podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Eldoradio
Shows
Gamer Things
Episod 20 - Luxcon, Springames a World of Warcraft
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Des Kéier geet et ëm Lokal Events ewéi Springames an d'Luxcon. Dozou ginn et nach News zu Diablo Immortal, World of Warcraft an Saints Row.
2022-04-27
1h 24
intensiv primitiv
Episod 19 - Op Besuch "Daniel's Kitchen Show" mam Evelyna
Nodeems de Max an den Dani an der leschter Episod mam Evelyna Exclusiv iwwert d'Liewen als Eskort-Damm hei zu Lëtzebuerg geschwat hunn, huet d'Evelyna deenen zwee och gezielt, dass den Daniel aus der "Daniel's Kitchen Show", säi beschte Kolleeg ass. Natierlech hunn de Max an den Dani sech déi Geleeënheet net entgoe gelooss an se allen zwee an de Podcast invitéiert.
2022-04-21
42 min
Gamer Things
Episod 19 - 250 fir een Auto a GT7?! 300 € fir 2 Buttons?!
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio "Alles gëtt méi deier!" - Eis Nerds vu Gamer Things fueren sech ganz verdutzt iwwert de Kapp wann se mieken waat d'Industrie fir en Courage huet wann et ëm Sue geet. Sinn 250 Euro ok fir en Auto a Gran Turismo 7? Sin 300 Euro zevill fir eng Manette? An da bezillt EA emol net hier Apex-Teams hier Rees?! Dat ganzt "sur un lit de": Elden Ring Geschärms vum Mike, accompagné des Wambo Combos; à la Marc.
2022-04-06
1h 22
intensiv primitiv
18 - Evelyna Exclusiv
De Max an den Dani halen hier Verspriechen. Bei der leschter Episod war den Invité leider kuerzfristeg ofgesprongen esou, dass et elo fir dës Episod dann awer geklappt huet. Op Besuch am Studio haten de Max an den Dani soss keen anere wéi d’Evelyna Exclusiv, eng Damm aus der Erotik-Branche. Déi dräi hunn iwwert alles geschwat wat et esou ze schwätze gëtt a kloer gemaach, dass jiddereen esou ka si wéi e wëll, ouni sech vun anere Leit domm Remarke musse gefalen ze loossen.
2022-03-31
36 min
Gamer Things
Episod 18 - ELDEN RING di Zweet, HOGWARTS LEGACY an eng Ode u "kleng" Spiller
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio De Mike ass net méi vun Elden Ring ewech ze kréien, de Petz entdeckt seng Léift zu engem neie Genre, an de Marc well, DASS DE PETZ DUNE KUCKT! Ausserdeem hunn eis 3 Spillisten sech natierlech och di lescht SONY State of Play ugekuckt, an där dat laang erwaarten Hogwarts Legacy virgestallt gouf.
2022-03-23
1h 18
intensiv primitiv
17 - Spontan ass de Brudder vun Delikat
De Max an den Dani melle sech mat enger neier Episod zeréck. Allerdéngs ass déi ganz anescht verlaf wéi dat geplangt war. Um Planning stoung ee Special-Guest, dee leier kuerzfristeg huet missten ofsoen. Wat natierlech mat sech bréngt, dass déi zwee nees dat hu misste maache wat se am beschte kënnen, nämlech improviséieren. Wat an dësem Fall zu zwou ganz delikaten Diskussioun gefouert huet.
2022-03-10
20 min
Gamer Things
Episod 17 - Déi grouss Elden Ring Episod
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Vill Leit hunn drop gewaart an och mir konnten et bal net ofwaarden. Elden Ring ass endlech eraus a krit bombastesch Wäertungen. Mee huet Elden Ring dann och an eisen Aen déi Wäertunge verdéngt? Jo dat erziele mir iech hei bei Gamer Things.
2022-03-09
1h 04
Juuubel
Episod 34: Bobycar or Bobylegend?
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio E Mëttwoch, wou d’Wieder nach gutt war an d’Welt nach an der Rei war hunn de Serrig an den David de Bobycar zelebréiert, engem Mann seng Zänn no 11 Joer erëm fonnt a si schwätzen iwwert d’Vir- an Nodeeler vun enger 4. Schaffdeeg-Woch. Gutt Laun gëtt et och dës Woch erëm am Juubel Podcast mat 2. Härren, déi och um leschte Streihallem eppes Guddes fannen.
2022-02-25
23 min
intensiv primitiv
16 – Iwwert Capitani an Insel-Präisser
D’Episod 16 ass dann elo offiziell dobaussen an ass och ee Vidcast. D’Jonge vun Intensiv Primitiv kann een also och dëst Kéier net just lauschtere mee och kucken. An dëser Episod geet et dann ëm Aktuell Sujeten, wéi zum Beispill déi lëtzebuergesch Serie «Capitani», wéi ee sech op der Welt eng Insel kafe kann an a wéi enger Relatioun déi mat de Wunnengspräisser hei zu Lëtzebuerg stinn. Eng Thematik déi natierlech net einfach ze verdauen ass. Virun allem da wann ee bedenkt, dass ee fir de Präis vun engem Apparte...
2022-02-24
29 min
Gamer Things
Episod 16 - Spiller déi Konscht sinn!
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Mir hunn iwwert déi wonnerbar Landschaften vun Horizon II: Forbidden West, iwwert Flashbacks vun Dying Light an onmoosseg laang iwwert SIFU geschwat. An och haut erëm Battlefield mam Motto: "wéi schëppt een säin Gruef ëmmer méi déif?!"
2022-02-23
1h 15
intensiv primitiv
15 - Ee Star an den eegene Reien
Nodeems de Max an den Dani effektiv eng Woch hu missten aussetzen an dowéinst kee Podcast eraus komm ass, hu se sech fir déi nei Episod elo eppes ganz Besonnesches ausgeduecht. Et ass nämlech déi éischten Episod déi komplett gefilmt ginn ass. Domat awer nach net genuch: Déi zwee hunn nämlech an der Vergaangenheet vun engem Eldo-Mataarbéchter gewullt a sinn dobäi op eppes ganz nteressantes gestouss. Ëm wien et hei geet a virun allem wat do un d'Luucht komm ass, gëtt een am Detail an dëser Episod 15 erkläert an zwar zesumm...
2022-02-10
29 min
Gamer Things
Episod 15 - APEX Update, COD VANGUARD, Skill-based Matchmaking suckt
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Des Woch schwäermen eis 3 Gamer iwwer al Zäiten awer och iwwert den neien Update fir Apex Legends, de Winmi huet sech awer rem vun engem COD kreie geloss, mee et gëtt och eng Diskussioun iwwert den allsäits onbeléifte Skill-based Matchmaking. Dat a villes méi an dëser Episod.
2022-02-09
54 min
Juuubel
Episod 33: Vitaminn D
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio De Serrig an den David verstreeën an hierer neier Episod Juuubel immens vill Vitaminn D. Doniewent gitt dir gewuer wie vu béide Bluttspender ass a wéi eng Motivatioun dohannert stécht. Vläicht revolutionéiert jo och eng Iddi aus Schweden d’Bluttspenden op der ganzer Welt? De Serrig an David gleewen emol drun. Och erënneren déi zwee sech drun, datt et virun e puer Joer ëm dës Zäit gutt geschneit hat, a si hallef plakeg dobausse souzen. Och gréifen si d’Theema aus der leschter Juuubel Episod op a knae...
2022-02-04
26 min
Gamer Things
Episod 14 - De gréissten Deal an der Entertainment Branche
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio De gréissten Deal an der Entertainment Branche ass iwwert d'Bün gaangen. An doriwwer gëtt et méi ewéi genuch ze schwätzen. Wat eis Impressiounen iwwert den Deal sinn a wéi mir eis elo d'Zukunft vun Activison virstelle gesitt dir hei bei Gamer Things.
2022-01-26
1h 13
Juuubel
Episod 32: Ma da kna dach!
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.
2022-01-14
27 min
intensiv primitiv
14 - Top Secret aus den Archiven
De Max an den Dani sinn aus hierer klenger Chrëschtvakanz-Paus zeréck an dat mat der Episod 14. Eng Episod déi et a sech huet. Nodeems déi zwee nämlech vum Chef erwëscht gi si wéi se an den Archive gewullt hunn, kruten se 2 Woche Kontaktverbued. D’Archive beim Eldo sin helleg a wann déi zwee doranner wullen, dann heescht dat definitiv näischt Guddes … fir de Chef. Se hunn nämlech no enger Testsendung gesicht, déi se virun ongeféier engem Joer wärend der Ausgangsspär opgeholl hunn. Eng Sendung déi, nodeems de BigBoss...
2022-01-13
30 min
Gamer Things
Episod 13: Dei nei Sony VR2!
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Vill Gléck am neien Joer! Wat gouf dann esou iwwert Chrëschtdeeg gezockt? Sony presentéiert seng nei VR mam beschten Numm deen een dofir auswielen kann: Sony VR2 ! Eisen Battlefield 2042 Rant gëtt esou lues zum Running-Rant an et ginn nach eng Rëtsch interessant Leaks, déi dëst Joer eventuell zu engem Top Joer am Gaming kéinten maachen.- raumt är Festplatten, huelt äerch Zäit. 2022 ass lancéiert!
2022-01-12
1h 10
Gamer Things
Episod 12: D'Game Awards
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio D'Game Awards si laascht an dobäi krute mir ganz vill Traileren ze gesinn. Wat mir dann dovun halen a wat eis am Joer 2022 erwaart, dat gesitt dir an dëser Episod Gamer Things.
2021-12-22
1h 10
intensiv primitiv
13 - Wisou dadäiwel?
An der mëttlerweil 13er Episod vun Intensiv Primitiv, hunn de Max an den Dani sech am debattéiere probéiert an iwwert Thema geschwat wéi zum Beispill, de grousse Alkoholkonsum bei de Leit. Donierft ass de Max awer och um Sprong a Richtung Dublin, do huet hien nämlech eng potentiell Entrevue mam Conor Mcgregor an net ze vergiessen ass ee leschte wichtege Sujet an zwar d’Fussball-WM am Katar déi zum Schluss vum nächste Joer ass.
2021-12-16
34 min
Juuubel
Episod 31: a-sozial
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio De Serrig an David loossen an dëser Episod si kee gutt Hoer um Mount November, deen näischt Guddes huet, oder awer dach? Dir wäert an dëser Episod awer och a Chrëschtdagsstëmmung kommen, dir gitt gewuer, ob si e gréngen Daum hunn an dir léiert dem Serrig säi ganz spezielle grénge Bäifuerer kennen.
2021-12-10
25 min
Gamer Things
Episod 11: RECKBLECKEND MUSS EE SOEN...
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio ... 2021 war definitiv e Joer. E Joer an dem och erëm Spiller rauskomm sinn. Wéi eng waren da fir eis 3 Gamer Topps a wéi eng Flopps? Doriwwer gëtt diskutéiert. Maacht mat a schreift eis wat fir Iech dann déi flottst (oder miesst) Gaming-Erënnerung vum Joer? Vill Spaass mat dëser Episod.
2021-12-08
1h 09
intensiv primitiv
12 - Iwwert Zoom a Chrëschtkaddoen
Esou lues awer sécher beweege mer eis nees a Richtung Homeoffice. Natierlech heescht dat och nees, dass Video-Konferenzen um Dagesplang stinn. Esou Konferenze kënne fir deen een oder aneren och schlecht ausgoen. Den Dani erkläert dat un engem Fallbeispill. Donieft ass dann och gläich Chrëschtdag, wou de Max sech dann ëmmer nees méi bewosst gëtt, dass hie keng Kaddoe brauch.
2021-12-02
31 min
Gamer Things
Episod 10: HALO KLINGT, BATTLEFIELD STINKT GTA LEGT EIN EI
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio D'Jonge vu Gamer Things diskutéieren iwwert déi grouss Releasen am November. Dorënner dat laang erwaardend Battlefield2042 den alljärleche Call of Duty, an den Release vum Halo: Multiplayer. Awer och GTA Devinitive Edition an Edlen Scrolls a villes méi! Dës Folleg leider ouni de Petz, mee deen ass sécher déi nächste Kéier erëm dobäi!
2021-11-25
1h 17
intensiv primitiv
11 - Episoden-Ausfall
Vue, dass de Max an den Dani lescht Woch e puer organisatoresch Schwieregkeeten haten an d’Episod 11 mat enger Woch Verspéidung eraus kënnt, haten se genuch Zäit sech ze preparéieren. Nodeems da kloer gëtt wisou den Ausfall passéiert ass, gräifen déi zwee verschidde Videoen a Sujeten op aus deene leschte Wochen. Dorënner ee klengt Meedchen dat virun der Queen vun engem Zaldot eng op d’Stier krut. Och mat dobäi sinn Umaachspréch vu jonker fir jonker an net ze vergiessen ass an dëser Episod den Joe Exotic alias ‘’ Tiger King’’.
2021-11-25
29 min
Juuubel
Episod 30: Vum Soen héieren
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio De Serrig an den David hunn d’Vakanz an déi kulinaresch Lännerspezialitéiten thematiséiert. Op Lëtzebuerg bezunn ass et ëm d’Kniddele a seng vill Facette gaangen. Doniewent ass et ëm den éischte Glüwäin vum Joer gaangen an den David wënscht sech eng Bullisbox fir de Wanter.
2021-11-23
24 min
intensiv primitiv
10 - De Fränz an de Popst Dani
Den Dani an de Max diskutéieren iwwert eise Premier de beduckst huet, an déi Mënschen mat der meeschter Muecht op der Welt dorënner ass zb och de Poopst Fränz!Wat den Dani eis erëm dozou ze zielen huet, dat gëtt ënnert anerem an dëser Episod diskutéiert.
2021-11-04
31 min
Gamer Things
Episod 9: Guardians of the Galaxy, Far Cry 6 an Woodkid
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Mir hunn fir iech an dëser Episod en Interview mam Woodkid an dobäi hunn mir mol Guardians of the Galaxy a Far Cry 6 ënnert d'Lupp geholl. Dobäi huet de Marc nach missen seng Roserei iwwert Kena erausloossen.
2021-11-03
1h 08
Juuubel
Episod 29: D’Ee Prozent Episod
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio Wat kéint et mat der Ee Prozent Episod vum Serrig an David opsech hunn? Gi geschwënn d’Luuchte vum Handy aus, hu si eng nei Partei gegrënnt a striewen 2023 ee Prozent un oder geet et ëm e Buch? Gitt dëst a villes méi an der neier Episod Juuubel gewuer. Doniewent geet et awer och ëm eng Pizza, e Béier an e Kondom deen ewéi eng Schwammkap ass.
2021-10-22
24 min
intensiv primitiv
9 - Den Zwee-Fanger-Aarsch-Gusti
Den Dani huet säi Spuerschwäin eidel gemaach fir am Kader vum Podcast op London ze fléie fir sech do ee Bild vun der Corona-Situatioun ze maachen. Also dat ass mol dat wat hien eis gezielt huet. Schlussendlech souz hien am Stadion fir ee Match vun der NFL ze kucken an zwar Miami Dolphins VS Jacksonville Jaguars. Vue datt de Max näischt dovunner wosst huet den Dani him d’Zong laang gemaach an an der Episod 9 d’Geleeënheet genotzt fir alles ze beichten an dovunner ze zielen, dass hie verschidde Spiller esouguer kennegeléiert huet. Dorënner iwwreg...
2021-10-21
34 min
Gamer Things
Episod 8 - Battlefield 2042 Beta Versioun Review
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Impressioune vun der Battlefield 2042 Beta. Erwaart eis do endlech erëm en Battlefield op daat mer sou laang gewaart hunn oder gesinn do en rise Flopp op eis zoukommen? Wat gutt gaangen ass a waat definitif nach muss geännert ginn! Zéckt net alles nach dobäi ze schreiwe wat mer eventuell vergiess hunn, wou der eis Recht gitt a wou mer ärer Meenung no total dernieft leien! Vill Spaass!
2021-10-20
1h 00
intensiv primitiv
8 - Listen Bambino
An der ganz neier Episod vun Intensiv Primitiv ginn de Max an den Dani ënnert d’Museker. Dat heescht elo net, dass se just een Interview mat engem bekannte maachen, mee se huele sech zwee bekannte lëtzebuerger Museker u Bord an huele mat hinnen zesummen ee Lidd op. Laang Ried kuerze Sënn: De Max an den Dani hunn ee Lidd eraus bruecht. Dat zesumme mam Kiko vun der Band Zero Point 5 a mam Janu Decker alias UMI ( DJ a Produzent ). Eraus komm ass den Track ‘’Listen Bambino’’ a gläichzäiteg kënnegen déi zwee vun Intensiv Primitiv un, dass...
2021-10-07
30 min
Gamer Things
Episod 7 - NEW WORLD, Kena Bridge of Spirits an Hierschtgefiller
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Amazon huet mat New World en neit MMORPG erausbruecht a brécht Rekorder. Ausserdeem huet den Hierscht ugefaange an dat mécht eisen 3 Gamer nach méi Loscht ze Gamen, dat awer ënnert der Decken a mat enger gudder Taass Téi. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod.
2021-10-06
1h 14
Juuubel
Episod 28: Räismëllech Mëllechräis
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio De Serrig an den David si prett fir d’Enn vum Joer, loossen sech hire Räismëllech Mëllechräis awer och net huelen. Doniewent ass den David op der Sich no der Post, de Serrig verréit säin Danzgeheimnis an de Xavier Bettel kritt och seng Plattform an der neister Episod Juuubel.
2021-10-01
26 min
Gamer Things
Episod 6: Playstation Showcase, den neie Shooter Splitgate an Deatloop
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Mir hunn erëm eng vollgepaakte Sendung fir iech. Net nëmmen dass mir déi zwee Spiller Deathloop a Splitgate an der Review hunn. Nee mir hunn och nach de gesamte Playstation Showcase ze beschwätzen. An do war esou munches ze gesinn. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod!
2021-09-22
1h 24
Juuubel
Episod 27: Frites de Namur
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio An der éischter Episod no der Summerpaus beschäftegt de Serrig & David virun allem een Theema, d’Theema vum Summer: dat kackt Wieder zu Lëtzebuerg. Donieft geet et extra op Namur fir déi beschte Fritten aus der Belsch z’iessen, just fir eraus ze fannen, datt déi guer net esou besonnesch sinn. De Serrig erzielt iwwerdeems vu sengem neien Iessensexperiment a senge positive Konsequenzen. Alles dozou, a wat hie mat Lachgas wëlles huet, héiert dir an der neier Episod Juuubel.
2021-09-10
29 min
Gamer Things
Episod 5: GAMESCOM 2021 a wat dëst Joer nach op eis zoukënnt!
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio No der Summerpaus maache mir eng klenge Réckbléck op d'Gamescom Presentatioun 2021 a Call Of Duty Vanguard! Natierlech kenne mer net all Eenzel Spiller déi op der Gamescom uschwätzen, also wann mer eent vergiess hunn wat iech besonnesch interesséiert huet an ob dir eiser Meenung sinn oder net, kennt der eis roueg als Kommentar wësse loossen! Mir si frou erëm zeréck ze sinn a freeën eis op en neit Gaming Joer!
2021-09-05
1h 04
intensiv primitiv
7-Toskana, Gladiator & Elon Musk
Nodeems nees ee Mount vergaangen ass sinn déi zwee Chaoten nees ready fir nei Storyen ze zielen. De Max war an der Toskana op der Plaz wou een Deel vum Film Gladiator gedréint gouf an den Dani huet Norwegen onsécher gemaach. Niewent dem Jetset-Liewe vun deenen zwee, spillt awer och nach den Elon Musk eng grouss Roll.
2021-09-02
30 min
intensiv primitiv
6 - Cheer Beer
De Max an den Dani wollte mat der 6. Episod de Bausteen fir eppes ganz Neies leeën. No laangem iwwerleeën si si op d'Iddi komm en eegene Béier ze maachen. Wat zimmlech interessant ass, well den Dani absolut keen Alkohol drénkt. Wat hunn déi zwee do gewurschtelt? Op wat wëlle se eraus a wéi wäit si se mat hirem Plang? Dat alles gëtt et an der Episod 6 - Cheer Beer.
2021-08-05
31 min
Gamer Things
Episod 4: EA Play an UBISOFT Announcement (GONE WRONG) plus STEAM DECK
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio An dëser Episod diskutéiere mer déi dësjäreg EA Play, oder och "die vielleicht schlechteste (not-E3) Präsentation der Welt"? Ausserdeem schwäerme mer e bësse fir den nei ugekënnegte Steam Deck vu Valve, an allgemeng erfreeë mer eis drun endlech rëm mateneen kënnen ze laberen! Vill Spaass!
2021-07-25
1h 33
Gamer Things
Episod 3: Special Guest T the Boss!
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Mir hunn mol erëm eng Kéier eng schéin Special Episode fir iech. An zwar ass des Kéier den T the Boss zu Gaascht. An wat hien alles gären zockt a wat seng Liblingsspiller sinn, dat fannt dir hei bei Gamer Things eraus.
2021-07-11
1h 12
Juuubel
Episod 26: Summerfeeling
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio De Serrig & David wiere keng gutt Synchronsprénger, do sinn si sech eens. An der neister Juuubel Episod gitt dir iwwerdeems gewuer wien vun deenen Zwee beim Kappsprong wuel éischter mam Bauch opkomme géif. Doriwwer eraus huet dem Serrig seng Impfsaga en Enn. Den Handykomsun, de Feeling vum Summer, deen an der Loft läit an natierlech och d’Fussball Europameeschterschaft si weider Theemen. Lauschter eran, wann dir wësse wëllt wien hir Favoritte sinn.
2021-07-02
23 min
intensiv primitiv
5 - Sneaky Reveal
Nodeems de Max an den Dani sech an de Podcast vun der Erklär&Laach geschlach hunn an dat ouni, dass d’Hosts vum Podcast et selwer wossten, ass et elo un der Zäit alles opzeléisen. Wéi hunn déi zwee dat fäerdeg bruecht? Sinn se an den illegale Beräich gerutscht a wat ass dobäi eraus komm? Froen op déi et Äntwerten an dëser Episod ginn. An natierlech gëtt och opgekläert ob den RTL hire Lieserbréif verëffentlecht huet.
2021-07-01
26 min
Gamer Things
Episod 2: Iwwert Tops an iwwert Flops!
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio D’Jonge vu Gamer Things analyséieren d’Präsentatioune vun der E3, déi dëst Joer erëm just online stattfonnt huet. Op wat si sech besonnesch freeën a wou se hier Ae gerullt hunn soen si iech an dëser Episod. Wéi eng Trailer hunn iech op den « Hype-Train » bruecht?
2021-06-27
1h 25
Gamer Things
Episod 1: BATTLEFIELD ass zeréck an d'SUMMER GAMES FEST huet ugefaangen
Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Endlech ass et souwäit, de Reveal Trailer fir den neie Battlefield 2042 gouf released, an eis 3 Fanboys sinn total gehyped. Ausserdeem huet des Woch d'Summer Games Fest ugefaangen, an dat mat enger Show vu knapp 2 Stonnen. Mir beschwätzen eis perséinlech Highlights vun all de Spiller déi annoncéiert goufen.
2021-06-13
1h 26
Juuubel
Episod 25: Smörrebröd
David Kayser, Jules Serrig De Serrig an den David schwätzen iwwert Iesskulturen, den David a säi Fësch, d’Iwwerschwemmungen am Land an ee vu sengem Serrig sengen absolute Liblingsfilmer. Och hir lescht Radiosendung zesummen ass en Theema.
2021-06-11
27 min
intensiv primitiv
4 - Dierf et e bësse manner sinn?
Nodeems nees ee Mount vergaangen ass, dem Max den Handy an d'Toilette gefall ass an den Dani de Stagiaire op d'Kaffi-Siche-Goe konditionéiert huet, hunn déi zwee eppes erlieft wat se zum ëmdenke bruecht huet. Wéineger ass méi a méi ass an deem Fall een einfacht Kéis-Bréitchen. Ee Bréitchen dat déi zwee esou wäit bruecht huet, dass se ee Lieserbréif verfaasst hunn, deen elo och um offizielle Wee un den RTL geschéckt gëtt. Vill TamTam denkt der elo bestëmmt? Ma richteg geduecht! Oder villäicht awer net?
2021-06-03
24 min
Juuubel
Episod 24: De Schnelltest-Fail
David Kayser, Jules Serrig De Serrig erzielt vu sengem éischten Erliefnes am Restaurant a senge Schwieregkeete mam Schnelltest, wärend den David e Fazit aus senger éischter Impfung zitt. Doniewent froen déi Zwee sech op d’Impfung iwwerhaapt wierkt, wann een op déi obligatoresch Impf-Foto dono verzicht?
2021-05-21
28 min
intensiv primitiv
3 - Rollingstone: Partie Scopa mam Bopa!
Ee Mount ass vergaangen nodeems de Max an den Dani op der Sich nom Stösi waren. An der Zäit huet sech bei deenen zwee e bëssen eppes (wéi) gedoen.Niewent engem klengen Update wat alles passéiert ass huelen déi zwee iech mat an Italien op eng Partie ''Scopa''. Ee Spill bei deem virun allem déi italienesch Nonoen an Nonas sech gären an d'Hoer kréien a sech Schëmmel a Bless vernennen. Wat een iwweregens och op engem Video gesäit, deen de Max an den Dani an dëser Episod analyséieren.D'Rees...
2021-05-06
29 min
Juuubel
Episod 23: Barbie & Ken
David Kayser, Jules Serrig Wann de Serrig an den David iwwert Dokter Sommer, d’Barbie an de Ken an d’Melusina schwätzen, dann ass et genee esou verréckt wéi an ale Radioszäiten. Doniewent schwätze si vun hirem éischte Besuch op der Terrass, d’Impfung an iwwert d’Léift, déi wéi eng Drog ass.
2021-04-30
25 min
Juuubel
Episod 22: Mahalu
David Kayser, Jules Serrig De Serrig an den David feieren d’Ouverture vun den Terrassen, verbonne mam Schnéi an der äiseger Keelt zu Lëtzebuerg. Si schwätzen iwwert d’Gesondheet vun der Gesondheetsministesch. Doniewent kommen Auswandergedanken op, a si froen sech wat e Schwangerschaftstest bei engem Mann kann ausléisen.
2021-04-09
26 min
intensiv primitiv
2 - "The Untold Truth"
Mat vill Iwwerzeegung, Motivatioun a Courage hu mer eis getraut engem Mythos hei zu Lëtzebuerg op de Grond ze goen. De Stauséi ass virun allem am Summer déi perfekt Plaz fir sech hei am Land e bësse Vakanzefeeling ze gënnen. Dat ass awer nach laang net alles. Ënner Waasser si Ruinen vun Haiser a Brécken. En Duerf ënner Waasser, dat fir d’Lescht 1991 ze gesi war, wéi de Stauséi dréche geluecht ginn ass. D’Fro ass elo, wisou gëtt de Séi scho säit esou laangem net méi auslafe gelooss? De...
2021-04-01
26 min
Juuubel
Episod: 21 Läichen am Keller
David Kayser, Jules Serrig De Serrig an David schwätzen iwwert hir Concertserfarungen, grouss Nimm déi si interviewt a live gesinn hunn. Ma och déi fuerchtbar séier Impfcampagne zu Lëtzebuerg, wéi och e Geheimtipp fir méi séier un d’Rei ze kommen, sinn en Theema. A si Zwee maachen eng Doftanalys an erklären Iech wisou äre Parfum Geldverschwendung ass!
2021-03-19
25 min
intensiv primitiv
1 - Plakegen Hacker um Mars...mam Catherine
Den Dani an de Max, 2 Animateure vum Eldo, profitéiere vun der Geleeënheet sech selwer mol virzestellen an ze erkläere wat se wëlles hunn. Dobäi hunn déi zwee sech selwer och mol Gedanke gemaach wéi et wier op de Mars ze fléien, dat well de Rover Perseverance den 18. Februar um roude Planéit gelant ass. Hinnen no ginn et do keng Gesetzer esou, dass en exibitionisteschen Hacker do net kéint gebremst ginn.Donieft erzielen den Dani an de Max vun hirer Aventure mam Catherine. Se wollten eraus fannen op d'Cate mueres wierklech esou granz...
2021-03-04
28 min
HERZMUSKEL & LIEGESTÜTZ
#25 INTERVIEW GESUNDHEIT mit dem Campussender eldoradio
Zur kleinen Jubiläumsausgabe (25. Sendung) bringen wir ein Interview zum Thema Gesundheit und Gesundheitsförderung, welches mit dem Campussender der TU Dortmund - eldoradio - geführt wurde. Dabei wird das Thema aus unterschiedlichen Blickwinkeln betrachtet...Mehr Infos auch im Netz, auf Facebook oder Instagram unter KunertGesundheit
2021-02-27
13 min
Juuubel
Episod 20: De gëllene Fausti
David Kayser, Jules Serrig De Serrig an den David schwätzen iwwert eng Lëtzebuerger Ikon, déi eis verlooss huet an erzielen hir Fausti-Anekdot. Doniewent lafen d’Orangen iwwert de Maart an et geet bis op Randschelt meditéieren. Och eng Oktopus-Doku - wien wonnert et - an den neien Obama-Podcast sinn Theema.
2021-02-26
26 min
Juuubel
Episod 19: The flying Dog
David Kayser, Jules Serrig De Serrig war an d’Sonn an den David freet sech op de Super Bowl. Dat hält déi Zwee awer net dovun of an hirem Podcast iwwert fléiend Hënn, Oktopussen, eng Banannerepublik, e Corona-Anal-Test an eng Nuddel-Chartbreaker-Traditioun ze schwätzen.
2021-02-05
25 min
Juuubel
Episod 18: Under Construction
David Kayser, Jules Serrig An hirer éischter Episod vum neie Joer schwätzen de Serrig an den David iwwert Silvester am Bett, Leit déi mam gudde Beispill misste virgoen, 10 Liter Glühwäin an den eelste Bam vu Lëtzebuerg!
2021-01-15
26 min
Juuubel
Episod 17: Chrëschtdag oder Sex?
David Kayser, Jules Serrig An hirem leschte Podcast vum Joer kucken de Serrig an den David op déi Spréch zeréck bei deenen ee net weess, ob Chrëschtdag oder Sex gemengt ass. Ma och d'Aweiung vum Tram, eng Wëndel an d’Thema Ersetzen an de Schoule ginn ugeschwat.
2020-12-18
26 min
Juuubel
Episod 16: De Fitness Home Office!
David Kayser, Jules Serrig De Serrig an den David bréngen de Fitnessstudio bei Iech heem. Donieft ënnerhale si sech iwwert hire Moien um Maart, Star Wars ass en Thema wéi och d’Disko, déi mam Alter zu Apdikt gëtt. A wann dir da nach net genuch sollt hunn, da lauschtert dem David senger Bluttspender-Panne no. Um Enn dierf dir dann och de Kleesche matsangen.
2020-12-04
25 min
Juuubel
Episod 15: Ëmgedréinte Mikrowell
David Kayser, Jules Serrig De Serrig presentéiert d’Erfindung vum Joer, wärend den David wéi den Donald Trump ass a seng Néierlag - am Schnick-Schnack-Schnuck - net wëll agesinn! Si diskutéieren iwwert d’Stonnen déi Männer op der Toilette verbréngen, wullen a Vinyls-Placken an eng al Radio-Geschicht iwwert en Espresso an e Feieralarm ass och Thema..!
2020-11-20
26 min
Juuubel
Episod 14: Ass et eng Buermaschinn oder e Fliger?
David Kayser, Jules Serrig De Serrig an den David setze béid rëm am Home Office an hunn e puer Internetschwieregkeeten. Huet villäicht een den Internet mat der Buermaschinn gekappt..? Donieft stellen déi sech d’Fro wéi si als Pilote géifen ukommen…? Brong Kéi an d’Amerikaner sinn och en Thema.
2020-11-06
25 min
Juuubel
Episod 13: Episod wéi vill..?
David Kayser, Jules Serrig E Skandal an der Kaffiswelt gëtt opgedeckt! Dobäi mierkt den David, datt de Serrig hien vermësst. An déi Zwee erënnere sech un hier Dommheeten aus der Schoulzäit zeréck. Op si e gutt Virbild waren...?
2020-10-23
25 min
Juuubel
Episod 12: D'Igel-Retter
David Kayser, Jules Serrig De Serrig an den David entpuppe sech als Déierefrënn. Virun allem d'Kéiseker hunn hinnen et ugedoen. Si schwätzen iwwert Covid-Léift, Hoer déi eis Miere retten an den David erzielt fir déi gefillten éischte Kéier a sengem Liewen e Witz!
2020-10-09
25 min
Juuubel
Episod 11: Listen, the restart
David Kayser, Jules Serrig De Serrig an den David tauschen sech no enger langer Summerpaus fir eng éischte Kéier mol rëm aus. Dobäi hëlt hiert Gespréich eng sexuell Richtung an, déi esou net geplangt war. Och Las Vegas a seng gëlle Reegel: "What happens in Vegas stays in Vegas", sinn en Thema.
2020-09-24
23 min
Juuubel
Episod 10: Drénks de Mousel?
Jules Serrig, David Kayser, Eldoradio De Serrig an den David ginn iech alternativ Spiller fir doheem am Gaart oder op enger flotter Wiss. Vu Risemikado bis Wikingerschach alles dobäi. Donieft stelle sech si sech der Aventure Autokino a si geheien op der Mousel den Anker.
2020-07-31
32 min
Juuubel
Episod 9: De klenge Lenny
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio An der 9. Episode vu Juuubel philosophéieren de Serrig & David iwwer Fritten, Glacen, Ćevapčići a Stäreschnäizen. Déi Zwee maachen awer och e Flashback an hire Radiosummer 2018.
2020-07-17
28 min
Juuubel
Episod 8: Diego
David Kayser, Jules Serrig, Eldoradio Endlech! De Serrig & David hu sech no Méint vum Confinement endlech rëm getraff. Dobäi hu si bal vergiess e Podcast opzehuelen. Vun hirem Format "Mini-Podcast" ass dann ausnamsweis och keng Ried méi. An dëser Episode léier dir iwwerdeems den Diego kennen!
2020-07-03
38 min
Juuubel
Episod 7 - Macrophilia
Serrig Jules, David Kayser, Eldoradio An der 7. Episod vu Juuubel geet et ëm d’Zäit an eng Lokomotiv. Ma Villes dréint sech ëm e Sexpodcast a Fetischen! Vu Macrophilia iwwer Salirophilie bis hin zu der Nasophilie gëtt alles thematiséiert. Wéi ee Fetisch hutt dir…?
2020-06-19
29 min
Juuubel
Episod 6 - Happy Hour
Eldoradio De Serrig & David huelen Iech an dëser Editioun mat op d’Terrass, stelle sech ganz fréi de Wecker a ginn Iech e gudde Grond wisou ee net mam Toilettëpabeier spille sollt.
2020-06-05
22 min
Juuubel
Episod 5 - Back To Radio
Eldoradio E Joer no hirer leschter Radioshow, kucken de Serrig & den David op hir gemeinsam Zäit zréck. Et geet ëm grouss Momenter, ma awer och ëm Nervositéit, Gedanken an der Dusch a villes méi. Um Enn vum Podcast huet de Serrig eng ganz geckeg Iddi.
2020-05-22
26 min
Juuubel
Episod 4 - Loco Moco
Eldoradio An der 4. Episod vu Juuubel plangen de Serrig an den David eng “Reunion”. Et gëtt awer och kulinaresch. De Serrig hëlt Iech mat a seng Tru.
2020-05-08
27 min
Juuubel
#Special - De Feierstorch Kapitel 9
De Serrig an den David Juuubel gouf nominéiert vum Gudden Noper fir dat 9. Kapitel vum Feierstorch ze spannen. Also huele mer iech mat op d'Rees vum Feierstorch, dem Raym an dem Janine a kucke wat den Hexemeeschter hinnen erzielt......fir Kapitel 10 nominéieren mir Ham,Fritten & Zaldot
2020-04-27
10 min
Juuubel
Episod 3 - Vum Alchimist bis an d'Sandkëscht
Eldoradio Dem Serrig seng Bichertipps: Ola Rosling - Factfulness Yuvel Noah Harari - Homo Deus Paulo Coelho - Der Alchimist
2020-04-24
30 min
Juuubel
Episod 2 - Quarantän & Zellerie
Eldoradio Episode 2 ass ënnert komesche Konditiounen entstanen. qDéi aktuell Situatioun kann een elo als Obstakel gesinn oder... Den David am Hiem an de Serrig ënnert der Decken....maacht iech et gemittlech........Juuubel!!!!
2020-04-09
25 min
Juuubel
Episod 1 - Nostalgie a Background Wëssen
Eldoradio No 8 Méint ouni Mikro si se e bëssen nostalgesch, spillen eng Partie Schnick Schnack Schnuck, labberen iwwert Goldfësch a philosophéieren iwwert d'Liewen. Juuubel!!!! De Podcast mam Serrig a mam David.
2020-03-13
23 min
SonerCatalbas_music
Eldoradio Open Sesam 11-21
Eldoradio Open Sesam 11-21 by SonerCatalbas_music
2019-11-22
00 min
Radio AF
Eldoradio 11/4 - 2018
Ny vecka, nytt Eldoradio avsnitt. Denna vecka pratar vi om nöjena och reder ut vad som skiljer alla åt. Redaktionen pitchar även sin programidé till gästerna. Utöver det bjuds det på dejting, spexregler och en ide om karnevals-tinder. Medverkande: Andreas Nord, Johanna Backe, Jacob Svensson, Hanna Mellin, Erika Ståhl och Alexander Edberg Thorén.
2018-04-16
32 min
Radio AF
Eldoradio får besök av Drömmerian!
Eldoradio får besök av Drömmerian!
2018-04-07
37 min
Radio AF
Eldoradio - 28/3-18
Ny vecka och nytt Eldoradio! Denna vecka gästas vi av Caroline Björklund, artistchef, och Patrik Norrman, musik och programchef för kommittén.Vi diskuterar veckans artistsläpp och får även tips på hur man ska agera som singel på karnevalen. Håll till Godo! Medverkande: Lisa Berg, Adam Rongione, Lovisa Schedin, Jakob Rahm Eriksson, Caroline Björklund och Patrik Norrman.
2018-03-28
26 min
Radio AF
Eldoradio - 21/03-18
I veckans Eldoradio pratar vi om Karneveljen, intervjuar KarnevalsGeneralen, lyssnar på Karnevalsmelodin 2018 och spånar lite knasiga radioidéer. Medverkande i veckans avsnitt är Adam Leckius, Johanna Gulliksen, Miranda Holm, Axel Johansson och Freja Davidsson Bremborg. Håll till Godo!
2018-03-22
31 min
Radio AF
Eldoradio - 14/03
I veckans Eldoradio pratar vi om Karnevalj, karnevalsöl och vi reder ut frågetecknen kring studiecirklarna. Medverkar i veckans avsnitt gör Johanna Alderton Fredlund, Christoffer von Uthmann, Hanna Kanon och Sara Ramberg. Håll till godo!
2018-03-16
45 min
Herzfrequenz - Das Liebesmagazin | NRWision
Herzfrequenz: Evolution der Liebe
Warum kuscheln und knutschen wir eigentlich? - Die Liebe ist allgegenwärtig, aber keiner weiß so wirklich, warum sie da ist. "eldoradio*" lüftet das Geheimnis um die Evolution der Liebe in der Sendung "Herzfrequenz". Dabei geht es nicht nur darum, wie die Liebe entstanden ist, sondern auch um die Frage, wie sie sich weiterentwickelt. Bleiben Beziehungen so, wie sie heutzutage sind? Das Versprechen der "Herzfrequenz": Wissenschaft soll hier sexy und Sex wissenschaftlich analysiert werden.
2017-12-14
1h 00
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 27
Stafett, Fjerme, Bjørge, Christian er fire ord som definitivt hører til denne episoden. Sånn ellers er alt på det jevne.
2016-05-09
41 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 26
Det blir nok noe snakk om T-bane, kjendiser, opera og superhelter. Det som skal til for å fylle 41 minutter som folk pleier å si.
2016-05-02
41 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 25
Stikkord for dagen: Kidnapping, nøytraldebatt, quiz og kjendisselfies
2016-04-18
40 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 24
Frozen yoghurt, Statistkongen Wehus gjenforteller om sine opplevelser på sett, kanskje kommer det innom en og annen gjest og der blir litt sånn der rap-debat.
2016-04-10
39 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - 23 Episode
Her kan du høre hvordan det høres ut når tre unge gutter slåss mot klokka for å få ut et produkt av en episode. Vi beklager bittelitt over denne episoden.
2016-04-04
40 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 22
Endelig er favortittdagen til Wehus her 14. mars B&B-dagen som han liker å kalle det. Det du holder på å lytte til nå er en generell usunn sending men med god S som de ville sagt på Paradise Hotel.
2016-03-14
45 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 21
Vi får besøk av to (eller én) siamesiske tvillinger som jobber i et sirkus. Vi spør oss selv hva som er forskjell på bakeovn og stekeovn. Og sist men ikke minst har vi fjernet brysthåret til Fjerme på den minst delikate og mest smertefulle måte vi kunne!
2016-03-06
34 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 20
Tsjikkabarrasweet! En rykende fersk episode 20 av Eldoradio oser av hygge og harselering. Christian har vært statist på Hotel Cæsar, verdens høyeste mann svipper innom for intervju og Fjerme forteller hvordan han ved hjelp av høyrehånda overlevde Valentines Day! Hør, hør!
2016-02-15
42 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 19
Episode 19 vi preiker om filipisk håndball, metropolen GOL og russiske lesper. I tillegg drar MGP-prinsen Wehus frem ukulelen og synger.
2016-02-07
42 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 18 Christian F. Mikkelsen
Christian Mikkelsen var gjest i Eldoradio i dag! BMI, kattekvinnen Nano og Yodas skrukkete, grønne lepper er temaer vi sniker oss innom! Løp og hør!
2016-01-31
42 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 17 Lars Berrum
Episoden kan inneholde spor av: Stand-up, rap, tenk fort og store mengder Lars Berrum
2016-01-24
57 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 16
Penisen til Paven, freestyle rap og spørsmålet "hvorfor kan man ikke bare skyte voldermort med et gevær", er ting vi snakker om i ukas episode av Eldoradio!Hør hør!
2016-01-17
37 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 15
I årets første episode kan vi by på drikkepress, barnepass og nettbruk, tre ord som kan beskrive det hele. I tillegg til en ny spalte i dette nye året!
2016-01-10
40 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 14
Vår siste sending før jul. Det blir neseblod, p*rn* og lommebokopprydning. Vi sees, nei vi høres, i januarito!
2015-12-18
37 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 13
Kom adventslysten treng deg på, så skal du Eldoradio finne. Det er pepperkake-, kontrollør-, og skjeprat i dagens utgave. NB!: Ping-pong-shping-sphong julekalenederen er ikke fake!
2015-12-06
42 min
Eldoradio Podcast
Eldoradio - Episode 12
Fjermeros er i Syden (Kristiansand), så derfor drar Bjørge og Wehus skuta alene! Advent, fæle tattiser og flauhetssnakk står i høysetet, avsluttet med en altfor improvisert rap battle.
2015-11-29
40 min
Eldoradio Podcast
Episode 1
SHIT BRONKITT! De er endelig tilbake. Podcastgutta som ingen har ventet på! Første episode av den nye sesongen av Eldoradio er ute!
2015-09-14
32 min
Flo Mrzdk
Flo Mrzdk@Eldoradio 28.07.2011 prt.2
Flo Mrzdk @Eldoradio 28.07.2011prt.2
2011-07-29
1h 00