Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

Marc Hermes

Shows

Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 97 - GTA 6 réischt 2026! Ass CLAIR OBSCUR also GOTY? Et ass souwäit: GTA 6  gouf op de Mee 2026 verluecht (dem MARC seng Schold) a souguer deen Delay huet Afloss op déi gesamt Gaming-Industrie an dat dann och op d'Game of the Year. Domat sinn d'Chance fir CLAIR OBSCUR EXPEDITION 33 opjiddefalls mol geklommen. Mat ARC Raiders steet een neie Kandidat fir d'Extraction-Kroun virunder Dier a Gaming-Newssäite kämpfe géint den Ënnergang. Dat a nach villes méi an der neitster Episod Gamer Things! Have fun!2025-05-071h 09Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 96: Ass MARATHON e Sprint? STAR CITIZEN e Marathon? BUNGIE huet endlech hiert neit Spill revealed, an d'Reaktioun ass en euphoresche "meh". Dem Petz säin Häerz schléit héich well de Mike STAR CITIZEN gespillt huet. Ausserdem gëtt et eng kleng Review zum momentane Stand vun Geforce NOW, NVIDIA hierem Cloud-Gaming. Vill Spaass a bis geschwënn!2025-04-231h 06Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 95 - NINTENDO DIRECT-ly to your wallet D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.2025-04-091h 00Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 94 - ASSASSINS CREED SHADOWS Top? AI-LEAKS Flop? No laangem Waarden ass et endlech souwäit, den neien ASSASSINS CREED ass do. Wéi gutt gefällt en eise Gaming-Jongen an ass d'Spill wierklech ze WOKE? Ausserdem beschäftegen si sech mam Sony KI-Leak: wat u sech just eng kleng Meldung zum Sony KI-Leaks ass, entwéckelt sech zu enger méi breeder Diskussioun iwwert déi rapid Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an all hir Facetten an eisem Liewen. De Petz huet och Gebuertsdag a gëtt ural. Mat Chance (an engem staarke Brëll) erkennt en nach deng Wënsch déi s du him kanns han2025-03-261h 11Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 93 - MONSTER HUNTER WORLDS A BATTLEFIELD 6 LEAKS De Mike schwärmt iwwert den neie Monster Hunter Worlds wéi soss nëmme frësch verléiften Teenager et maachen. Natierlech kommen eis Jongen och net laanscht de Battlefield Gameplay deen dës Woch geleaked gouf. A wie bis zum Schluss bleift, dee kritt dee villäicht gréisste Konflikt an der Geschicht vu Gamer Things mat.2025-03-121h 13Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 92 - Sony State of Play Ganz gespaant hunn d'Jongen sech all déi nei an net sou nei Titelen aus der Sony State of Play ugekuckt an sech Gedanke gemaach wat dann sou ze erwaarden ass, a wat da léiwer net. Lauschtert oder kuckt eran, schwätzt matt an de Kommentarer oder loosst hinnen e Moien! Vill Spaass!2025-02-261h 09Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 91 - KINGDOM COME 2 a CIV 7, ee Fest fir Sim-Fans? Nieft enger Rei "Rants" iwwert den Zoustand vu verschidde Videospill-Franchisen, freeën sech eis Gamer awer iwwer zwee grouss Releasen, déi an de Startlächer stinn. Kingdom Come Deliverance 2 a Civilization 7 sinn alle Béid Blockbuster an entgéint de rezenten Trends, schénge béid gutt unzekommen. Dëst a villes méi wéi gewinnt an der neier Episod vun eisem Podcast Gamer Things.2025-02-121h 07Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 90 - Xbox enttäuscht a Nintendo presentéiert Switch 2 Xbox huet seng Fans enttäuscht a Nintendo huet seng Fans glécklech gemaach. D'Xboxhuet senge Fans eng Developer Direct presentéiert, mee leider konnt déi net wierklechiwwerzeegen. Dofir huet Nintendo endlech déi nei Switch presentéiert. Dat an nach villes méi an der neier Episod vu Gamer Things.2025-01-291h 13Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 89 - Marvel Rivals an Elon Musk MARVEL RIVALS gëtt fantastesch an den ELON MUSK-Skandal gouf opgedeckt! Marvel Rivals huet hir 1. Staffel presentéiert an dat direkt mol mat zwee vun de Fantastic Four Charakteren. Dem Petz gefält natierlech sech kenne laang a schlank ze maachen. Call of Duty huet aktuell Problemer domat hir Spillerbasen ze behalen. An huet de räichste Mann vun der Welt sech beim Streame vu Path of Exile 2 blaméiert?2025-01-151h 18Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 88 - Déi grouss Zeréckkuck 2024 D'Jonge vu Gamer Things hunn dat lescht Joer Revue passéiere gelooss. VILL LUCK+20 AM NEIE JOER! Mir hunn et iergendwéi gepackt: 2024 ass eriwwer a mir kucken zeréck op d'High- a Lowlights vun de leschten 12 Méint. E bëssen After-Christmas-Gelabbers dierf natierlech och net feelen. Mir hoffen du has ee gudde Rutsch a mir freeën eis drop dech och 2025 weiderhin amüsant iwwert Gamingwelt z'informéieren. GG De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.2025-01-011h 11Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 87 - Bombastesch Game Awards Lescht Woch goufen d'Game Awards zu Los Angeles verdeelt. Mir hu bombastesch Game Awards hannert eis, mee trotzdeem ginn et divers Kontroversen déi beschwat musse ginn... De ganzen Detail gëtt et fir dech an der neier Episod vu Gamer Things.2024-12-181h 15Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 86 - Vill Neies bei SONY an d'Game Awards SONY mat allerlee Neiem an d'Game Awards sti virun der Dier! Sony léisst vill vun sech héieren an der Lescht an dat mat engem eventuelle Kaf vum Publisher FromSoftware, enger neier Handheld-Konsol a Cloudgaming op der Playstation Portal! Dobäi dierfen d'Nominatioune vun de Game Awards 2024 awer net ze kuerz kommen. De Mike an de Marc kucken iwwert d'Lëscht a ginn hire Pefferkär bei all Kategorië bäi. Dat a villes méi erwaart dech an der neier Episod vu Gamer Things.2024-12-041h 00Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 85 - Comeback bei Bioware a Gebuertsdag bei Warcraft Bioware ass zeréck am RPG a Warcraft feiert 30 Joer! Bioware féiert hir bekannten Dragon Age-Rei weider a kann endlech erëm iwwerzeegen. Dann feiert Warcraft 30 Joer a Blizzard huet divers News zu deem Thema...2024-11-201h 05Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 84 - CoD Black Ops 6, UBISOFT a BLIZZARD CALL OF DUTY Black Ops 6 ass do, UBISOFT a BLIZZARD maache Money-shenaniggans. Ee vun de Shooter-Spiller vun allen Zäiten ass endlech do. Eis Gaming-Jongen hunn den neie Call of Duty natierlech getest an zielen dir wat si dovunner halen. Donieft huet Blizzard awer och nach e kontroverse Montant fir Echtgeld rausbruecht an de Petz mécht seng Podcast-Kolleege mam neien NFT-Hit vun Ubisoft bekannt. A jo och si mussen, hoffentlech fir eng leschte Kéier iwwert d'Spill Concord schwätzen. Vill Spaass a Good Game!2024-11-061h 05Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 83 - Horror Oktober Horror Oktober mat Silent Hill 2 an aneren Titelen - egal op Game oder Film! Eis Gaming-Nerds haten zwar ufanks nach News um Programm stoen, mee duerch d'Gespréich ronderëm de Silent Hill 2-Remake sinn si an d'Oktober-Horroreuphorie geroden an hunn sech iwwert déi grujelegsten Erfarungen aus der Entertainmentbranche ausgetosch. Hunn si déi Schlëmmste genannt oder fält dir nach en Titel an deen si vergiess hunn?2024-10-231h 14Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 82 - LGX ass zeréck & Ubisoft léist eng kommen An der neier Episod vu Gamer Things steet een Thema am Vierdergrond an dat ass d'LGX. Nieft dem Haaptthema hunn si nach een Debakel ronderëm d'USK-Steam  mat dobäi an Ubisoft huet schonn nees eng komme gelooss.2024-10-091h 07Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 81 - CONCORD schlëmmer wéi geduecht? BATTLEFIELD Hopium start! De grousse Sony-Flop CONCORD huet anscheinend nach vill méi kascht wéi bis elo ugeholl, de Vince Zampella an EA hunn éischt Informatiounen iwwert den nächsten BATTLEFIELD verëffentlecht, an allerhand méi kleng Themen hu mir haut um Programm. Vill Spaass a Good Game.2024-09-251h 07Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 80 - Concord ass schlecht an SW Outlaws ass esou schlecht wéi se soen Negativitéit ass modern! D'Leit schéngen sou verwinnt, se kritiséieren mëttlerweil Alles! D'Jongen vun Gamer Things bléiwen do léiwer um Buedem an weiderhinn mam vollen Duechbléck. Concord, en AAA Game ass no 2 Wochen schon annuléiert. Black Ops présentéiert omni-movement, Star Wars Outlaws gett aus Loscht an Laun schlecht geschwaat an Black Myth Wukong weist (spillerech) dass et nach geet wann een well. Lauschtert eran an schwäetzt matt beim neien Episode Gamer Things!2024-09-101h 09Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 79 - Gamescom, Gamescom, Gamescom Et war erëm Zäit fir d'Gamescom a genau dowéint gëtt et fir dës Woch nëmmen een Thema...2024-08-281h 39Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 78 - Summerlach? Zäit fir d'Update-Season Mir fëllen däi Summerlach trotz de schweessegen Temperaturen awer mat Genoss, andeems mir dir vun de gudden a schlechten Updates an der Gaming-Welt erzielen. Op där enger Säit steet mat THE WAR WITHIN eng WOW Expansion virun der Dier an dem Marc säi Liblingsspill APEX PREDATORS kritt en Update. Op där anerer Säit geet et leider ëmmer nach weider mat den Entloossungen an der Gaming-Industrie, et huet nämlech lo ënner anerem BUNGIE getraff.2024-08-141h 09Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 77 - Throne and Liberty, Tempest Rising, Betas an Updates a villes méi! De Petz huet e Review iwwert d'Open Beta vun "Throne and Liberty", a verréit wat him ganz gutt gefall huet. Gëtt "Tempest Rising" den Impuls fir en RTS Revival? Den Update vun "Helldivers 2" an "No Man's Sky" gëtt beschwat, an doriwwer, dass SBMM villäicht awer eng Noutwennegkeet ass? Lauschtert/Kuckt an déi nei Episod vu Gamer Things eran!2024-07-311h 15Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 76 - THE FIRST DESCENDANT just eppes fir d'Aen? D'Flemm mat Gaming-Shenanigans? Eis Gamer maachen sech Gedanken iwwert d'Gaming-Industrie, ënnert anerem iwwert de Release vum neie Looter-Shooter THE FIRST DESCENDANT, mee och iwwert d'Ukomme vum neien Doppel-Battlepass fir APEX LEGENDS. De Mike schwäermt awer och (zur Ofwiesslung) mol rëm iwwert ELDEN RING, et ass also net alles schlecht. ;)2024-07-171h 01Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 75 - ELDEN RING DLC, Dr Disrespect an Tarisland! D'Jungs klaatschen an traatschen iwwert den Downfall vun engem vun de gréisste Streamer dëser Deeg: dem Dr. Disrespect, den Elden Ring DLC a säi Reviewbash, ob dee gerechtfertegt war oder net. Dozou kënnt Tarisland, den Ënnergang fir WoW? Lauschtert eran, a schwätzt mat!2024-07-031h 05Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 74 - Ee Showcase nom aneren Microsoft, Ubisoft a Sony hunn nei Spiller virgestallt an dann si mir natierlech dobäi a ginn déi wichtegst Saachen zesummen duerch...2024-06-191h 30Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 73 - XDefiant slapt a Microsoft slapt Studios XDefiant ass endlech released. Ass et da lo den COD-Killer? Den Dream-Killer fir Fans vun Tango Gameworks, an anere Bethesda Studios ass op alle Fall Microsoft, déi weiderfuere mat hiren onduerchbléckbaren Decisiounen. Dat a villes méi wéi ëmmer mat eisen 3 NoobenBuben. Vill Spaass.2024-06-051h 18Hartpro.nlHartpro.nlHermes DVS 140 jaar - afl 2 Door Vereniging Sterk Sportclub Hermes D.V.S. uit Schiedam bestaat 140 jaar. En daarom maken we een podcastreeks. Dit is alweer aflevering 2. D.V.S. is de afkorting van Door Vereniging Sterk. En een vereniging kan bestaan door de hardwerkende vrijwilligers.  Wil jij ook iets doen voor de club? Laat dat weten aan het bestuur van Hermes D.V.S. 2024-05-2437 minGamer ThingsGamer ThingsEpisod 72 - ASSASSINS CREED geet endlech a Japan an HADES 2 geet direkt an eist Häerz Dës Woch hu mer e Special Guest, den Danilo vu LuxPlay a mat him ënnerhale mer eis ënnert anerem iwwert den neien Assassins Creed Shadow, de Mike stierft mat engem Laachen am Gesiicht am Early Access vun Hades 2, mee mir schwätzen awer och iwwert den Zoustand vun der Gaming Industrie, deen duerch déi rezent Entloossunge bei Blizzard, an de Studio Opléisunge bei Microsoft weider an de Laberenten ass.2024-05-221h 13Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 71 - Cosy Game Manor Lords an Stellar Blade gëtt hefteg diskutéiert Et ass vill geschitt an der Lescht. Manor Lords erobert d'Häerze vun all Opbausimulatiouns Fan a Stellar Blade gëtt hefteg diskutéiert. Dëst an nach vill méi hu mir an dëser Episod ze beschwätzen.2024-05-081h 14Gamer ThingsGamer ThingsNew Episode D'Jungens vu Gamer Things iwwerleeën haut, wie wuel dru Schold ass, dass d'Publisher esou Saachen ofzéie, wéi elo Ubisoft mat Star Wars Outlaws, se staunen a schwäermen iwwert d'Fallout Serie an diskutéieren iwwert déi ëmstridden Entscheedung vu Blizzard an Overwatch 2 all Spiller dee flucht ze bannen. Dat an natierlech villes méi an dëser Episode Gamer Things!2024-04-241h 12Hartpro.nlHartpro.nlHermes DVS 140 jaar - aflevering 1 Lichtblauw Bloed - Hartpro.nlHermes D.V.S. wordt dit jaar 140 jaar! Bij deze club kan je verschillende sporten beoefenen: cricket, voetbal, squash en rugby.En wie jarig is, deelt uit. Daarom biedt Hermes D.V.S. jullie een podcastreeks aan. In deze aflevering ga ik (Marc van Hartpro.nl) op zoek naar Lichtblauw bloed? Wat is dat precies en hoe kom je eraan?Ik ga onder andere in gesprek met een familie met lichtblauw bloed en met Coen Groenewegen, die al bijna 73 jaar lid is van deze mooie club. Veel luisterplezier!2024-04-1042 minGamer ThingsGamer ThingsEpisod 69 - Wat ass besser: Dragons Dogma 2 oder Madame Web? Dragon's Dogma 2 ass eraus an trëfft op gemëschte Gefiller. Net sou Madame Web, deen di ganz Welt instant verdrängt huet. Ausserdeem klammert de Marc sech un all kleng News zu Hollow Knight 2, an de Petz kann et net méi verheemlechen, dass e Starfield trotz allem liebt. Dat avilles méi, diskutéiert mat a Good Game.2024-04-101h 16Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 68 - Wat leeft mat Star Wars? Mir hunn erëm e ganze Pack Theme fir iech. Nieft der Battlefront Classic Collection an Dragon's Dogma 2, schwätze mir nach iwwert esou munch nei Traileren déi erauskomm sinn.2024-03-271h 12Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 67 - HELLDIVERS 2 huet eis demokratiséiert a KI verännert alles Eis Jonge schwärmen iwwert hier gemeinsam Zäit am neien Helldivers 2, Elden Ring Fans levelen ëmsoss, an de rasante Fortschrëtt a kënschtlecher Intelligenz, wéi zB de SORA vu Google, gëtt ëmmer méi Ustouss zum Nodenken...2024-03-131h 11Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 66 - Koop Action an Helldivers 2 a et geet zeréck an Elden Ring An Helldivers 2 stierze mir eis kooperativ an e groussen Intergalaktesche Krichan erliewe grandios Action. Dann hu mir laang drop gewaart, mee endlech ass et esouwäit, den Trailer zum Elden Ring DLC Shadow of the Erdtree ass endlech online.2024-02-281h 02Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 65 - Skull and Bones versenkt am Mier a Suicide Squattet mat der Gang De Petz huet sech duerch d'Open Beta vu Skull and Bones gequäält, de Mike huet nom Spaass bei Suicide Squad gesicht an de Marc huet Angscht ëm Apex Legends. An natierlech ass Fuesent zu Lëtzebuerg an eis Gamer freeën sech schonn op d'Verkleeden. Loosst iech dat op kee Fall laanscht d'Clownen-Nues goen.2024-02-141h 19Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 64 - An Palworld no Pokemon sichen, zum schaffen bréngen an Prince of Persia ass einfach perfekt! D'Jungs hunn den neie Prince of Persia gezockt an hir Meenung ass am grousse Ganze positiv. D'Phänomen Palworld léist eng grouss Diskussioun aus an ass wéi e Meteorit ageschloen! Ausserdeem gëtt nach iwwert d'Hygienemacken a vereelzte Game-Mechanike geschwat! Lauschtert eran an deelt iech gäre mat!2024-01-311h 14Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 63 - Wat erwaart eis am Joer 2024 D'Joer 2024 huet ugefaangen a mir hunn an dëser Episod beschwat wat mir esou an de Feierdeeg gezockt hunn. Dozou hu mir eis ugekuckt wat fir Spiller eis am Joer 2024 esou erwaarden...2024-01-171h 22Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 62 - VILL GLÉCK AM NEIE JOER! Mir loossen 2023 Revue passéieren, e fantastescht Joer fir d'Gamer, mee och mat e puer Anti-Banger. Wat waren är Liblingsspiller vum leschte Joer, a wéi eng hunn iech am meeschten enttäuscht ?2024-01-031h 14Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 61 - The Scam Before the final GTA6 Trailer D'Jonge vu Gamer Things beschäftegen sech mam sagenhaften Release vun "The Day Before"! Nach ni an der Geschicht vun der Gamingindustry huet e Spill 4 Deeg no dem Release esou vill Welle geschloen. Do kënnen se sech just nach mam GTA6Trailer an The Finals tréischten!2023-12-201h 02Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 60 - FALLOUT TV SHOW, FORTNITE ECOSYSTEM a POST ESPORTSMASTERS Amazon bréngt mat Fallout eng vun de beléiftste Gaming Franchisen an de Fernsee a begeeschtert mat engem fantasteschen éischten Trailer eis 3 Vaultdwellers. Fortnite kënnegt mat Lego a Rocket League zwou grouss Partnerschaften un an d'Post Esport Masters kritt en Upgrade mat 3 beléifte Spiller. Alles dat a villes méi, wéi ëmmer mat enger gudder Portioun "Humor".2023-12-061h 13Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 59 - Call of Duty Rage an Game Awards Call of Duty steet an dëser Episod erëm voll am Fokus. Mir diskutéiere wéi mir de Start vun COD empfannen. Dozou sinn déi Nominéiert fir d'Game Awards eraus an och do ginn et verschidde Saachen ze beschwätzen...2023-11-221h 12Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 58 - HORROR BEI ALAN WAKE 2, GRAUEN BEI DER CAMPAGNE VUN MW3 D'Jonge vu Gamer Things schwätzen iwwert hir Freed fir den neie "Survival Horror" vun "Alan Wake 2" a sinn net d'Accord mat der Solo-Campagne vun MW3. Awer och "The Finals Beta" huet se begeeschtert. Villverspriechend an alles wat e Shooter brauch! Dat a villes Aneres an der neier Episode vu Gamer Things!2023-11-081h 13The Music Book PodcastThe Music Book Podcast021 Will Hermes on Lou ReedOn this episode, Marc talks to Will Hermes, author of “Lou Reed: The King of New York” released on October 3rd, 2023. It’s a thorough yet highly entertaining biography of the legendary musician, who Will depicts as a figure with so many sides and so many pursuits, who really can never be reduced down to a single personality, a single motivation, or a single classification.As Will writes in his introduction, “If you’re hoping for some neat totalizing statement or psychological profile to explain Reed, to fix him like a butterfly specimen, you won’t...2023-11-0748 minGamer ThingsGamer ThingsEpisod 57 - D'Welt keeft SPIDERMAN 2 an MICROSFT keeft d'Welt Eis hauseege Gamer schwéngen sech am neie Spider-Man 2 duerch New York,  bouncen duerch de Flower Kingdom a Super MarioBros. Wonder, an diskutéieren iwwert d'Vir- an Nodeeler vum Monopoliséiere vun der Gaming Industrie. Schwätzt mat a gewannt eis vollst Bewonnerung.2023-10-251h 06Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 56 - ASSASSIN'S CREED MIRAGE a MODERN WARFARE 3 Mat Assassin's Creed Mirage a Modern Warfare 3, wëllendirekt zwou vun de laangbewährteste Gaming Franchisen domat Punkten erëm an nees "back to the roots" goen. Ob et hinne geléngt, an ob dat dawierklech ëmmer gutt ass, doriwwer a villes méi philosophéieren eis 3 Manetten.Lauschtert ran, schwätzt mat, a genéisst di schéin Hierschtfaarwen déi lues alues zur Geltung kommen ;) Vill Spaass.2023-10-111h 07Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 55 - Hierschtufank mat Starfield a Cyberpunk D'Jonge vu Gamer Things mierken, dass ENDLECH de Summer eriwwer ass, an se ongestéiert doheem zocke kënnen, ouni ee schlecht Gewëssen an en iwwerhetzte PC ze hunn! Starfield, Cyberpunk a Resident Evil 4 maachen daat och ganz angenehm.2023-09-271h 00Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 54 - GAMESCOM Review a STARFIELD / BALDUR'S GATE 3 Double Rpg Release Eis kleng Summerpaus ass eriwwer, a wat gëtt et besseres fir di lescht Sonnestralen ze verjoe wéi di gréisste Gaming Convention op der Welt? Mir loossen d'Ukënnegunge vun der Gamescom Revue passéieren, a ginn eisen éischten Androck vu Starfield, dem neie Bethesda Blockbuster sou wéi och de Game of the Year Contender Baldur's Gate 3. An natierlech gëtt et och rëm de Fan-Favorite: Lëschtegt GEPLÄNKEL! Vill Spaass a loosst eis gären äre Feedback hei. GG2023-09-131h 17Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 53 - De grousse Filmspecial Mëttlerweil ginn et super vill Videospill-Verfilmungen an och Serien dozou. Wéi eng eis Liblings-Verfilmunge sinn a wat fir eng fir eis déi Schlechtste sinn, erziele mir iech an dëser Episod...2023-08-301h 06Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 52 - IMPAKT VUN AI OP VIDEOGAMES - Ai Special Episode D'Jungs schwätzen, spekuléieren an erënneren un di kënschtlech Intelligenz an de Videospiller. D'Gamer kennen se io elo schonn sou laang wéi et Videospiller ginn, mee wat fir een Impakt huet déi modern "AI" dann op d'Industrie an op de Konsument? Eng Spezial Episode fir matzeschwätzen!2023-08-161h 18Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 51 - Miese Summer fir déi eng, perfekt Gamer-Wieder fir déi aner Zwee Spiller hun an de leschte Wochen en enorme Succès fonnt, BATTLEBIT Remastered an Only Up! A wie wonnert et? Et gëtt vläit nees déi eng oder aner onerwaarte Meenung vun eisen 3 Podcastagnetten. The Crew Motorfest, Ratchet and Clank, an Tinykin sin aner Spiller iwwert déi mer och e bësse schwätzen, sou wéi och rëm e ganze Koup lëschtegt Gebraddels, sou wéi eis Zuschörer et gewinnt sinn.2023-08-021h 07Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 50 - Summer-Vakanz ass Gaming-Zäit! Wat spillen? De Mike an den Marc maachen sech Gedanken wat dann esou déi beschten a fetteste Spiller sinn, an déi ee kann an der Summervakanz erantauchen fir gutt ze profitéieren. Hunn se Spiller vergiess? Sot eis Bescheed!2023-07-201h 03Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 49 - Gollum ass de Wahn, Call of Duty Timeline an Diablo 04 D'Jonge vu Gamer Things maachen sech Gedanken doriwwer, wéi ee Spill wéi The Lord of the Rings: Gollum am Joer 2023 kann op den Marché kommen an den Petz versteet d'Timeline vu Call of Duty net. Ausserdem maachen si sech Gedanken iwwert d'Filmwelt a schwätzen iwwert SSMM. Wann der net wësst wat daat heescht, dann "hereingehört"!2023-07-051h 22Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 48 - E3 oder NEE3, dat ass d'Fro Och wann d'E3 offiziell net méi stattfënnt, hunn all di grouss Publisher an Developer di lescht Woch hir Summer Showcase presentéiert. Obwuel eis 3 Gamer d'Genéck am Jelli hate vum Slipknot Concert, hunn si sech natierlech alles ugekuckt a sech e puer Spiller rausgepickt iwwert déi se schwäermen (an "haten").2023-06-211h 11Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 47 - PlayStation Showcase 2023 Mir hunn eis déi éischt Playstation Showcase säit iwwer 600 Deeg ugekuckt. Konnt Sony domat en erfollegräiche Startschoss fir d'E3 Season ofginn? Mir laberen iwwer all dat Positiivt an dat Negatiivt vun dëser Presentatioun.2023-05-311h 17Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 46 - Redfall de beschte Lootershooter zënter Anthem Den neien The Legend of Zelda steet an de Startlächer a mir gi scho mol ganz gär eis Prognosen dozou of. Mee leider hu mir net nëmmen schéin Themen dobäi. Well Redfall konnt net onbedéngt glänzen. Wat dann do alles schif gelaf ass an op wat mir eis bei The Legend of Zelda alles freeën, erzielen mir iech an dëser Episod.2023-05-171h 12Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 45 - Jedi:Surviving the Release, Dead Island 2, mam Golfschléier an d'Gesiicht Schlechte Start fir Star Wars Jedi: Survivor. Firwat sinn ëmmer méi Releases op deem Niveau ukomm? Dead Island 2 huet et besser hikritt! A wéi krass ass Unrecord w.e.g.?! D'Jungs vu Gamer Things sinn an der Achterbunn vun den Emotionen, hei an der neier Episod.2023-05-031h 15Gamer ThingsGamer ThingsXDEFIANT vs COD, SUPER MARIO brecht Rekorder an en neien MMORPG vu BLIZZARD? De Mike huet sech mat XDefiant den neie Call of Duty Killer vun Ubisoft ugekuckt an zielt seng éischt Andréck, de Petz disst einfach de ganze Genre. Den neie Super Mario Film brecht Rekorder wat d'Verkafszuelen ugeet, mee ass en da wierklech sou gutt? A schafft Blizzard mat hierem "Survivalspill" Odyssea net a Wierklechkeet heemlech un hierem nächsten MMORPG? Alles dat a vill méi an deser Episod.2023-04-191h 21Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 43 - Resident Evil 4 - de Marc ass verléift Resident Evil 4 ass eraus an mir kréien domat en neien fantasteschen Remake. Dann hu mir nach als Themen The Last of us fir den PC, LGX, an News zu The Legend of Zelda dobäi.2023-04-051h 18Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 42 - The Finals: Eng Zopp aus lauter gudden Saachen! De Resident Evil 4 Remake ass do, kann dëse mam Dead Space Remake mathalen, oder ass deen Standard elo ze héich? Ausserdeem huet de Mike d'Beta vun Diablo 4 ugezockt. Sidd dir och sou begeeschtert wéi hien, oder ass do nach vill ze verbesseren?2023-03-221h 23Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 41 - WOLOLOOONG a SONS OF DEFOREST, zwou Releasen awer just ee Gewënner Eis 3 Spilliste beschreiwen hir lëschteg Abenteuer am Survival-Horror Sons of the Forest, de Petz reegt sech iwwer de PC-Port vu Wo Long: Fallen Dynasty op, an aus engem klenge Rant gëtt eng philosophesch Metapher fir d'modernt Daten. Alles dat a vill méi an dëser Episod.2023-03-081h 08Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 40 - De Bréif fir an Hogwarts ass ukomm Hogwarts Legacy ass erauskomm an mir hunn eis mol alles ganz genau ugekuckt. Dozou ass endlech Season 2 vun Call of Duty erauskomm. A wat do alles geännert huet, dat erziele mir iech an der neier Episode Gamer Things.2023-02-221h 01Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 39 - Gestëppel, Gezauber, Gemetzel a Geligen Eis Jonge schwätzen haut iwwert déi schéi Welt an éischt Andréck vum neien Harry Potter Spill: Hogwards Legacy, iwwert d'HBO Serie The Last of Us. De Marc schwärmt vum Gemetzel an Dead Space an den Petz erzielt iech iwwert den "The Day Before" Debakel.2023-02-081h 16Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 38 - Gaming-Industrie an de Laberenten? BF2042 endlech "OK"? Weltfridden? A ville Gaming-Firmen brodelt et, bei Verschiddenen ass et schon iwwergelaf. Eis 3 Experte lamentéieren iwwert déi rezent Entloossunge bei Microsoft a Co. an déi méiglech Konsequenzen. Och gëtt driwwer argumentéiert ob Battlefield 2042 dann lo sou lues "ganz OK" ass, a wéi gewinnt ginn et och rëm e puer Andréck an déi privat first world problems deenen de moderne Gamer hautesdags géigeniwwer steet. Vill Spaass mat der Sendung a good game.2023-01-251h 02Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 37 - Neit Joer, nei Games Wéi gëtt wuel d'Joer 2023 am Gaming Beräich? Wat iech am neie Joer erwaart an op wat mir eis am meeschte freeën, dat héiert dir an dëser Episod Gamer Things...2023-01-1157 minGamer ThingsGamer ThingsEpisod 36 - Gaming oder Philosophéieren? D'Jongen hu sech ganz ambitionéiert virgeholl iwwert d'Game Awards an iwwert déi beschten Spiller 2022 ze schwäetzen, hunn awer dono ganz vergiess iwwert d'Game Awards an iwwert déi beschten Spiller 2022 ze schwäetzen. Philosophéieren an der Gamer-Selbsthilfegruppe.2022-12-281h 22Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 35 - WOW Dragonflight a Callisto Protocol, zwou Iwwerraschungen Déi nei Erweiderung fir World of Warcraft ass endlech do, a mir sinn iwwerrascht iwwert dat wat Blizzard hei ofliwwert. Och iwwerrascht si mer iwwert The Callisto Protocol. Wéi eng vun den zwou Iwwerraschungen da lo eng schéin ass, vill gerants iwwer Streaming-Säiten, an de Petz erliichtert sech enges düstere Geheimnis... alles dat a vill méi des Woch an der Sendung. Vill Spaass a good game.2022-12-071h 22Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 34 - Warzone 2.0, DMZ an wat gëtt wuel Game of the year 2022? Warzone 2.0 ass erauskomm an elo muss natierlech doriwwer geschwat ginn. Dozou hu mir nach fir iech DMZ, Infos zu God of War an et deet sech eppes an der neie WoW Erweiderung.2022-11-2356 minGamer ThingsGamer ThingsEpisod 33 - Modern Frustfare 2, God of War 2, Plague Tale 2 an PS VR2 D'Jonge vu Gamer Things schwätzen iwwert hier Hass/Liebe Call of Duty a froen sech wisou een d'Spill awer ëmmer erëm umëcht- dozou kënnt God Of War Ragnarok, A Plague Tale Requiem a Playstation VR2 zu engem Spottpräis!2022-11-091h 16Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 32 - SILENT HILL a RESIDENT EVIL Hype fir HALLOWEEN Ist die Katze aus dem Haus, tanzen die PC-Mäuse? Gëtt et eng besser Zäit wéi Halloween fir iwwer Horrorspiller a Filmer ze laberen? Mir fannen net. Mat Silent Hill a Resident Evil hunn direkt zwou vun de gréissten Horrorfranchisen am Gaming Presentatiounen iwwert hier Zukunft gehal. Dëst hunn eis Nerds sech natierlech ugekuckt an deele mat Iech hier Iwwerleeungen a Spekulatiounen. Vill Spaass mat dëser Episod, a bis geschwënn.2022-10-261h 38Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 31 - Overwatch 2 an maachen Remakes iwwerhaapt Sënn? Overwatch 2 ass eraus, mee huet dat Spill déi Nummer 2 am Titel verdéngt? Mir diskutéieren op Remakes iwwerhaapt Sënn maachen. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod!2022-10-191h 19Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 30 - LGX, Modern Warfare an Metal:Hellsinger D'Jonge vu Gamer Things waren op der LGX! Déi gréissten Gaming Foire vu Lëtzebuerg! Wéi gutt et hinnen do gefall huet, an wat si alles erlieft hunn an och e bësse konstruktiv Kritik fannt der hei an der neier Episod Gamer Things! Natierlech hunn si sech och d'Modern Warfare Beta net entgoen gelooss an iwwert den GTA6 Leak diskutéiert! Lauschtert eran!2022-09-281h 19Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 29 - Nei Assassins Creed Spiller, eng Singleplayer Campaign fir Battlefield a KEE Co-op fir Halo Infinite No de puer Specials an der Summervakanz, hunn sech eis 3 Gamer vill ze zielen. Lues awer sécher kann een sech op d'Holiday-Season freeën, onbestridden déi bescht Zäit fir ze gamen. Lauschtert eran an diskuteiert mat.2022-09-141h 29Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 28: Praise The Sun! - Soulsborne Special mat LuxPlay LuxPlay huet sech eisem Podcast ugeschloss fir iwwert From Software an hir Soulsborne Rei ze schwätzen. An wat dobäi erauskënnt wann 3 Soulsborne Fans iwwert déi Rei schwätzen, gesitt dir hei bei Gamer Things2022-08-311h 23Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 27: Star Wars Serien SpecialIhr seid meine letzte Hoffnung Et ass mol erëm Zäit gin fir iwwert Star Wars ze schwätzen. Mir hunn eis déi nei Serie Obi Wan ugekuckt an natierlech hunn mir nach iwwert déi aner Star Wars Serien geschwat. Wat eis Meenungen iwwert déi Serien sinn, erzielen mir iech an dëser Episode Gamer Things2022-08-161h 07Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 26 - APEX Legends Special - Weapon Tiers, Legend Tiers an Laughing Tears Den Marc kéint, wéi ee gesäit, stonnelaang iwwert säin Liblings-Battleroyale - APEX LEGENDS - schwätzen. Dofir huet hien sech mat de Jungs vu Relyon Esports, enger Lëtzebuergescher Esport Ekipp, déi ënnert anerem op der LGX den Apex Turnéier matgespillt huet, zesummegesat, an dat Spill eemol gutt duerch diskutéiert. Wéi eng sinn déi beschte Waffen, wéi eng déi beschte Legends? Dat a Villes méi an dëser Special-Episode!2022-08-031h 45Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 25 - Nei Releases: Stray an Quarry D'Jongen vu Gamer Things schwätzen iwwert déi nei Releases: Stray an Quarry. Waart dir och op der Beerdegung vun Read Dead Online? Oder hudd dir iech schonn e Motiv fir äer Diablo 4 Tätowéierung erausgesicht? Den Mike ass op alle Fall net ganz ofgeneigt, sech dat Spill vu Blizzard gratis besuergen ze goen! Sou laang keng Microtransactions domadder a Verbindung stinn! Alles dat an der neier Episode Gamer Things!2022-07-201h 05Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 24 - F1 2022 fir de Mike, STARFIELD fir de Petz, a wou ass de Marc? De Mike huet d'Steierrad an de Grapp geholl a fiert zënterhier op der Pole Position vum Liewen. Dem Petz säi Gléck ass do scho méi op den 1000 Planéite vu Bethesda ze fannen. An a propos (?) weisou ass de Petz lo scho LVL 50 am Battlefield 2042? Ass dat Spill net meeeega null? Dat a villes méi haut bei Gamer Things!2022-07-061h 18Gamer ThingsGamer ThingsState of Play a schonn erëm News zu Battlefield Et ass erëm Zäit fir State of Play. A wéi dir warscheinlech scho wësst gëtt, et dann ëmmer vill ze schwätzen. An dat soll des Kéier net anescht sinn. Mee domat net genuch, mir kommen nach op eist Liblings-Thema ze schwätzen an zwar Battlefield 2022. Tja an wat eis déi éischt Season ze bidden huet, dat fannt dir hei an eiser neier Episod Gamer Things eraus.2022-06-071h 16Gamer ThingsGamer ThingsASH IS BACK an de COD King Kong ass ellen? Eis 3 Gamer hu sech dat neit EVIL DEAD Spill ugekuckt. Bëlleg Kopie vun Dead By Daylight oder kann et op eegene Féiss stoen? Och vum rezenten Event am COD Warzone gett geschwat an d'Meenunge gin auserneen... Dat a vill leschtegt Geplänkel haut an der Episod.2022-05-261h 17Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 21 - Blizzard penibel, Stanleys Dorfromantik en Hit Wärend den Marc sech op den Apex Legends update freed an den Mike sech an daat rouegt Spill "Dorfromantik" verléift huet, schwätzen se iwwert d'Enttäuschung vun Overwatch2 an Warcraft-Arclight Rumble. En Äquivalent zu CnC Rivals. Dobäi kënnt nach, deen een oder aneren Spilltipp, Youtube Channel an Mod. Eranlauschteren lount sech, wéi ëmmer!2022-05-111h 03Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 20 - Luxcon, Springames a World of WarcraftPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Des Kéier geet et ëm Lokal Events ewéi Springames an d'Luxcon. Dozou ginn et nach News zu Diablo Immortal, World of Warcraft an Saints Row.2022-04-271h 24Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 19 - 250 fir een Auto a GT7?! 300 € fir 2 Buttons?!Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio "Alles gëtt méi deier!" - Eis Nerds vu Gamer Things fueren sech ganz verdutzt iwwert de Kapp wann se mieken waat d'Industrie fir en Courage huet wann et ëm Sue geet. Sinn 250 Euro ok fir en Auto a Gran Turismo 7? Sin 300 Euro zevill fir eng Manette? An da bezillt EA emol net hier Apex-Teams hier Rees?! Dat ganzt "sur un lit de": Elden Ring Geschärms vum Mike, accompagné des Wambo Combos; à la Marc.2022-04-061h 22Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 18 - ELDEN RING di Zweet, HOGWARTS LEGACY an eng Ode u "kleng" SpillerPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio De Mike ass net méi vun Elden Ring ewech ze kréien, de Petz entdeckt seng Léift zu engem neie Genre, an de Marc well, DASS DE PETZ DUNE KUCKT! Ausserdeem hunn eis 3 Spillisten sech natierlech och di lescht SONY State of Play ugekuckt, an där dat laang erwaarten Hogwarts Legacy virgestallt gouf.2022-03-231h 18Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 17 - Déi grouss Elden Ring EpisodPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Vill Leit hunn drop gewaart an och mir konnten et bal net ofwaarden. Elden Ring ass endlech eraus a krit bombastesch Wäertungen. Mee huet Elden Ring dann och an eisen Aen déi Wäertunge verdéngt? Jo dat erziele mir iech hei bei Gamer Things.2022-03-091h 04Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 16 - Spiller déi Konscht sinn!Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Mir hunn iwwert déi wonnerbar Landschaften vun Horizon II: Forbidden West, iwwert Flashbacks vun Dying Light an onmoosseg laang iwwert SIFU geschwat. An och haut erëm Battlefield mam Motto: "wéi schëppt een säin Gruef ëmmer méi déif?!"2022-02-231h 15Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 15 - APEX Update, COD VANGUARD, Skill-based Matchmaking sucktPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Des Woch schwäermen eis 3 Gamer iwwer al Zäiten awer och iwwert den neien Update fir Apex Legends, de Winmi huet sech awer rem vun engem COD kreie geloss, mee et gëtt och eng Diskussioun iwwert den allsäits onbeléifte Skill-based Matchmaking. Dat a villes méi an dëser Episod.2022-02-0954 minGamer ThingsGamer ThingsEpisod 14 - De gréissten Deal an der Entertainment BranchePatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio De gréissten Deal an der Entertainment Branche ass iwwert d'Bün gaangen. An doriwwer gëtt et méi ewéi genuch ze schwätzen. Wat eis Impressiounen iwwert den Deal sinn a wéi mir eis elo d'Zukunft vun Activison virstelle gesitt dir hei bei Gamer Things.2022-01-261h 13Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 13: Dei nei Sony VR2!Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Vill Gléck am neien Joer! Wat gouf dann esou iwwert Chrëschtdeeg gezockt? Sony presentéiert seng nei VR mam beschten Numm deen een dofir auswielen kann: Sony VR2 ! Eisen Battlefield 2042 Rant gëtt esou lues zum Running-Rant an et ginn nach eng Rëtsch interessant Leaks, déi dëst Joer eventuell zu engem Top Joer am Gaming kéinten maachen.- raumt är Festplatten, huelt äerch Zäit. 2022 ass lancéiert!2022-01-121h 10Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 12: D'Game AwardsPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio D'Game Awards si laascht an dobäi krute mir ganz vill Traileren ze gesinn. Wat mir dann dovun halen a wat eis am Joer 2022 erwaart, dat gesitt dir an dëser Episod Gamer Things.2021-12-221h 10Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 11: RECKBLECKEND MUSS EE SOEN...Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio ... 2021 war definitiv e Joer. E Joer an dem och erëm Spiller rauskomm sinn. Wéi eng waren da fir eis 3 Gamer Topps a wéi eng Flopps? Doriwwer gëtt diskutéiert. Maacht mat a schreift eis wat fir Iech dann déi flottst (oder miesst) Gaming-Erënnerung vum Joer? Vill Spaass mat dëser Episod.2021-12-081h 09Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 10: HALO KLINGT, BATTLEFIELD STINKT GTA LEGT EIN EIPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio D'Jonge vu Gamer Things diskutéieren iwwert déi grouss Releasen am November. Dorënner dat laang erwaardend Battlefield2042 den alljärleche Call of Duty, an den Release vum Halo: Multiplayer. Awer och GTA Devinitive Edition an Edlen Scrolls a villes méi! Dës Folleg leider ouni de Petz, mee deen ass sécher déi nächste Kéier erëm dobäi!2021-11-251h 17Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 9: Guardians of the Galaxy, Far Cry 6 an WoodkidPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Mir hunn fir iech an dëser Episod en Interview mam Woodkid an dobäi hunn mir mol Guardians of the Galaxy a Far Cry 6 ënnert d'Lupp geholl. Dobäi huet de Marc nach missen seng Roserei iwwert Kena erausloossen.2021-11-031h 08Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 8 - Battlefield 2042 Beta Versioun ReviewPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Impressioune vun der Battlefield 2042 Beta. Erwaart eis do endlech erëm en Battlefield op daat mer sou laang gewaart hunn oder gesinn do en rise Flopp op eis zoukommen? Wat gutt gaangen ass a waat definitif nach muss geännert ginn! Zéckt net alles nach dobäi ze schreiwe wat mer eventuell vergiess hunn, wou der eis Recht gitt a wou mer ärer Meenung no total dernieft leien! Vill Spaass!2021-10-201h 00Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 7 - NEW WORLD, Kena Bridge of Spirits an HierschtgefillerPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Amazon huet mat New World en neit MMORPG erausbruecht a brécht Rekorder. Ausserdeem huet den Hierscht ugefaange an dat mécht eisen 3 Gamer nach méi Loscht ze Gamen, dat awer ënnert der Decken a mat enger gudder Taass Téi. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod.2021-10-061h 14Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 6: Playstation Showcase, den neie Shooter Splitgate an DeatloopPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Mir hunn erëm eng vollgepaakte Sendung fir iech. Net nëmmen dass mir déi zwee Spiller Deathloop a Splitgate an der Review hunn. Nee mir hunn och nach de gesamte Playstation Showcase ze beschwätzen. An do war esou munches ze gesinn. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod!2021-09-221h 24Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 5: GAMESCOM 2021 a wat dëst Joer nach op eis zoukënnt!Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio No der Summerpaus maache mir eng klenge Réckbléck op d'Gamescom Presentatioun 2021 a Call Of Duty Vanguard! Natierlech kenne mer net all Eenzel Spiller déi op der Gamescom uschwätzen, also wann mer eent vergiess hunn wat iech besonnesch interesséiert huet an ob dir eiser Meenung sinn oder net, kennt der eis roueg als Kommentar wësse loossen!  Mir si frou erëm zeréck ze sinn a freeën eis op en neit Gaming Joer!2021-09-051h 04Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 4: EA Play an UBISOFT Announcement (GONE WRONG) plus STEAM DECKPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio An dëser Episod diskutéiere mer déi dësjäreg EA Play, oder och "die vielleicht schlechteste (not-E3) Präsentation der Welt"? Ausserdeem schwäerme mer e bësse fir den nei ugekënnegte Steam Deck vu Valve, an allgemeng erfreeë mer eis drun endlech rëm mateneen kënnen ze laberen! Vill Spaass!2021-07-251h 33Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 3: Special Guest T the Boss!Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Mir hunn mol erëm eng Kéier eng schéin Special Episode fir iech. An zwar ass des Kéier den T the Boss zu Gaascht. An wat hien alles gären zockt a wat seng Liblingsspiller sinn, dat fannt dir hei bei Gamer Things eraus.2021-07-111h 12Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 2: Iwwert Tops an iwwert Flops!Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio D’Jonge vu Gamer Things analyséieren d’Präsentatioune vun der E3, déi dëst Joer erëm just online stattfonnt huet. Op wat si sech besonnesch freeën a wou se hier Ae gerullt hunn soen si iech an dëser Episod. Wéi eng Trailer hunn iech op den « Hype-Train » bruecht?2021-06-271h 25Gamer ThingsGamer ThingsEpisod 1: BATTLEFIELD ass zeréck an d'SUMMER GAMES FEST huet ugefaangenPatrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio Endlech ass et souwäit, de Reveal Trailer fir den neie Battlefield 2042 gouf released, an eis 3 Fanboys sinn total gehyped. Ausserdeem huet des Woch d'Summer Games Fest ugefaangen, an dat mat enger Show vu knapp 2 Stonnen. Mir beschwätzen eis perséinlech Highlights vun all de Spiller déi annoncéiert goufen.2021-06-131h 26