podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Mei Wei Sex
Shows
Méi wéi Sex
Swipen, Matchen, Fécken? – Online Sex fannen
Sex fannen ass haut net méi schwéier, well et gi jo Appe dofir. Op Quickie oder Bezéiung – an der schéiner net méi esou neier Online-Welt gëtt et fir jiddereen*t eppes. Oder op d'mannst wierkt et esou. De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wisou déi Appe dacks esou ugeluecht sinn, datt et méi ëm d‘Swipe geet wéi ëm d‘Persounen op de Profiller. Si erziele vun Iwwerangebot, vun Déieren op Profilfotoen an schwätzen doriwwer, wéi een*t sech méiglechst sécher op esou...
2025-04-04
39 min
Méi wéi Sex
Féck de System – Wéi de Kapitalismus eise Sex futti mécht
Féck de System - e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklären, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergänzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus anscheinend bessere Sex haten. An der Rubrik erzielt den Elie davun, wéi een*t erkenne kann, ob Monogamie eppes wier een*t ass...
2025-03-21
46 min
Méi wéi Sex
Wéi Therapie mäi Sexliewe verännert huet – Therapie, Bezéiungen a Sexualitéit
An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mä och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwätzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir Verännerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d'Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat alles kréie mir vun zwou Säiten aus erzielt: d*e Robin aus der Siicht vum*vun der Patient*in...
2025-03-07
43 min
Méi wéi Sex
Let’s talk? – Iwwer meng Bezéiungen a Sex schwätzen
An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly iwwer Schwätzen: Mat wiem schwätzen si (net) gär iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwätzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwätzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, beräicherende Gespréicher kommen. Dat a méi héiers du elo. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Poppers.
2025-01-24
53 min
Méi wéi Sex
#158: Let's talk? - Iwwer meng Bezéiungen a Sex schwätzen
An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly iwwer Schwätzen: Mat wiem schwätzen si (net) gär iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwätzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwätzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, beräicherende Gespréicher kommen. Dat a méi héiers du elo. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Poppers.
2025-01-24
54 min
Méi wéi Sex
Gutt spruddeleg – Wéi Neurodivergenz Bezéiungen a Sex beaflosst
Een neurodiverst oder neurospruddelegt Gehier ze hunn, verännert déi Aart a Wéis, wéi een*t Bezéiunge feiert a wéi een*t Sex huet. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod, wéi dat fir si ass. Si erziele vun Diagnosen, vu Luuchten, déi ze haart sinn a vun de Gemeinsamkeeten tëscht Queerness an Neurospruddelegkeet. An der Rubrik erkläert eis Kelly, wat Meta-Gefiller sinn a wéi se eist Sex- a Bezéiungsliewen veränneren.
2024-12-13
52 min
Méi wéi Sex
Ech sinn een Kierper, an elo? – Body-Mind-Split (an der Praxis)
Hues du e Kierper oder bass du e Kierper? D'Trennung vu Kierper (body) a Geescht (mind) bestëmmt, wéi mer (eis) fillen a wéi mer mat eis, mat Aneren a mat der Ëmwelt ëmginn. Ween woren déi al wäiss Männer, déi di Trennung/Hierarchie erfonnt hunn? An vill mei wichteg: Wat mer kenne maachen (Sex?), fir déi ze hannerfroen? Quellen - Kapitel 8 (bonus): Besser Orgasmen
2024-11-29
46 min
Méi wéi Sex
Loscht, Spaass, Intimitéit – Wat sinn Grënn fir Sex?
Déi meeschte Mënschen hu méi oder manner reegelméisseg Sex - mee firwat? Däer Fro ginn de Joël a Kelly an dëser Episod no, an diskutéieren dobäi iwwer verschidde Weeër fir (méi oder manner) geléifte Mënsche no ze sinn, iwwer Spaass an d Loscht, déi aus verschiddene Sourcen entstoe kann. Och schwätze si doriwwer, wéi a firwat "Sex hunn" als normal an obligatoresch an eiser Gesellschaft gëllt - e Phänomen, dat als "compulsory sexuality" bezeechent gëtt. An der Rubrik verzielt Kelly, wéi...
2024-11-15
50 min
Méi wéi Sex
Op Aenhéicht trotz Ënnerscheeder – Hierarchien a Bezéiungen
Obwuel mir probéieren, a Bezéiungen op Aenhéicht ze sinn, ginn et dacks Muechtënnerscheeder. Ob a Frëndschaften oder Koppelen, dacks sinn et Facteure wéi Alter, Suen oder Wëssen, déi fir Hierarchië suergen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si mat esou Hierarchien ëmginn a wat si maachen, fir se auszegläichen. Si diskutéieren net nëmmen iwwert ee finanziellen Ausgläich, mä och iwwert Fro, ob et méiglech ass, säin*seng Chef*in ze daten. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Ch...
2024-11-01
41 min
Méi wéi Sex
Dsau, dsa an aner Obscénitéiten – Sprooch a Pronomen
An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mäer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. Mäer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen. An dëser Episod schwätzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Och schwätzen si iwwer Pronomen, a wéi gendersensibel Sprooch a Pronomen am Lëtzeboieschen kënnen ëmgesat ginn. An der Rubrik schwätz...
2024-10-18
59 min
Méi wéi Sex
No enger Trennung eenz ginn – How to get over it
Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen - an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn. An...
2024-09-20
53 min
Méi wéi Sex
Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier
Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d’Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. A...
2024-09-06
35 min
Méi wéi Sex
De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung
Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä o...
2024-06-28
49 min
Méi wéi Sex – Staffel 6
De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung
Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net … Continue reading "#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung"
2024-06-28
49 min
Méi wéi Sex
Vu Gefiller a Kierperen - Schwangerschaft
Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert hunn. An der...
2024-06-14
53 min
Méi wéi Sex
Oneenegkeeten aushalen - Konstruktiv Streiden
Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wourobber een*t wärend engem Sträit oppasse sollt a wat een*t duerno maache kann, fir erëm zou sengem Géigeniwwer an sech...
2024-05-31
49 min
Méi wéi Sex
Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn
Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der R...
2024-05-03
54 min
Méi wéi Sex – Staffel 6
It's fucking political – Sex a Politik
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da … Continue reading "#137: It’s fucking political – Sex a Politik"
2024-02-23
46 min
Méi wéi Sex
It's fucking political – Sex a Politik
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da lauschter an dës Episod eran. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer ADHS a Bezéiungen. Shownotes: Kontroversen ëm Fuck For Forest: Congress a Public Sex Controversy Kriminaiséierung vu queer...
2024-02-23
46 min
Méi wéi Sex
It's fucking political – Sex a Politik
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da lauschter an dës Episod eran. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer ADHS a Bezéiungen. Shownotes:Kontroversen ëm Fuck For Forest: Congress a Public Sex ControversyKriminaiséi...
2024-02-23
49 min
Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Selfcare
D’Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat … Continue reading "#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care"
2024-01-12
44 min
Méi wéi Sex
Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Selfcare
D'Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat si et net op hir Lëscht vun de Neijoersvirsäz gepackt huet.
2024-01-12
44 min
Méi wéi Sex
#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage
HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema HIV ginn ass, wësse vill Persoune net, dass d Wësseschaft säit de 90er wäit komm ass. De Patrick lieft säit 2007 mat HIV, an erzielt eis seng Geschicht. An der Rubrik erklärt d Kelly, w...
2023-12-01
45 min
Méi wéi Sex – Staffel 6
#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage
HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema … Continue reading "#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage"
2023-12-01
45 min
Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi just eng Course - Drag zu Lëtzebuerg
Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul’s Drag Race – eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag …Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru … Continue reading "#128: Méi wéi just eng Course – Drag zu Lëtzebuerg"
2023-10-20
40 min
Méi wéi Sex
Méi wéi just eng Course - Drag zu Lëtzebuerg
Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul's Drag Race - eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag ... Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru Paul's Drag Race d Drag Szen beaflosst huet, a wat den Term Drag amfong ëmfaasst. Als Lëtzeboier gëtt den Charlie och Abléck an déi lëtzeboiesch Drag Szen. Lauschter dës Episod fir e gudden Intro an d T...
2023-10-20
40 min
Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit
Demisexualitéit – e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d’Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, … Continue reading "#126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit"
2023-09-22
55 min
Méi wéi Sex
Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit
Demisexualitéit - e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d'Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, Gas a Bremsen, a si ginn eng Äntwert op d Fro "Demi - Heiansdo Sex, guer kee Sex, vill Sex?" (Spoiler: it depends!). An der Rubrik gëtt den Elie...
2023-09-22
55 min
Méi wéi Sex
Outtakes!
Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps! An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Summer-Sex.
2023-08-18
17 min
Méi wéi Sex
Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys
Si si mëttlerweil iwwerall - an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys - Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang? De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod op all dës Froen an, an diskutéieren och iwwer de Stigma, deen u Sex Toys haft a firwat munch Leit keng Sex Toys gebrauche (wëllen). An der Rubrik schwätzt den Elie iw...
2023-06-09
47 min
Méi wéi Sex
Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride
Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Siichtbarkeet, déi och ëmmer erëm Haass a Gewalt ausléisst. An dann ass do och Roserei op Firmen, déi déi queer C...
2023-05-26
45 min
Méi wéi Sex
Vu Looks a Codes – queer Schéinheetsidealer
Wéi geseit een*t amfong queer aus? D'Lynn an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer queer Schéinheetsidealer: dës ënnerscheede sech vu Szene zu Szene. Sinn dës Schéinheetsidealer reng probleematesch? Wou kommen déi ganz Codes iwwerhaapt hir a firwat si se entstaan? Dëst a vill méi gëss du haut gewuer! An der Rubrik gëtt Kelly en How To zum Thema Aftercare.
2023-04-14
36 min
Méi wéi Sex
Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen
Wéi ass et, op een Date ze goen, wann een schon een oder méi Partner*innen huet? An polyamoréisen Bezéiungen ass net esou seelen. Mä dat heescht net, datt et einfach ass. Besonnesch bei där Persoun, déi net op dem Date ass, kann et zu negativen Gefiller wéi Jalousie kommen. Mä och de Géigendeel, Compersion – Matfreeën – ass méiglech. D*e Robin, den Elie an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi dat mam Dating geet, wourobber een*t sollt oppassen a wéi een*t sech Reegelen mat s...
2023-03-17
53 min
Méi wéi Sex
Méi wéi Gebärmutterhalskriibs – HPV Témoignage
HPV – huet dat net eppes mat Gebärmutterhalskriibs ze dinn a geet dofir nëmme Mënsche mat Uterus eppes un? D'Äntwert ass ganz kloer nee! De Human Papilloma Virus ass e sexuell iwwerdrobare Virus, deen, onofhängeg vum Geschlecht, immens wäit verbreet ass. Dobäi si sech wéineg Leit bewosst, wéi eng Risiken eng HPV Infektioun mat sech bréngt, wéi e sech iwwerdréit a wéi een*t sech schütze kann. An dëser Episod schwätzt d*e Robin mamm Kim aus eiser Community: hat huet eng HPV Infektioun hannert sech, an e...
2023-03-03
47 min
Méi wéi Sex
Costum, Minijupe oder Hoodie? – sexy Kleedung
Bal jiddereen*t huet sexy Kleedung am Schaf - wann een déi awer matenee vergläicht, fënnt een*t net onbedéngt ganz vill Gemeinsamkeeten. D Meenungen doriwwer, wat sexy Kleedung (oder wat amfong sexy) ass, sinn sou divers wéi d Leit déi sech dës Fro stellen! De Joël an d*e Robin diskutéieren haut ebe grad dës Differenzen, mee och wee sech iwwerhaapt sexy präsentéieren däerf a wéi staark deen eegene Bléck op sech selwer vum Bléck vun aneren ofwäiche kann. An der Rubrik erk...
2023-02-17
44 min
Méi wéi Sex
Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?
Schlussmaache per SMS? Oder léiwer ee laangt Gespréich an nach eng leschte Kéier Sex mateneen hunn? Wéi sech eng Koppel trennt, hänkt ganz vun den Ëmstänn of. Et ginn awer genuch Grënn, sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi dee schwierege Moment gestalt sollt ginn. Nodeems Kelly an de Joël schonn driwwer geschwat hunn, wéini een*t sech trenne sollt, geet et dës Kéier doriwwer, wéi dat geet. Si schwätzen doriwwer, wéi een*t eng gutt Plaz dofir fënnt, wat an engem Trennungsgespréich alles sollt gesot...
2023-02-03
42 min
Méi wéi Sex
Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen
Wat huet de Leonardo Di Caprio mat Équatiounen ze dinn? De Joël, d'Lynn an d*e Robin diskutéieren an dëser Episod iwwer hir Erfarungen mat Age Gaps. Wat hunn Age Gaps mat Queerness ze dinn, wat sinn d Risiken vun Age Gaps a wéi kann een*t mat dëse Risiken ëmgoen a sech selwer an aner Leit schützen?
2023-01-20
44 min
Méi wéi Sex
Wann et einfach net geet – Vaginismus
Content Note: An dëser Episod ginn Trauma an Erfarunge mat sexueller Gewalt ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng. Vaginismus – vill Leit wäerten nach ni eppes dovun héieren hunn. Dobäi si vill méi Leit vu Vaginismus betraff, wéi een*t denkt, an si sinn oft mat ville Virurteeler an Onverständnis konfrontéiert. Eis Illustratorin Lynn huet Vaginismus, a schwätzt an dëser Episod mam Robin doriwwer, wat fir en Afloss dës Konditioun op seng Bezéiungen a säi Liewen h...
2022-12-16
39 min
Méi wéi Sex
Sex verschäissen - Sex an der Jugend
Aller Anfang ist schwer! Vill Leit hunn eng ambivalent Astellung zu hire sexuellen Erfarungen an hirer Jugend, an domat si si net eleng . Vu dass et dem Kelly an dem Robin änlech geet, schwätze si an dëser Episod iwwer hir eegen Erfarungen mat Jugendsexualitéit, a wourun et leie kéint, dass vill Leit vill schlechte Sex an hirer Jugend haten. Donieft diskutéieren si och, wéi sech dës Erfarungen op dat spéidert Liewen auswierke kënnen, wéi et iergendwann besser gi kann an ginn op d Roll vun der Schoul an Educatioun an. ...
2022-10-07
58 min
Méi wéi Sex
Community – mam Publikum um sexpositiven Event
Fir d'Staffelfinale vun der 4. Staffel hate mer déi besonnesch Freed mat Publikum dierfen opzehuelen – an zwar um sexpositiven Dag! Een Dag voller Workshops, Gespréicher, Snacks, Beréierungen a Begéinungen. Dofir hunn mer natierlech an dëser Opnam iwwer 💫 Community 💫 geschwat. Mir froen eis (an iech): Wei kann eent zu Lëtzebuerg sexpositiv, feministesch a queer Communities opbauen? Wei kritt eent Léit zesummen? Wéi kann eent z.B. Events organiséieren (wou eent kann zesumme léieren, entdecken, sech austauschen, sech vernetzen)? Wei eng Eventer a Raim brauche mir? Firwat gëtt et kee queer(feministe...
2022-07-18
50 min
Méi wéi Sex
Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen
Wow, schonn 100 Episoden! De Joël, d*e Robin a Kelly huelen dat zum Ulass, fir emol bëssen driwwer ze schwätzen, wéi dat esou ass, an engem Podcast an um Radio iwwer Sex ze schwätzen. Nieft der Fro vun der Anonymitéit vun eise Sexpartner*innen a Fanfiction-Fantasië geet et awer och dorëms, mat wiem et méi einfach oder manner einfach ass, iwwer Sexualitéit a Gefiller ze schwätzen. Mir kucken eis awer och un, wéi eis Gesellschaft iwwert Sex schwätzt, ginn Tipps wéi ee méi einfach mat Frënd*innen eso...
2022-06-17
43 min
Méi wéi Sex
Eng gutt Fro: Wat ass thermesch Verhütung?
Wat – et gëtt méi wéi nëmmen Kondomer an Vasektomie?! An dëser Rubrik schwätz Kelly iwwer thermesch Verhütung: Eng Zort vun Schwangerschafts Verhütung fir Persounen mat Penis! Dest Verhütung funktionéiert mat Temperatur, ass immens sëcher an huet keng Niewewierkungen (ausser dat engem waarm gëtt) – dofir gëtt et héisch Zait dat jiddwereen_t dovun gewuer gëtt! … „Eng gutt Fro: Wat ass thermesch Verhütung?“ weiterlesen
2022-06-10
06 min
Méi wéi Sex
#98 Méi wéi Léift a Partnerschaft – Opklärung am Radio fréier an haut
Et gouf zu Lëtzebuerg schonn ee Sexpodcast, do gouf et nach guer keng Podcasts. Riets ass vun de Radiossendunge vun der Marie-Paule Molitor-Peffer. Si huet op RTL Opklärung bedriwwen, an dat op eng Manéier, déi méi progressiv war, wéi een*t sech dat mol direkt géif virstellen. Fir eis ze zielen, wéi Opklärung am Radio an den 1980er Jore geklongen huet, ass eis Liblingshistorikerin a fréier Moderatorin Anne als Special Guest zeréck. Hat huet nämlech seng Masteraarbecht iwwert déi spannend Gynekologin an hier Tabubrëch op Antenn geschri...
2022-05-20
36 min
Méi wéi Sex
Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex
Wat ass eist Bild vun eis selwer, wa mir Sex hunn? Wéi verännere Fotoen a Videoe – vun eis, a vun anere – eist Selbstbild a Selbstwäertgefill? A wéi fillt et sech un, ee Sexvideo ze maachen? De Joël an Kelly ginn dëse Froen no an diskutéieren iwwert d'Vir- a Nodeeler vu Selfien, iwwer Thirst Traps, den Drang an de Bauch eranzezéien an awer och doriwwer, wat een*t ka maachen, fir sech beim Sex méi sexy a flott ze fillen. Shownotes: Bee Secure Episod iwwer Ënnerwäsch Episod iwwer Geroch Episod i...
2022-05-10
50 min
Méi wéi Sex
#96: D’Jalousien erop maachen – een gesonden Ëmgang mat Eifersucht
Wéi geet een am beschte mat senger eegener Jalousie ëm? An wat ass, wann d*e Partner*in jalous gëtt? De Joël an d*e Robin beschwätzen an dëser Episod, wéi sech e gesonden Ëmgang mat deem Gefill fanne léisst. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dem Rihanna seng Schwangerschaft an dee politesche Statement, deen hat mat sengem Ëmgang domat setzt. An der Episod erwähnen de Joël an d*e Robin verschidde Bicher, déi sech mamm Thema Jalousie ausenaanersetzen: - Fern, Jessica : Polysecure: Attachment, Trauma and Consensual...
2022-04-22
38 min
Méi wéi Sex
#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen
Medizinesch, kulturell oder reliéis – et ginn vill Grënn, wisou een Penis beschnidde ka sinn. Ass een*t mat engem beschniddenen Penis méi oder manner sensibel an kënnt een*t méi oder manner fréi zum Orgasmus? De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat et heescht, beschnidden ze sinn an wéi si domadder eenz ginn, datt hinnen Virhaut feelt. Ausserdem ginn si der Fro no, wat mam Jesus senger Virhaut passéiert ass a wéi een sech am beschten (net) selwer beschneit. Passend zum Thema schwätzt Kelly an de...
2022-03-11
38 min
Méi wéi Sex
#92 Méi wéi eng Banan an ee Kondom – Sex Education zu Lëtzebuerg
Den 10.07.2020 huet an de Rotondes d'Ofschlossevent vun der zweeter Staffel vum Podcast stattfonnt. Do konnt ee net nëmmen seng perséinlech Définitioun vu Sex mat de Leit deelen, mee och e Froebou zur eegener Sexualerzéiung an der Schoul ausfëllen a souguer en Orgasmus molen. D'Anne an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer deen Event a ginn en Iwwerbléck iwwer d'Resultater. Och kommen d'Enji, d'Rachel an d'Jessie zu Wuert, déi den Event als Deel vun engem groussen Team matorganiséiert hunn. Wéi geseit d'Sex Education zu Lëtzebue...
2022-02-25
44 min
Méi wéi Sex
#91 Gender ass e Spektrum – Non-binary
"Non-binary" - en Term, deen ëmmer méi oft an der Gesellschaft opkënnt, ënnert anerem well ëmmer méi ëffentlech Perséinlechkeeten sech sou identifizéieren. Mee wat ass Net-Binaritéit amfong? Wéieen Ëmgang wënsche sech net-binär Mënschen vun der Gesellschaft? A wéi gesinn hir Liewensrealitéiten aus? Doriwwer schwätzen de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An der Rubrik erkläert d'Kelly, wat Binding ass a wéi een*t een Binder richteg benotzt. Berodungsstellen fir queer Mënschen: Centre LGBTIQ+ Cigale: https://www.cigale.lu/?lang=en Intersex...
2022-02-11
45 min
Méi wéi Sex
GefillsGespréicher: Iwwer schwiereg Gefiller an enken Bezéiungen schwätzen
Inhalt vun der Episode 90: Ängschten, Roserei, Trauregkeet, Enttäuschung, Jalousie oder och eng onbestëmmt Zopp aus ënnerschiddleche Gefiller: Mir hunn se all. De Joël a Kelly diskutéieren doriwwer, wei ee mat Bezéiungspersoune kann iwwer schwiereg Gefiller schwätzen. Mir froen eis: Wat ass de richtege Moment, fir e Gespréich anzeleeden? Wéi kann ech iwwer meng eege Gefiller nodenken an se uschwätzen? Wei ginn ech gutt domat ëm, wann aner Persounen iwwer schwiereg Gefiller schwätzen? An wat fir Gefiller sinn iwwerhaapt schwiereg? Dat héiert der an dëser Episode.
2022-01-28
42 min
Méi wéi Sex
Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner
An der 87. Folleg schwätzen de Joël an d‘Anne iwwer Schlussstrécher an aaner Enner. Wéi schléisst een:t säin Dag sënnvoll of? Firwat ass et gesond, heiansdo mat sech selwer respektiv bestëmmte Verhalensweise Schluss ze maachen? An wéi kann een:t Sex schéin ofronne? Dorobber sichen déi zwee Äntwerten.
2021-07-10
42 min
Méi wéi Sex
Ech kann dech gutt riche – Wéi Geroch eis Sexualitéit a Gefiller beaflosst
Schweess, Duschgel, Intimberäich, Hoer, d‘Bomi – alles huet säin eegenen, spezielle Geroch. Dëse Sënn ass immens staark mat Gefiller an Erënnerunge verknäppt. Dat mierkt een*t spéitstens dann, dann et no der Trennung iwwerall nom Wäschmëttel vun der Ex richt oder een*t sech beim Aschmiere mat Sonnecrème un d‘Vakanz erënnert. D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert Schweess, iwwert Deo, den Geroch vun Intimorganer an iwwert d‘Fro, wat et eigentlech mat deem Sex-Geroch, deen een*t ëmmer eréischt nom Akt bemierkt, op sech...
2021-06-18
41 min
Méi wéi Sex
#84 Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien
An dëser Folleg kuckt d’Team vu Méi wéi Sex, wat sech an der Mediewelt gedoen huet, säit de Joël déi éischt "Fraenzäitschrëft" am Grapp hat an d’Anne Nackedeien an der Bravo studéiert huet. Wéini gëtt vum wiem op wéi eng Aart a Weis a lëtzebuergescher Zeitungen, um Radio, a Podcasten an op der Telée iwwer Sex(ualitéit) geschwat? Doriwwer diskutéieren déi zwee an der 84. Episod. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sexaarbecht.
2021-05-21
46 min
Méi wéi Sex
#83 Méi wéi Solosex?!
Firwat, mat wat a wéi kann ee Sex mat sech selwer hunn (also Solosex, Selbstbefriddegung, Masturbatioun)? Wat huet Solosex mat Stress ze dinn? An déi wichtegst (oder villäicht och nëmmen déi witzegst) Fro: Wat ass ee “Pandemiewichser”? Dëst a villes Weideres gëss du an dësem Gespréich vum Joel a Kelly gewuer. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Testosterone.
2021-05-07
41 min
Méi wéi Sex
Wéi aus dem Kierperbillerbuch – Sport & LGBTQI+
Passt e Reebou an eng Sportshal? Wéi kann ee Schoulsport méi inklusiv gestalten a wat geschitt, wa Léierpersonal d’Schüler:innen no hirer Meenung freet? Dës Froen huet d’Anne mat de wibbelegen an engagéierte Proffe Sybille a Mandy (iron sparks crossfit) diskutéiert.
2021-04-23
43 min
Méi wéi Sex
Kleng a grouss gemeinsam Nenner – interkulturell Bezéiungen
Aner Gewunnechten, friem Astellunge – an trotzdeem eng Bezéiung? Mir schwätzen dës Kéier iwwer interkulturell Bezéiungen. No engem klengem Exkurs iwwert de Kultur-Begrëff schwätzen d‘Anne an de Joël iwwert verschidde Kulturen am Bezuch op Iessen, Schaffen, Léieren an Diskutéieren. Ausserdeem beäntwerten si déi brennend Fro, wéi wichteg et ass, de selwechten Humor wéi seng Sexpartner*innen ze hunn.
2021-04-09
39 min
Méi wéi Sex
Casual Sex
Wat ass Casual Sex? Ass et nach “casual” wann (mindestens) een sech verléift? Mat wiem huet een casual sex - an wéi léiert een sech kennen? Wéi fillt sech de Sex un? An wéi kann een gutt op sech oppassen? Dat beschwätzen Kelly an de Joël.
2021-03-12
31 min
Méi wéi Sex
#78 Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée
Et gi Bezéiungen, déi hale just eng Vakanz oder een Summer – an anerer schonn zanter dem Lycée. Wéi ass d’Liewen als Koppel, wann een*t scho sou laang zesummen ass? D’Liz an d’Geraldine zielen dem Joël, wéi si an hiren jeeweilege Bezéiungen geléiert hunn, mat Konflikter ëmzegoen an wéi (on)komplizéiert d’Relatioun zur Famill vun dem*der Partner*in si kann. Nieft der Fro, ob een iergendwann just nach eng Persoun ass, schwätze mir natierlech och doriwwer, wéi sech d’Sexliewen verännert – a wéi et opreegend bléiwe ka...
2021-02-26
48 min
Méi wéi Sex
#76 Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen
Onofhängeg dovun, ob elo e Familljemember, en Hausdéier oder en:g Koleeg:in stierft: De Verloscht kann sou wéi doen, dass engem d’Wierder feelen an een:t net weess, wéi een:t dat packe soll. Dat Gefill ass fierchterlech, mä normal. An der Folleg Nr.76 schwätzen den Elie an d’Anne iwwer verschidde Formen a Phase vun der Trauer, ginn op Traditiounen an a plädéieren dofir, dass jiddereen:t säin eegene Wee dierf goen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer eng ganz bestëmmte Form vu sexualiséierter Gewalt, nämlech: Stealth
2021-01-29
1h 06
Méi wéi Sex
Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex
Ass laange Sex besser wéi kuerzen? D’Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert d’Verhältnis vu Qualitéit an Dauer, iwwert laang Sex-Nomëtteger an opreegend Quickien an d’Fro, wéi een*t d’Längt vum Sex iwwerhaapt ka moossen. E puer Tipps, wéi een Sex an d’Längt zéie kann, gi mir och. An der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wisou verschidde Leit gären ugepisst ginn.
2021-01-15
47 min
Méi wéi Sex
#74 Méi wéi Drogen, Sex a Party – Safer Use & Safer Sex (Specialedition)
D’Nuetsliewe bitt dem Mënsch Fräiraim fir am Schutz vun der Däischtert neien Terrain ze exploréieren a sech a seng Ëmwelt nei kennen ze léieren. Ausseralldeeglesch Erfahrunge mat Sex an Droge spillen heibäi dacks eng wichteg Roll a sinn ëmmer mat engem gewësse Risiko verbonnen. Mee wéi kann een wärend dem Feieren iwwerhaapt bewosst Entscheedungen treffen? Wéi huet Corona eist Verhale verännert a wéi kann ech mech sou virbereeden, dass ech eng Balance tëscht dem Rausch a Risiko ka fannen? Vum 7. bis den 11. Dezember huet de Cesas d’s...
2021-01-01
53 min
Méi wéi Sex
Know Your Status – Mir testen eis op HIV
Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer "Skin hunger".
2020-12-04
39 min
Méi wéi Sex
Hannert dem Réck – Risiken an Niewewierkunge vum Friemgoen
Fänkt Friemgoe schonn am Kapp oder réischt am Bett un? Wat ass den Ënnerscheed tëscht Reegelen an Ofmaachungen? An lauschtert d‘Méi wéi Sex-Team och heiansdo friem? An der Folleg Nr.70 liwweren d’Kelly an den Elie Äntwerten dorobber. An der Rubrik erkläert den Elie, wéi een den eegene Schnurres mat sozialem Engagement verbannen kann.
2020-11-06
37 min
Méi wéi Sex
#67 Haaptsaach eng Gäns? – Penisonsécherheet an aner léisbar Problemer
Zitt ee mat engem klenge Penis automatesch de Kierzeren? Wéi vill verschidde lëtzebuergesch Wierder gëtt et fir dat Organ, dat an der Chatfënster scho mol a Form vun enger Aubergine opdauche kann? An ass ee mat Erektiounsstéierungen en Eenzelfall? All dës Froen diskutéieren den Elie an de Joël an där neier Folleg vu Méi wéi Sex. D’Kelly vergläicht an der aktueller Rubrik Kondomer mat Sombreroen a Kleeserchersmutzen. Wann der wësse wëllt, firwat den Ënnerscheed tëscht béidem wichteg ass, da lauschtert eran!Et gëllt wéi ë...
2020-09-25
39 min
Méi wéi Sex
Who the f*** is Marcel? — Ënnerwäsch vun der Tennisstrëmp bis zur Spëtzebéckselchen
Firwat huet de Winnie Puuh keng Ënneschtbox un? Gëtt et Ënnerwäsch mat Spëtzt fir Mënsche mat Penis? Sinn Tennisstrëmp an der Kombi mat Birkenstock sexy? A wien ass deen ominéisen de Marcel? De Joël an d’Anne maachen et an der 66. Episod vu Méi wéi Sex gewëssermoosse wéi d’Superheld:innen a ginn der Ënnerwäsch méi Visibilitéit wéi soss.
2020-09-11
47 min
Méi wéi Sex
E schéint Nospill – Réckbléck op déi zweet Staffel
Mir sinn um Enn vun der zweeter Staffel ukomm an zéie Bilan. Hu mir iwwer méi wéi Sex geschwat? Nieft ärem Feedback schwätze mir doriwwer, wat eis schéinsten a witzegst wéi och schwieregst Momenter waren, wat gefeelt huet a wat fir Themen op iech an der drëtter Staffel duerchkommen. Wat ass ee Summerfling? An der leschter Rubrik virun der Summerpaus erkläert den Elie wéi een eng schéin Zäit zu 2 verbrénge kann, a wei een sech am beschten uleet vir ee Summer Fling ze fannen. Stay hydrated, kids...
2020-08-07
40 min
Méi wéi Sex
Tattooen
Firwat huet een Tattooen? Veränneren Tätowéierungen d’Perceptioun vun engem selwer oder wéi een aner Persoune gesäit? An wéi ass et mat der (frëndschaftlecher, romantescher an/oder sexueller) Unzéiung zu Léit wann se (keng) Tattooen hunn? Doriwwer (an nach méi) plauderen d’Kelly an d’Lynn. An der Rubrik äntwert d'Kelly op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°4 : “Ass dat normal … keen Orgasmus kennen ze hunn?”
2020-07-24
42 min
Méi wéi Sex
Méi wéi Sex an Zäite vu Corona
Wat mëcht Covid mat Bezéiungen, Intimitéit a Sexualitéit? Wéi ass Dating wärend enger globaler Pandemie? D’Kelly an d’Anne ziele vun hiren Erfarungen a schwätzen iwwer Masturbatioun, mental health an nach vill méi.An der Rubrik äntwert den Eile op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°3 - Erektiounsproblemer. Et gi verschidde Grënn, firwat ee keng Erektioun hale kann. E puer Froen déi een sech stelle soll sinn: Kann ech eng Erektioun halen, wann ech eleng masturbéieren? Geschitt mer dëst nëmme mat enger Partnerin oder engem Partner? War d...
2020-07-10
43 min
Méi wéi Sex
Net iessen, wat op den Dësch kënnt - Iessstéierung(en)
Hunn Iessstéierungen ëmmer eppes mam Ausgesinn ze dinn? Gëtt et sou eppes wéi "rëm Iessen léieren"? A wéi nennt een Leit, déi hir Krankheet iwwerlieft an de Wee zréck zu engem agreabelen Ëmgang mat Liewensmëttel fonnt hunn? All dëst diskutéieren d´Anne an d´Nora an dëser Folleg. Links: - Eating recovery center: https://www.eatingrecoverycenter.com/myrecoveryletter?fbclid=IwAR0lOYeOQaaVIYdBFvzQR1GvMpr1mZz-snKlQ9zmtnOOIa0a1IlxWt5AgRo - Terapienetz - Essstörung: https://www.facebook.com/TherapienetzEssstoerung - Waage e.V. – Das Fachzentrum für Essstörungen in HH...
2020-06-26
47 min
Méi wéi Sex
Männlechkeet
Et gi vill Forme vu Männlechkeet. Verschiddener si geféierlech, a beim Ausliewe kann een sech an anere wéidoen. Den Elie an de Joël schwätzen dës Kéier doriwwer, wat et heescht, e Mann ze sinn, a wéi een sech géint toxesch Männlechkeet ka stellen. Nieft Autoen, Béier an enger Kotlett um Grill kommen awer och soft boys, kritesch Männlechkeet a gutt Virbiller zur Sprooch. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een sou matenee schwätzt, dass een och gehéiert a verstane gëtt. Wat gelift? Lauschtert...
2020-05-15
30 min
Méi wéi Sex
Ech wëll eppes vun dir - mä wat?
Et kribbelt am Bauch, wann ech eng Persoun gesinn, mä heescht dat, datt ech verléift sinn? Kann sech eng néi Frëndschaft wéi verléift-sinn ufillen? Wisou well ech verschidde Leit just kucken an net upaken? D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert déi verschidde Forme vun Unzéiung an erkläre Konzepter, fir besser mam Gefillschaos ëmzegoen. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer: Pleasure Mapping. Dës ass eng Technik wou ee Kierperdeeler erfaasst vir erauszefanne wat sech gutt ufillt, a wat net. Du wëlls wësse wéi? Da lauschter ...
2020-04-17
37 min
Méi wéi Sex
Erfarung fält net vum Himmel
D´Entdeckungsrees iwwer den eegene Kierper soll sech net ufille wéi en iwwerfëllten Owend op der Schueberfouer, wou e gestouss a vu jidderengem op d´Féiss getrëppelt gëtt. Wéi kann een ellen Erfarunge vermeiden a sech awer selwer kenne léieren? Iwwer schéi Weeër bis zum Punkt vun der Loscht schwätzen d´Liz, d´Laurence an d´Anne an der neier Folleg vu Méi wéi Sex. An der Rubrik schwätz d’Kelly iwwer etheschen Pornokonsum, d’Mainstream-Porno-Industrie an fair porn. Ressourcen zum Thema vun der Rubrik: - Sex-Positive...
2020-04-03
39 min
Méi wéi Sex
Verhütung
Den Elie an d’Kelly schwätzen iwwer Verhütung (och nach: Contraceptioun) a froen sech: Wat fir Verhütungsmëttele gëtt et? Wéie Verhütungsmëttel ass dat richteg fir mech? Wéi benotzen ech et richteg? A wat si Vir- an Nodeeler? An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een an Zäite vun der Quarantän gesond bleiwe kann. Ressourcen: - macontraception.lu - safersex.lu - liebesleben.de
2020-03-20
40 min
Méi wéi Sex
Playpartyen
Op eng Party goen, fir do sexuell Erfarungen ze hunn, vläicht och nach an der Grupp? Dat ass guer net esou onméiglech, wéi et vläicht klengt. De Joël schwätzt dës Kéier mat sengem Gaascht Anne doriwwer, wéi et ass, op Playpartyen ze goen, wéi een*t sech dorobber virbereet, wéi ee*nt mat Erwaardungen ëmgeet a wisou Konsens op sou Plazen immens wichteg ass.
2020-02-21
32 min
Méi wéi Sex
Méi wéi Speck
Net all Kierper huet déi selwecht Form – an dat ass och gutt esou! Haut geet et ëm mockeleg sinn. D‘Anne an de Joël erzielen, wéi si an hir Kierperen erlieft hunn, wat frustréiert huet a wéi si geléiert hunn, hire Speck ze appreciéieren. Ee Gespréich iwwert Iessen, Danzen, Nudes, Kleedung a Prominenter, déi eng Virbildfunktioun kënnen hunn.
2020-02-07
41 min
Méi wéi Sex
Toxesch Relatiounen & Frëndschafts-Schlussmachen
D’Kelly an Tessie vun der eischter Staffel, schwätzen iwwer toxesch Relatiounen a Frëndschafts-Schlussmaachen. Wéi ënnerscheet een toxesch Bezéiunge vun net-toxeschen? Wéi geet een domat em, wann een sech an enger Bezéiung oder Frëndschaft net méi wuel fillt? An der Rubrik geet et em Herpes, en Virus deen onberechtegterweis en Tabu Thema ass.
2020-01-24
34 min
Méi wéi Sex
BDSM
Bei BDSM denken déi meescht un Leit a Lack a Lieder, déi sech an däischtere Kelleren auspeitschen. Mä BDSM ass vill méi. Vill vun eis si vill méi kinky, wéi se vläicht denken. D‘Kelly an de Joël schwätzen doriwwer, wat fir verschidde Forme BDSM kann hunn a wisou et enorm sexy ka sinn, sech ze ënnerwerfen oder eng Persoun ze dominéieren. An der Rubrik froe mer eis: Wat sinn d'Grënn fir ongewollt physesch Péng beim Sex? Hei nach ee Video iwwert d'Ampelsystem, wat an der Episod erwähnt gëtt: ht...
2020-01-10
46 min
Méi wéi Sex
Sproochen beim Sex
Spuenesch, Franséisch oder dach Lëtzebuergesch mat Éisleker Accent – wat ass déi sexiest Sprooch? D'Anne an de Joël schwätzen iwwert Schwätze beim, virum an nom Sex. Wéi wichteg ass verbal Kommunikatioun a wéi verännert se sech, wann een*t eng aner Sprooch schwätzt wéi seng Sexualpartner*innen? Ausserdeem Breaking News: Brëscht hunn och en Zyklus - lauschter dozou d’Rubrik! Quell Rubrik: https://www.facebook.com/pg/givingthetalk/
2019-12-13
31 min
Méi wéi Sex
Let's talk about HIV
Den 1. Dezember ass Welt-AIDS-Dag. De Joël schwätzt dofir an dëser Episod mat sengem Gaascht Kim vun der HIV-Berodung iwwert den HI-Virus an d‘AIDS-Erkrankung. Wéi eng Methode ginn et, fir sech ze schützen, a wat huet mat deenen néien Traitementer wéi PEP a PrEP op sech? Si schwätzen awer och doriwwer, wéi et ass, wann een sech teste léisst a wéi d‘HIV-Berodung den HIV-Test aus dem Supermarché gesäit. Donieft ass d‘Homofeindlechkeet, déi nach ëmmer mam Thema HIV verbonnen ass, genee esou een Thema. An der Rubrik schwätzt d...
2019-11-29
30 min
Méi wéi Sex
Sex op ëffentleche Plazen
An da zweeter Folleg vun der 2ter Staffel diskutéiere Kelly an Anne iwwert wéi, firwat a wou Sex op ëffentleche Plazen interessant, spannend a munchmol awer och komesch oder komplizéiert ka sinn. An wei gewinnt gëtt et zum Schluss eng Rubrik. Hei erzielt eis den Elie alles wat een iwwert dat speziellt Organ "Prostate" wësse soll.
2019-10-18
29 min
Méi wéi Sex
Staffel 2. - Neit Team, Nei Stëmmen!
Wëllkomm an der 2ter Staffel vun „Méi wéi Sex“! Dat neit Team stellt sech vir: Kelly, Joël, Anne, Mirka, Elie, Mateiu. Ween mécht wat, wat sinn hier Virléiften a wat gëtt et wärend der 2ter Staffel alles ze héieren? Dat gitt dir an dëser éischter Episod gewuer. An zum Schluss gëtt et eng „How To“ - Rubrik iwwert „Gruppesex“! Lauschtert eran!
2019-10-04
29 min
Méi wéi Sex
Dating
Wat ass d’Definitioun vun engem Date? A wéi ënnerscheed sech monogamt vun net-monogamen Daten? Äntwerten op dës Froen ze fannen, ass net sou einfach wéi ee menge kéint...
2019-06-03
30 min
Méi wéi Sex
Dating Apps
D’Lucie an d’Kelly schwätzen doriwwer firwat si Dating Apps benotzen, wéi hier éischt Noriichten am Tinder-Chat ausgesinn, wéini en gudde Moment fir en Date ass an wéi hier rezentest a komeschst Tinder-Geschichten ausgaange sinn.
2019-04-15
35 min
Méi wéi Sex
Sexgespréicher
Mat wiem an wéi schwätze mir iwwer Sex (oder och net)? A firwat? Mat wiem hu mer ugefaangen iwwer Sex ze schwätzen? Wéi ass et mat Famill, Frënn oder Persoune, mat deene mer Sex hunn? Doriwwer schwätzen den Momo an d’Kelly.
2019-03-22
31 min
Méi wéi Sex
Sexuell Belästegung
Wann et drëm geet, sexuell Belästegung ze bekämpfen, läit d'Verantwortung haaptsächlech bei den Täter. Mä wat mécht een, wann ee sou enger Situatioun ausgesat ass? Wéi kann ee sech schützen? A wéi kann een aneren hëllefen? D'Anne an d'Tessie stellen e puer Methode fir. An der Rubrik ass d'Enrica vum Cigale bei Kelly am Studio, fir iwwer seng Aarbescht ze schwätzen.
2019-03-08
28 min
Méi wéi Sex
Ech wëll dech këssen
Ëmmer wann et drëms geet, eng aner Persoun fir d'éischt ze këssen, stellen sech déi selwecht Froen: Wourun erkennen ech, ob déi aner Persoun dat och wëll? Wéi ginn ech hier ze verstoen, dass ech si kësse wëll? Wéi soll de Kuss selwer idealerweis sinn? Nodeems d'Anne an d'Tessie iwwer hier Erfahrunge geschwat hunn, erkläert d'Kelly an der Rubrik, wat Sex-Shaming ass.
2018-12-28
25 min
Méi wéi Sex
Net-Monogamie
Wat ass den Ënnerscheed tëscht Net-Monogamie an Polyamorie? Wei kënnen net-monogam Bezéiungen ausgesinn? D'Kelly schwätz mam Lucie driwwer, wéi se dozou komm sinn, net-monogam ze liewen an wat dat alles sou mat sech bréngt. An der Rubrik schwätzt d'Tessie- passend zur Saison - iwwert Chrëschtdagsiessen!
2018-12-21
32 min
Méi wéi Sex
Hey Bebe, gäilen Aarsch!
Vun engem Friemen op der Strooss oder am ëffentlechen Transport ugepakt oder op opdrägelech Aart a Weis ugeschwat ze ginn, hannendrugeruff oder –gepaff ze kréien – eng Erfahrung, déi vill Leit ëmmer nees an hierem Alldag maachen. D’Anne an d’Tessie schwätzen doriwwer wéi si an hiert Emfeld domat ëmgin. Passend dozou erkläert d’Kelly duerno an der Rubrik wéi ee ka Sex hunn, deen op Einvernehmlechkeet a Respekt baséiert.
2018-11-23
30 min
Méi wéi Sex
Orgasmus
An dëser Folleg erwaard iech en Dialog iwwer Orgasmus (en Thema iwwer dat et nach souvill méi ze soe gëtt!) an en „How To“ vum Kelly doriwwer, wéi ee während dem Sex matenee schwätze kann. Fir méi Infoen zum Thema multipel Orgasmen bei Persoune mat engem Penis, kuckt iech dëse Video vun der Youtuberin a Sexualpädagogin Laci Green un. Och zum Thema Orgasmus bei Persoune mat enger Vagina huet d’Laci Green e ganz interessante Video gemaach.
2018-10-12
20 min
Rubriken
How to: Wéi benotzt een ee Butt-Plug?
Ee Butt-Plug ass ee sex toy, eng sexuell Spillsaach, déi een anal aféiert, an déi zum sexuelle Pleséier bäidroe soll. Et ginn der a verschiddene Forme, Materialie, an d’Haaptfunktioun ass, dass se vir eng Zäit am Anus bleiwe, dass een se dréit, ei een se da rëm raus hellt. Dëst ass am Verglach mat engem Dildo, oder … Continue reading "How to: Wéi benotzt een ee Butt-Plug?"
2018-09-21
08 min
Rubriken
Eng gutt Fro: Wéi beaflosst eis eng sex-negativ Welt?
Vu klengem u kréie mir (implizit an explizit) bäibruecht, dat Sex geféierlech wier an een sech fir Sexualitéit (an dofir e Kierper ze hunn) schumme misst. An da solle mer (laut Medien, Filmer asw.) als erwuesse Persoun bemol super emanzipéiert sinn an e meeeega Sexliewe mat multipelen Orgasmen hunn. Dëse kulturelle Kontext ass widderspréchlech a … Continue reading "Eng gutt Fro: Wéi beaflosst eis eng sex-negativ Welt?"
2018-09-21
08 min
Rubriken
Kapitel 8 (bonus): Besser Orgasmen
Du wëlls mei laang, mei intensiv, mei flott oder einfach mei ënnerschiddlech Orgasmen kenneléieren? Dann lauschter eran. Weider Quellen– Kapitel 3: Stress & Sex in Context– Kapitel 4: Complete you Stress Cycle– Kapitel 5: Selbstkritik an de kulturellen Kontext– Kapitel 8: How to Orgasmus Worksheet– Contexts (Sexy Contexts and Not-So-Sexy-Contexts)– Turning Off the Offs– Stress … Continue reading "Kapitel 8 (bonus): Besser Orgasmen"
2018-09-20
07 min
Rubriken
Kapitel 9: Meta-Gefiller
Weieng Gefiller mer iwwer eis Sexualitéit hunn ass méi wichteg, wei wei eis Sexualitéit ass. Dat nennt ee Meta-Gefiller, also: “wei mer eis dozou fille, wei mer eis fillen”. Lauschter era fir d’Geschicht vum Gertie ze héieren, wat sexuell Skripter mat eisen Meta-Emotiounen ze dinn hunn an fir ze verstoen, wei mir eis Meta-Emotioune kenne … Continue reading "Kapitel 9: Meta-Gefiller"
2018-09-20
07 min
Rubriken
Eng gutt Fro: Wat ass wann ech net méi vu mengem Partner oder menger Partnerin ugezu sinn, a wéi kann een doru schaffen?
2018-09-20
04 min
Rubriken
How to : Wéi navigéire ech ee Play Space?
An der leschter Rubrik hu mer driwwer geschwat, wéis de ee Kink Event fanne kanns, a wéis de dech virbereede kanns éiss de op sou een Event gees. An dëser Rubrik gi mer elo ee Schrëtt weider. Du waars vläit schonn op engem munch oder social, an hues lo entscheet op däin éischte Kink Event … Continue reading "How to : Wéi navigéire ech ee Play Space?"
2018-09-20
06 min
Rubriken
How to: Menstruatioun Life Hacks
An dëser Rubrik schwätzt Kelly iwwer Life-Hacks an Selfcare-Strategien, wéi een am beschten mat de “Niewewierkungen” vu Menstruatioun liewe kann. Et geet em Toilettëpabeiersbinden, Do’s an Dont’s géint Péng, Tipps fir Bluttflecken erauszewäschen, den Selfcare Toolkit, an nach vill méi! 🙂 Quellen– “Livia” Gerät géint Péng: https://mylivia.com/de/ – Informatiounen zum Langzyklus z.B. hei: https://www.periodenfrei.info/
2018-09-19
09 min
Rubriken
Eng gutt Fro: Wat ass thermesch Verhütung?
Wat – et gëtt méi wéi nëmmen Kondomer an Vasektomie?! An dëser Rubrik schwätz Kelly iwwer thermesch Verhütung: Eng Zort vun Schwangerschafts Verhütung fir Persounen mat Penis! Dest Verhütung funktionéiert mat Temperatur, ass immens sëcher an huet keng Niewewierkungen (ausser dat engem waarm gëtt) – dofir gëtt et héisch Zait dat jiddwereen_t dovun gewuer gëtt! … Continue reading "Eng gutt Fro: Wat ass thermesch Verhütung?"
2018-08-20
06 min
Rubriken
Eng gutt Fro: Wei funktionéiert en Schwangerschaftsofbroch zu Lëtzebuerg?
An dëser Rubrik schätz Kelly driwwer wei en Schwangerschaftsofbroch zu Lëtzebuerg funktionéiert. Mir beäntwerten Froen wéi: Wien dierf ofbriechen? Bis déi wéi villt Schwangerschaftswoch dier een ofbriechen? Wou kann ech mech hin wennen? Wat kascht dat? A wat passéiert bei deenen ënnerschiddlechen Aart a Weisen en Ofbroch ze maachen genau? Quellen – Informatiounen vum Gesondheetsministère (op Däitsch, Franséisch an Englesch) www.guichet.public.lu/de/citoyens/sante-social/droits-devoirs-patient/droits-devoirs-patient/interruption-volontaire-grossesse.html – Planning Familial www.planning.lu … Continue reading "Eng gutt Fro: Wei funktionéiert en Schwangerschaftsofbroch zu Lëtzebuerg?"
2018-06-19
09 min
Rubriken
Eng gutt Fro: Firwat soll ech mat Kanner iwwer Gender a sexuell Identitéite schwätzen?
Gender, oder Geschlecht, ass een Deel vun eiser Identitéit. Soll ech mat mengem Kand oder Jugendlechen doriwwer schwätzen, a wa jo, wéi, a firwat? Wéi kann ech iwwer Gender schwätzen? Iwwer Gender ze schwätzen heescht ze weisen dat Geschlecht net virbestemmt ass, an dat een eegen Entscheedungen treffen kann, dierf an och soll. Vir méi ze wëssen, lauschtert eran.
2018-06-18
03 min
Rubriken
Eng gutt Fro: Wat ass Sexaarbecht? (Deel 2)
An dëser Rubrik schwätzt Kelly weider iwwer Sexaarbecht: Mir héieren wéi eis Nopeschlänner Sexwork reguléieren an wat hannert dem sougenannten schwedeschen an hollänneschen Modell stescht. Dann kucke mer eis un, wei d‘Situatioun zu Lëtzebuerg ass: Wei ass Sexaarbecht gereegelt, wien sinn d‘sexworker_innen an wou fannen se Ënnerstëtzung? (Spoiler: Am Drop-In.) Dëst ass den zweeten Deel zum Thema Sexaarbecht – Rubrik Nummer 1 … Continue reading "Eng gutt Fro: Wat ass Sexaarbecht? (Deel 2)"
2018-06-13
11 min
Rubriken
Eng gutt Fro: Wat ass Stealthing?
Stealthing ass wann eng Persoun (mat Penis) den Kondom ouni d’Averständnis vun där anerer Persoun forthellt oder net benotzt – an zwar heemlech, also ouni dass déi aner Persoun dat matkritt. Leider gëtt des Form vun sexualiséierter Gewalt an deenen leschten Joer ëmmer méi verbreet. D’Kelly schätzt an dëser Rubrik driwwer wien betraff ass, firwat, an wéi een domat ëmgoen kann … Continue reading "Eng gutt Fro: Wat ass Stealthing?"
2018-06-02
04 min