Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

FNR | Studio J (Letzebuerger Journal)

Shows

Mäin ElementMäin ElementMäin Element - Lindsay Flynn Uni fäerdeg, en Auto an dann eng eege Wunneng. Dat ass den Dram vu villen. Leider ass dat esou net ëmmer ganz méiglech. Firwat dat esou ass, dat seet eis d'Lindsay Flynn. Déi gebierteg Amerikanerin fuerscht nämlech am Beräich vum Logement. Mä wéi erfuerscht een dat eigentlech? Donieft geet et och ëm amerikanesch Traditiounen, den Tom Cruise an international ënnerschiddlech Gréisste vu Panen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu2025-07-1728 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Johannes Meiser Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung? D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle Fuerschungsstand, wat den Ënnerscheed tëscht engem Kriibsfuerscher an engem Dokter ass, a wéi et ass op ee Mol een Team ze leeden. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu2025-03-0430 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Alexander Skupin Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden huet. Bekanntheet schéngt allgemeng ee Sujet fir den Alexander gewiescht ze sinn… Wann hien net Wëssenschaftler gi wier, dann hat hien nach d'Optioun fir… Rockstar ze ginn. Hien erzielt eis, wéi et dozou komm ass a wat geschéie géing, wa mir 100 Prozent vun eisem Gehier notze géingen. Du wëlls méi iwwert de FNR...2025-02-0332 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Nesryne Mejri Deepfakes gehéiere mëttlerweil zum Internet, esou wéi Streaming, Memes a Kazen. Mee wéi erkennt een Deepfakes? Dat ass déi grouss Fro, déi d'Nesryne Mejri a senger Fuerschung rëmdreift. An dëser Episod erzielt d'Nesryne vun deene gudden a schlechte Säite vun Deepfakes a kläert eis iwwert Red Flags an der Fuerschung op. Ausserdeem schwätzt et iwwert säi Faibel fir déi japanesch Sprooch a Kultur, a verréit eis, wee säi léifste Game of Thrones-Personnage ass. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣2024-12-1630 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Sean Takats Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch! Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji hien am beschten säin eegene Beruff beschreift? Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu2024-11-0636 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Christiane Hilger Gesondheet. Ee Wuert, dat d'Pollenallergiker*innen de ganze Summer begleet. A genee dorëms geet et och an dëse Episod : Allergien. De Max schwätzt nämlech mam Christiane Hilger, enger Koryphee am Beräich vun der Allergie-Fuerschung. Zesumme froen se sech, wat aus dem Christiane sengem Wonsch Ranger ze gi geschitt ass, wat an eisem Kierper bei Allergië geschitt a wéi een ee Buch doriwwer schreift. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu2024-08-0730 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Emmanuel Defay Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“? De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier! Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu2024-05-2329 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Ines Chihi Hätt dir léiwer een Nobelpräis, oder géingt Dir léiwer anere Leit dozou verhëllefen een ze kréien? Fir d'Invitée vun dësem Episod ass d'Äntwert op alle Fall kloer! D'Inès Chihi erzielt dem Max vu sengem Beruff als Ingenieure an taucht mat eis an d'Welt vu senger Konscht an. Mä net nëmmen dat: Si schwätzen och iwwert d'Virurteeler vun nordafrikaneschen Universitéiten an d'Ënnerscheeder par Rapport zu de Student*innen aus Lëtzebuerg. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu2024-03-2832 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Gilbert Fridgen NFT, Blockchain a Bitcoin : keng Angscht, aus „Mäin Element“ gëtt elo kee Crypto-Bro Podcast, mä dat sinn d'Theme vun eisem Invité vun haut, dem Gilbert Fridgen. De Gilbert ass eng Korypheeë a sengem Beräich, deen sech em näischt aneschters dréint wéi, ganz einfach, d‘Zukunft. Hien erkläert eis, firwat Blockchain esouwuel fir Geldtransfers ewéi fir Mountroboter kënne gebraucht ginn, erzielt eis wéi heen zu sengem Beruffschoix komm ass a mir tauchen an eng Zäit vu sengem Liewen an, an der heen eemol alles iwwerduecht huet. Du wëlls méi iwwer...2024-02-0531 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessThe Expanding World of Blockchain Verification and traceability are at the core of the blockchain technology. Is it still on its way to revolutionising the digital realm? What real-world problems is it poised to solve in the near future, for example in the financial sector?⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Ivie Satijn is the Marketing Manager at Tokeny, provider of tokenisation solutions. Gilbert Fridgen is Professor and PayPal-FNR PEARL Chair in Digital Financial Services at the University of Luxembourg. Christophe Medinger is Deputy Head of Business Unit "Digitalisation" at Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerge...2023-10-2744 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Constanze Weth An dësem Episod dréit sech alles ronderëm d'Sprooch. Mä wéi fuerscht een eigentlech Sprooch? Wéi kann ee mat der Sprooch Experimenter maachen? A si Memes eigentlech ee Sujet an der Linguistik? Dës Froe beäntwerte mir zesumme mam Constanze Weth. D'Constanze erfuerscht d'Méisproochegkeet vu Kanner zu Lëtzebuerg. Dobäi huet hatt viru sengem Studium eigentlech ee ganz anere Wee ageschloen : Dee vun enger Léier als Huttmaacherin. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣2023-10-2328 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Maria Rita Palattella Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of… people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder optiméiere kann, fir de Maximum u Resultat eraushuelen ze kënnen. D'Maria Rita kläert eis op, ob dat alt Spréchwuert: "Wat de Bauer net kennt" nach akt...2023-07-2829 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Emma Schymanski An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt. Mam Emma schw...2023-06-0531 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Arianna Rossi Firwat zirkuléieren hautdesdaags esouvill sensibel Donneeën online? An dësem Episod vun "Mäin Element" kréie mir d'Äntwert vum Arianna Rossi vum Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg. Als Member vum IRISC Grupp fuerscht si a Beräicher wéi Droit, Design an Ethik, an interesséiert sech besonnesch fir den Dateschutz. D'Wëssenschaftlerin verréit dem Max, ob si selwer d'Privacy Policy ëmmer iwwerall duerchliest, wéi et ëm Fraen an der Fuerschung steet a wou hir Léift fir d'Stad Bologna an de Museksgenre Roots Reggae hier kënnt.⁣ ⁣ D...2023-04-1732 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Ben Thuy Mam Bléck op d'Welt vu fréier probéieren, déi vun haut besser ze verstoen. Dat ass den Job vum Paläontolog Ben Thuy am Naturmusée. An dësem Episod zielt hien eis vun senger Begeeschterung fir ausgestuerwen Déieren a verréit, wéi ee sech fillt, wann een Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fënnt. Hien erkläert och, firwat hien als Fuerscher vum Mier faszinéiert ass a wat et mat der ausgläichender Wierkung vun haarder Musek op sech huet. De Ben ass nämlech och e leidenschaftlechen Drummer.⁣⁣ ⁣⁣ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣...2023-02-1735 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Sébastien Faye An dësem Episod dréint sech alles ronderëm de 5G. Mee firwat steet eigentlech de „G“? Déi Fro kann eis de Sébastien Faye beäntwerten. De franséische Fuerscher schafft aktuell um Belval am LIST u Verkéierskonzepter, digitale Klonen an och schonn um 6G. Ugefaangen huet beim Sébastien alles mam Windows95 bis et du weider gaangen ass mat eegene Websitten, déi di franséisch Videospill-Branche eruewert hunn. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣ Audioquellen: https://www.youtube.com/watch?v=lusN0Z5GC-g2023-01-0931 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Leslie Ogorzaly Am Podcast mam Leslie Ogorzaly hale mir d'Loft un an tauchen an d'Lëtzebuerger Kläranlagen. Hei kritt eis Invitée nämlech d'Prouwe fir hir Fuerschung an de Beräicher Virologie an Epidemiologie. D'Fuerscherin huet beispillsweis am "Corona-Step"-Projet kontrolléiert, wéi vill Spuere vum Coronavirus an de Kläranlagen ze fanne sinn. Ausserdeem gi mer gewuer, wéi sech d'Element Waasser duerch säi ganzt Liewen zitt. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣ Audioquellen: https://100komma7.lu/article/aktualiteit/coronastep-ofwaasserwaerter-ginn-an-d-luucht https://100komma7.lu/article/aktualiteit/analys-vu...2022-11-3031 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Claudine Backes An dëser Episod trëfft sech de Max mam Claudine Backes. D'Fuerscherin beim Luxembourg Institute of Health (LIH) a Scientific Director an Epidemiologin beim nationale Kriibsregister (Registre National du Cancer du Grand-Duché du Luxembourg, RNC) ass ëmmer da motivéiert, wann si anere Leit hëllefe kann.⁣ ⁣ Zesumme mam Max kläre mir d'Fro, ob e Summerteint gesond ass, wéi et hannert de Kulisse bei der Weltgesondheetsorganisatioun ausgesäit a wéi eng Zort Smalltalk ee mam Greta Thunberg soll féieren.⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen?⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣2022-10-1132 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Raphaël Kies Dës Kéier sprange mir an den Themen hin an hier: Et geet ëm Politik, Medien, Citatioune vu Politiker an d'italienesch Moud. De Max begréisst de Raphaël Kies. De Fuerscher seet vu sech selwer, dass hien a villen Disziplinnen ënnerwee ass. Hie vergläicht ënnert anerem international Medielandschaften a beschäftegt sech zum groussen Deel mam Thema "E-Democracy". Mä wat ass dat iwwerhaapt? Wiele mir an Zukunft bei de Chamberwale just nach per Emoji, oder stécht do eppes ganz anescht derhannert? Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣ A...2022-08-1030 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Guy Fagherazzi An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport...2022-06-1929 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Bianca Nalbandian An dësem Episod vun „Mäin Element“ ass de Max am Max Planck Insitute Luxembourg op Besuch. Am Department of International Law begéint hien d'Bianca Nalbandian. D'Fuerscherin kombinéiert an hirem Alldag d'Entwécklungen op der Finanzplaz mat geopoliteschen Aflëss wärend si, ganz niewebäi, nach reegelméisseg Artikelen zum Thema Klimawandel publizéiert. Am Podcast erzielt d'Bianca dem Max, wéi e Problem si mam Begrëff "ambitiéis" huet, firwat der Italienerin eng Karriär am Geheimdéngscht nogeluecht gouf a wéi et dozou koum, dass si e pelzege Matbewunner mam Numm „Julio“ huet. Du...2022-05-2531 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Hugo Parlier Wéi hätt Dir reagéiert, wann een Iech an der Schoul gesot hätt: Mathé mécht Spaass? Vill vun Iech warscheinlech mat groussen Aen an engem Kapprëselen. Eisen Invité Hugo Parlier huet et sech zur Aufgab gemaach, aus komplexer Mathematik spilleresch Aufgaben ze maachen. Egal ob als analoge Puzzle oder als App. Dat huet esou gutt geklappt, dass dës Spiller hien esouguer bis op Dubai op d'Weltausstellung bruecht hunn. Am Gespréich mam Max erzielt hie vu sengen Erfarungen zu Dubai, sengem Virbild Maryam Mirzakhani, a kläert fir sech, wien de beschten Tennisspiller vun allen Z...2022-04-1534 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Anne-Catherine Guio An dësem Episod léiert de Max d'Anne-Catherine Guio vum LISER kennen. D'Anne-Catherine ass eng Koryphee op sengem Gebitt – Kanneraarmut an Europa – an erkläert, wéi et déi offiziell Statistik dozou revolutionéiert huet. Ausserdeem erzielt d'Fuerscherin, firwat et ni nervös ass, ier et an der Ëffentlechkeet viru Public oder an de Medie schwätzt. Donieft gi mir gewuer, wéi kreativ seng Aarbecht ass, an där et mat Daten an Zuele jongléiert. Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://www.fnr.lu/research-impact-fnr-highlights/ Du wëlls nach méi span...2022-03-1230 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Habiba Abubaker An dësem Episod vun „Mäin Element“ begréisst de Max d'Habiba Abubaker aus dem Max Planck Institute Luxembourg. Zesumme schwätze si iwwert dem Habiba seng Wuerzelen am Sudan, iwwert déi verschidde Militärputschen, déi de Sudan an de leschte Joren huet missen erliewen a wéi wäit déi Situatioun säi Liewen a seng Etüde beaflosst hunn. D‘Juristin erziehlt dem Max vu senge Fuerschungen iwwert d‘Aufgaben vun der Afrikanescher Unioun an erkläert, firwat d‘islamescht Gesetz net onbedéngt dat ass, wat mir vun der Tëlee kennen. Dernieft gi mer gewuer, w...2021-12-3130 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Phillip Dale Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen. Wéi en dat ëmsetzt a wat Konscht domat ze dinn huet, erkläert de Phillip an dësem Episod. Donieft erzielt de gebiertegen Englänner, wéi hien de Brexit als Expat zu Lëtzebue...2021-12-1029 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Annika Lutz Fir dësen Episod ass de Max an den 3D-Scanner geklommen. Dee steet nämlech um Campus Belval bei der Psychologin a Fuerscherin Annika Lutz a kënnt am Kader vun hire Fuerschunge mam mënschleche Gehier an Zesummenhang mat Iessstéierungen an den Asaz. D’Wëssenschaft ass fir d’Annika eng Liewensastellung, déi och beim Reitsport fir si laang eng wichteg Roll gespillt huet.⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen⁣ https://www.fnr.lu⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert d'Annika Lutz an hir Fuerschunge wëssen?⁣ https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/spotlight-brain-mechanisms-ea...2021-11-0231 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Djamila Aouada An dësem Episod vun „Mäin Element“ geet et ganz héich erop. De Max schwätzt mat der Prof. Djamila Aouada iwwert d'Schaffen am Weltall, Milliardären déi onbedéngt dohi wëllen an d'Konsequenzen doraus fir d'Wëssenschaft. Donieft geet et och ëm aner Themen, wéi zum Beispill dem Djamila säin Opwuesse wärend dem Biergerkrich an Algerien a wéi präsent d'Thema Feminismus haut an der Wëssenschaft ass. Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://www.fnr.lu/ Du wëlls nach méi spannend Geschichte...2021-09-1329 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Paul Wilmes Zënter der Corona-Pandemie ass de Paul Wilmes ee vun de bekannteste Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg. An dësem Episod hëlt hien eis mat op eng Rees, déi vun der Kläranlag bis an d'McMurdo Station (Antarktis) geet. De Paul erzielt eis, wéi ee mat Hëllef vu Mikroben am Daarm eppes iwwert Laangzäit-Erkrankungen erausfanne kann, firwat et der Politik hëllefe kéint, wa méi Fuerscher*innen an der Chamber wieren a wéi seng éischt Quarantän-Erfarung an der Antarktis ofgelaf ass. Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https...2021-07-2333 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Laurent Pfister An dësem Episod dréint sech alles ronderëm d'Waasser. De Laurent Pfister ass Hydrolog an erkläert ënnert anerem, wéi eng Waasserkatastroph dozou gefouert huet, datt hie sech géint d'Liewen als Proff am Secondaire decidéiert huet a wéi ee mat der Hëllef vun Atombommen den Alter vum Waasser bestëmme kann. Hien an de Max schwätzen iwwert den Impakt vum Greta Thunberg an dem Donald Trump op d'Fuerschung, doriwwer wéi de Laurent mat sengem Team am Süde vum Land Waasser aus der Äiszäit entdeckt huet, firwat Lëtzebuerg de perfekte Labo...2021-06-2830 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Stéphane Bordas De Professer Stéphane Bordas aus der Computational Mechanics ass e richtegen Tausendsassa! Dat gesäit een engersäits un de ville verschiddene Felder an deenen hie mat sengem Team ënnerwee ass, dorënner Aerospace Engineering, Biomechanics, Data Mining, wéi och a senger Fuerschung, a senge Kueren, oder beim Lafen: De Stéphane gëtt ëmmer 110%. Dat gëtt och belount: De Stéphane ass zënter Joren ee vun de meescht zitéierte Wëssenschaftler weltwäit. Eng Leeschtung déi him net an de Schouss gefall ass. An dësem Episod bléckt de Stéphane mat eis h...2021-05-2529 minMäin ElementMäin ElementMäin Element - Anne Grünewald D'Professer Anne Grünewald an hiert Team fuersche mat Hëllef vu Mytochondrien un der Parkinson-Erkrankung. De Wee an d'Fuerschung huet scho fréi ugefaangen – an der Schoul, duerch déi richteg Proff an der Bio. An dësem Episod geet et ëm e Liewen am Déngscht vun der Wëssenschaft: Vu glécklechen Zoufäll zu Stockholm iwwer mësslonge Virstellungsgespréicher, nei Erkenntnisser an England bis hin zur Ënnerstëtzung aus Hollywood. Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://www.fnr.lu/ https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/fnr-attract-fellows-anne-grunewald/ Du interesséiers de...2021-04-2130 minCafé ScientifiqueCafé ScientifiqueDe Professer Dr. Herwig Hofmann iwwer "DILLAN"De Lëtzebuerger Fonds national de la recherche, kuerz FNR, vergëtt eng 20 verschidde Bourssen, fir d'Fuerschung zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. Eng vun de Kiischten um Kuch ass de Pride-Programm, dee sech net just un ee Chercheur riicht, mee e ganze Konsortium, deen un engem relevante Sujet schafft. Enn Abrëll war et d'Nouvelle, datt den FNR déi Kéier zwee Projete mat Pride-Boursse belount: an Ziffere bedeit dat sechs Milliounen Euro, op sechs Joer verdeelt, fir 27 Doktoranden. D'Kerstin Thalau huet mam Koordinator vum DILLAN-Projet, de Jurist Herwig Hofmann, geschwat.2020-05-1511 min