat sengen net all ze spannende Samschdes-Mëttes Konferenze kämpft, huet d'Premier League rëm hier Attraktivitéit bewisen: de CR7 mellt sech, wéi och anescht, mat Goler zeréck a fir de Big Rom mussen se deemnächst vläicht nei Gréissten definéieren. Mee och dem Messi säin Hobby-Championnat huet en neie Star, well eise Gerson seng nei Faarwen direkt zur Victoire schéisst.
2021-09-14
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#44 Éischt 3 Punkten am Léiwen-Park
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Wärend den Dylan den Zenit vu senger Karriär erreecht huet, hat de Gilles d'Méiglechkeet, de neie Stadion beim Match géint Aserbaidschan ënnert d'Lupp ze huelen. Net nëmme konnt Lëtzebuerg komplett verdéngt 3 Punkten huelen, mee et ass och héich Zäit ginn, de legendäre Josy Barthel hannert sech ze loossen, well den "Léiwen-Park" huet alles, fir zum Hexekessel ze ginn, wann en mol bis voll ass. A wann der bis emol an de Genoss kommt, denkt un är Jackett!
2021-09-07
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
#43 Vu Buvette zu Buvette
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et ass déi éischte Kéier, dass déi 3 aus der Buvette beienee sinn an ophuelen an zesumme schaffen si en Weekend op, bei deem et vun enger an déi aner Buvette gaangen ass. Sou stoung den nationale Fussball des Kéier am Virdergrond, och wann et international virun allem den Transfert vum Ronaldo war, dee bëssen aus dem näischt koum an iwwerrascht huet. An dann ass d’Virfreed op d’Lännermatcher des Woch grouss, well d’Buvette live mat derbäi wäert sinn. Huel se!
2021-08-31
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
#42 Ahoi Kapitän
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Ahoi ass d'Motto vun dëser Episod. De Kapitän Gilles mëllt sech live aus Sardinie vum Boot fir dem Ben a Dylan hir Victoiren ze kommentéieren. Ausser engem Platzstuerm zu Nice, engem Eelefmeter mat zwee Bäll a Schalker Konstanz, hunn d Jongen hir üblech Liblingstheme behandelt.
2021-08-24
29 min
Buvette - De Fussballpodcast
#41 Kreisligalegende
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Den Dylan lieft säin Dram a feiert säin Debut an der Kreisliga, de Ben verlaangt sech um Terrain alles of an de Gilles genéisst dat Ganzt vu baussen. Sou hat jiddereen op seng Aart a Weis en intressante Weekend mat vill Fussball, well nieft der Bundesliga, déi scho rëm mat engem VAR-Skandal an d’Saison start, huet och d’Premier League an d’spuenesch Liga ouni Messi ugefaangen. Ausserdeem sinn och rëm eis Lëtzebuerger Nationalspiller aktiv, woubäi een eng extra Aufgab aus der Buvette kritt.
2021-08-17
37 min
Buvette - De Fussballpodcast
#40 Waasserball um Progrès
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D’Buvette geet an déi zweet Saison an endlech leeft et rëm wéi een et gewinnt ass: Leit op den Tribünen, Béier an der Buvette a Wurschten um Grill. Zu Nidderkuer gouf méi Waasser- wéi Fussball gespillt a soumat hat de Ben leider e kuerzen Optrëtt um éischte Spilldag an der BGL-Ligue. An Däitschland start d’Saison dann sou richteg mam DFB-Pokal a genau sou wéi verschidde Bundesligiste Problemer haten, den éischten Tour ze packen, hunn d’Jongen aus der Buvette Problemer Prognose fir d’Bundesliga ofzeg...
2021-08-10
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
# Den EM-Special aus der Buvette! (2)
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D’Europameeschterschaft ass dann och elo eriwwer an d’Jongen aus der Buvette gratuléieren dem wuel verdéngte Gewënner aus Italien, zéien e Bilan vum Tournoi a kucke mat engem Aen an déi nächst Saison.
2021-07-14
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
# Den EM-Special aus der Buvette! (1)
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Den EM-Special aus der Buvette! D’Stëmmung ass mëttlerweil do, an dat läit och virun allem un den Zuschauer, déi rëm erlaabt sinn. Gefierften Hoer, en absolutte Schock-Moment, ongewéinlech Pressekonferenzen, Iwwerraschungen an Enttäuschungen, langweileg ass déi EM definitiv net. Déi 3 Hobby-Experte Ben, Dylan a Gilles si rëm do an huelen déi eenzel Gruppen ënnert d’Lupp a kucke wat bis elo sou geschitt ass.
2021-06-22
37 min
Buvette - De Fussballpodcast
#39 Duuscht an alle Ligaen
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Buvette déi lescht! Mir schléissen dës Saison mat enger Episod of, wou mer dem Ben säi Gol feieren an hien seng Equipe domat an der Course em déi 4. Plaz hält. Dat bedeit een oder deen anere Cageot fir hien an dat ass wuel d’Stéchwuert bei ganz ville Veräiner an deene verschiddene Ligaen an Europa, vu Championne wéi Lille oder Atletico iwwert Qualifikatioune vun Union Berlin bis zu Opsteiger wéi Hansa Rostock, wou ee rëm besonnesch erausstécht. Dann soe mir villmools Merci fir de Support b...
2021-05-25
31 min
Buvette - De Fussballpodcast
#38 Extas zu München
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Dës Woch war et eng Buvette Late-Night-Show well de Gilles zu München ënnerwee war an eng Stad am Ausnamezoustand virfënnt. An et huet een d’Gefill, et gëtt manner iwwert d’Meeschterschaft geschwat wéi iwwert de Golrekord, wou d’Meenungen an der Buvette ausernee ginn. Eng perfekt Dortmunder Woch bréngt dann awer och Froe souwuel iwwert den aktuelle wéi och iwwert den zukünftegen Trainer op. Dramatesch bleift et weiderhin am Tabellekeller an an den europäesche Ligaen decidéiert sech da villes nach de leschte Spilldag.
2021-05-18
36 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 37 Drama Baby Drama!
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Dramatesch spannend bleift et! An der BGL-Ligue, wou d’Fola d’Dier fir Diddeleng an Hesper nach eng Kéier opmécht an de Progrès a Racing sech weider em déi 4. Plaz streiden. A Spuenien, wou keen an den direkten Dueller vun den éischte 4 gewënnt. An zu gudder Lescht an Däitschland, wou net nëmmen an der 1. Liga géint den Ofstig gekämpft gëtt, mee wou virun allem an de Ligen ënnendrënner de Bam brennt an et ob eng (an des Kéier wierklech) bescht 2. Liga rausleeft. Wat den HSV misst...
2021-05-11
36 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 36 Rapp a Klapp
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et huet gerabbelt de Weekend, an dat leider net nëmmen am Filet. Ob an der BGL-Ligue, an der Ligue 1 oder an der Premier League, an der Kabinn, um Terrain oder virum Stadion, et war quasi alles derbäi. Wat de sportlechen Deel ugeet, bleift et hei zu Lëtzebuerg weiderhi spannend an an Däitschland kënnt et an der Coupe zur erwaarte Final. An fir déi, déi net wësse wat se déi nächst Deeg kucke sollen, huet den Dylan e klenge Programm opgestallt.
2021-05-04
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 35 Ticket wannechgelift!
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Se war sou séier fort, wéi se komm ass: d’Super League wäert et net ginn. De Problem awer bleift, well d’Reform vun der Champions League ass net wierklech besser, woumat mer rëm bei de Kolleege vun der UEFA wieren. Wéi gutt dass et d’BGL-Ligue gëtt, wou een dierf gespaant sinn, wien de leschten Ticket fir déi europäesch Plaze krit. Wat Ticketen ugeet, kennt sech de Ben spéitstens no dëser Episod, ganz gutt aus. An der Bundesliga ass de Moment wuel keng Equipe besser ën...
2021-04-27
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 34 Super onnéideg
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et ass eng Noriicht, déi engem als Fan just nach d’Flemm andreift an dofir gëtt an der Buvette och kee Blat virun de Mond geholl. D’Super League wäert de Fussball, wéi mir en kennen, zerstéieren an och wann et nach vill oppe Froe ginn, gouf eng éischt awer relativ kloer Analys gemaach. Dowéinst ass de ganze Recht aus dëser Fussballwoch och bësse vernoléissegt ginn, ausser dass en Lëtzebuerger d’Super League gewonnen huet.
2021-04-20
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 33 Trauzeuge Sascha
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Quasi vum Terrain an d’Buvette virun de Mikro an domat nach voller Emotiounen, hellt de Ben eis rëm mat an d’BGL-Ligue. An der Bundesliga schéisst de Leandro Barreiro en Gol fir seng Faarwen, dee méi wichteg net kéint sinn an et freet een sech, wou säi Wee nach hiféiert. A wéi enger Hisiicht den Dylan d’Formel 1 léiwer huet wéi de Fussball a wéi eng zwee Spiller en Dramduo am Stuerm géife bilden, héiert dir an der neier Episode "Trauzeuge Sascha".
2021-04-13
29 min
Buvette - De Fussballpodcast
#32 Dylan mat der Schuffl
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Eis Rout Léiwe gi no engem excellente Match géint d’Portugise leider net belount. Dofir awer de Gerson Rodrigues, dee fir déi éischte Kéier am ‘Team of the Week’ lant. De Bundesliga Spilldag war absolut fir d’Kaz a fir de Recht war et eng Episod, déi vu méi oder manner gescheite Kommentaren a Gesabbels gelieft huet, dat mat engem Dylan, deen an Topform war.
2021-04-08
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 31 Punkten um Compte
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel En Weekend wéi een sech en virstellt: De Ben freet sech iwwert 3 Punkte mam Progrès an eis Rout Léiwe gewanne sensationell zu Dublin! Eng komplett verdéngte Victoire léist hoffen op méi, och wann lo keen anere Géigner wei Portugal am Josy ob si waart, mat engem Ronaldo, deen seng Roserei well rausloossen. An der Buvette versteet awer och keen, firwat et net an all Stadion Torlinientechnik gëtt a stellt d’UEFA a Fro, déi niewebäi vergësst, dass mir grad mat enger Pandemie kämpfen. Zum Schlu...
2021-03-30
31 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 30 Nach eemol Josy fir de Chrescht
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel An der BGL-Ligue ginn d’Matcher lo endlech live iwwerdroen, och wann dat nach net ganz ouni Problemer leeft. D’Lännermatcher kéinten historesch ginn, well et hofft een, déi 3 Thill-Bridder zesummen um Terrain ze gesinn an d’Chance stinn och guer net sou schlecht. Donieft huet de Ronaldo nach eng Kéier d’Chance, sech vun de Soundboxen an dem wonnerbare Wuess am Stade Josy Barthel ze iwwerzeegen. De Weekend an der Bundesliga war fir den neutralen Zuschauer ganz spannend, och wann déi wichteg Matcher no de Lännermatcher ustinn. Dat gëllt och fi...
2021-03-23
38 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 29 De Norweger aus dem Labo
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Géint d’Fola vun Esch ass de Moment kee Kraut gewuess, mee och de Progrès bréngt sech lues awer sécher an eng komfortabel Tabelleregioun. An der Champions League schéisst een am Labo geziichten Norweger alles kuerz a kleng an och wann d’Resultat eppes anescht seet, war Barcelona net ouni Chance am Duell géint de franséische Meeschter aus dem Katar. An der Buvette gëtt dann awer och iwwert de Nofollger vum Jogi Löw diskutéiert an an der Premier League war ee Gol méi spektakulär wei...
2021-03-16
37 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 28 Sheriff Sébastien
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel An der BGL-Ligue gëtt et en neie Leader a beim Progrès hätt ee gär ob en Déjà-vu verzicht. De Start an de Bundesliga Weekend war zimmlech null, an dat louch net nëmmen um Resultat, mee dofir war et nieft dem däitsche Klassiker virun allem eng rout Kaart, déi fir ganz vill Diskussioune gesuergt huet. Dann hofft een an der Buvette ob e weidere Lëtzebuerger Spiller an der Bundesliga a bei Liverpool bastelt een direkt um nächste Rekord. An well een net duergeet, ginn et der dëse...
2021-03-09
38 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 27 Wettkönig Jochen
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Derby zu Nidderkuer! Zwee Punkten an der Nospillzäit verluer, mee ëmmerhi kann ee rëm duschen am Stade Jos Haupert. A wann iergendeen mengt, et kéint net schlëmmer kommen, da kennt Schalke a beweist engem de Géigendeel: gefillt den hallwe Staff gëtt entlooss an och an der Buvette feelen engem esou lues d’Wierder. Zu Bielefeld ass een dann zur Conclusioun komm, dass een net méi Meeschter ka ginn a gehäit doropshin och den Trainer raus. De nächste Patt an der Buvette gëtt awer den Oli Thill, de...
2021-03-02
39 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 26 De Ball dee rullt
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et ass endlech souwäit: no éiwegem hin an hier rullt de Ball an der BGL-Ligue rëm! Fir de Progrès ass de Start alles anescht wei optimal verlaf, mee de Ben ass optimistesch wat déi nächst Wochen ugeet. An der Champions League wéi och an der Europa League léist de Reesbüro UEFA d’Equippen duerch ganz Europa fléien an et kann een sech d’Fro stellen, ob dat de richtege Wee ass. Wärend Frankfurt d’Bundesliga rëm spannend mécht, schafft Wolfsburg un engem neie Rekord a Schal...
2021-02-23
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 25 Reus oder Rose - Haaptsaach Dortmund
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Eng Episode ënnert ongewinnten Ëmstänn, mee nach ëmmer kee Grond zur Opreegung. Dat gëllt fir verschidden Häre vum “Mir stinn iwwert allem”-FC Bayern definitiv net, well do keng Geleeënheet ausgelooss gëtt, sech (nach méi) onbeléift ze maachen an dat kréien se an der Buvette ze héieren. A wéi kéint et um Rosenmontag anescht sinn: de Gladbacher Trainer wiesselt zur neier Saison ob Dortmund. Iwwerhaapt stoungen an dëser Episode d’Trainer am Fokus, well de Nürnberger Trainer seng Taktik grad sou gutt ob Chinesesch hät...
2021-02-16
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 24 Erëm keng BGL Ligue
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Et soll einfach net sinn... De Ben mat sengem Progrès, wéi och de Recht vun der BGL Ligue, kennt einfach net an d’Rullen. “Et kéint ee mengen, et hätt iergendeen eppes géint de Lëtzebuerger Fussball”, soll en gewëssenen Här Rummenigge gesot hunn. Trotzdeem war international rëm vill lass, vu geckege Matcher am DFB Pokal, iwwer VAR-Chaos an der Bundesliga a rëm en Toppmatch an England, wouropshin d’Championnat lues awer sécher an eng Richtung tendéiert. An net ze vergiessen, hu mer rëm en Lëtzebuerger...
2021-02-09
37 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 23 All 11 Sekonnen e Meter Béier
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D’Rolle sinn des Kéier kloer verdeelt: De Ben fillt sech prett fir d’BGL, den Dylan fuddelt am Online Training an de Gilles kuckt sech dat Ganzt vu baussen un a geet an där Zäit villäicht mat deenen Dortmunder Eelefmeter trainéieren. International war nawell eppes lass um Transfertmaart, och wann aus Lëtzebuerger Siicht näischt aus engem ganz geckege Wiessel ginn ass. Eng Noriicht aus Spuenien ass awer ageschloe wéi eng Bomm: Dem Lionel Messi säi Konto gëtt mat Millioune gesprengt an et ass net ganz einfa...
2021-02-02
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
# 22 Tooor in Mainz
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Eng Nouvelle, déi engem Äerdbiewen entsprécht, schockéiert d’Fussballwelt: De Kevin Großkreutz, de Mann mat sou villen Talenter, hänkt seng Fussballschong un de Nol an d’Buvette erweist him déi lescht Éier. Vun engem Skandal an den aneren: Zu Gladbach gi well Geschichten em de Schwäizer Embolo ronderëm, wat do stemmt a wat net, bleift elo mol nach e Rätsel. Fir de Moment vun der Woch huet awer definitiv de Leandro Barreiro gesuergt, deen als drëtte Lëtzebuerger iwwerhaapt an der Bundesliga e Gol schéisst a senge...
2021-01-26
31 min
Buvette - De Fussballpodcast
#21 Sons of Union
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Leider huet den FC Déifferdeng de Sprong an déi nächst Ronn vun der Futsal Champions League verpasst, mee trotzdeem all Respekt, well hier Platz an de Lëtzebuerger Geschichtsbicher ass sécher. An der Bundesliga dierf Bayern säi Virsprong ganz gemittlech ausbauen, well sech soss kee responsabel fillt, Meeschter ze ginn. Opfälleg war de Weekend just, dass d’Konferenz um Samschde Metten onopfälleg war. Dofir war méi Zäit fir an England ze kucken, well do den absolutte Spëtzematch um Programm stoung, och wann een do hätt méi kenn...
2021-01-19
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#20 Et ass souwäit
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D’Buvette ass endlech rëm ob! An de Start an dat neit Foussballjoer fänkt direkt ganz geckeg un, well et ass geschitt... Schalke huet, an nee mir dreemen net, endlech mol rëm eng Kéier 3 Punkte geholl. An dat war esou aussergewéinlech, dass de Ben sech fir déi Episode soss näischt opgeschriwwen huet. Dobäi waren nach 2 Topmatcher an der Bundesliga, déi hiren Numm definitiv verdéngt haten! Dëse Weekend war dann och de FA-Cup an England, wou Liverpool géint eng gefillte Poussins-Equipe vun Aston Villa gespillt...
2021-01-12
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#19 Aaschbomme fir den Dylan
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel An der Buvette war et den Dag vun de Premièren! Net nëmmen hellt den Dylan fir d’éischt doheem ob, mee och de Futsal gouf ugeschwat, méi genau den FC Déifferdeng 03, deen als éischt Lëtzebuerger Equipe eng Ronn an der Champions League weider kennt. Donieft schwätzen d’Jongen aus der Buvette iwwert eng eventuell nei Abseitsregel, déi allerdéngs ob wéineg Begeeschterung trefft. Zwou Gol-Maschinnen aus Argentinien a Polen, de José Mourinho mat der Ausso vun der Woch an eng Iddi, wei Schalke rëm kéint ob déi richteg...
2020-12-22
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#18 Techtelmechtel am Manchester Derby
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel De Buvette Podcast seet NEE zu Rassismus!! a kuckt nach eng Kéier op d' Affär vun Paräis. Außerdem ass de Podcast endlech volljäreg ginn....18! An dat hunn déi Stuttgarter och richteg geféiert de Weekend. Ahhh nee, hier 5:1 Victoire géingt desolat Dortmunder war hinnen dunn awer ee méi grousse Grond zum Féieren. Dorops hi, gouf de Lucie Favre gebueden seng siwe Saachen ze packen an doriwwer war och net wierklech een onglécklech. D Bayern loossen och Punkte léien an domat heescht den néie Spitzenrei...
2020-12-15
38 min
Buvette - De Fussballpodcast
#17 SpongeBob Borussia
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Déi 17t Episod ass zwar kee Jubiläum mee de Gilles, Dylan a Ben hunn sech awer iwwert dee Meilestee gefreet. An dat Ganzt hunn si mat villen Theme ronderëm de Fussball zelebréiert. Wéi zum Beispill Fändelen an der Berliner Bannestad, Dortmund an de SpongeBob an d Finanze vum FC Barcelona. Wéi ëmmer sinn déi dräi awer och an hier Liblingslige kucke gaangen. An beim Stuttgarter Wamangituka sengem Gol, trennt sech d Meenung an der Futtballwelt souwuel wéi och d Meenung an der Buvette.
2020-12-08
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#16 Mir soen Merci Diego!
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel De groussen Diego Maradona huet eis leider verlooss... an obwuel d Jongen en ni spille gesinn hunn, hunn se eng kloer Meenung zur argentinescher Legend. Dann sinn déi dräi an d Bundesliga gehopst. Wou ee verzweiwelte Geessebock ni soll ënnerschätzt gi. Dat hunn och d Beien aus Dortmund de Weekend misse feststellen, wéi déi zweetlescht aus Köln hinnen d Punkte geklaut hunn. Mee.... dat war jo och rëm typesch BVB. Fir d Unhänger vum FC Schalke war alles wéi ëmmer, kee Punkt mee awer zwou Suspendéier...
2020-12-01
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#15 Young Moukoko
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel An dëser Episod hunn d Jongen aus der Buvette sech mol méi Zäit gelooss fir d lëtzebuergesch BGL Ligue ënnert d Lupp ze huelen. De Ben a säi Progrès kommen des Saison net sou richteg an d Rullen. Genau sou wéi déi sportlech Trupp aus Hesper, déi momentan och net mat sportlechen Noriichten op sech opmierksam mëscht. Trotz allem, ass de Jongen awer net entgaangen dass ee ganz ganz jonke Mann e Samschden säin Debut an der Bundesliga maache konnt. De Youssoufa Moukoko vu Dortmund...
2020-11-24
38 min
Buvette - De Fussballpodcast
#14 Mat wat?...Mam Sack
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D' Lännermatchpaus war alt erëm eng Kéier vu grousser Langweil gepräägt. Ausser eisen rouden Léiwen ass fir den Gilles, Dylan a Ben näischt Intressantes dobäi gewiescht. Leider hu sech dem Luc seng Bouwen Zypern misse geschloen ginn. Mee en Dënschden heescht et rëm Rouden Léif, huel se! An dann gëtt hoffentlech awer alles gutt. An wat hunn den Gerson Rodrigues an den Sergio Ramos gemeinsam??... Déi Zwee hunn den Weekend mat Sécherheet d Léit schéin nervös gemaach an fir Ausraster vir...
2020-11-17
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
#13 Dem Josh ass de Knéi explodéiert!
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel De Weekend war gepräägt vun intensive Fussballsminutten, een Toppmatch huet deen nächste gejot. Dortmund-Bayern, Manchester City-Liverpool oder och Schalken-Mainz a Bremen-Köln. An all Match hat déi erwaarte Spannung och an sech, do huet sech kee luppe gelooss. Schalke verléiert iwwregens fir d 3t hannerteneen net!. Dann hu mir och rëm op eis rout Léiwen gekuckt a sinn zum Entschloss komm dass Metz a Schalke sech besser net sollten zesumme schléissen. do iwwerweit d Kompetenz nämlech net.
2020-11-10
38 min
Buvette - De Fussballpodcast
#12 Roy Keane mat Sleeve
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Dës Episod ass gepräägt vun de professionelle Ligen well de Ball soss néierens gerullt ass, a Schold do drun ass ausnamsweis mol rëm dee faméise Virus. Mee wien lo mengt den Dylan, Gilles a Ben hätten näischt ze schwätzen ass genau sou naiv wéi een dee mengt den Ibrahimovic oder de Ronaldo géife vum Virus geschwächt ginn. Kommt mol an de Match...! An England war Topmatch. An et goufen mol Zäiten an deenen sech de Viera an de Keane bei Arsenal-Manu geboxt hunn an et em...
2020-11-03
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
#11 Alles a Quarantän
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel D' Technik kann dech am Stach loossen, mee déi Gewëssheet dass de Lewandowski trefft ni. Deen Mann huet et einfach drop...Wéi gewinnt, hunn de Gilles, den Dylan an de Ben ee Schlussstréch ënnert de Fussball-Weekend gezunn. Blo-Wäiss war definitiv keen Tromp, Hertha Berlin a Schalke enttäuschen einfach nëmmen a mir froen eis op wéini déi zwee Veräiner rëm richteg Spaass machen. Zum Gléck ass d' Gekicks op der Insel sou spannend! An joooooooo... Leicester City war keen direkten Opsteiger. Den Ben an den Dylan...
2020-10-27
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
#10 Muertentrëppeler
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Nations League, Dammefussball, Coupe de Luxembourg, Bundesliga, Premier League, Serie A, Eredivisie a quasi all eenzelen Nationalspiller. Déi dräi aus der Buvette hunn an dëser Episod quasi näischt ausgelooss. D'Fussballgötter, Zlatan Ibrahimovic, Gerson Rodriguez a Mario Götze hunn de Weekend de Ball an de Filet gejot. An England gi méi Goler geschoss wéi bei The Voice of Germany gebuzzert gëtt. Just d' Bundesliga hat eis näischt ze bidden. Bravo un Schalke fir den éischten Punkt, mee soss war et sou langweileg wéi een Discobesuch an
2020-10-20
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
#9 Nations League - Schampes League
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Déi gutt Noriicht ass, weder den Dylan, nach de Gilles, nach de Ben hunn de Weekend hire Match verluer. Op der anerer Säit stoungen all d' Ligen stall.... Well et war un der Nations League! Eis jonk Léiwen hunn de Match géint Zypern gewonnen a fléien lo op Montenegro. Ee Genoss ass et, deenen nozekucken. Aner grouss Natioune maachen do net sou vill Spaass. Dann huet den Deadline Day eis Fussballshäerzer méi héich schloen gelooss. Vun Choupo-Moting bis op Götze waren mir begeeschtert. Ausserdeem schafft den Jeff...
2020-10-13
30 min
Buvette - De Fussballpodcast
#8 Waassermeloune-Sonndeg
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel 4 Mol Lewandowski an déi 8. Buvette Episod. Wéi gewinnt hunn de Gilles, Dylan a Ben op hire Weekend gekuckt. Mee ganz éierlech, do ginn et méi intressant Themen. Wéi zum Beispill eist Liblingsthema, de FC Schalke 0:4. Déi hunn eis et nämlech extrem einfach gemaach dëse Weekend ee Sproch ze bréngen. D'Dortmunder U19 gewënnt och, soudass eise Gilles gutt konnt schlofen a ganz liicht ëmmer nach op d'Meeschterschaft hofft. Ausserdeem sinn op der Insel Goler iwwer Goler gefall. 6:1, 7:2...do war méi lass, wéi zu Berbuerg um Penalty Cu...
2020-10-06
34 min
Buvette - De Fussballpodcast
#7 Ciao David
Gilles Immer, Ben Vogel, Dyaln Vogel D'Drama op Gelsenkirchen léisst de Gilles an de Ben op mannst hier perséinlech Matcher vergiessen. An der Haaptroll een däitsch/amerikaneschen Trainer, dee seng Saache schlussendlech konnt packen. Lo geet et Bierg op fir déi Kinneksblo... Den Dylan huet zumindest eng Iddi fir d Zukunft. D'Blécker sinn awer och an England a Spuenien gewandert. Zu Madrid gëtt nämlech lo an Persoun vum Costa a Suarez gebass a geschloen. An dat erfollegräich.
2020-09-29
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
#6 Endlech erëm 15h30
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Endlech....Samschdes 15h30, Bundesliga Konferenz. D'Liewe vun deenen dräi Buvette-Experte mécht erëm Sënn. Et war ee richteg haarde Weekend fir all Schalker an awer huet sech de Gilles déi Méiglechkeet net entgoe gelooss fir de Fanger an d’Wonn ze leen. Ausserdeem, en ongeschloent Duo zu Lëtzebuerg, interessant Matcher an England a Covid-Fäll a Portugal hunn de Ben, Gilles an Dylan och nach ënnert d'Lupp geholl.
2020-09-22
33 min
Buvette - De Fussballpodcast
#5 Kaartefestival zu Paräis
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel An dëser Episod sinn den Dylan, Gilles an de Ben vun engem Land an dat anert gespronge. Bei PSG-Marseille gouf et méi Kaarte wéi bei enger Party Uno. Do stoungen Onsportlechkeeten fest um Programm. An Däitschland huet sech deen Haaptstad-Club missen aus dem DFB-Pokal verabschiden an ka sech voll op d'Bundesliga konzentréieren.... HA HO HE... Ausserdeem, mécht de Sanel Ibrahimovic sengem Ruff als Buteur an der BGL-Ligue all Éier, wouriwwer sécher och säin Namensvetter frou wier.
2020-09-15
31 min
Buvette - De Fussballpodcast
#4 Buli Prognosen 20/21
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel Déi dräi aus der Buvette, den Dylan, Gilles a Ben knéie sech déif an d'Bundesliga a ginn hier Prognosen of. Fir den Dylan an de Ben steet de souveräne Meeschter fest. Woubäi de Gilles hoffnungsvoll op seng schwaarz/giel Beien hofft. (Stand Ufank September) MEE.... Opgepasst! Den Transfertmaart schléift ni! Wann dir eis lauschtert ass bestëmmt scho rëm vill passéiert.
2020-09-08
32 min
Buvette - De Fussballpodcast
#3 Stuttgart oder Miami?
Gilles Immer, Ben Vogel, Gilles Vogel, Eldoradio Dee beschte Lénksfouss eiser Zäit steet kuerz virun engem Wiessel, den Holger Badstuber kickt just nach an der zweeter Equipe vu Stuttgart a well beweisen, datt e méi kann. Aaaaah jo.... dann ass do nach ee gewëssene Lionel Messi, deen och net méi a sengem blo-rouden Trikot spille wëll. Am Lëtzebuerger Ländche rullt de Ball lo och endlech an allen Divisioune, soudass de Ben, den Dylan an den Immer mol gekuckt hunn, wien eventuell op- an ofsteigt a firwat dee Stadion zu Stroossen ausverkaaft war.
2020-09-01
35 min
Buvette - De Fussballpodcast
Buvette mat Schoss - Stadien a Fans
Ben Vogel, Dylan Vogel, Gilles Immer De Buvetten-Trio Dylan, Gilles a Ben schwätzen iwwert Stadien, Präisser a Fans am In- an Ausland. Den Dylan verréit iech op wéi enger Ersatzbänk hie scho geléiert huet. Wärend de Ben an de Gilles vun hiren Ausflich op Sevilla a Mailand erzielen. Anscheinend ginn et tëscht der Buvette am San Siro an där zu Éihnen Parallelen.
2020-08-18
25 min
Buvette - De Fussballpodcast
#1 "Et ass kee Frëndschaftsmatch"
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel An der éischter Episod geet et virun allem ëm d'Champions League, soss gouf et jo näischt de Weekend oder?! Woubäi... Mir mussen iwwert den 8:2 vu Bayern géint Barfuß Betlehem schwätzen, d'Lëtzebuerger Veräiner spille geschwënn hier Quali-Matcher an den Optakt an der BGL Ligue gouf ofgesot - ausnamsweis wéinst dem Corona Virus.
2020-08-18
32 min