Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

Joel Adami

Shows

Angscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am ParadäisWisou reegt sech eigentlech keen op?2017-11-1305 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergDoubel sou grouss wéi LëtzebuergEen Äisbierg duebel sou grouss wéi Lëtzebuerg brécht vum Südpol of – et gëtt Zäit, datt mir iwwert de Klimawandel schwätzen.2017-07-1707 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam Tour de FranceWisou den Tour de France zu Lëtzebuerg just de groussen Nationbranding-Trick ass a wisou den Tour de France dofir awer keng gutt Iddi ass.2017-07-0303 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen, Deel 3"D'Lëtzeboia" sinn erëm lass …2017-06-2604 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam NoutstandWisou de néien Verfassungsartikel zum Noutstand geféierlech an ineffektiv ass.2017-06-0505 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergKeng Angscht a kee Schrecke mat der AtombommWisou Lëtzebuerg ganz dringend eng Atombomm brauch.2017-03-0304 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam Donaldiwwert den Ëmgang mam Donald Trump zu Lëtzebuerg an Europa2017-02-2004 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mat der LoftqualitéitAss d‘Loftqualitéit dann elo zu Lëtzebuerg esou schlëmm, datt mir eis net méi virun d‘Dir traue sollten?2017-01-3006 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergDéi, déi eis Misär maachenD'Regierungspolitiker*innen fëschen um rietsen Bord …2017-01-2307 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am Joer 2016een Réckbléck op 20162017-01-0605 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAn d‘Krichsgebitt Afghanistan expulséiert?Wisou ginn Refugees an den Afghanistan zeréckgeschéckt, wann do ëmmer nach Krich ass?2016-10-1704 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat der Police op twitterD'Police mécht een social media-Dag op twitter. Wat léiere mir dorausser iwwert d'Police? An wat iwwer Geessen?2016-10-1005 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mam Ofdreiwungsverbuet a PolenWou sinn déi selwerernannten Fraerechtler, wann et ëm d‘Ofdreiwungsverbuet a Polen geet?2016-10-0304 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mat der JugendfeindlechkeetD'Jugendfeindlechkeet zu Lëtzebuerg ass zimlech grouss, dat wéisst net nëmmen d'Police, déi "du Kallef" fir e gudden Ëmgangstoun mat Jonken hält.2016-09-1204 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergLaurent Mosar, du Terrorist!De Laurent Mosar hetzt alt nees géint "den Islam" an probéiert seng eegen Astellungen hannert pseudokriteschen Froen ze verstoppen.2016-08-0906 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat Pokémon GoWisou Leit ouni nennenswäert Mediekompetenz besser hätten, sech net iwwert Pokémon Go opzereegen …2016-07-1805 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat Slutshamingwisou et kacka ass, Leit duerno ze beurtdeelen, wéi vill Sex se hunn.2016-07-1106 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken nom BrexitKaum ass de Referendum eriwwer, schwiewen d'Aasgeier schonn iwwert de Londoner Banken an Start-Ups …2016-06-2706 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat der NatiounMusse mir d'Natioun lo net just feieren, mä och nach um Kichendësch verdeedegen?2016-06-2006 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat den NoriichtenE Bléck op d'Noriichten vun de läschte Deeg un: déi Liberal wëllen Flüchtlingen just ophuelen, wann se Frick hunn, d'ADR fënnt Fraequoten extremistesch, etc.2016-06-0707 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat ËmfroenWisou Ëmfroen wei de Politmonitor iwwerbewäert sinn an vill Journalist_innen net mat den statisteschen Donnéeën aus Ëmfroen ëmgoe kënnen2016-05-3007 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat GentechnikDen däitsche Pharmakonzern Bayer iwwerleet aktuell, den Gentechnik-Konzern Monsanto ze kafen. Wat ass dann sou schlëmm un der Gentechnik?2016-05-2306 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat SatireEt muss een net ëmmer direkt de Charlie sinn ...2016-05-1604 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat schlechtem Goût (Poll-Fabaire)Wisou d'Poll on Ice-Pub sexistesch war, wisou d'Reaktiounen kanneresch waren an wisou zu Lëtzebuerg keen*t wees, wat Sexismus ass2016-05-0907 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam Luxleaks-ProzessZu Lëtzebuerg steet Antikapitalismus viru Geriicht …2016-04-3007 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat der béiser béiser AntifaD'Antifa war zu Iechternach, fir d'Meenungsfräiheet futti ze maachen. Protest ass jo okay, mä net sou "chaotesch" w.e.g. Mir huelen e puer vun deene topegsten Argumenter auserneen.2016-04-2206 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen, Deel 2erëm e puer erschreckend Zitater, natirlech alles Eenzelfäll …2016-04-1806 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat der MeenungsfräiheetWat heescht Meenungsfräiheet? Kann ech se als Schutzschëld benotzen, fir keng Kritik héieren ze mussen? Gëtt meng Meenungsfräiheet ageschränkt, wann een géint meng Ried demonstréiert? Ass een oppene Bréif den éischte Schratt a Richtung Faschismus?2016-04-1106 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am PanamakanalWat steet an den Panama Papers iwwer Lëtzebuerg? Wat fir Konsequenzen ginn lo dorausser gezunn? Sinn illegal Saache geschitt? An wat ass eigentlech zu Wäisswampech lass?2016-04-0407 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken no BréisselNo den Attentater zu Bréissel probéiere Rietspopulist*innen sech mat méiglechst zynesche Kommentaren ze profiléieren2016-03-2405 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat de Radarenonmënschlech Radaren halen d'Land an Otem. Däerf een da lo mol net méi bëssen ze séier fueren?2016-03-2106 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam GeneratiounekonfliktDir wëllt een Generatiounekonflikt? Dir kritt een!2016-03-1407 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat der Fro, wou d‘Éislek ufänktD'Fro, wou d'Éislek ufänkt, ass vläit méi politesch, wéi een mengt. Mir erklären, wou d'Éislek da lo wirklech ufänkt an wat dat mat dem Referendum vum läschte Joer ze dinn huet.2016-03-0706 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat der Mobilitéit am Grand-DuchéAn engem klengen Land misst dat mam Transport jo net sou schwéier sinn. Denkt een. Mä souguer enger Regierung mat grénger Bedeelegung fällt soss näischt an wéi méi Stroossen an méi (Elektro)Autoen. Rett eis elo den Tram?2016-02-2908 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat der lëtzebuergescher SproochLëtzebuergesch – ass dat iwwerhaapt eng Sprooch? A wa jo, ass se sou vunerabel wéi d'UNESCO mengt? Ass et net bëssi blöd, de Croissant onbedengt wëllen op Franséisch ze bestellen, mä keng dräi Wierder richteg schreiwen ze kënnen?2016-02-2208 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat RefugeesEt ass dat Thema, datt Noriichte säit dem Summer dominéiert: Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten. An dat zu Fouss. An Europa. E puer méi allgemeng Iwwerleeungen zu Refugees an Europa a speziell zu Lëtzebuerg an d'Reaktiounen dorobber.2016-02-1509 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam SchoulsystemEng Schoulreförmchen huet sech ugekënnegt. Grond genuch, fir mol ze kucken, wou d'Kromm an eisem Schoulsystem da wierklech an der Heck läit …2016-02-0807 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam TrifolionDen Iechternacher Trifolion wëll onbedéngt den Thilo Sarrazin alueden an noutfalls mat Policegewalt dofir suergen, datt deen seng rassistesch Thesen verbreeden kann. Mir erklären, wisou den Sarrazin falsch läit an wisou een net jiddereen, deen mengt en hätt eppes ze soen, och schätze muss loossen.2016-02-0110 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam TerrorWat hunn Refugees mam Niqab an deen mam Terror vun Daesh an Europa ze dinn? Näischt. Dem rietspopulisteschen Verbalterror ass dat natierlech egal, an all nach esou aarmen Wirschtchen muss matmaachen.2015-11-2305 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am Summerlach 2015kënne mir net einfach ophalen, esou e maachen, wéi wann de Maître an seng Meenung wichteg wieren?2015-08-1005 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat deenen "dommen" RietsenSäit Wochen ass a villen europäeschen Länner d'Thema vun den Asylsichenden op der Daagesuerdnung. An Italien, Spuenien a Griicheland kommen bal all Dag honnerte vu Leit un, déi virun Krich an Terror flüchten an dobäi keen aneren Auswee gesinn, wéi sech op déi doudgeféierlech Rees iwwert Mëttelmier ze maachen. Zu Calais a Frankräich versichen se, duerch den Tunnel an England ze gelaangen, an Éisterräich ass d'Lager zu Traiskirchen esou iwwerfëllt, datt Amnesty International eng Enquete mécht an an Däitschland brennt well all Dag een Asylheem.2015-08-0404 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat e bësse KräidWeen mat Konscht zum Nodenken ureege wëll, kann zu Lëtzebuerg just verléieren, well d'Press ass am Fong just een Durchlauferhitzer fir de Policebulletin.2015-06-2906 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innene puer erschreckend Zitater, natirlech alles Eenzelfäll …2015-06-1505 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken nom ReferendumOhjemine.2015-06-0804 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam ReferendumNächste Sonnden, de 7. Juni 2015, ass et esou wäit: Lëtzebuerg stëmmt per Referendum iwwert dräi Froen zur Verfassung of. Eng Wahlempfehlung.2015-06-0106 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam "Nee"Wéi dir wahrscheinlech aus deene leschten Angscht a Schrecken-Episode wësst, halen ech den Referendum, dem sech Lëtzebuerg demnächst stelle muss, fir eng Farce. D'Froe sinn Detailer, iwwert déi een sech an der Regierung am Fong eenz ass, an et géif vill méi grondleeënd Froen ze klären: Wat fir eng Staatsform wëlle mir? Wat fir Grondrechter sollen an d'Verfassung? Wat fir Ziler soll Lëtzebuerg hunn? Wat ass mam Staatsrot?2015-04-2806 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam Artikel 4 vun der néier VerfassungEndlech ass et esou wäit. Nodeems jorelaang an der däischterster vun allen Donkelkummern dorun gedoktert gouf, ass dëse Weekend endlech den Entworf fir déi nei Verfassung verëffentlecht ginn.2015-03-1605 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am BiergerforumEt kéint ee scho bal mengen, et wier alles just e Witz gewiescht. Dat mat der Matbestëmmung bei der Verfassungsreform nämlech. Nodeems mir elo wahrscheinlech just dräi Froe kréien, goufen dann elo och nach déi sougenannt „Biergerforen“ ofgeschaf. Respektiv, si guer net agefouert. D'Uni Lëtzebuerg wollt, sou d'Kolleg*innen vum 100komma7, „Diskussiounsforume vun 30 Lëtzebuerger mat Deputéierten an Experten iwwert déi verschidde Referendumsfroen z’organiséieren“.2015-02-1403 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam NationbrandingLeschten Donneschden gouf en néie Projet vun eiser Regierung virgestallt: de Nationbranding. Et geet dobäi net ëm richtege Branding, wéi dat fréier bei Kéi gemaach gouf, fir se erëmerkennen, mä ëm Brand-ing, also eng Marque aus eppes maachen.2015-01-2605 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat der véierter FroEt ass nach net esou laang hier, do hunn sech dräi liberal Parteien zesumme gedoen, fir eng Regierung vum Neistart, vun den oppene Fënsteren, vum frësche Wand, vun der Transparenz an der demokratescher Matbestëmmung ze grënnen.2015-01-1906 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mam CharlieMéi ee schrecklecht Thema fir aus der Wanterpaus ze kommen hätt een sech bal net virstelle kënnen. Nom islamisteschen Terror a Frankräich fehle mir zum gréissten Deel d'Wierder, an iwwert een anert Thema ze schwätze schéngt mir net méiglech. Also muss ech e puer Saache soen, och wann se vläit net an dat Weltbild, dat sech zanter dem Attentat op Charlie Hebdo duerchgesat huet, passen.2015-01-1206 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am StaatsrotWidme mir eis haut enger Institutioun vun eiser Demokratie, vun där keen esou richteg weess, woufir se gutt ass: de Staatsrot. De Staatsrot kuckt sech d'Gesetzer, déi Chamber gestëmmt huet, nach eng Kéier un a verbessert Feeler. Do geet et awer lo net ëm Grammaire an Orthografie, mä virun allem dorëm, datt d'Gesetzer konform mat der Verfassung an internationalen Träiteté sinn.2014-12-2206 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am DisneylandAn ech hat gemengt, ech kéint lo all Woch iwwert een anert Thema hierzéien. Natierlech ass d'Bomm dunn leschten Dënschden-Owend geplatzt. Déi zweet Well vun den #luxleaks-Dokumenter ass verëffentlecht ginn. An endlech ass dat, wat ech mir all déi Joeren ëmmer scho geduecht hunn, offiziell ginn: Mir wunnen am Disneyland.2014-12-1606 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mam KulturkleeschenAm Fong war déi läscht Woch eng gutt Woch. De Radio ARA krut eng nei Frequenz zou- a versprach, nämlech déi vum DNR. Dat war de Versuch, d'Frëmmegkeet vu Radio Vatikan mat schlechtem Musekgoût ze verbannen. Dat ass net opgaangen an elo kritt den eenzege fräie Radio am Land d'Frequenz 102,9. Dat ass gutt, well mat dem Move vun 103,3 op 103,4 stounge mir mat engem hallwe Fouss an der Piraterie. Besonnesch schéi war, dat dës Noriicht an der Woch vum 6. Dezember koum. De Kleeschen an den ARA hunn eng besonnesch Bezéiung, den ARA ass nä...2014-12-0806 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am SteierparadäisVirun e puer Méint huet de Magazin „forum“ een Dossier iwwert Steierlandschaft zu Lëtzebuerg eraus bruecht. Wat klengt wéi eng Sammlung vun onheemlech langweilegen Aufsätz an enger Massendengerzäitschrëft, war a Wierklechkeet awer richteg interessant: Et ass nämlech ëm déi berühmt-berüchtegt tax-rulling gaangen. Dat war wuelgemierkt scho laang virun #luxleaks an huet vun allen Säiten erklärt, wéi dat funktionéiert an ween dovunner profitéiert. Besonnesch schéin war och d'Titelbild, dat d'Stad voller Palmen gewisen huet.2014-12-0106 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mat engem Wupp"Een Thü ... ah nee, dat heescht jo elo "Lëtzebuerger Grillwurscht", seet eng Fra, a mir grinse just a soen "Mir wësse jo, wat gemengt ass." De Lëtzebuerger u sech huet déi Geschicht mam Thüringer nach net ganz verdaut, well weder "Lëtzringer" nach "Lëtzebuerger Grillwurscht" sech immens gutt soen. An méi Kreativitéit kann ee Leit, déi "hier" Wurscht geklaut kruten, och net wierklech zoumudden. An esou Momenter kann ee bal verstoen, dat sech vill Leit iwwert d'EU-Bürokratie opreegen. Déi kéint deenen "beklauten" Länner, déi hier Wurschten op ee mol net mé...2013-08-2703 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mat engem IeselLëtzebuerg ass am Wahlkampf. An well nach esou gutt wéi keng Partei e fäerdegen Wahlprogramm huet, muss eben iwwer Personnagen oder "faits divers" geschwat ginn. Leider ass och Summerlach, dofir ginn et net vill "faits divers". Wann ech soen et ass Summerlach, da mengen ech dat och esou: Summerlach ass een Zoustand, keng Plaatz an och keng Zäit.2013-08-1406 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat bekannten an onbekannte GesichterDo steet een dann no längerer Zäit erëm zu Lëtzebuerg an geet op een Concert. Op eng vun deene Platzen, wou ëmmer déi selwecht Leit sinn. An dann erkennt een keen.2012-08-2703 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am Grand-Duché vun den AlpdreemEt klengt e bëssen wéi een iwwerschätzten Actionfilm mat enger gudder Idee a vill deieren Effekter: an enger méi wéi komplizéierter Affaire, wou et virun allem dorëms geet, ween wat wéini zu weem gesot huet, dreemt den Direkter vun der Spuerkeess nach eng Kéier den exakten Contenu vun engem Telefonsgespréich. Wéi wann dat net schonn komesch genuch wier, stierzen sech d'Medien net drop, mä maachen éischter esou, wéi wann dat dat normaalst vun der Welt wier.2012-08-0105 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am BëschHeinasdo muss een raus. An d'Natur. Ech summen meeschtens schon um Wee dohinner „Zurück zum Beton“. Mä et hëlleft alles näischt, esou e Studium bréngt verschidden Exkursiounen mat, a je länger een domadder waard, emsou schlemmer gëtt et …2012-05-0204 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am schnellsten Zuch vun der WeltDo ware mir also. Dir erënnert iech wahrscheinlech un d'Episod Nummer 135, wou e gewësse Gonzojournalist an e gewëssen Zuch geklommen ass, fir aus Hendaye ze flüchten. Iert e esou een TGV fortfiert, muss en op mannst zwou Minutte virum offizielle Startzäitpunkt am Zuch sinn. Well da ginn d'Dieren automatesch zou an net méi op. Wisou dat esou ass, hunn ech nach net ganz verstanen, mä et huet sécher iergendeppes mat Terrorismus oder mutéierten Rieseläis ze dinn …2012-03-0504 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu HendayeEch sinn also moies zu Hendaye, op der spuenesch-franséischer Grenz aus dem Zuch getrollt an wollt an een TGV ëmklammen. Vir deen, esou ass mir erklärt ginn, géif et awer keng Tickete méi ginn. Den nächste sollt an véier Stonne fueren …2012-02-2704 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke mat enger Fläsch Wodka am Wiener NuetsliewenEt klengt ëmmer alles esou einfach. Do ass déi Party, do ass eng aner, mir kucken dann emol, wou mir higinn. Mir mécht dat schon Angscht, wann ech et nëmmen héieren. Well esou einfach ass meeschtens dach net …2012-02-0607 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken beim Joereswiesel am Süde vum LandSilvester ass déi gréisste Party vum Joer. Dat gesinn op mannst vill Leit esou. Als Gonzojournalist kann ech doriwwer natierlech just laachen. Mëttlerweil sinn ech esou gutt, dat einfach esou Freides owes ass, wann ech dat behaapten. Och wann deen aneren Daach da Mëttwochs ass, den Owend ass Freides Owes an ech behuele mech och deementspriechend.2012-01-1505 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a a Schrecken zu FrankfurtEt gi Situatiounen, an déi versetzt een sech als Gonzojournalist absichtlech. Et geet een op en Plaatz, fir herno kennen ze berichten, wéi et war an wat sech do alles sou gedoen huet. An da ginn et aner Situatiounen, do gereit een duerch Zoufall eran, ouni et ze wëllen. Dat si meeschtens déi interessanteste Geschichten. Mä och déi, déi am meeschten Angscht a Schrecke biergen.2011-09-1204 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken bei enger Danzveranstaltung am MUDAMSchon an der Episod 63 vun Angscht a Schrecken hunn ech mech iwwert de MUDAM an déi ëmmer méi a Vergiessenheet gerodend Bezeechnung „Péimusée“ mokéiert. De Mudam féiert elo 5 Joer an imitéiert den Gildo Horn: Mudam loves you. An dem Kontext, oder och guer net, well dat ass bei moderner Konscht ni esou ganz kloer, gouf et eng Danzveranstaltung am Mudam. Oder soe mer et esou: Talentéiert Leit hu Musek a Visuals gemaach, zu deenen en hätt kéinten danzen.2011-08-0104 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken bei enger VëloscourseEt ass net ëmmer einfach, zu Lëtzebuerg ze wunnen. Virun allem, wann Tour de France ass an zoufälleg Leit mam lëtzebuergesche Pass matfueren. Dat wier jo net esou schlëmm, wann da net de Nationalstolz op mannst Doubel esou grouss wéi soss de Mannerwärtegkeetskomplex géif ginn.2011-07-2503 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken schon erëm beim Retour an de Grand-DuchéEt ass net einfach. Wann een länger am Ausland bleift, gëtt et ëmmer méi schwéier, zeréck an de Grand-Duché ze kommen. Ech probéiere mäi Retour ëmmer duerch ausgibeg Präisvergläichen vu Reesméiglechkeeten ze verzögeren. Heiansdo denken ech mir och nei Weeër aus a kucken dann, wéi deier déi wieren. Mä et hëlleft alles näischt. Iergendwann fällt och dem kreatiivsten Gonzojournalist keng Method méi an, fir méiglechst komplizéiert op Lëtzebuerg ze fueren an dann muss een eben den Ticket huelen an sech an den – Ökohelleges2011-07-1804 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngst und Schrecken und Insekten am BodenseeBregenz. Strömender Nieselregen. Hätte ich eine Frisur, ich bin mir sicher, sie täte alle andere als sitzen. Der Bodensee ist farblich kaum vom Himmel zu unterscheiden. Oder eher: Der Bodensee wäre farblich kaum vom Himmel zu unterscheiden, würde man ihn denn sehen. Nebel so dicht, dass er auf dem Jahrmarkt als „Zuckerwatte light“ verkauft wird, verhindert den Farbvergleich.2011-06-0405 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am TramEch sinn jo bekannterlecherweis e grousse Frënd vum ëffentlechen Transport. Dat läit engersäits u mengem net-existenten Führerschäin a menger Onloscht, an enger dach zimlech hiwweleger Stad wéi Wien mam Vëlo ze fueren. Anerersäits awer u mengem Öko-Hellegeschäin, dee kräfteg an hell blénke soll. Dat spuert d'Täscheluucht am Däischteren …2011-05-1605 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am Metal-Ennergrond vu WienEt gëtt Platzen, op déi geet een net esou oft. Och als Gonzojournalist net. Dat läit net dorunner, dat en grondsätzlech desinteresséiert wier, mä éischter dorunner, dat ee meeschtens aner Preferenzen huet. Als Jugendleche sinn ech gären op Metal-Konzerten gaangen. Dat huet ënnert anerem och doru geleeën, dat et bei mir an der Geigend soss kaum Konzerten gouf. Ech hat Kollegen deenen déi Musek och gefall huet an mir goufen all puer Woche vun eisen Eltren op esou „Festivals“ gefouert, déi meeschtens am Keller vun iergendengem „Centre Cultrel“ waren …2011-05-0207 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken op VältesdagEch sinn am Fong jo e grousse Fan vun Deeg fir iergendeppes. Den 1. Mee ass den Dag vun der Aarbecht, den 19. November ass Welttoilettendag, den 17. Mee ass internationalen Dag géint Homophobie, den 21. Mäerz ass Weltdag vun der Poesie, an esou weider an esou fort. Mä den 14. Februar geet mir iwwerhaapt net.2011-05-0104 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken an de BiergerEt huet jo missen esou wäit kommen. Fir mech waren d'Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d'Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat et zu Lëtzebuerg net wierklech esou eppes wéi Bierger gëtt. „Ma dach“, ruffen opmierksam Nolauschterer an Nolauschterinnen, „d' Eisleck ass dach een sougenannt „Mittelgebirge“, hunn mir an der Geografie geléiert!“. Zielt dat emol an Éisterräich. Mittelgebirge. Da laachen...2011-03-0306 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht und Schrecken auf der Rückfahrt vom RadiocampAngscht und Schrecken auf der Rückfahrt vom Radiocamp2011-03-0216 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecke beim UsträichenHeiansdo muss een och als Gonzojournalist Saache maachen, déi een normalerweis net géif maachen. Saachen, wou een sech dreckeg mécht an vun deenen een kierperlech midd gëtt. An domadder mengen ech net all méiglech an onméiglech Droge konsuméieren an da lallend duerch d'Landschaft ze lafen. Nee, ech mengen haart kierperlech Aarbecht …2010-12-1305 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken 6 Joer um Radio ARA"Haut", 6. Dezember virun 6 Joer, also den 6. Dezember 2004, ass eng nei Sendung um Radio ARA ugelaf. De Crumble. Am Cadre vu Graffiti, haten sech gescheit Leit geduecht, brauch et e Magazin mat enger revolutionärer Sprengkraaft, déi Gesellschaft aus den Aangelen hiewe kéint.2010-12-0606 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken op engem komeschen Elektro-Concert an den Iwwerreschter vum Kulturjoer 2007Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt. An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D'Joer vum bloe Hirsch“. 2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. Deen ass ënnert anerem an enger Bar mam Numm „Exit07“, deen un d'Rotonden zu Bouneweg ugebaut war, servéiert ginn.2010-08-3108 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mat enger PizzakëschtEt ginn Deeg, do fillt een sech richteg gutt, an dach leeft alles schif. Oder et fillt een sech gutt, obwuel lauter komesch Saachen passéieren an et huet een iergendwéi awer een schlecht Gewëssen. Esou een Daach hat ech deslescht, an net wéineg vun dem Ongléck steet an Verbindung mat enger Pizzakëscht …2010-08-0906 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken virun, bei an no enger sportlecher GroussveranstaltungEt gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d'Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d'Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann déi, déi soss ëmmer tuten, v...2010-08-0606 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken um Helleg-Geescht PlateauWann een als Gonzojournalist ëmmer ënnerwee ass, ass et wichteg, seng sozial Kontakter ze fleegen, wann een erëm do ass. Dat mëscht een dann am Beschten wéi eng Dampwalz mat engem Formel1-Motor: séier an ouni Gnod. Ech souz zu dem Zweck mat genannten Kontakter op enger Terasse vun engem Café onwäit vum Helleg-Geescht Plateau. Mir hunn op eist Zesummentreffen no esou laanger Zäit geprost an allerlee Geschichten erzielt. Esou, wéi een dat eben esou mëscht.2010-07-2704 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken fir zereck an de Grand-Duché vun der AngschtEt ginn Zäiten, do ass Flucht aus den 2586 km², déi sech Lëtzebuerg nennen, déi enzeg richteg Optioun. Dann ass et och egal, wou een hi geet, haaptsaach fort. Mä da ginn et awer och Zäiten, do ass et ubruecht, zeréck ze kommen. Esou Zäiten sinn zum Beispill Chrëschtdaag, wou et definitiv keng schlecht Idee ass, heem ze kommen, ze friessen an ze saufen an durno op engem iwwerfellten, eklegen Baal frieme Leit op d'Schong ze katzen.2010-07-2407 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken an der HëtztEt ass alt erëm eng Kéier esou wäit. De Fussball ass eriwwer, an wann d'lëtzebuerger Vëlosfuerer net grad gedoppt vum Vëlo falen, da gëtt et näischt ze berichen. Et ass Summerlach. An iwwert dem grousse Lach schéngt ouni Erbaarmen d'Sonn.2010-07-1207 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken ob enger vill ze roueger PartyUfank Juli zu Wien. D'Enn vum Summersemester. No deene leschte Prüfunge sinn déi meeschte Leit och schon an der Vakanz. Et schéngt, wéi wann Wien esou schrecklech wär, dat all Mënsch direkt flüchte muss. Ech verstinn net wierklech, wisou dem esou ass. Wien ass och am Summer kulturell absolut ze recommandéieren, et gi vill Parke mat Schied, an deenen een deeglaang sëtze kann, ouni all ze vill ënnert der Hëtzt ze leiden …2010-07-0508 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken und Kälte am BodenseeIch schlage meine Augen auf. An mir vorbei ziehen steile Berghänge. Leichte Klaustrophobie macht sich breit. Ich liege in einem Nachtzug, der durch die modelleisenbahnlandschaftähnlichen Gebirge Tirols fährt. Ich, der noch nie so hohe Berge von so nahem gesehen hat, erstarre vor Erfurcht vor diesen felsigen Riesen. Ich errinnere mich an eine Vorlesung, in der mir Menschen von den Bergen vorschwärmten. Mütterlich und behaglich sei die Alm. Bei mir wecken so hohe, bedrohliche felsige Monster nur meine zwei alten Bekannten Angst und Schrecken. In einem Tunnel gelang es mir, in einen von Alpträumen durchsetzten Dämmer...2010-05-1707 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken an der Haaptstad vun der SteiermarkWährend doheem am Grand-Duché nom Versoe vun der Tripartite de komplette Chaos entstanen ass an nach ëmmer keen doriwwer geschwat huet, dat sech d'Lëtzebuerger_innen am Krich befannen, hunn ech mech fir d'Flucht och aus Wien entscheet. Wann den JCJ national zu Bréissel mat extrem komesche Cravattemustern Griichenland an den Euro rette kann, kann ech mir och eng Auszäit gënne. Wéi an all gudder urbaner Persoun huet sech bei mir de Wonsch no Idyll, Rou a Natur bemierkbar gemaach. Dat heescht, ech wollt an d'Pampa.2010-05-0310 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu der Lag vun der NatiounWann een länger wéinst wichtege gonzojournalisteschen Affairen am Ausland ass, vergësst een heiansdo séier, dat am Grand-Duché och nach Saache passéieren. Virun allem dann, wann engem dee leschten Openthalt wéi Vakanz am Disneyland virkommen ass.2010-04-2606 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am Zuch vu Münster op WienSamschdes moies. Ech erwächen deshydratéiert an zimlech futti an engem friemen Bett. Ech kucken op d'Auer. Et ass vill ze fréi. Ech kann trotzdem net méi schlofen a beschléissen, den Zuch méi fréi ze huelen, wéi ech geplangt hat.2010-03-2907 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken am NuetsbusWann een esou driwer nodenkt, misst ech des ganz Serie am Fong embennen an „Angscht a Schrecken zu Wien“, well et gesait jo irgendwéi net esou aus, wéi wann et an nächster Zait vill Episoden aus Lëtzebuerg géif ginn. Egal, den Titel bleiwt. Wann daat léiten eng Fernsehserie wier, géif ech einfach behaapten, déi nächst puer „Seasons“ géifen eben zu Wien spillen an daat wier alles Deel vum Storyarc ...2010-03-2209 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken op enger komescher Studéirendenparty zu WienZu Wien ass alles e bessi anescht, wéi et daat géif mengen. Wann een studéire well, muss een an de Kino goen an wann een féieren well goen, muss een op d'Uni goen. Esou ass et engem op desem Sender net onbekannte Gonzojournalist op alle Fall gaangen ...2010-02-2206 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken bei der Flucht aus LëtzebuergFir Chreschtdaag waar ech zu Lëtzebuerg. Well och als aarme Student an Gonzojournalist soll een sou Fester mat der Famill féiren. Oder sech ob manst do de Bauch vollschloen. Durno kann een jo irgendwousch anescht féiren an de Leit do op d'Schong katzen, wann et onbedengt muss sinn ...2010-01-1108 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken in einem WeinkellerWenn man lange genug in einer Großstadt gelebt hat, verspürt man den Drang nach Wildniss, nach einfachem Dorfleben, nach einem Ausflug. Und was könnte sich für einen frischgebackenen Wiener Gonzojournalisten da besser eignen als einen Ausflug in das Weinviertel?2009-12-0705 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken ob der OekofoireEt gouf anscheinend irgendwann emol eng Zait, zu der et fuerchtbar revolutionär waar, greng ze sinn, Bio-Geméis ze iessen an sech Solarzellen ob den Daach ze installéiren.2009-09-2606 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken ob enger Hausaweiungsparty irgendwou am reenege Süden vum LandWann een eppes keeft, dann huet daat oft nach irgendeppes, daat engem net passt. De Geroch vun „néi“ ass net onbedengt emmer den Beschten. Och wann een sech mat dem chemeschen Damp, deen aus fresch gedreckten Bicher secher poppersarteg berausche kann, wann een d'Nues just déif genuch dra stecht, esou probéiert een dach meeschtens, den Geroch vun „néi“ lass ze ginn. Bicher kann een zum Beispill einfach ennert den Arm huelen, daat helleft meeschtens ...2009-09-2607 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu AmsterdamAmsterdam. Déi enzeg Haaptstadt an Europa, déi net zouglaich Regierungssetz ass. Kaum eng Staadt ged esou mat Drogen, Sex an Exzesser verbonnen. Ged et eng aaner europäesch Staadt, déi sech esou fir en gonzojournalisteschen Trip offréiert, wéi Amsterdam? A waat fir e besseren Daach, fir op Amsterdam ze fueren, wéi 40 Joer no Woodstock?2009-08-2808 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu ParaisFir vill Leit stellt den eischten Weekend am August eng grous Herausfuederung un hier Fähegkeet, Entscheedungen ze treffen. Wéi gudd Manager sech mussen Entscheedungen fir hier Firma treffen, esou mussen se sech zweschen engem Festival um Ierchternacher Séi an engem Waifest op der Mousel entscheeden.2009-08-1106 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken an der lëtzebuerger BlogosphärWéi déi meescht vun mengen Nolauschtrer wahrscheinlech wessen, sinn ech relativ oft an vill am Internet ennerwee. Eischtens ged et do fuerchtbar vill Angscht a Schrecken ze erliewen (cf. Episod 57) an zweetens gefällt mir daat relativ gudd. Et ass net immens ustrengend an et leiert een immens vill interessantes a wichteges an nach vill méi onëtztes, daat engem fir eiweg am Gedierchniss stierche bleiwe wärt. Daat sinn dann esou Saachen wéi et zu Manchester den sougenannten Nico Ditch ged, den aus dem fréihe Mettelalter staamt an haut plaatzeweis nach d'Südgrenz vun Mancheste...2009-08-1106 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mat Angscht a SchreckenDat leiten ass déi 100st Episod vun der Serie „Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg“.2009-07-2305 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken mam Michael JacksonEt ass scho komesch. Wann een mir virun e puer Wochen gesoot hätt: „De Michael Jackson ass doud“, dann hätt ech wahrscheinlech gesoot: „Ah, ma du bass séier. Den ass dach schon zenter Joeren just nach en Zombie.“ Net immens fain, mä wouer. An elo, wou de Mann dann wierklech doud ass, schengt et, wéi wann en erem géif liewen. Also wierklech bessi wéi en Zombie, wann och nëmmen en Medien-Zombie.2009-07-1507 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken schon erem eng Kéier op enger Praisiwerechung an enger BankVerschidden Titelen vun derser Serie klengen esou, wéi wann ech oft daat selwescht géif erliewen. Mä am Fong kréien ech net all gudden Daag en Prais an enger Bank iwerecht. Et ass just en Zoufall, daat et elo esou kuerz hannertneen zwee mol geschidd ass. Des Kéier hunn ech ee Prais vun verschiddenen Botschaftler kritt, „in Anerkennung besonderer Leistungen“. Wat daat heesche soll, kann sech jo jiddereen denken.2009-07-0807 minAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken zu LëtzebuergAngscht a Schrecken an HollandWann een mat enger Premiere oder 13e färdeg ass, wat mescht een dann als gudde Letzebuerger? Et fiert een op Lorä. Eigentlech heescht déi Stadt am Nordosten vu Spunien jo Lloret de Mar, mä mir soe jo och „Parais“ a net „Paris“. An engem letzebuergeschen Wiederbuch géif Lorä wahrscheinlech EL OH ER ÄH geschriwen ginn. Wat den US-Amerikaner hire Springbreak, dat as dem Europäer sain Lorä. An well mir Letzebuerger jo all Virbildeuropäer sinn, fuere mir besonnesch gären op Lorä an saufen a fecken do ouni Hemmungen rondrem.2009-06-2908 min