Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

Gelle Fro

Shows

Gëlle FroGëlle FroVera Hoffmann huet d'Passioun fir d'Lafen erëmfonnt - GËLLE FRO EP. 96Vill Spaass beim Nolauschteren! 🫶AXA: ⁠https://www.axa.fr/assurance-auto.html⁠SPUERKEESS: ⁠http://spuerkeess.lu/axxess2025-05-1055 minGëlle FroGëlle FroSaint Charles ass Rapper, Kach a Sportler - GËLLE FRO EP. 95Vill Spaass beim Nolauschteren! 🫶Culture Forest Festival: https://www.culture-forest.comAXA: ⁠https://www.axa.fr/assurance-auto.html⁠SPUERKEESS: ⁠http://spuerkeess.lu/axxess2025-04-261h 08Gëlle FroGëlle FroBob Scholtes: Du muss MËLL ginn - GËLLE FRO EP. 94Vill Spaass beim Nolauschteren! 🫶Culture Forest Festival: https://www.culture-forest.comAXA: ⁠https://www.axa.fr/assurance-auto.html⁠SPUERKEESS: ⁠http://spuerkeess.lu/axxess2025-03-291h 01Gëlle FroGëlle FroErklär&Laach x Gëlle Fro – de Podcast Crossover mat den Duck Féiss Grënner - GËLLE FRO EP. 93Mat Duck Féiss zielen den Baschti, Philippe a Joé definitiv zu den OGs vum Lëtzebuerger Internet! Haut hunn sech zwou Lëtzebuerger Podcastgréissten verbal duelléiert fir erauszefannen, wien dann elo wieklech den Titel "Nummer 1 Podcast zu Lëtzebuerg" verdéngt huet! Vill Spaass mam Podcast 🫶2025-03-151h 18Gëlle FroGëlle FroTALI: From Hard Work to Eurovision - GËLLE FRO EP. 92Have fun listening! 🫶Vill Spaass beim Nolauschteren! 🫶Culture Forest Festival: https://www.culture-forest.comAXA: ⁠https://www.axa.fr/assurance-auto.html⁠SPUERKEESS: ⁠http://spuerkeess.lu/axxess2025-03-011h 16Gëlle FroGëlle FroD'Founders vun Three52 huelen eis mat an d'Welt vum Sneaker Business - GËLLE FRO EP. 91Si hunn zu 3 Kolleegen ugefaang Sneaker ze resellen an hu mat Three52 de bekanntsten Sneaker Store zu Lëtzebuerg opgebaut, mat engem Store an der Cloche d'Or an engem um Hamilius. Dass dat awer net ëmmer easy ass, a wat si schonn alles erlieft a geleiert hunn zielen eis den Ermin a Christophe, 2 vun den 3 Founders an dësem Podcast. Vill Spaass beim Nolauschteren! 🫶AXA: ⁠https://www.axa.fr/assurance-auto.html⁠SPUERKEESS: ⁠http://spuerkeess.lu/axxess2025-02-101h 14En Gaspésie avec JoanieEn Gaspésie avec Joanie011. Changements climatiques et énergies renouvelables en Gaspésie, avec Alexandra GelléBIENVENUE À EN GASPÉSIE AVEC JOANIE! 🌻Si tu ne me connais pas, je m’appelle Joanie Robichaud, mais sur les réseaux sociaux, on me connaît sous le nom de Joanie.Gaspésie. Je dis souvent que je suis obsédée par la Gaspésie… et c’est pas loin de la réalité! 😅Dans ce balado, on parle de la Gaspésie sous tous ses angles et, surtout, dans se mettre de lunettes roses. Et toujours avec des gens inspirants.Dans cet épisode, je discute...2025-02-1056 minGëlle FroGëlle FroMicas Carvalho: Kakerlaken oder P. Diddy? - GËLLE FRO EP. 90Vill Spaass mam Podcast! 🫶 AXA: ⁠https://www.axa.fr/assurance-auto.html⁠ SPUERKEESS: ⁠http://spuerkeess.lu/axxess2024-12-2159 minGëlle FroGëlle FroLaurent Agostino iwwert d'Liewe mat enger rarer Krankheet - GËLLE FRO EP. 89Vill Spaass mam Podcast! 🫶 AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess2024-12-071h 24Gëlle FroGëlle FroMarie Schreiber huet am Cyclo-Cross de perfekte Sport fonnt - GËLLE FRO EP. 88Vill Spaass mam Podcast! 🫶 LUXLAIT: https://www.luxlait.lu/product/ AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess2024-11-2358 minGëlle FroGëlle FroTech-Zukunft zu Lëtzebuerg: Misch Strotz iwwer Innovatioun an Erausfuerderungen! - GËLLE FRO EP. 87Vill Spaass mam Podcast! 🫶 SNJ: https://jugendprais.lu AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess2024-11-091h 13Gëlle FroGëlle FroEileen Byrne weist eis seng Leinwand am Kapp - GËLLE FRO EP. 86Vill Spaass mam Podcast! 🫶 AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess2024-10-261h 04Gëlle FroGëlle FroPatrizia van der Weken ass lëtzebuerger Sprint-Pionéier - GËLLE FRO EP. 85AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess LUXLAIT: https://www.luxlait.lu/product/ 2024-10-1258 minGëlle FroGëlle FroDe Kardinol Hollerich reflektéiert d'Visitt vum Poopst zu Lëtzebuerg - GËLLE FRO EP. 84AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess2024-09-281h 09Gëlle FroGëlle FroBob Bertemes léisst seng Carrière Revue passéieren - GËLLE FRO EP. 83SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html LUXLAIT SKYR: https://www.luxlait.lu/de/product/skyr-3/pro2024-09-1454 minGëlle FroGëlle FroAlex Kirsch fiert haut op den Olympesche Spiller - GËLLE FRO EP. 82SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html LUXLAIT: https://www.luxlait.lu/de/product/skyr-3/pro2024-08-0348 minGëlle FroGëlle FroHannert de Kulissen vun der Arméi mam Generol Thull - GËLLE FRO EP. 81SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique: https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-07-201h 12Gëlle FroGëlle FroMelody Funck krut duerch seng pompös Kleeder 4 Millioune Views iwwert d'Nuecht - GËLLE FRO EP. 80SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-07-061h 06Gëlle FroGëlle FroQuentin Brandenburger huet sech beim Konschtturnen d'Genéck gebrach - GËLLE FRO EP. 79SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-06-221h 05Gëlle FroGëlle FroMAZ & CHAiLD iwwert hier Frëndschaft an hiert Lidd Night Call - GËLLE FRO EP. 78http://www.allesnormal.lu SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-06-0848 minGëlle FroGëlle FroDavid Goldrake iwwer liewensverännerend Schicksalsschléi - GËLLE FRO EP. 77SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-05-251h 22Gëlle FroGëlle FroGil Linster: den europäeschen Underdog an der NASCAR-Welt - GËLLE FRO EP. 76Culture Forest Festival: https://www.culture-forest.com SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-05-111h 03Gëlle FroGëlle FroDen Oke iwwert säi Wee aus Nigeria, op Lëtzebuerg an déi grouss Bünen - GËLLE FRO EP. 75Culture Forest Festival: https://www.culture-forest.com SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-04-271h 31Gëlle FroGëlle FroEDSUN fillt sech ëmmer méi fräi - GËLLE FRO EP. 74Culture Forest Festival: https://www.culture-forest.com SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-04-1359 minGëlle FroGëlle FroMir ginn hypnotiséiert! Alles iwwert Hypnose mam Alain Wolff - GËLLE FRO EP. 73Culture Forest Festival: https://events.bookitbee.com/culture-forest-festival/culture-forest-festival-2024/ SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto Alain Wolff seng Websäit: https://hypnose-luxemburg.de2024-03-301h 20Gëlle FroGëlle FroLouis Loschetter: Grënner vun Ultraschall Collective an Skandal Agency - GËLLE FRO EP. 72SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxessAXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-03-161h 08Gëlle FroGëlle FroCannabis huet dem Nicolas säi Liewe gerett - GËLLE FRO EP. 71SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-03-021h 03Gëlle FroGëlle FroLuc Frieden hält säi Verspriechen - GËLLE FRO EP. 70SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-02-171h 09Gëlle FroGëlle FroKRICK erzielt eis seng ESC-Erfahrungen - GËLLE FRO EP. 69SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Ecologique : https://axa.lu/fr/assurance-ecologique-auto2024-02-031h 07Gëlle FroGëlle FroLola Valerius grënnt seng eege Chocolaterie, a verbënnt Kreativitéit mat Business - GËLLE FRO EP. 68SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat2024-01-201h 02Gëlle FroGëlle FroJoel Marques Cunha lieft fir an vun der Musik - GËLLE FRO EP. 67SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Moto: https://axa.lu/fr/assurance-moto2023-12-301h 05Gëlle FroGëlle FroBazooka Brooze wëll Suen keen Drama - GËLLE FRO EP. 66SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat2023-12-161h 47Gëlle FroGëlle FroSpecial Edition - Gëlle Fro x Nuit des MuséesLink fir d'Crowdfunding-Aktioun: https://www.nationalmusee.lu/de/spende2023-10-1128 minGëlle FroGëlle FroBen Kovac huet e Schutzengel um Terrain - GËLLE FRO EP. 65SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat2023-07-2256 minGëlle FroGëlle FroLuc Frieden bréngt gär frëschen Wand - GËLLE FRO EP. 64SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Moto: https://axa.lu/fr/assurance-moto2023-07-0858 minGëlle FroGëlle FroMayson Bossi ass mat 8 Joer schon Filmstar - GËLLE FRO EP. 63SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi2023-06-2443 minGëlle FroGëlle FroBeim Bob Bertemes leeft et - GËLLE FRO EP. 62SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat2023-06-101h 03Gëlle FroGëlle FroPaulette Lenert iwwert d'Cannabis-Legaliséierung a wéi si d'Pandemie erlieft huet - GËLLE FRO EP. 61SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Moto: https://axa.lu/fr/assurance-moto2023-05-2750 minGëlle FroGëlle FroAstrid Lulling ass mat 93 Joer nach top fit - GËLLE FRO EP. 60SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi2023-05-1351 minGëlle FroGëlle FroTommy Schlesser aka Brad Pitt vun Lëtzebuerg - GËLLE FRO EP. 59SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat2023-04-2251 minGëlle FroGëlle FroBob Jungels iwwert d'Liewen als Profisportler - GËLLE FRO EP. 58SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi2023-04-0858 minGëlle FroGëlle FroXavier Bettel gëtt perséinlech - GËLLE FRO EP. 57SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Moto: https://axa.lu/fr/assurance-moto2023-03-2556 minGëlle FroGëlle FroNEVLO iwwer säin Drogekonsum, Frëndschaft mam Brooze an säin Studium-Fail - GËLLE FRO EP. 56SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat2023-03-041h 02Gëlle FroGëlle FroPannashot hellt eis mat an d'Welt vum Gaming - GËLLE FRO EP. 55SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi2023-02-181h 05Gëlle FroGëlle FroSven Clement: Pirat an serial Entrepreneur - GËLLE FRO EP. 54SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Moto: https://axa.lu/fr/assurance-moto2023-02-041h 22Gëlle FroGëlle FroTussi am Bësch iwwert d’Struggles als Transgender, Onlyfans an Social Media - GËLLE FRO EP. 53SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat2023-01-2151 minGëlle FroGëlle FroNicolas Havé iwwert Have Films, Ultraschall an Rieslings Paschtéiten - GËLLE FRO EP. 52SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi2023-01-0759 minGëlle FroGëlle FroThierry Faber huet et mat Capitani op Netflix gepackt - GËLLE FRO EP. 51SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Moto: https://axa.lu/fr/assurance-moto2022-12-291h 04Gëlle FroGëlle FroRaoul Roos interviewt eis - GËLLE FRO EP. 50SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Chien & Chat: https://axa.lu/fr/assurance-chien-chat2022-12-171h 11Gëlle FroGëlle FroBazooka Brooze: Can't Cancel Culture - GËLLE FRO EP. 49SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess AXA Assurance Joker Taxi: https://axa.lu/fr/joker-taxi2022-11-291h 26Gëlle FroGëlle FroGeorges Christen hieft suguer deng *Schwéier*Mamm mat den Zänn op - GËLLE FRO EP. 48Haut um Podcaststull setzt keen gerengeren wéi den stäerksten Mann aus dem Land: den Georges Christen. Dësen zielt de Jongen iwwert säin onkonventionellen Wee, wéi en aus engem skurrillen Hobby eng Karriäre opgebaut huet an wéi eng Tipps en huet fir Jonker, déi net wëllen an enger normaler Struktur 8h den Dag schaffen. Dass et awer net ëmmer sou entertaining ass Entertainer ze sinn, an dass een sech muss vill Kommentaren ulauschteren, grad vun Leit, déi selwer ni hiren Dram gelieft hunn, dovun kann hien e Lidd sangen...mais aus der Rou...2022-11-1457 minGëlle FroGëlle FroJessie Thill, jéngst Member an der Chamber - GËLLE FRO EP. 47D'Jessie Thill ass déi jéngst Member an der Chamber, an eng ganz engagéiert gréng Politikerin. Mat him hunn den Tom an Philippe ënner anerem diskutéiert iwwert de Klimawandel an den Zesummenhang mat der Wirtschaft (Stéchwuert China), awer och iwwert Fraen- an Männerrollen an eiser Gesellschaft.2022-10-301h 06Gëlle FroGëlle FroJeffrey Drui erklärt eis wéi mir räich ginn - GËLLE FRO EP. 46An dëser Episode vun der Gëlle Fro hunn d'Jongen den Jeffrey Drui bei sech op de Podcast invitéiert. Als Privat Banker, deen d'Eco-News um RTL an Uni-Coursen hält, ass hien genau déi richteg Persoun, fir den Philippe an den Tom iwwert d'Finanzwelt opzeklären. Enner anerem stellen si him Froen wéi "Wouran soll ech investéieren?", "Wéi wäert sech eis ekonomesch Situatioun weiderentwéckelen?", "Wéi ginn ech räich?", an natierlech "Wat ass deng Meenung zu Crypto?". Wanns du dech fir d'Thema Suen interesséiers, dann ass des déi richteg Episode f2022-10-2356 minGëlle FroGëlle FroSIXO fuerdert all Lx Rapper zum Kampf eraus - GËLLE FRO EP. 45Des Woch zu Gaascht bei der Gëlle Fro ass den Sixo. Hien ass een jonken, motivéierten Rapper, deen mat sengen déifgrënnegen Texter an melodeschen Lidder säin eegenen Sound zu Lëtzebuerg etabléiert. Hien huet grouss Pläng, an ass iwwerzeegt dovun, dass en an Zukunft wäert vun senger Musek liewen. Donieft mécht en allerdéngs seng Schoul fäerdeg, an eng Ausbildung zum ... Fierschter! Domat haten den Tom an Philippe net gerechent. Säin Talent stellt den Sixo mat enger Live-Performance ënner Beweis, an genausou säin Kolleeg Blacki MS40. Niewent der Musek mé...2022-10-1352 minGëlle FroGëlle FroAmir Vesali säin Wee aus dem Iran bis an d'Chamber - GËLLE FRO EP. 44Den Amir huet schonn als klengen Jong missen mat senger Famill aus dem Iran flüchten, well säin Papp als Spioun beschëllegt gouf. Mat 20 Cent an der Täsch hunn si sech dunn missen hei zu Lëtzebuerg alles opbauen. An dëser Episode diskutéieren d'Jongen iwwert Privatsecteur vs Staat, Immobiliëpräisser, Integratioun, Lëtzebuerg vs Iran, an villes méi.2022-08-141h 30Gëlle FroGëlle FroJana Degrott iwwert den Barack Obama, Xavier Bettel an wat hatt areechen well - GËLLE FRO EP. 43Obwuel d'Jana Degrott eng immens aktiv an engagéiert Fra ass, huet hatt sech d'Zäit geholl, fir bei d'Gëlle Fro laanscht ze kommen. Am Gruppetto erzielt hatt dem Philippe an Tom, wéi hatt den Obama kennen geleiert huet, wat dat eicht war wat hatt him sot an wat hien him fir Rotschléi mat op de Wee ginn huet. Doriwwer eraus hellt hatt eis awer och mat hannert d'Kulissen vum Aktivismus an der Politik an beschreift wéi ustrengend et ass, awer och wéi Rassismus, Sexismus an den Xavier Bettel hatt gepräägt hunn. Lauschtert eran, mir...2022-08-061h 34Gëlle FroGëlle FroMandy Graff iwert seng Erfahrungen bei GNTM - GËLLE FRO EP. 42An dëser Episode hunn den Philippe an den Tom d'Mandy Graff um Podcast. Enner anerem verzielt hatt, wéi et deemools bei GNTM war, wéi d'Heidi Klum privat ass, wisou se hatt erausgeheit hunn, an villes méi. Niewent senger Erfarung als Model, diskutéieren déi 3 awer och zesummen iwwer verschidden Themen, wéi iwwer sozial Medien, d'Kanner vun haut, Disziplin, oder Empathie. Lauschtert eran :)2022-07-201h 00Gëlle FroGëlle FroLaachen an schmaachen mam Anne's Kitchen - GËLLE FRO EP. 41D'Anne huet seng Kichen mat op den Podcast bruecht. Niewent Iessen an Wäin huet hatt dem Tom an Philippe awer och vill Tipps ginn, wéi een en Self-made Business mécht. Et huet vun sengen eegenen Erfarungen, vum Journalismus, Grand-Ducs, an villem méi geschwat.2022-07-021h 16Gëlle FroGëlle FroDylan Pereira iwwert den Max Verstappen an dat einsamt Liewen als Motorsportler - GËLLE FRO EP. 40Ween kennt en net, dem Dylan Pereira säin rosa Auto? Den Dylan selwer huet am Rennsport areecht, wat nach keen zu Lëtzebuerg areecht huet. Hien zielt dem Philippe an Tom um Podcast iwwert déi schéin awer och manner schéin Momenter am Sport, wéi eleng een ass, awer och wéi seng Relatioun zum Max Verstappen ass.2022-06-251h 10Gëlle FroGëlle FroMaale Gars, den Nr. 1 Proffen-Sänger zu Lëtzebuerg - GËLLE FRO EP. 39Den sympatheschsten Proffen-Sänger zu Lëtzebuerg ass haut net op der Stage an och net am Klassesall, mais bei der Gelle Fro um Podcast. An wat haten se Spaass d'Jongen! Mais niewent Laachen an Béier, hunn se awer och serieux Themen beschwat, z.B. wéi et ass ADHS ze hunn, oder wéi een Rapper an Proff sinn ënnert een Hutt bréngt. Lauschtert eran :)2022-02-261h 16Gëlle FroGëlle FroClaire Asselborn ass méi breed wéis du - GËLLE FRO EP. 38Veganismus, Bodybuilding, Body Positivity, Sport als Therapie, Fraen mat Muskelen, an nach vill méi beschwätzen den Philippe an Tom mam Claire Asselborn, enger veganer Bodybuilderin.2022-02-0559 minGëlle FroGëlle FroSerge Tonnar: Papp vun der lëtzebuerger Musek - GËLLE FRO EP. 37Mam Serge hunn den Tom an de Philippe en vun deenen gréissten (wann net souguer DEN gréissten) lëtzebuerger Museker bei sech am Gruppetto. Zesummen schwätzen si iwwert dem Serge säin Werdegang zum selbststännegen Museker, quasi vum Egotrip zu Legotrip. Dass dobäi dei lëtzebuerger Sprooch hien an senger Entwécklung ni gestoppt huet, leit op der Hand - dat wëssen se an der Chamber sou gutt wei op der Belscher Plage. Wat hien vum Tun a vum Bruce hält gi der an dëser Episode gewuer, awer och wat hien vun 2G an de...2022-01-151h 03Gëlle FroGëlle FroTessy Antony De Nassau: Mama, Entrepreneurin, Philantropin - GËLLE FRO EP. 36Entrepreneurin, Philanthropin, Influencerin, Podcasterin, Mamma, an nach vill méi verkierpert Tessy Antony de Nassau an enger Persoun. An dëser Episode leieren den Tom an de Philippe déi eemoleg Prinzessin kennen, seng Héichten an seng Déiften, seng zuelräich Projeten, seng Astellung zum Liewen an och säin super léiwen Bebe. Ganz oppen schwätzt hat iwwer seng Vergaangenheet beim Militär, de Grand-Duc, dei schwéiersten Zäit a sengem Liewen an doriwwer an firwat en sech als Fra ëmmer extra gutt muss beweisen an enger Gesellschaft, an der 3 Universitéitsdiplomer manner wichteg sinn, wei däin Privatliew2022-01-081h 12Gëlle FroGëlle FroCeci weist eis seng Nëss - GËLLE FRO EP. 35An dëser Episode hunn de Philippe an den Tom d‘Konkurrenz um Podcaststull setzen. Konkurrenz? Dei dréi eenegen sech drop, dass et éischter e mateneen ass, fir lëtzebuergesch Kultur ze pushen. Zesumme schwätzen si iwwer Rassismus, de Xavier Bettel an wat hien mam Cëss sengen Nëss ze dinn huet, de Berghain an doriwwer, wat fir si Lëtzebuerg ass. Si probéieren och ze klären, als wat si sech als Podcaster gesinn, Journalisten oder Entertainer - oder awer Idealisten? Schalt an, wann dei dräi d’Korken knalle loossen!2022-01-031h 11Gëlle FroGëlle FroZürcher Bal 2021 gouf ofgesoot - GËLLE FRO EP. 34Et ass häerzzerbriechend... Den Zuercher Bal 2021 däerf net stattfannen. Mir hunn eis mat den Organisateuren am Grupetto getraff, fir sie ze froen, wéi et hinnen dowéinst geet, an wat dat fir den Studenteveräin an d'Zukunft vum Bal bedeit...2021-12-2533 minGëlle FroGëlle FroBazooka Brooze hellt keen Blaat virun den Mond - GËLLE FRO EP. 33De Philippe an den Tom sinn nees do, an mat kengem anere Gaascht wei dem Bazooka Brooze, quasi e full circle moment! Vill huet sech geännert bei Gëlle Fro, awer och beim Brooze, zum Beispill säin Ëmgang mat Drogen. An dëser Episode geet et em d‘Legaliseieren vu Cannabis, dorems wat Amerika mat Lëtzebuerg ze dinn huet, de Brooze kritt e klengen 1x1 vum Tom, wat Kommunikatioun ugeet - an villäicht klappt et dann och gläich tëscht dem Brooze an Eldo Radio. Zesummen schwätzen si iwwer dem Brooze seng nei Lidder, seng...2021-12-191h 23Gëlle FroGëlle FroCLAIRE THEISEN ERKLÄERT EIS DEN MODELBUSINESS - GËLLE FRO EP. 32Modelen oder Danzen? Dat ass eng schwéier Fro fir d'Claire. Amfong wollt hat Dänzerin ginn – dunn koum Corona, dofir bléiht awer lo seng Karriäre als Commercial Model op. An dëser Episode erkläert d'Claire Theisen eis den Ënnerscheed tëscht engem Commercial Model an engem Instagram Model an weist, wéi sech de Modelbusiness duerch Social Media verännert huet. An enger franséischer Agence gouf hat als Curvy Model ënner Vertrag geholl – do stellt sech d'Fro, op déi albekannt 'Modelmaßen' nach eng Roll spillen, an wat seet dat iwwerhaapt aus, e Curvy Model ze sinn? Ausserd...2021-07-2353 minGëlle FroGëlle FroWÉI WAR D'PANDEMIE FIR D'FLEEGEPERSONAL MAT DER PRESIDENTIN VUN DER ANIL - GËLLE FRO EP. 31Be safe, drink with a nurse! Dat hunn de Philippe an den Tom sech och geduecht, wei se d'Anne-Marie Hanff – Präsidentin vun der ANIL – bei sech an de Gruppetto invitéiert hunn. An dëser Episode stellen déi dréi eis de Beruff vun dem/der Infirmièr(e) fir,– mee wisou grad dëse Beruff? Jidderee kennt de Klischee, nëmme Frae ginn Infirmière, et ass eng ondankbar Aarbecht, an Weekender schaffen? Klengt net attraktiv! Mee d'Anne-Marie beliicht de Beruff an dëser Episode vun enger anerer, méi schéiner Säit. Sou schwätzen si doriwwer, wat d...2021-07-1554 minGëlle FroGëlle FroKIM HEART TRENNT SECH VUN SENGEM BÉBÉ - GËLLE FRO EP. 30Kim Heart, Zoe Muse, Kimberly Muse? Dat ass déi grouss Fro, déi muss gekläert ginn! Sech selbststänneg maachen, war schonn ëmmer den Dram vum Kimberly, an huet domat schonn eppes gemeinsam mam Philippe an mam Tom. Ugefaangen huet hat mat Schmuck, ass dunn awer op Kleeder gewiesselt. Seng Visioun mat Zoe Muse war et, eng nohalteg Kleedermark ze erschaffen, déi méiglechst minimalistesch ass. An dëser Episode zielt hat, wei hat zur Moud komm ass, wei Success Story him gehollef huet, an firwat hat well ophalen mat senger Kleedermark. Am Gruppetto zielt hat de Jongen, das...2021-07-071h 20Gëlle FroGëlle FroISAIAH WILSON ASS KONSCHT A PERSOUN - GËLLE FRO EP. 29Heiansdo ass d'Liewen bëssen gerëffelt! Dat fënnt op alle Fall mol den Isaiah Wilson – Dänzer, Choreo- an Videograph. Als Kand huet den Isaiah sech fir Danzen entscheet, an domadder géint de Basket – géint den Trend vu senger Famill. Sou erkläert hien dem Tom an dem Philippe am Podcast, dass hien ni opgehalen huet mat danzen, an dass doran schlussendlech den Ënnerscheed léit. Am Gruppetto zielt hien de Jongen, wéi hien sech vun Jugementer léisst, iwwert seng vergaangen an zukünfteg Projeten, iwwert säin Studium an e verréit op säin Gewënn bei 'Wann s...2021-06-2957 minGëlle FroGëlle FroNICOOL, WANN ET NET GEET, GEI AN DE BËSCH! - GËLLE FRO EP. 28"Nicole du bass wei eng Fläsch Rosport Spruddel." – Wat et sech domadder op sech huet, gi der an dëser Episode vu Gëlle Fro gewuer. Mam Nicool sëtzt déi éischt lëtzebuergesch Rapperin um Podcaststull am Grupetto. Mat de Jongen schwätzt hat doriwwer, wéi hat sech als Fra an der Lëtzebuerger Rapindustrie afüügt, dass hat déi grouss Chance huet vill Concerten kënnen ze spillen an wéi sech heiansdo grad dowéinst den 'Impostor Syndrome' ageschlach huet. Nicool freet sech no 8 Méint rëm kënnen op der Bün ze stoen, erkläert awer...2021-06-2258 minGëlle FroGëlle FroYAYA IWWER MOBBING, AUTHENTESCH SINN AN DEN XAVIER BETTEL - GËLLE FRO EP. 27Wat gëtt et Besseres fir zwee Podcasthosts, wéi e Podcast mat engem Podcasthost? Dofir hunn den Tom an de Philippe mam Yaya Schuhmacher des Woch eng Hallschent vum 'Paus Podcast' invitéiert. Fir dass awer déi besser Hallschent vum Yaya net vergiess gëtt, ruffen déi zwee och dem Jill un,– an schonn ass eng Kooperatioun tëscht deenen zwee Podcasts gebongt. An dëser Episode vu Gëlle Fro schwätzt de Yaya, den Art Director an Grafiker beim Tageblatt ass, iwwert seng Erfarung mat Mobbing, Homophobie an The Voice. Och zielt hien, wéi hien blöden Comme...2021-06-161h 12Gëlle FroGëlle FroDR. SCHOCKMEL, WÉINI ASS CORONA ERIWWER?! - GËLLE FRO EP. 26Wéini ass d’Corona Pandemie endlech eriwwer? Wat kann een géint Verschwierungstheoretiker maachen? Ass d’Impfung geféierlech? Dat sinn Froen di den Philippe an Tom hirem Gaascht des Woch stellen. Dëse ass nämlech hiren eichen richtegen Dokter op Gelle Fro, an keen gerengeren wéi den prominentsten Virologe zu Lëtzebuerg: Den Dr. Gérard Schockmel. Dësen erzielt eis, dass et eigentlech eng vill méi bëlleg, an genau sou sécher Methode gëtt fir eis géint Corona ze impfen, mais well d’Pharma-Industrie des net patentéieren kann, an dowéinst net sou vill...2021-06-141h 04Gëlle FroGëlle FroJOE 'PIT POL WITZEG' DENNEWALD PACKT ET VUN DUCK FÉISS BIS OP NETFLIX - GËLLE FRO EP. 25Haut als Gaascht op der Gelle Fro hunn den Philippe an den Tom den Joé Dennenwald. Déi eng kennen en als Joé Mores aus Capitani, déi aner als Pit Pol Witzeg vun Duck Féiss – egal vun wou een en kennt eppes ass kloer: Den Joé verkierpert lëtzebuergeschen Entertainment. Als Co-Host vum Podcast Erklär & Laach war hien an den Nummer 1 Podcast-Beef zu Lëtzebuerg verwéckelt, an ass haut op der Gelle Fro zu Gaascht, fir Ried an Äntwert ze stoen an déi offiziell Nummer 1 ze verkënnegen. Mais op Youtube ass an bleift Duck...2021-06-021h 01Gëlle FroGëlle FroALAIN WELTER DRÉINT DE SPIISS ËM - GËLLE FRO EP. 24Dës Woch ass den Alain Welter, de Moler vu Koler, am Gruppetto zu Besuch. Am Podcast mëscht hien Reklamm fir säin néit Buch, wat en duerch Crowd-Funding konnt realiséieren. Den Alain huet zu Hollerech ugefaangen ze sprayen an ass mëttlerweil zum Mural Artist an Illustrator ginn. T'Mëschung aus Graffiti an klassescher Typographie mëscht de Kënschtler eenzegaarteg an seng Konschtwierker kréien doduerch och hiren 'Erëmerkennungswäert', egal ob zu Koler, Freiburg, Hamburg oder am Cap Verd. Bekannt ginn ass en duerch säin Bachelorprojekt "Make Koler Kooler", wat em erméiglecht huet, ënner...2021-05-251h 04Gëlle FroGëlle FroJEFF SCHREINER PAAKT SENG SCHLAANGEN AUS - GËLLE FRO EP. 23An dëser Episode hunn den Tom an de Philippe de Jeff Schreiner an den Gruppetto invitéiert, – hien ass awer net eleng komm. Mam Barti an enger léiwer Schlaang am Schlepptau schwätzen déi dräi iwwert dem Jeff säin Studium a Werdegang zum Déierendokter. Den Reptilien-Liibhaber huet am Moment e Bestand vun 30 exoteschen Déieren doheem an huet sech quasi en 'Terrariumzëmmer mat Bett' erschaf. Op dem wuel exoteschsten Set dat Gëlle Fro bis elo hat, zielt hien vu senge Reesen, wéi eng Déieren hien schonn behandelt huet an dass Schimpansen guer...2021-05-191h 03Gëlle FroGëlle FroMARIE VUN MOKUCHSDAG IWWERT MENTAL GESONDHEET AN EISER GESELLSCHAFT - GËLLE FRO EP. 22An dëser Episode vu Gëlle Fro hunn de Philippe an den Tom d'Marie vu Mokuchsdag bei sech an de Gruppetto invitéiert. Mat Mokuchsdag huet d'Marie eng Plattform gegrënnt, op der en sech kann op lëtzebuergesch iwwert psychesch Gesondheetsproblemer informéieren an austauschen. Mat enger mentaler Krankheet fillt en sech oft eleng an iwwerwältegt – genau dem well hat entgéint wierken an den Diskurs iwwert mental Krankheeten an eiser Gesellschaft normaliséieren an den Tabu briechen. Hat selwer hat eng Depressioun an eng Iessstéierung, lo wëll et doriwwer schwätzen zesummen mat aneren Leit, deenen e...2021-05-111h 08Gëlle FroGëlle FroFLAVIO GIANNOTTE FECHT FIR NET ZE VERLÉIEREN - GËLLE FRO EP. 21Dess Woch um Podcast: den Flavio Ginotte mat deem fousten Equipement wat den Philippe an Tom bis elo um Set haten. Den 5-fachen Landesmeeschter erkläert wisou Fechten eng Randsportart ass, mais och wisou et sou eng spannend Sportaart ass. No den Basics vum Fechten an wéi d‘Sportart funktionéiert, zielt den Flavio wéi hien et als beschten am Land fäerdeg bréngt sech ëmmer nees selwer ze motivéieren an weiderzemaachen. Dass hien Top 70 op der Weltranglëscht ass, geet dem Flavio nach laang net duer – hien viséiert méi un, fir ëmmer an der Motivatio...2021-05-0355 minGëlle FroGëlle FroDEBBIE KIRSCH PRODUZÉIERT ETHESCH KLEEDUNG AN INDIEN - GËLLE FRO EP. 20Debbie Kirsch steet fir Women Empowerment an Sustainable Fashion an stellt an dëser Episode seng Kleedermark Devï vir. Mat der Intentioun nohalteg Projeten ze plangen an ze ënnerstëtzen ass hat 2018 an Indien gereest fir mat Saheli Women zesummenzeschaffen. Saheli Women gëtt indesche Fraen, déi rejetéiert goufen aus hirer Societéit oder an enger niddreger Kast gebuer goufen, d'Méiglechkeet ze schafen. Debbie huet mat hinnen zesummen seng eege Kleedermark gegrënnt, déi op Sustainability baséiert an de Fraen d'Chance gëtt d'Kleedungsstécker och matzedesignen. Dem Debbie seng deeglech Motivatioun ass et ze wëssen, dass hat mat...2021-04-261h 00Gëlle FroGëlle FroLUCA DE MICHELE SCHMINKT DEN TOM UM PODCAST - GËLLE FRO EP. 19Dës Woch hunn de Philippe an den Tom de lëtzebuerger James Charles bei sech op Besuch. Den Luca de Michele ass leidenschaftleche Make-up-Artist an huet och seng eege Make-up-Linn. Wéi et dozou komm ass, an wéi hien et bis op Berliner Fashion Week gepackt huet, zielt hien deenen zwee an dëser Episode. Als Mann ass hien an senger Jugend ni mat Make-up an Verbindung komm, réischt bei senger Ausbildung zum Coiffeur, gouf hien an dat kaalt Waasser gehäit an huet seng éischt Pinselstrëcher missen maachen. An engem interessanten an lëschtege Gespréich erzielt de...2021-04-181h 15Gëlle FroGëlle FroTURNUP TUN: REALTALK - GËLLE FRO EP. 18No zwou Wochen Paus, starten den Philippe an den Tom mam Turnup Tun an déi néi Season. An dëser Episode steet net nëmmen den Tun selwer am Fokus mee och aner lëtzebuerger Rapper, ënner aneren den Bazooka Brooze. Do huet wuel en an e Beiennascht gepickt - No hirer Zesummenaarbecht huet den Brooze den Tun lenks léien gelooss, obwuel en zesummen méi erreechen kéint. Nodeems den Tun den neisten Tea gespilled huet, kënnen mer eis hoffentlech op en Disstrack freeën. Mee net nëmmen Beef steet am Fokus vun dëser Episode...2021-04-121h 06Gëlle FroGëlle FroJEREMY 'SKOBE' PALLUCE GËTT PHILOSOPHESCH - DEEL 2 - GËLLE FRO EP. 17Et ass esou wäit: Den zweeten Deel mam Skobe ass do! No enger längerer Fëmmpaus ass den Jeremy zeréck fir domat weider ze maachen, woumat en opgehalen huet: Engem philosopheschen Gespréich iwwert Fashion an villes méi. Mat senger angeneemer Aart a Weis ze erzielen an sengen extraen Denkustéiss huet hien den Philippe an Tom an säin Bann gezunn, sou dass si no enger Stonn Podcast spontan decidéiert hunn en zweeten Deel opzehuelen. Hei schwätzen déi dräi driwwer wéini Konscht als Konscht ugesinn gëtt, iwwert ethesch...2021-03-2359 minGëlle FroGëlle FroSALOMON CARLOS STAND-UP COMEDIAN ZU LËTZEBUERG - GËLLE FRO EP. 16Mam Carlos Salomon hunn den Philippe an Tom den éischten Stand-Up Comedian um Podcast. Dësen erkläert hinnen wei en zum Stand-Up komm ass, wien seng Inspiratiounen sinn an wei hien eegen Shows organiséiert. Des Weideren erzielt hien den Jongen wat Stand-Up Comedy him bäibruecht huet - z.B soll een generell d'Liewen méi mat Selbsthumor liewen, well dëst extrem "empowering" ass. Vue dass den Carlos sech mat Witzer auskennt, hunn den Philippe an Tom him dunn allen 2 een Witz erzielt fir rauszefannen wien méi witzeg ass. Méi serieux ass et dunn ginn wou...2021-03-151h 01Gëlle FroGëlle FroERIC 'DJ NOSI' NOSBUSCH SETZT MAT SENGER KRIIBSDIAGNOSE ALLES AN PERSPEKTIV - GËLLE FRO EP. 15Hunn den Tom an den Philippe an dëser Episod endlech d'Léisung fir den Schoulsystem zu Lëtzebuerg fonnt? Den Eric Nosbuch erzielt hinnen wei hien am Lycée Ermesinde, déi éischt Beréierung mam DJ'en hat. Aus enger schoulescher Aktivitéit ass eng Leidenschaft ginn, déi den DJ Nosi eng Kéier wëll zum Beruff maachen. Mat sengem éischten Lidd 'Schëdden' an sengen Optrëtter am M, huet hien den éischten Schrëtt an dës Richtung gemaach. An engem interessanten Gespréich, schwätzen déi dréi iwwert den Beruff vum DJ an doriwwer firwat lë...2021-03-081h 00Gëlle FroGëlle FroPASCAL ZIMMER HUET SENG PASSIOUNEN ZUM BUSINESS GEMAACH - GËLLE FRO EP. 14"Baue wie ein Architekt, trainiere wie ein Champion, kleide und verhalte dich wie ein Gentleman." Sou dem Pascal Zimmer seng Wieder, déi wuel bei den bäschtgekleedsten Gaascht, den déi zwee Jongen vun 'Gëlle Fro' bei sech am Gruppetto setzen hunn, passen, wéi d'Fauscht op d'Aen. Säit iwwer 30 Joer ass den Pascal Entrepreneur an huet domadder seng Passioun zum Beruff gemaach. No senger éischter klenger Indépendance bei engem Opel-Händler, ass hien am Bau-Secteur gelant, huet eegen Kleedergeschäfter domat hält et nach net op. Den Tom an de Philippe, déi selwer...2021-03-011h 01Gëlle FroGëlle FroALEXANDRA OXACELAY DIREKTESCH VUN DER STËMM VUN DER STROOSS - GËLLE FRO EP. 13Wéi kann en an engem räichen Land wéi Lëtzebuerg Aarmut bekämpfen? Dat ass net nëmmen dem Alexandra Oxacelay seng 'Gëlle Fro' mee och eng, déi den Philippe an den Tom sech gestallt hunn. D'Stëmm vun der Strooss gouf am Joer 1996 gegrënnt, 1998 huet d'Alexandra ugefaangen do ze schaffen, fir d'éischt als Journalistin, fir d'Zeitung erauszebréngen, dann als Directrice – an ass säit dem bliwwen. Mat Leidenschaft an groussem Häerz sëtzt hat sech fir d'Sans Abrisen hei zu Lëtzebuerg an, eng Thematik fir déi hat brennt, an déi hat dem Tom...2021-02-231h 00Gëlle FroGëlle FroMAZ 'RAPPT' AN 'SCREAMT' UM PODCAST - GËLLE FRO EP. 12Ween rappt am schnellsten am Land? Dat hunn den Philippe an den Tom sech och gefrot an den Maz an den Gruppetto invitéiert an en direkt mol seng Rap-Skills ënner Beweis stellen gelooss. Nodeems hien Godzilla Challenge gemeeschtert huet, schwätzen déi dräi iwwert déi lëtzebuerger Musekszeen an generell iwwert d'Rapindustrie. Well hien gelangweilt ass vum Mainstream Rap - dësen ass him ze monoton an vermëttelt keng Emotiounen - well hien sech dovun ofhiewen an säin eegenen Stil etabléieren. Seng Leidenschaft zum Metall well hien an Zukunft mam Rap verbannen - rappen wéi den...2021-02-151h 07Gëlle FroGëlle FroPHILIPPE ERNZER VUN MÉTÉO BOULAIDE GRÄIFT NO DEN WOLLEKEN - GËLLE FRO EP. 11Mat 10 Joer krut den Philippe Ernzer seng éischt Wiederstatioun vun sengen Elteren geschenkt, doraus ass Météo Boulaide ginn - an domadder wuel déi genausten Wiederprognosen fir Lëtzebuerg entstaanen. D'Wieder ass dem Philippe seng gréissten Leidenschaft an den stereotyppen Smalltalk iwwert Wieder, gehéiert wuel zu sengem Alldag. Säin Duerchbroch hat hien den 6. Juli 2014, wei hien als eenzegen virun engem schlëmmen Donnerwieder iwwer Ettelbréck gewarnt huet. Dëst koum - an domadder och ëmmer méi Likes an Follower op Facebook, sou dass de Philippe deelweis méi Likes hat, wei den Xavier Bettel. Firwat seng Prognosen...2021-02-091h 20Gëlle FroGëlle FroJEREMY 'SKOBE' PALLUCE LIEFT FIR D’KONSCHT - DEEL 1 - GËLLE FRO EP. 10Dëse Samschden hunn den Philippe an den Tom den Jeremy Palluce, den och nach ënnert sengem Kënschtlernumm 'Skobe' bekannt ass, an den Gruppetto invitéiert. Wärend sengem Bachelorstudium an Freier Konscht huet hien sech dozou decidéiert seng eegen Kleedermark 'Palazzoparano' rausbréngen. An der Konscht an an der Moud huet den Skobe seng Passioun fonnt an ass rausgebrach aus der 'Comfort-Zone' Lëtzebuerg. An senger Konscht soll et net em Suen goen, och net em den Hype, mee se soll e Spigel vun him selwer sinn, vun senger Vergaangenheet, senger Famill, sengem Entourage mee och vun seng...2021-02-011h 05Gëlle FroGëlle FroSCOTT KIRSCH ERKLÄERT EIS BITCOIN - GËLLE FRO EP. 9Cryptocurrency? Säit der Coronakris huet sech de Wäert vu Bitcoin vervéierfacht. Keng aner Anlag huet sech sou attraktiv entwéckelt wéi de Bitcoin an doduerch wiisst och den Interessi un der Digitalwärung. Mee lount et sech dran ze investéieren an wat ass iwwerhaapt e Bitcoin? De Scott Kirsch – selwer ernannten Trading Lord – erkläert dem Tom an dem Philippe, wéi t’Welt vu Cryptocurrencies ausgesäit, wéini hien déi éischte Kéier dovun héieren huet, wéi hien sech alles selwer bäibruecht huet, wat en iwwert Bitcoins wësse muss. An der néier E...2021-01-251h 09Gëlle FroGëlle FroPIERRE BECK KONNT NET OP DE BÉIER VERZICHTEN - GËLLE FRO EP. 8Ween sech un eng Low Carb Diät well halen, soll natierlech och op Béier verzichten – en Virsaz un den sech de Pierre Beck net halen wollt. Dofir huet hien säin eegene Béier kreéiert, den net nëmmen manner Zocker mee och manner Kalorien huet. Mat senger Fra huet hien t’Start Up ‚Fox Beer‘ gegrënnt, déi entretemps zu ‚Fox Drinks‘ ginn ass. An dëser Episode vu ‚Gëlle Fro‘ erzielt de Pierre, wéi seng Iddi zum fäerdege Produit ginn ass, wéi eng Hürden hien huet missen iwwerwannen an wéi et ass, mat sengem Part...2021-01-1853 minGëlle FroGëlle FroCHAILD GËTT DEN NÄCHSTEN LËTZEBUERGER WELTSTAR? - GËLLE FRO EP. 7An dëser Folge vu 'Gëlle Fro' hunn de Philippe an den Tom den Chaild invitéiert. An engem lockere Gespréich erzielt hien deenen zwee Hosts, wei aus dem 'Adrian' den Chaild ginn ass, iwwert seng Musek an de Business hannendrun. Wéi gutt hien seng eege Lyrics kennt, stellt hien och ënner Beweis, natierlech net ouni en Ständche vu sengem néie Bebe 'Raindrops' ze ginn. No dësem Sneakpeak vum Chaild sengem gesanglechen Talent, fuerderen den Philippe an den Tom hien raus, Tiktok 'Snowman-Challenge' ze probéieren. Wéi dat ausgeet, héiert der an der aktue...2021-01-111h 08Gëlle FroGëlle FroBEN HAMES HUET MAT 15 JOER SENG ÉISCHT FIRMA GEGRËNNT - GËLLE FRO EP. 6Am Alter vun nëmmen 15 Joer, hunn den Ben an säin Associé den Maurice hier eegen Kleedermark gegrënnt – en Alter an dem déi meescht Jugendlecher sech iwwer Entrepreneurship nach keng Gedanken maachen. 70 Stonnen d’Woch hunn si niewent der Schoul un hirer Firma geschafft. Obgebaut hunn sie dunn den Drockmeeschter, eng Firma, déi sech em d’Bedrécken an Brodéieren vu Kleeder këmmert. Mëttlerweil ass den Drockmeeschter déi éischt Ulafstell hei am Land fir vill Lycéen, jonk Kleederbrands, Firmen an Veräiner an vill méi! Zwëschen Quotes an Zongebriecher schwätze...2021-01-041h 06Gëlle FroGëlle FroEISEN KARDINOL AN ÄERZBËSCHOF JEAN-CLAUDE HOLLERICH IWERT GOTT AN D'WELT - GËLLE FRO EP. 5Wéi eng Persoun stécht eigentlech hannert dem Titel vum ‚Äerzbëschof‘? Genau dat hunn sech den Tom an de Philippe an der neier Episode vun ‚Gëlle Fro‘ gefrot. Den Äerzbëschof an Kardinol Jean-Claude Hollerich erzielt, wéi hien sech di éischte Kéier verléift huet, wéi en mat de Jesuiten duerch Frankräich gezunn ass an wéi hien de Wee op Tokio fonnt huet – wat mëttlerweil zu sengem Doheem ginn ass. Angscht virum Stierwen huet den Äerzbëschof net, sou erkläert hien dem Philippe an dem Tom wat nom Doud geschitt an wie hien säin Gl...2020-12-2856 minGëlle FroGëlle FroNIIA GËTT VUN GYMSHARK GESPONSERT - GËLLE FRO EP. 4 An der néier Folge vu ‘Gëlle Fro‘ erzielt de Philippe vu sengem Erliefnis beim Zänndokter, d’Niia toppt déi Story awer mat sengem Gymsharksponsorship. Schonn 6 Joer mëscht hat Youtube an erreecht mëttlerweil mat senge Videoen iwwer 60 000 AbonnentInnen. Privates an Youtube ze trennen, ass dem Niia immens wichteg, sou dass seng Viewers weder säi Frënd zu Gesiicht kréien, an seng Elteren eng Zäitchen och näischt vu sengem Channel woussten. Wéi d’Niia mat Hate ëmgeet, wei hat seng Roll als Influencerin emfënnt, anwou hat seng berufflech Zukunft gesäit, erzielt hat eis...2020-12-2152 minGëlle FroGëlle FroMARIANNE DONVEN HUET 4 FLÜCHTLINGEN DOHEEM OPGEHOLL - GËLLE FRO EP. 3 „Chiche!“ – Keng Challenge ass dem Marianne ze schwéier! Nodems d’Marianne selwer jonk Flüchtlingen en Doheem geschenkt huet, huet et sech dofir agesat, dass och aner Famille kennen auslännesch Mineuren bei sech ophuelen. Matt wéi enge Virurteeler an Challengen hat bei sengem Asaz konfrontéiert ass, erzielt hat dem Philippean dem Tom an der neier Episode vu ‚Gëlle Fro‘. Matt senge mëttlerweil dräi Filièren vum ‚Chiche!‘ bitt hat net nëmmen den Asylsichenden eng Arbeschtsplaaz, mee och eis leckert Iessen an engem schéine Kader. Sou bleift nëmmen nach ze beäntweren, wat all Eenzele k...2020-12-141h 07Gëlle FroGëlle FroERIC ROLGEN KONTROVERSTEN YOUTUBER AUS LËTZEBUERG - GËLLE FRO EP. 2 ‚I just want a Rollie, Rollie, Rollie,…’ De Wonsch huet den Eric sech selwer erfëllt, an domadder awer och fir eng vun deene gréisste Social Media Outbursts 2020 gesuergt. – Ween huet dem Eric seng Rollie geklaut an vill méi wichteg – wou!? Dobäi sollt et awer net bleiwen, eng kontrovers Ausso vum Eric huet net nëmmen d’RTL-Topfans mee och Déifferdeng aus dem Déifschlof erwächt. Mee lo mol zum wesentlechen! Wéi kann en als Youtuber anContent Creator säin Geld verdéngen? Lount et sech a Bitcoins ze investéieren? An sti mer eigentlech lo virum g...2020-12-141h 15Gëlle FroGëlle FroBAZOOKA BROOZE STEET 'IWERT DEM GESETZ' - GËLLE FRO EP. 1 An der éischter Episode vu ‚Gëlle Fro‘ duerfen den Tom an de Philippe de Bazooka Brooze begréissen. Nodeems en säin neien Album ‚Iwert dem Gesetz‘ ugekennëscht huet, stëllt sech natierlech d’Fro, op dem erfollëgräichste lëtzebuerger Rapper seng Lidder um RTL oder um Eldo wäerte gespillt gi mee virun allem, wien huet dem Brooze säin Insta gehackt? Wei et viru geet mam Brooze senger musikalescher Karriäre, an och wou hien d’Zukunft vum lëtzebuerger Rap a senger Konkurrenz gesäit, gitt der am dëser Folge gewuer. Eppes sief awer lo schonn ge...2020-12-131h 283. utas [Tilos Rádió podcast]3. utas [Tilos Rádió podcast]Gelle Zsóka - tibetológus, világutazóGelle Zsóka tibetológus http://manilama.blogspot.com/Gelle Zsóka 1967-ben született Szombathelyen. Történelem-népművelés szakon végzett a Berzsenyi Dániel Főiskolán, majd tibeti szakon az Eötvös Loránd Tudományegyetemen. Tanulmányainak befejezése után sok időt töltött Ázsiában. Fő kutatási területe a hindu-buddhista zarándokhelyek és a tibeti vándortanítók hagyománya. Gelle Zsóka: Kunga Rangdöl alászállása a poklok birodalmába (Egy tibeti delog beszámolója) in: Emlékkönyv Kara György...2010-11-242h 003. utas [Tilos Rádió podcast]3. utas [Tilos Rádió podcast]Gelle Zsóka - tibetológus, világutazóGelle Zsóka tibetológus http://manilama.blogspot.com/Gelle Zsóka 1967-ben született Szombathelyen. Történelem-népművelés szakon végzett a Berzsenyi Dániel Főiskolán, majd tibeti szakon az Eötvös Loránd Tudományegyetemen. Tanulmányainak befejezése után sok időt töltött Ázsiában. Fő kutatási területe a hindu-buddhista zarándokhelyek és a tibeti vándortanítók hagyománya. Gelle Zsóka: Kunga Rangdöl alászállása a poklok birodalmába (Egy tibeti delog beszámolója) in: Emlékkönyv Kara György...2010-11-242h 00