podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Euranet Plus | Radio 100,7
Shows
Moiesstudio
Wéi reagéiert d'EU op d'Attacken op den Iran an hir Suitten?
Wéinst der Situatioun am Noen Oste gouf e Sonndeg eng extra Sitzung vun den Ausseministeren aus de 27 EU-Länner zesummegeruff. Um Méindeg huet d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eng Krisesëtzung an der Kommissioun aberuff. Mee, kann ee soen, datt d'EU mat enger Stëmm op de Konflikt reagéiert? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
2026-03-02
06 min
Žinių radijas
Euranet Plus: Gyvenu Europoje. Ką laimėsime iš prekybos su Vietnamu ir Australija?
Europos Sąjunga (ES) jau turi galiojantį laisvosios prekybos susitarimą su Vietnamu – ES–Vietnamo laisvosios prekybos susitarimas veikia nuo 2020-ųjų ir numato beveik 99 proc. muitų panaikinimą tarp šalių. Tai vienas ambicingiausių ES susitarimų su Pietryčių Azijos valstybe, atvėręs Europos eksportuotojams sparčiai augančią, beveik 100 mln. gyventojų rinką, o Vietnamui – lengvesnę prieigą prie aukštos pridėtinės vertės ES prekių ir investicijų.Tuo metu Australija ir Europos Sąjunga dėl laisvosios prekybos susitarimo vis dar derasi. Derybos, pradėtos dar 2018 m., ilgą laiką buvo įstrigusios dėl žemės ūkio – ypač jautienos ir avienos kvotų – tačiau 2026-aisia...
2026-02-11
10 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wäerten an Zäite vun der KI Schoulen hiert Existenzrecht behalen?
An der leschter Episod vun de Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” hate mir eis mat der KI an hirem Afloss an hirer Entwécklung an der Aarbechtswelt beschäftegt. Mir bleiwen och déi Kéier nach beim Theema KI, mee mir wiesselen de Beräich a ginn an d’Schoul. Well d’KI jo, gewollt oder ongewollt, och bei Enseignanten, bei Schülerinnen a Schüler an och bei Studenten eng ëmmer méi bedeitend Roll spillt, leie verschidde Froen op der Hand. Froen ewéi: Wéi en Afloss kann d’KI op...
2025-12-19
18 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wäerte mer iergend eng Kéier eis Aarbechtsplazen duerch d’KI verléieren?
Viru 15 Joer konnt nach kee sech richteg virstelle wat Kënschtlech Intelligenz ass. An haut an der aktuelle Welt huet d’KI scho méi oder manner en zolitten Afloss a quasi all Beräicher vun eisem Liewe fonnt. An de nächsten dräi Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” stelle mir d’kënschtlech Intelligenz, d’KI, oder AI, wéi och gäre gesot, an de Mëttelpunkt. An dësem Podcast elo geet ëm d’KI an d’Aarbechtswelt. Well d’KI entwéckelt sech och an eis berufflech...
2025-12-19
21 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Kann d’Europa vu muer d’Sécherheet bei der Ernärung garantéieren?
An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech déi Kéier mat der Liewensmëttelsécherheet. An virun allem ëm d’Fro op d’Sécherheet vun eiser Ernärung och an Zukunft ka garantéiert ginn, besonnesch wou et mat dem Klimachangement ëmmer méi dacks Problemer bei de Recolten ginn an och datt d’Valeur nutritive vun eise Liewensmëttel Gefor leeft ëmmer méi a méi a Fro gestallt ze ginn an op se en adäquaten Niveau kann ha...
2025-12-19
20 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Gëtt an Zukunft aus europäesche Stied eng Zort Häll op Äerden?
Besonnesch duerch déi extrem Wiederphänomener, mat deenen ëmmer méi dacks Länner a Stied konfrontéiert ginn, muss ee léieren domadder ëmzegoen, a virun allem och no Initiativen ze sichen, wat een dergéint ka maachen. An do ass jidderee gefuerdert: Vum Urbanist, de Politiker bis bei d’Architekten. De Jean Claude Majerus huet dësen Euranet Podcast zesummegesat, a fir de Radio 100,7 och mat enger Architektin a Bauberoderin geschwat.
2025-11-22
19 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Kënne mir d’Konsequenze vum Klimachangement op d’Gesondheet maîtriséieren?
An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk Euranet plus gëtt d'Fro opgeworf, ob d’Mënschen iwwerhaapt à même si mam Impakt vum Klimachangement op eisen Alldag eens ze ginn, an ob si sech scho bewosst sinn, wat dat fir d’Gesondheet vun de Biergerinnen a Bierger an der europäescher Unioun heescht. An ee Beispill, wéi schro d’Konsequenze sinn, a och nach méi schlëmm wäerte ginn, weisen déi sëllege Canicullen, mat deene schonn eng ganz Partie europäesch Länner gep...
2025-11-22
25 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wäert eist kulturellt Ierwen an Zukunft verschwannen?
An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech dës Kéier ëm déi kulturell Ierfschaft, déi jidderee vun eis eppes ugeet, a et och e wichtege Punkt ass an der Diskussioun iwwer Wäerter an eiser Gesellschaft. Et ass virun allem och d’UNESCO, déi probéiert, mat hirer Initiativ vum Weltkulturierwen, dës kulturell Vergaangenheet och fir déi zoukënfteg Generatiounen ze präservéieren. Mee ass dat dann iwwerhaapt méiglech? Oder...
2025-11-22
20 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wäerte mir um Enn all déi selwecht Sprooch an Europa schwätzen?
An dëser Episod vun de Podcasten mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk Euranet plus gëtt Fro op geworf, ob eng gemeinsam europäescher Sprooch eng Kéier Realitéit gëtt. Et geet awer och ëm den Impakt, deen d’Digitalislierng an d’Globaliséierzung op eis Sproochen kënnen hunn. Fir de radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podcast matgeschafft.
2025-10-06
17 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Kann Europa seng Geschicht vergiessen, fir um Enn déi selwecht Feeler nach emol ze maachen?
Grad elo an dëser Zäit wou d’Fiabilitéit vun der Geschicht a Fro gestallt gëtt oder esou guer a Gefor ass verdréint ze ginn. Et ass un der europäescher Unioun ëmmer nees an ëmmer nees un d’Wichtegkeet vun der, deels gemeinsamer Geschicht ze erënneren. De Jean Claude Majerus huet dëse historeschen Euranet Podcast zesummegesat.
2025-10-06
16 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wat wär wann Europa an der neier Welt keng Stëmm méi hätt?
An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftege mer eis déi Kéier mat der Stëmm déi Europa an enger neier Weltuerdnung wäert oder kéint hunn, oder och net. De multilaterale Weltsystem fänkt un ze bréckelen, oder sti grouss weltwäit Organisatiounen virun Zesummebroch. A wéi eng Konsequenze kann dat da fir d’Europäesch Unioun hunn? Wou steet Europa eng Kéier an enger Welt déi net méi op Allianzen a Rechtsstaatlechkeet baséiert mä éischter op enger ne...
2025-10-06
21 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: A wéi engem Team wäert Europa an Zukunft matspillen?
An dëser Episod vum Podcast "Tomorrows Europe" oder "Europa muer" vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet Plus beschäftege mir eis mat de Relatiounen oder méiglechen neie Relatioune vun der europäescher Unioun mat Partner op der ganzer Welt. Eng Fro déi am Raum steet ass: Wéi gesäit et aktuell mat den traditionelle Partnerschaften aus? Wéi zum Beispill der NATO, der UNO oder soss internationalen Organisatiounen. De Jean Claude Majerus huet dëse Podcast iwwert d’Iwwerliewe vun Allianzen oder iwwer nei Kreatioune vun Allianzen zesummegesat.
2025-08-21
20 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wat gëtt aus der EU an enger Welt vum Protektionismus?
An dëser Episod vum Podcast "Tommorrows Europe" oder "Europa muer" vum paneuropäesche Radionetztwierk Euranet plus beschäftege mir eis mam Trend vum wirtschaftleche Protektionismus an den Auswierkungen op Europa. D’EU gouf op der Iddi vum Fräihandel a Liberalismus gegrënnt. Mee de Fräihandel huet u Popularitéit verluer, och bannent der EU. Dat gesäit een un der ëffentlecher Reaktioun op rezent Fräihandelsaccorden (CETA, EU-Mercosur-Accord) an och wärend an no der Covid-Pandemie. D’EU gesäit sech elo och mat enger ëmmer méiglecher staarken Hausse vun Douanestaxen aus den USA konfrontéiert, wat zu engem...
2025-08-21
19 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wat, wa mir selwer misste fir den Zougang zu rare Matière-premièrë misste suergen?
Et ass en Term, dee kengem méi wäert friem sinn, well en an de leschte Méint méi a méi gebraucht gëtt an och dacks an der Aktualitéit steet: Da wa vu sougenannten “Terres Rares” riets geet. Iwwerhaapt ass d'Theema vu Matière-premièrë ganz aktuell, well besonnesch am Beräich vun den neien Technologië ginn där “Terres rares” a verschidden aner kriddeleg Matière-premièrë méi a méi gebraucht. E weltwäite Problem, mat deem awer och déi Europäesch Unioun geplot ass. An dësem Podcast vum paneur...
2025-08-05
16 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wat, wa mir op eis selwer ugewise wieren, fir all eis Engergiebesoinen ze decken?
Am zweete Podcast vun der neier Serie vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet plus “Tomorrows Europe” oder “Europa Muer” geet et ëm d’Energie. Besonnesch mat der aktuelle Situatioun, déi d’Europäesch Unioun erlieft, mam Krich an der Ukrain, an domadder verbonnen datt ee sech net méi wëllt op Energieressourcen aus Russland stäipen, muss een iwwerleeën, wéi een de Problem mat den Energiereserven an de Ressourcen an de Grëff kritt. D’Journaliste vum Euranet Plus waren a ganz Europa ënnerwee fir sech mat dem Energiezeenario ze beschäftegen. Fir de radio 100,7 h...
2025-08-05
15 min
Euranet Plus Podcast
Europa Muer: Wat, wann Europa an der Defense op sech selwer ugewise wier?
Dat paneuropäescht Radionetzwierk Euranet Plus lancéiert eng nei Serie vu Podcaste mat der Iwwerschrëft "Tomorrows Europe" oder "Europa Muer". D’Radiostatiounen aus dem Reseau Euranet Plus beschäftege sech mat enger Panoplie vun Theemen, déi déi Europäesch Unioun aktuell concernéieren. Am éischte Podcast vun der neier Serie geet et ëm Defense an d’Sécherheet an Europa, oder besser gesot ëm Zukunft dovunner an enger Welt déi am gaangen ass ze changéieren. A wou besonnesch de Krich an der Ukrain an de Wiessel am Wäissen Haus zu Washington der Europ...
2025-08-05
13 min
Euranet Plus Panorama
Strike a pose, if not a peace deal
Some 100 days after Trump’s inauguration and with Ukrainian cities under continued Russian bombardment, the image of Donald Trump and Volodymyr Zelensky sitting face to face in St Peter's Basilica struck a chord. An episode by Joanna Neville, brought to you by Euranet Plus Image / Shutterstock
2025-05-02
13 min
Euranet Plus Podcast
Wéi een Afloss huet den technologeschen Ecart op d’Gesellschaft?
Déi technologesch Changementer, déi mir aktuell erliewen, hunn d’Muecht, eis Gesellschaft nawell zolidd ze splécken. An dofir ass et wichteg, eng gewësse Kontroll am Beräich vun den neien Technologien ze halen. Et gi scho grouss Ënnerscheeder tëschent den EU-Länner, wat zu enger Diskriminéierung bannent der Populatioun ka féieren. Wat kann d’EU an dësem Fall maachen? Dat ass de Sujet vun dësem Euranet-Podcast presentéiert vum Jean Claude Majerus.
2024-12-29
17 min
Euranet Plus Podcast
Wéi kann d'EU d'Leit, déi schaffen, protegéieren?
An dësem Euranet-Podcast geet et ëm d’Rechter vu manner qualifizéierte Mënschen a wéi si um Aarbechtsmaart kënnen iwwerliewen. Wéi eng Karriärsméiglechkeete kënne si hunn a wéi gesäit et mat de Paien aus? Well vill Mënschen, déi manner Qualifikatiounen hunn, lafe Gefor, duerch nei Technologien an och duerch KI ersat ze ginn. Presentéiert vum Jean Claude Majerus.
2024-12-29
17 min
Euranet Plus Podcast
Wat kann d’EU bei den transatlantesche Relatioune maachen?
Et gouf vill doriwwer diskutéiert a spekuléiert, datt den Ausgang vun den amerikanesche Walen e sougenannten “Turning Point” bei den transatlantesche Relatioune kéint sinn. D’Resultat ass elo kloer: Donald Trump heescht vu Januar 2025 un deen neien oder ale President vun den USA. Wat bedeit eng Trump-Regierung 2.0, a wat hätt d’EU sech bei enger Victoire vun der Kamala Harris erwaart. Doriwwer geet et an dësem Euranet-Podcast, zesummegestallt vum Jean Claude Majerus.
2024-12-24
15 min
Euranet Plus Podcast
Wat mécht d'EU fir d'Liewensmëttelsécherheet?
Wéi gesäit et mat de Produite mat duebeler Qualitéit aus? Ginn et d'Standarde fir Liewensmëttel an der Europäescher Unioun, fir eng adaptéiert Qualitéit ze garantéieren? Oder wéi een Afloss hunn Traditiounen oder Kultur op d'Liewensmëttel? Alles Approchen, déi an enger Fro kënne resuméiert ginn: mécht d'EU genuch fir d'Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren? Dat ass de Sujet vum Euranet-Podcast vum Jean Claude Majerus.
2024-12-21
15 min
Euranet Plus Podcast
Wéi soll d'EU mat der neier Weltsituatioun ëmgoen?
D'Welt gëtt mat der Globaliséierung méi a méi onsécher. Mir schwätzen ewell vu Permakris an och d'Relatioun vun der EU an den USA ka sech eventuell veränneren. Nei Muechtzentren entstinn. D’EU muss hir traditionell Partnerschaften an enger Welt, déi sech verännert, iwwerdenken a muss an enger Welt mat limitéierte Ressourcë mat Prioritéiten a Kompromësser jongléieren. Doriwwer geet et dës Kéier am Euranet-Podcast vum Jean Claude Majerus.
2024-12-21
17 min
Euranet Plus Podcast
Wat kann d’EU fir abordabele Wunnraum maachen?
Den Zougang zu abordabelem Wunnraum ass ouni Zweiwel en Haapttheema an der Europäescher Unioun. Et ass och een Theema, dat nawell méi a méi vu rietsextreeme Parteien an d’Viséier geholl gëtt. Datt et e wichtege Sujet ass, gesäit een och dorunner, datt d’EU-Kommissioun elo een eegene Ressort fir de Logement installéiert huet, an de Logementskommissär huet och d’Missioun, een europäesche Plang fir abordabele Wunnraum auszeschaffen. Den Euranet-Podcast Logement gëtt vum Jean Claude Majerus presentéiert.
2024-12-21
15 min
Euranet Plus Podcast
Wat soll d’EU maache fir Fraerechter ze garantéieren?
Och wann et vill Fortschrëtter gëtt, bleift déi geschlechtsspezifesch Gewalt e grousse Problem an der Europäescher Unioun. An och d’Recht op Ofdreiwungen ass a villen EU-Länner nees a Fro gestallt. Besonnesch EU-Memberstaate mat konservative Regierunge sinn an de Froe vun Avortement a Fraerechter nees amgaangen zeréckzegoen, amplaz progressiv no vir. Dat ass de Sujet an dësem Euranet-Podcast vum Jean Claude Majerus.
2024-12-21
17 min
Euranet Plus Podcast
Kann d'EU hir Defense garantéieren?
Duerch de Krich an der Ukrain, déi prekär Situatioun am Noen Osten an och mat den Aussoe vum republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump, dee méiglecherweis am November nees kéint amerikanesche President ginn, muss déi Europäesch Unioun sech méi a méi Gedanken iwwer hir Defense maachen. A virun allem och méi autonom ze ginn, besonnesch wann d’USA eventuell hir Obligatiounen am Kontext NATO net méi wëllt anhalen. An do stinn natierlech vill Froen am Raum: Wéi soll d’EU hir Defense stäerken? Wier en europäesche Verdeedegungskommissär sënnvoll? Oder wéi...
2024-09-14
20 min
Euranet Plus Podcast
Wat kann d'EU maachen, fir d'Ekonomie ze stäerken?
D’Stäerkt vun der Europäescher Unioun ass d’Ekonomie, jo och de Grond, firwat d’EU iwwerhaapt gegrënnt gouf. Eng vun de wichtegste Prioritéite vun der Europäescher Unioun ass eng Ekonomie ze hunn, déi fir d’Mënsche schafft. Mee genee déi Prioritéit fillt sech dacks ganz wäit vun de Mënschen ewech un an dovunner profitéieren dann nationalistesch a rietsextreem Parteien. Wat kann d’EU elo maachen, fir de Mënschen ze weisen, datt d’Ekonomie fir d’Leit do ass. Eng Fro, mat där sech dat europäescht Radionetzwierk Euranet
2024-09-07
19 min
Euranet Plus Podcast
Wéi kann d'EU eng Unioun bleiwen?
D’Europäesch Unioun ass eng Allianz vun haut 27 Länner, déi sech zesummegedoen hu fir d’Liewe vun de Mënsche besser, méi einfach a méi sécher ze maachen. Mee kann een aktuell nach wierklech vun enger Unioun schwätzen? Hält nach all Land sech un d’Grondwäerter vun der EU, oder stinn nees déi national Interessen am Mëttelpunkt. Et ass wichteg erauszefannen, wat d’EU ka maachen, fir nees méi Eenegkeet an Europa ze kréien, déi dem Term Europäesch Unioun an do besonnesch Unioun gerecht ginn. Zu deem Theema waren nee...
2024-08-31
18 min
Euranet Plus Podcast
Wat kann d'EU maachen, fir d'Migratioun besser ze steieren?
D’Migratioun e ganz sensibele mee eminent wichtege Sujet. Besonnesch vill Mënsche flüchten aus hirer Heemecht, fir an Europa e bessert Liewen ze fannen. Wat erwaarden d’Bierger:innen an der Europäeschen Unioun am Kontext vun der Migratiounspolitik? Ass et eng adäquat Aarbecht, déi un de Lännergrenze grad wéi vun der europäescher Grenzagence Frontex geleescht gëtt? Wat sollen Europäer maachen, awer och d’Migranten, fir datt d’Integratioun besser gëtt? Op dës Froe probéiert de Jean Claude Majerus am Euranet Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus Äntwerten ze fannen.
2024-08-24
17 min
Euranet Plus Podcast
Wéi kann een Desinformatioun entschäerfen?
Zanter dem fréieren amerikanesche President Donald Trump hu Fakenews an Desinformatiounen eng ganz nei Envergure a Qualitéit kritt. D’Journalistenekipp vum Europäesche Radionetzwierk Euranet plus war fir dëse Podcast an den EU-Memberstaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen mat de Fakenews an der Desinformatioun stinn. D’Fro ass dobäi: Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?
2024-08-10
16 min
Euranet Plus Podcast
Wat wëllen déi europäesch Baueren?
D’Ekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus war fir dëse Podcast an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee. D’Journalisten hunn d’Meenung bei nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen. D’Fro ass dobäi: Wat wëllen d’Baueren?
2024-07-27
20 min
Euranet Plus Podcast
Euranet Podcast: Fir wien oder firwat gouf bei den Europwale gewielt?
An de Podcaste vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus, stellen d’Journalistinnen an d’Journalisten eng ganz Partie Froen, wat d’Biergerinnen an d’Bierger an Europa vun der Europäescher Unioun erwaarden a wat d’EU kann, soll a misst maachen. Hei stinn d’Europawalen am Mëttelpunkt. De Jean Claude Majerus resüméiert Äntwerten zu enger ganzer Partie Froen. Wéi eng Trende kann een aus de Resultater vun den Europawalen erausliesen? Gouf et Verännerungen an der Wielerdemografie oder och, wéi wäerten déi nei Europadeputéiert d’EU-Politik an Zukunft beaflossen?
2024-07-20
15 min
Поколението Z
В политическия лабиринт | Поколението Z / Gen Z
Влизаме смело в политическия лабиринт с Gen Z: В навечерието на изборите за български и европейски парламент се обърнахме към активни млади хора от Стара Загора, които ще гласуват за първи път на 9 юни. Младежите са ентусиазирани. Те ще могат да упражнят избирателните си права и ще следят обществено-политическия живот у нас и в страните от ЕС. Признават, че не се информират от традиционните новинарски емисии, а формират мнение от социалните медии. Те четат различни източници, дискутират в неформална среда и следват инфлуенсъри. Автор на подкаста: Таня Балабанова Участници: ✅ Яна Янева, Илиана Искърова и Валентин Глушков (млад омбудсман на Стара Загора) - ученици в ППМГ „Гео Милев“, Стара Загора, на 18 години ✅ Ивайло Жеков - ГПЧЕ „Ромен Ролан“, Стара Загора, 18 години ✅ Александър Райчев - генерален мениджър за България на IT компания LivePerson и един от 100-те най-влиятелни IT личности в България за 2024-та ✅ Шарлот Холткамп (23) - стажант в Радио Вестфалика, Германия (продукция на AMS) ✅ Колин (23) и Клементин (22) - студенти в Католическия университет в Льовен, Белгия (продукция на RTBF)
2024-06-04
15 min
Euranet Plus Podcast
Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?
Zanter dem amerikaneschee President Donald Trump hu Fakenews an Desinformatiounen eng ganz nei Envergure a Qualitéit kritt. D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war fir dëse Podcast an den EU-Memberstaaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen, mat de Fake News an der Desinformatioun stinn. D’Fro ass dobäi: Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen? A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit Presentéiert vum Jean Claude Majerus.
2024-04-05
16 min
Euranet Plus Podcast
Wat wëllen d'Baueren?
D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee an hunn d’Meenung vun nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen. D’Fro ass: Wat wëllen d’Baueren? A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit Presentéiert vum Jean Claude Majerus.
2024-04-03
20 min
Euranet Plus Podcast
D’Stëmme vun den EU-Stroossen
Déi Europäesch Unioun ass mat enger ganzer Partie Problemer konfrontéiert, wéi de Krich an der Ukrain, d’Protester vun den europäesche Baueren, déi ekonomesch Situatioun, d’Migratioun, de Klimachangement oder d’Verdeedegungspolitik, fir nëmmen déi ze nennen. Mee wat denken dann d’Bierger:innen an der Europäescher Unioun? Wéi gesi si d’EU? Wéi eng Doleancen hu si a wéi eng an Erwaardunge setze si an d’EU? Am Euranet-Podcast waren d’Mataarbechter vun Euranet plus op den europäesche Stroossen ënnerwee fir de Bols bei de Mënschen ze fillen. A Kooperati...
2024-04-02
14 min
Euranet Plus Podcast
Kënnen nei Technologien d’Welt retten?
KI, Satellitten, Wiedermanipulatiounen, wat kann dat bréngen? Wéi genee a wéi wäit kënnen nei Technologien de Klimachangement an de Grëff kréien? Kënne mer eis dorobber verloossen amplaz eis schlecht Gewunnechten, déi der Welt schueden, ze änneren? Et muss een iwwert Zukunft diskutéiere fir eraus ze fanne wéi eng Erwaardunge mer an Innovatioun an Technologie kënnen hunn. Op der COP 28 huet goufen techno-solutionistesch Léisunge vun e puer Säite propagéiert an d’Virdeeler vu Geo-Engineering-Techniken goufen an d’Fënster gestallt, datt awer als Nodeel vun anere konkrete Mesure fir d...
2024-02-11
13 min
Green Deal Lëtzebuerg
Biergbau
Déi rezent katastrophal Evenementer wéi d’Covid-Pandemie oder de Krich an der Ukraine hunn als Suite datt et zolitte Problemer an de Liwwerungen vu Materialen gouf a gëtt. Dat huet an der europäescher Unioun e Gefill propagéiert, datt d’Unioun net méi op den fräien Handel an de fräie Maart ziele kann, fir datt d’Ekonomie weider fonctionnéiert. An ëm déi Problemer an hir Suiten geet et déi Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus.
2022-12-20
15 min
Green Deal Lëtzebuerg
Gréng Reesen
Ass et méiglech op déi schéinst Plazen op der Welt ze reesen ouni zolitten CO2-Footprint? Ass nohalteg Reesen am Fong nëmmen eng Zort Halluzinatioun? Oder gëtt et dat wierklech, awer just nëmmen fir déi, déi sech et och leeschte kënnen? An da si mer schonn beim Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus, wou mer probéieren eis Reesgewunnechten ze iwwerdenken.
2022-12-20
09 min
Green Deal Lëtzebuerg
Sozial Medien a Klima
Kënnen d’Natur an Influencer an de soziale Medien Hand an Hand goen? Oder sinn sozial Medie just do fir Materialismus an Konsumverhalen ze propagéieren amplaz ze hëllefen de Changement an der Gesellschaft deen duerch de Klimawiessel muss kommen, weider ze bréngen? Dat si Froen ëm déi et dës Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus geet.
2022-12-20
12 min
Green Deal Lëtzebuerg
Chrëschtdag an Joersenn
D’Chrëschtzäit ass all Joers op e neitst, wou et zielt d’Haiser ze dekoréieren, Kaddoen ze kafen an et steet och esou munches um Programm fir Chrëschtdag an Feieren vum Joersenn ze preparéieren. Et ass elo awer leider esou datt vum Kaddospabeier iwwert déi elektresch Dekoratiounen bis bei d’Freedefeier an Chrëschtbeemercher, all dës Traditiounen produzéieren e ganze Koup Offall an se hunn domat e negativen Impakt op d'Ëmwelt. An domat hu mer schonn de Kader vun Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radiosnetzwierk E...
2022-12-20
11 min
Green Deal Lëtzebuerg
Fraen a Klima
An den Industrielänner ass et zimlech kloer datt Fraen dacks an der viischter Rei an der Lutte géint de Kilmawiessel an senge Konsequenzen fir den Alldag vir d’Mënschen besonnesch am globale Süde stinn. An datt ass dann och de Sujet an dësem Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus an et ass eng vun de Conclusiounen datt et och an der EU esou ass. Mer huelen iech mat fir eraus ze fannen wéi dann elo d’Relatioun vu Klimathemen an dem Gender ass.
2022-12-20
14 min
Green Deal Lëtzebuerg
Waasserverbëtzen
Extrem Wiederevenementer, déi Suite vum Klimawiessel sinn, begéine mer weltwäit ëmmer méi dacks, a se ginn ëmmer méi extrem an intensiv. Eng Haaptprioritéit am Green Deal vun der europäescher Unioun, mat deem EU e gréngen Iwwergaang preparéiert, ass d’Ursaachen fir de Klimawiessel ze limitéieren. D’EU-Memberstaten wäerten sech awer och mat domat beschäftegen mussen, d’Mesuren an Strategien ze entwéckelen fir de Biergerinnen a Bierger ze hëllefen, mat de Konsequenzen vum Klimachangement liewen ze kënnen. An doriwwer geet et déi Kéier am Green Deal EU Podcast an...
2022-12-20
12 min
Green Deal Lëtzebuerg
Klima-Angscht
Héichwaasser, Stierm, Bëschbränn... de Klimawandel weist säin ellent Gesiicht ëmmer méi dacks a suergt fir Zerstéierungen, déi virun e puer Joer nach bal onvirstellbar waren. An d'Konsequenzen ginn méi wäit: Och eis mental Gesondheet ass betraff.
2022-12-20
08 min
Green Deal Lëtzebuerg
Digital Pollutioun
Mam Fliger an d'Vakanz, mam Auto op d'Aarbecht - do wëssen mir, datt dat net ganz gutt fir eis Ëmwelt ass. Mee wéi vill CO2 verschécke mir mat enger Email? Wéi vill Pollutioun stécht an eisem digitalen Alldag? Ass all owes Netflix wierklech besser, wéi an de Kino ze fueren? A wéi kënne mir den Energieverbrauch vun eise Gadgete reduzéieren? Deene Froe geet den Tom Haas no.
2022-12-20
08 min
Green Deal Lëtzebuerg
Klimaskeptiker
D'Klimakris? Gëtt et dat iwwerhaapt? Dat ass eng Fro déi héiert een den Ament, wat gutt ass, vill manner. Mä et gëtt se awer nach ëmmer déi Leit déi de Klimawiessel ofstreiden, och wann déi Klimaskeptiker hautesdaags net méi grad esou evident ze detektéiere sinn, wéi dat emol war. An ëm déi Klimaskeptiker geet et déi Kéier am Green Deal EU-Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.
2022-12-12
11 min
Green Deal Lëtzebuerg
Sharing Economy
Sharing Economy ass e Begrëff deen een emol ëmmer nees begéint. D'Sharing Economy ass einfach gesot eng Zort Sammelterm fir Geschäftsmodeller, Plattformen, Firmen oder soss praktesch Approchen déi et méiglech maachen, ganz oder deels ongenotze Ressourcen gedeelt ze notzen, oder anescht gesot et fënnt een an der Sharing Economy eng gemeinschaftlech Consomatioun, oder eng Kollaboratioun an der Produktioun, en Zesummeschaffen am Finanzberäich, en oppen an zougänglecht Wëssen grad ewéi horizontal an oppen administrativ Strukturen. Där Sharing Konzepter fënnt een scho méi laang an der Landwirtschaft...
2022-12-12
12 min
Green Deal Lëtzebuerg
Kleng Gesten fir de Planéit
Jiiddereen eenzelnen kann bei sech selwer ufänken, selwer iwwerleeën, sech selwer a Fro stellen a selwer bewosst ginn, wéi een der Ëmwelt hëllefen kann a jiidereen ka selwer eppes an der Lutte géint de Klimawiessel maachen. An do kënnt et ganz sécher och op déi sëllegen kleng Gester un, well och kleng Gester an der grousser Mass si wichteg fir géint de Klimawiessel ze agéieren a reagéieren. An dat ass de Sujet an eisem Green Deal EU-Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus.
2022-12-12
12 min
Green Deal Lëtzebuerg
Kann d’Politik de Planéit retten?
De Klimawiessel ass e ganz aktuellen a précaire Phänomen, wou onbedéngt eppes dergéint muss gemaach ginn. Mä fir géint den Kilmawiessel ze agéieren an ze reagéieren, ass et wichteg d'Mënschen dovun ze iwwerzeegen hir fest etabléiert Gewunnechten ze änneren a sech och bewosst ze sinn dat Mesuren géint de Klimawiessel och mat zousätzleche Käschte kënne verbonnen sinn. Ouni awer datt ee onbedéngt direkt e Resultat gesäit. Et ass kloer datt esou Demarchen duerch ze setzen fir Politiker schwiereg Decisioune sinn, well si jo och, a wann nëmmen am H...
2022-12-12
14 min
Green Deal Lëtzebuerg
Gréng Stied
Et ass sécher net vu Muttwëll emol eng virtuell Rees an d’Stied vun der Zukunft ze maachen, well der vill nawell skeptesch sinn op grouss Stied iwwert capabel sinn eng sënnvoll Roll an europäeschen Green Deal, also dem Plang vun der europäescher Unioun d’Ekonomie nohalteg ze maachen, kënne spillen. An dat ass de Sujet dës Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet plus.
2022-12-12
12 min
Green Deal Lëtzebuerg
Grenge Fluchverkéier
“Ech wéilt ech kéint Fléien”, datt ass dach en Dram deen Mënschen scho Joerdausende laang hunn. Mä déi kollektiv Realisatioun vun deem Dram ka ganz séier en Alpdram ginn, well de Fluchverkéier gehéiert hautesdaags zu den Haaptursaachen vum Klimawiessel. An doriwwer geet et déi Kéier am Green Deal EU Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus. Mer maachen deemno eng relativ ëmweltfrëndlech Rees duerch Europa fir eraus ze fannen, ob een iwwerhaapt eppes maachen kann, fir d’Flugreesen oder d’Fléien am ganzen méi propper ze maachen.
2022-12-12
18 min
Green Deal Lëtzebuerg
D’Recht op Reparaturen
Wann ären Handy futti ass, ass et dann am Fong net vill méi einfach, vill méi bëlleg a vill méi séier, sech e neien ze kafen, amplaz deen alen Handy flécken ze loossen? Dat ass leider haut eng Erfarung déi een méi wéi eng Kéier mécht. An dëser Episod vum Green Deal Eu Podcast an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet plus geet et ëm Ëmweltkäschten an der aktueller Gesellschaft , well villes onnéideg ewech gehäit. An néideg wär e Recht op Reparatur.
2022-12-12
14 min
Green Deal Lëtzebuerg
Autoen a Klima
De Verkéier op de Stroossen war an de leschte Joren fir bal 30 Prozent vun alle Zäregasemisiounen an der europäescher Unioun responsabel a bal zwee Drëttel vun den Zäregasen dovun koum vu Luxmaschinnen. Mä fir méi a méi Mënschen, virun allem jonk Leit ass den Auto haut awer net méi deen Statussymbol deen et emol war. Dat kënnt och sécher doduerch well den Auto esou eng negativ Connotatioun huet am Kontext vun deene Zäregasemissiounen huet. Et kann ee sech deemno e puer Froe stellen: Kéint den Auto...
2022-12-12
14 min
Green Deal Lëtzebuerg
Propper a Gréng?
An de leschten 200 Joer sinn an Europa duerch Promotioun vun enger besserer Hygiène enorm Fortschrëtter an der ëffentlecher Gesondheet gemaach an och am Gesondheetswiesen huet dëst e positiven Afloss gehat. Mä wat mécht dat Striewen no engem propperen oder muss soen sterillem Liewen mat eiser Ëmwelt. Genee dat ass de Sujet déi Kéier am Green Deal Eu Reportage vum Jean Claude Majerus an Zesummenaarbecht mam europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus
2022-11-04
11 min
Green Deal Lëtzebuerg
Feieren an Nohaltegkeet?
Feieren läit dach zimmlech an der Natur vum Mënsch. Mä wéi nohalteg iwwerleeë mer dann wann et ëm d'Feiere geet, an dat heescht Feieren op alle Niveauen ëffentlech oder privat. Kleng Familljefeieren oder och grouss Festivaler. Mat all dem Stress dee mer duerch d'Pandemie erlieft hunn, dann d'Liewenkäschten déi ëmmer méi héich ginn oder och d'Angscht duerch den ëmmer nees zitéierten Klimawiessel bidden déi eng oder aner Feieren oder gréisser Fester dach bestëmmt fir eng Ofwiesslung, wou de Mënsch op mannst emol fir e kuerzen Ament alles vergiesse kann. An...
2022-11-04
10 min
Green Deal Lëtzebuerg
D’Zukunftsvisiounen an der Ernärung
D'Ernärung vu moar hänkt ganz kloer vun den Decisiounen an de Choixen déi d'Gesellschaft haut hëlt of. Decisiounen an Choixen déi duerch esou munches beaflosst kënne ginn, wéi d'Demografie, d'Gesondheet, d'Ofhängekeet vun der Ekonomie, geopolitesch Approchen, wéi aktuell de Krich an der Ukraine eis et léiert, an natierlech och praktesch iwwert allem, de Klimawiessel. Sech iwwert d'Ernärung Gedanke maachen, ass dem Jean Claude Majerus säi Sujet an dëser Episod vum Green Deal EU Podcast vum europäeschen Radionetzwierk Euranet Plus.
2022-11-04
12 min
Green Deal Lëtzebuerg
D’Plastik -Pandemie
De Klimawiessel an och d'Zerstéierung vun der Ëmwelt, grad ewéi e sëllegen Krisen a Katastrophen deen d'Mënschen ausgesat hunn e groussen Afloss op eisen Alldag an op eist Liewen. D'europäesch Unioun an d'europäesche Kommissioun wëllen sech dogéint am Kader vum Green Deal EU stäipen. Mer proposéiere iech eng ganz Partie Reportagen déi an enger Zesummenaarbecht mat europäeschen Radioen gemaach goufen. Wéi wäit huet Covid-19-Pandemie d'Mënschen an hire Klimaziler hannedra gehäit an do besonnesch och an der Lutte géint ze vill Plastik. An dat ass de Sujet...
2022-11-04
07 min
Euranet Plus Zaļais kurss
Aviācijas zaļais kurss: Šobrīd cilvēkiem divreiz jāpadomā par savām "tiesībām lidot"
Tiekamies kārtējā "Euranet plus Green Deal" jeb "Zaļā kursa" podkāstā. Tajā kopā ar kolēģiem no Eiropas aplūkojam to, kā mēs varam ietekmēt tā dēvēto “zaļo pāreju”, ko ir uzsākusi Eiropas Savienība. Šajā sērijā mēs aplūkosim to, kā aviācijas nozarei sokas ar kaitīgās ietekmes uz vidi samazināšanu. Aviācijas nozare ir viena no lielākajām siltumnīcas efektu izraisošo gāzu radītājām. Saskaņā ar Eiropas Parlamenta datiem, starptautiskās aviācijas radīto izmešu daudzums laikā no 1990.līdz 2019.gadam palielinājās par 146%. ...
2022-08-17
16 min
Green Deal - Der Weg zu einer klimaneutralen EU
Geht Fliegen auch grüner?
Vom Fliegen träumte die Menschheit wohl schon immer, nicht erst angefangen bei Leonardo Da Vinci und den Zeichnungen seiner Flugapparate. Was ab 1914 in Form von Passagierflugzeugen wohl als wahr gewordener Traum bezeichnet werden könnte entpuppt sich gute 100 Jahre später als Alptraum. Denn der Flugverkehr gilt mittlerweile als einer der größten Treiber der Klimakrise. In dieser Folge des Green Deal Podcasts schauen wir wieder in einige EU-Länder, um herauszufinden, was getan werden muss und kann, um den Flugverkehr grüner zu gestalten. Was können wir tun und woran liegt es überhaupt, dass gerade der Flugverkehr so extrem...
2022-07-12
14 min
Dir Podcast
Две нови инициативи на Европейската комисия за космическото пространство: Епизод на Euranet Plus
Амбициите за запазване на водещото място на Европа в изследването и използването на космоса и по-нататъшно развитие на космическите технологии и комуникации бяха потвърдени с две нови инициативи на Европейската комисия - за Сигурността на комуникационните връзки през космоса и Управление на космическия трафик. Целта е да бъдат подобрени достъпът до високоскоростен интернет, защитата на критичната инфрастурктура и управлението на кризи.Космическите технологии са от съществено значение за редица дейности във всекидневието ни и имат важен принос за цифровото, по-зелено и устойчиво бъдеще на планетата. Еврокомисарят за вътрешния пазар Тиери Бретон подчерта:"Европа е основен играч и световна сила в Космоса. Европейските разходи за космически проекти възлизат на над 10 милиарда евро годишно. Въпреки че това е по-малко от половината от разходите за Космоса на Съединените щати, ние сме втората космическа сила в света и смятаме да запазим доброто си място."Бретон отбеляза, че Европейският съюз финансира с повече от 15 милиарда евро глобалната навигационна система "Галилео" и програмата "Коперник" за наблюдение на земната повърхност и добави:"Но трябва да продължим напред. Предлагаме трета европейска архитектура за спътникова свързаност в ниска орбита между 400 и 500 километра с разполагане на около 100 малки сателита. Тя трябва да осигури по-добра комуникационна свързаност за европейския континент. Вече разполагаме със система от спътници на средна височина и такива в геостационарна орбита на височина 36 хиляди километра. И трите системи ще трябва да работят във взаимодействие."Все по-трудно става запазването на слотове в орбита, все повече радиочестоти се използват, увеличава се задръстването с различни обекти и натрупването на космически отпадъци. В орбита вече има над 10 500 европейски спътници, а още 20 хиляди ще бъдат изведени до 10 години.Германският астронавт от Европейската космическа агенция Матиас Маурер разказа за случаи, в които се налага да бъде променяна траекторията на Международната космическа станция, за да се избегне сблъсък с реещи се опасни отпадъци и посочи:"Темата е много важна, не само заради опасността за Международната космическа станция, но и за всички сателити, с които разполагаме. Смятам, че съвременното общество вече не може да функционира без цялата сателитна информация. Трябва да вземем мерки, за да предотвратим натрупването на космически боклук, като премахнем големите отломки от космическото пространство и ограничим образуването на нови отпадъци."Маурер обясни, че вече се усеща нуждата от ясни правила за използването на космическите обекти:"Важно е също да имаме Управление на космическия трафик, така както е при въздушния. За самолетните полети има ясни маршрути и хора, които съблюдават те да бъдат спазвани. В Космоса не е така. Трябват политически действия в този смисъл, а Европа може да изиграе важна роля."Председателят на Европейската комисия Урсула фон дер Лайен прие с охота подадената ръкавица, коментирайки подготвената стратегия:"Трябва да осигурим ефективно управление на космическия трафик, подобно на това при самолетните полети или движението по пътищата. Да преценим какви общи правила за Космоса са необходими. Както и да убедим нашите партньори по света, че искаме да решаваме този въпрос заедно. Очевидно Космосът ще ни създава доста работа."Космическата програма на Европейския съюз вече осигурява важни данни и услуги в различни области - транспорта, земеделието, реакцията на кризи и борбата срещу климатичните промени. Но европейската политика по отношение на Космоса трябва да се променя и приспособява с оглед новите предизвикателства и силната международна конкуренция.
2022-04-25
05 min
Dir Podcast
COVID-19 и пандемията от пластмаса: Епизод 1 на Green Deal
Закъсняхме ли с мерките по за управление на отпадъците покрай Covid-19 и можем ли да намерим по-устойчиви решения за в бъдеще, без да правим компромис с безопасността - отговорите от Елеонора Йосифова от еко организацията "За земята" и доц. Михаил Околийски от българския офис на Световната здравна организация.Възможно ли е в пандемичната ситуация да бъдат ограничени еднократните пластмасови опаковки за храната в учебните заведения? И как гимназисти от Ямбол се ангажираха в търсенето на решения за пластмасовата пандемия като изобретиха биоразградими предпазни маски.Вече над две години сянката на пандемията от Covid-19 тегне над света, а вирусът промени може би всеки един аспект на живота ни. Шокирани от ежедневните статистики за заболели и смъртни случаи, цялата световна общност фокусира усилията си върху запазването на човешките животи и превенция на заразяването. Стресовата ситуация ни накара да не пестим средства в справянето със здравния проблем. Уви, две години по-късно резултатът е плачевен - върнали сме се години назад в управлението на отпадъците и в десетилетната история на опитите ни да ограничим ползването на пластмаса за еднократна употреба. Чуйте повече в настоящия епизод:"Проблемът е очевиден. На световно ниво заради пандемията се е увеличило двойно производството на маски и ръкавици за еднократната употреба", казва Елеонора Йосифова, експерт по отпадъци и рециклиране към най-старата природозащитна организация в България - "За Земята". "Над 100 000 тона са произведени и разпространени само в Европа, като горе долу се пада по маска на човек на ден. Умножено по количеството хора, можете да си представите за какви измерения става въпрос. Огромна част от тях се доставят и от Китай, защото Европа нямаше готовност за производство на такива количества предпазни средства и съответно освен боклука, който все повече се трупа, добавяме и въглеродния отпечатък", казва Елеонора. "Другият проблем е, че този отпадък не се рециклира", допълва тя. "В България нямаме създадена организация за рециклиране, а и обикновено тези предпазни средства са създадени от няколко типа материал, което изисква специална организация по събирането и рециклирането. Медицинските отпадъци пък се изгарят, с което се замърсява въздуха и почвата."Световната здравна организация призова правителствата и европейските институции да предприемат спешни мерки срещу екологичния отпечатък, да разработят стратегии за защита на населението от неправилното изхвърляне на тези отпадъци, както и да инвестират в по-екологичното им преработване. Според доклад на организацията повече от 200 000 тона медицински отпадъци, много от които пластмасови, са се натрупали по целия свят вследствие на пандемията от COVID-19, вкл. поне 144 000 тона използвани игли, спринцовки и контейнери за медицински отпадъци.Подкастите от поредицата "Green Deal / Зелената сделка" са предоставени от европейската радиомрежа Euranet Plus, която се състои от 13 водещи медийни оператори в Европейския съюз. Съдържанието е продуцирано от БНР и достига до вас благодарение на партньорството с Dir.bg.
2022-04-15
15 min
Euranet Plus Green Deal
Green Deal Podcast - ep 33 - Коцентрични училищни градинки "посаждат" зелени идеи у децата
Автор: Елена Каркаланова Ще чуете как се „ражда“ една ароматна градинка - Сияна, Йоана, Благовеста и Димана от 2-ж клас на 81-во иновативно училище „Виктор Юго“ в София обясняват, че в почвата не трябва да има големи буци пръст, ако искат да посадят дъхави билки и цветя... „Трудейки се в градинката, децата се учат да работят заедно с природата и за природата, изучавайки и прилагайки принципите за устойчиво развитие на екосистемите – обяснява началният учител Силвия Марушкина. – За да придобие природата личностен смисъл за детето, то трябва да пристъпи към нея с радост и интерес. А участието на детето в процеса на засаждане и отглеждане на растенията, добиването на реколта и доставянето ѝ до дома всъщност оформят неговата ценностна система и изграждат стремеж към природосъобразен начин на живот.“ Освен чисто практически умения за природосъобразен живот тези „растящи класни стаи“ създават дълбока връзка между детето и природата – обяснява Мария Димитрова от портала на вкусните образователни градинки (https://gradinka.zaedno.net/). И въпреки че градинките са нещо малко (не повече от 50-100 кв.м. в двора на образователната институция), през тях се случва нещо много важно, което дава надежда, че расте поколение, което не само ще има уменията да живее устойчиво, но ще се отнася с любов и грижа към света около нас.
2021-12-16
17 min
Euranet Plus Green Deal
Green Deal Podcast - ep 7 - Re-think plastics: Две български алтернативи на пластмасата
Автор: Лили Големинова - "Радио София" 🟢 Преплитаме историите на 2 екипа от млади хора в България, които са си поставили за цел да открият алтернатива на пластмасата, която да бъде използвана в много направления и наистина да промени определени сектори 🟢 Гергана разказва как с Анджела са осъзнали, че почти върху всяка хартиена в света се поставя ламиниращ слой, който прави този продукт нерициклируем. Как те създадоха Lam'On - 100% биоразградима алтернатива и цялостно могат да променят индустрията 🟢 Атанас от Biomyc допълва картината със създадения от тях гъбен материал (на основата на мицел) - органична и напълно безвредна алтернатива на стиропора и е компостируем в градински условия до 70 дни. 🟢 Заедно разсъждаваме за това колко е различно поколението, което сега расте и как то търси иновативните и устойчиви елементи навсякъде и как не само регулациите и законовите разпоредби водят до промени , а осъзнатият стремеж към "зелен живот"
2021-06-11
16 min
Proyecto Esperanza
Trata: España y Europa. Situación Actual
Entrevista en PuntoRadio (Euranet) sobre la Directiva Europea de Trata y su incumplimiento por parte de España. También se habla durante la entrevista de la Plataforma de la Sociedad Civil contra la Trata. (22 encuentro) 9 diciembre 2013. La Plataforma es un foro para que la sociedad civil participe en la UE y se genere el intercambio de experiencias con el fin de mejorar la coordinación y la cooperación entre los actores clave. Se trata de un instrumento concreto que facilita el diálogo constructivo y favorezca la creación de alianzas y sinergias entre las más de 100 organiz...
2014-01-22
24 min