podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Philippe A Joe
Shows
Erklär&Laach
Ep.119: Lescht Limoncello Lounge
Ee leschte groussen Hurrah virum Summer an eng lescht Dosis Anti-Histamin fir all eis Intelligenzallergiker. Mir gesinn eis eng final Kéier fir dës Saison, éier mir eis kreativ Batterien (di kleng ronn, di net laang halen) nees oplueden. Éier de Philippe also seng gefillt 10. Weltrees start, de Joe de ganze Summer iwwer Kazen aus Beem rett, an de Baschti sech op Menorca a sengen Hedge-Fonds-Suen wänzelt, kënnt hei nach emol de gewinnte Cocktail: Wéineg Inhalt, domm Witzer, onsécher Informatiounen, vill Léift.Edit: No der Verëf...
2025-07-08
1h 05
Erklär&Laach
Ep.118: EU SPECIAL ⎸ 3 Idioten am EU-Parlament
Den Zirkus reest op Bréissel!De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu mer natierlech direkt zougesot, eis kontrovers Meenungen an eng Valiss gepaak a si mam décke V12 op Bréissel gedüst.Niewt eisem üblechen Gefasel hu sech och dräi EU-Deputéiert an eis Ronn gesellt: d'Tilly Metz, de Charles Goerens an d'Isabel Wiseler-Lima. Merci, dass dir eise Blödsinn mat enger Portioun Intelligenz an Inhalt be...
2025-06-30
1h 15
Erklär&Laach
Ep.116: Alternativen Zeenewiessel
Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës Woch zu Lëtzebuerg geschitt ass. Als klenge Schmankerl fir eis Wëssensfanatiker zielt de Pippo eppes iwwer Frituren, fir de kurzweilegen Nolauschterer spille mir Entweder/Oder a mir maachen natierlech lauter domm Witzer op Käschte vu Minoréiten, Majoritéiten an eis selwer.
2025-06-02
1h 10
Erklär&Laach
Ep.115: Vulnerabel am Baumaart
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach?Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert. D'Themen si variéiert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wéi "Tatort: Lëtzebuerg – D'Waldbëlleger Band". D'Hosts kombinéieren dacks Ironie mat engem kriteschen Bléck op d...
2025-05-21
47 min
Erklär&Laach
Ep.112: WAS LOS AR$@#L0€%
Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser.D’Theme gi wéi gewinnt wäit auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei d’Lëtzebuerger Influencer ass hei alles dobäi, wat kee sech gewënscht huet. An nach e wichtegen Disclaimer vum Joe: OPGEPASST SATIRE
2025-04-07
1h 08
Erklär&Laach
Ep.111: Bom Dia Baaschterten
Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.
2025-03-24
1h 04
Inside The Workflow
#30 Philippe Mesritz, Chief Customer Officer and former General Manager at Community Brands: Leadership, AI, and Building High-Performing Teams
In this episode, we sit down with Philippe Mesritz, a Fractional Chief Customer Officer and former General Manager at Community Brands, known for transforming SaaS organizations and driving customer retention. Philippe shares his journey from web design and system administration to leading customer experience teams and improving Net Promoter Scores (NPS) by 40 points.From building customer-centric teams to navigating the evolving role of AI in CX, Philippe’s insights are packed with actionable takeaways. He also shares his philosophy on transparency, vision, and adaptability in leadership, as well as the importance of balancing work and life while ma...
2025-02-13
42 min
The Joe Pavich Podcast
Inside the Luxury Watch Game w/ Brent Miller of Carbon Watch Co. | The Joe Pavich Podcast
In this episode of The Joe Pavich Podcast, I sit down with Brent Miller, founder of Carbon Watch Company, for a deep dive into the world of luxury timepieces — from AP and Rolex to Patek Philippe, watch clones, care tips, and everything in between.Brent breaks down the holy trinity of horology (Audemars Piguet, Patek Philippe, and Rolex), the rising issue of near-perfect clone watches, and the dos and don’ts of proper watch maintenance. Whether you're a serious collector or just curious about high-end timepieces, this episode gives you insider knowledge on what drives value, what to a...
2024-11-25
45 min
Erklär&Laach
Ep.105: Meuterei op der Bounty
Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren onkriddelegen Themen, zum Beispill Flüchtlingen a Relioun. Mir haten och nach e ganzen Deel mat Joe-Biden-Presidentschaftswitzer dran, mee de Joseph huet eis nawell e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Domadder ass et elo offiziell: Eise Podcast ass nach méi lues wéi en ale wäisse Ma
2024-07-25
1h 23
Erklär&Laach
Ep.104: Tapis Plein um Grand-Duc senger Toilette
De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus? Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen? A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze Fliiger giess huet?
2024-07-01
58 min
De thread podcast
Patek Philippe
Patek Philippe is a brand that exudes luxury, elegance, and sophistication. From their rich history to their impeccable craftsmanship to their investment value, there are countless reasons to invest in a Patek Philippe watch. Whether you're a seasoned watch collector or a newcomer to the world of luxury timepieces, a Patek Philippe watch is a must-have addition to any collection.Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.
2024-05-15
04 min
10TB Hard Drive
Episode 9: Regular Lovers (2005, Philippe Garrel)
Joe and Gareth return to talk about Philippe Garrel's insouciant epic 'Regular Lovers' (2005).Contact us at 10tbharddrivepod@gmail.comLink to the films https://mega.nz/folder/BdNTWKwQ#3OusGkg_cyZmj7Z7mnAJPwFollow the show on instagram: https://www.instagram.com/10tbharddrive/Joe's twitter: https://twitter.com/demonloverfanGareth's twitter: https://twitter.com/canyonstrutherPhilippe Garrel on Chantal Akerman https://cinemasparagus.blogspot.com/2015/12/au-revoir-chantal-philippe-garrel.html Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.
2024-03-24
1h 29
Erklär&Laach
Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm...
Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen). A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir probéieren eis un der Welt vu muer - Kë...
2023-09-08
1h 02
CacaoCast
Épisode 260 - HomePod, Squirrel, TootSDK, Periphery, Less, Dmc, Ipatool, Joe Danger
Bienvenue dans le deux-cent-soixantième épisode de CacaoCast! Dans cet épisode, Philippe Casgrain et Philippe Guitard discutent des sujets suivants: Apple - Nouveaux HomePods Squirrel - Pour activer le défilement dans le simulateur iOS TootSDK - Créez des applications avec Mastodon Periphery - Identifiez le code Swift inutile dans votre projet Less - Un truc pour filtrer le contenu Dmc - Un outil pour tester vos logiciels macOS et leurs accès au disque Ipatool - Téléchargez les applis de l’App Store sur votre Mac Joe Danger - Un petit jeu amusant maintenant gratuit dan...
2023-02-09
56 min
Erklär&Laach
Ep.90: Heroin am Superwaljoer
2023 huet scho laang ugefaangen, mee mir erweche lo réischt aus eisem onverdéngt Wanterschlof: de Pippo an de Joe hunn alt wéinstens vun neie Rubricke gedreemt, se erziele vum Spa an der Eifel an de Baschti kritt esou lues seng Perséinlechkeet vum Radio an déi vum Podcast net méi getrennt - eng klassesch Féckmillchen. Mee ëmmerhin: eis huet et gutt gedoen, fir nees beieneen ze setzen. Lo hoffe mer just, dass dir hei net ze vill IQ-Verloscht kritt.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licens...
2023-01-23
56 min
Erklär&Laach
Ep.86: Blowal, Robb a Bison
Wéi an engem episodesche Filmmeeschterwierk vum Wes Anderson huele mir iech haut mat op eng verzaubert Rees duerch eis defekt Kläranlag, bis uewe gefëllt mat onsënnegen Themen an enger grousser Fro: Wat mécht de Joe mam Soundboard? Ausserdeem mat um Start (oder um Stizzle, wéi d'Kids net soen) sinn de Merci vun der Woch, eng philosophesch Fro an d'Thema Dout. Ça promet seet de Belsch.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-11-06
1h 14
Erklär&Laach
Ep.83: Joe du bass sou anescht ginn
Häerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts! Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier... C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kiffe.
2022-10-10
58 min
Security Unfiltered
Episode 64 - Philippe Humeau - CEO of CrowdSec
Send us a textIn this episode I talk with Philippe Humeau the CEO of CrowdSec, a company that is revolutionizing firewall security. We had a fantastic conversation and I hope everyone enjoys it! If you enjoy the podcast please go leave a review on the platform you listen, like it & share the podcast. You can also follow the podcast on social media at the links below.Follow the Podcast on Social Media!Instagram: https://www.instagram.com/secunfpodcast/Twitter: https://twitter.com/SecUnfPodcastPatreon: https://www.patreon.com/SecurityUnfilteredPodcastP...
2022-09-08
59 min
I've Been Meaning To Listen To That
Garth Brooks in... The Life of Chris Gaines (w/ Tanner Richard Craft & Joe Vrenick)
This week on "I've Been Meaning To Listen To That", we listen to "THE LIFE OF CHRIS GAINES" by GARTH BROOKS with special guests Tanner Richard Craft & Joe Vrenick (Bomb Squad Productions)! Plus Andrew, Tanner, & Joe discuss the intricate and tragic fictional backstory of Chris Gaines and how he looks like a "My Chemical Romance" reject, how some of these songs are reminiscent of the story of Cyrano de Bergerac, and Andrew recounts a very mean Youtube comment he got one time! Follow Tanner Richard Craft on Twitter (@crafttanner) and Instagram (@crafttanner) Follow Joe Vrenick...
2022-08-31
54 min
Erklär&Laach
Ep.82: Antihistamin fir Intelligenzallergiker
Et gëtt esou lues elle waarm, a mir verofschidden eis an eng absolut onverdéngte Summerpaus. Éier mir fort sinn fir an iergendenger Toilette ze tauchen, bidde mir awer natierlech nach eng Kéier eng uerdentlech Portioun Blödsinn, vum Joe senger Mamm, déi duerch hiren Hënner otemt, bis hin zu den neisten Dommheete vum lëtzebuergeschen Twitter. Fir Antiinformatioun ass wéi ëmmer gesuergt. Also léif Fësch, bis am Hierscht, passt gutt op iech op. Kussi, är dräi Liblings-Evolutiounsbremsen
2022-07-13
52 min
Erklär&Laach
Ep.80: Joe's next Topmodel
Wat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel. A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier. Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen. Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt. De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.
2022-06-14
53 min
Erklär&Laach
Ep.77: Drockverloscht an der Niveau-Kabinn
Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet.D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un.Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinnt mat 'geistiger Umnachtung', wéi se am großdeutschen Reich soen.(Jo, da...
2022-04-20
1h 26
Erklär&Laach
Ep.76: 'Nepal, Capitani & aner Sauereien'
Neies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast. Zesummen huele mir iech mat op eng weider Audiorees Richtung Verluerenzäitland an nees zréck.
2022-04-11
55 min
Erklär&Laach
Ep.75: Den Toni Schlesser a säi brennende Pissoir
Komm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest.Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer.Pas de prob.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-03-07
1h 08
The Reckless Musecast
The Reckless Musecast Ep. 25 - "The Wokification of Our Culture" w/ Philippe Gosselin
In this episode, Ben and Joe talk to Philippe Gosselin about "woke capital" and why it should concern artists, the "wokification" of our culture, the future of the arts, and how his new venture Newtown is an alternative to woke creators. Follow Ben D'Alessio at: - Website: https://www.bendalessio.com/ - Twitter: https://twitter.com/El__Ben - Instagram: https://www.instagram.com/bendalessio/ - Medium: https://medium.com/@bendalessio17 - Facebook: https://www.facebook.com/BenDAlessioWriting/ Follow...
2022-03-03
1h 40
Erklär&Laach
Ep.74: Capitani oder Erklär&Laach?
Mir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'. *Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as usual
2022-02-28
1h 12
Erklär&Laach
Ep.73: 'De finale Féck Dech un 2021'
Mir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen. Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer. De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.
2021-12-25
59 min
Erklär&Laach
Ep.72: 'Vum Peacock bis op Fribourg'
Mir huelen iech mat op eisem Wasserwerfer a fueren eng Kéier gedanklech vum Peacock bis an d'Schwäiz. Dobäi hu mer nees eng ganz Rei Stops ënnerwee: Eng elitär Geschicht vum Joe, dem Philippe säin Owend um Filmpräis, de Baschti zielt vum legendäre Gunther VI., an et gëtt endlech en neie Kack-Krimi. Nach eng Reklamm an eegener Saach: De Paus-Podcast huet eis agelueden, fir déi 4. Käerz op hirem Adventskranz ze sinn. Also lauschtert do och eng Kéier ran wann iech langweileg ass. Bussi Bussi.
2021-12-14
1h 02
Erklär&Laach
Ep.71: 'Dem Joe seng lescht Folg op fräiem Fouss'
De Podcast fänkt des Kéier an trauter Zweesamkeet un - de Joe huet nämlech eng mysteriéis Verspéidung. Hien bréngt ofgesinn vun enger klenger Strofdot awer mat Retard och eng kleng Preparatioun als Host mat. A behandelt do alles vu Märercher bis Nazien zu Schraasseg.
2021-11-24
1h 04
Erklär&Laach
Ep.68: 'Benchmark vum Wahnsinn'
De Joe huet den Host. Soss nach Froen?Ok, kuerz zesumme gefasst: Autobiographien, Baldwin-Schoss, Baschti um RTL, Ganzkierperzongen, Verfassung.Ofwiesslungsräiche Contenu à la Dennenwald.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-10-24
1h 14
Erklär&Laach
Erklär&Live @ Millebières
Mir hunn et endlech hikritt: No gefillt 69 Uleef hu mer eisen éischten Erklär&Live gefeiert, am Café Millebières. Leider ass de Joe kuerzfristeg malade tombéiert, mee d'Jill vu 'Paus.' an '(On)bekannt' konnt kuerzfristeg asprangen an huet e fantasteschen Ersatz gebueden. Hei sinn e puer Ausschnëtter, éier et dann e Méindeg nees lassgeet, mat Staffel 4 vun der Erklär&Laach.
2021-10-14
26 min
Erklär&Laach
Ep.66: 'Summer21: Mam Wingsuit an de Bierkönig'
Mir 3 al Schaffpäerd jetsetten endlech an de Summer - awer net ouni et nach eng Kéier knuppen ze loossen! Mam Baschti senger fantastescher (illegaler?) Prankshow, de makaberste Sportaktivitéite fir de Summer, dem sangende Joe, an och e puer sérieuxe Gedanken.
2021-07-26
1h 15
Erklär&Laach
Ep.65: 'Clownen klonen'
Den Zirkus ass nees an denger virtueller Stad! Deng Liblings-Entertainer (Jongleur Joe, Wuertakrobat Pippo & Dompteur Baschti) bidden nees eng vun hiren typesche Shows: frëscht Hallefwëssen an eng gesond Portioun Iwwerhieflechkeet, gemëscht mat engem Schoss Humor. Bonne dégustation.
2021-07-13
58 min
Erklär&Laach
Ep.64: 'Pinkwashing fir Faarweblanner'
Et ass PrideWeek! Nom absolut onkontroversen Erfolleg vun eiser Folge iwwer Verhütung ass et elo um Thema LGBTIQ-Akzeptanz. Wat soll do scho schif goen? Ausserdeem: De Philippe ass nom Joe lo schonn deen zweeten, dee mat engem anere Podcast friem gaangen ass, de Joe huet e Merci vun der Woch, an de Baschti ass och do.
2021-07-06
44 min
Erklär&Laach
Ep.63: 'Sex Education fir Dommer'
De Joe ass Host a steiert eist Podcastschëff (et ass just e klénge Kutter, mee ëmmerhin) riicht an en onrouegt Gewässer mat politesch inkorrekte Strudelen, engem Genderstuerm, a ville Froen, op déi mir keng Äntwert hunn. SOS! Niewebäi hu mir awer och e ganz emotionale Merci vun der Woch, villes zu der EM, an natierlech gutt Laun fir jiddereen.
2021-06-14
1h 00
Erklär&Laach
Ep. 62: 'Pippo's Pub Quiz'
-Mir behandelen an eiser Antiagressiounstherapie déi verschiddensten Themen: Vu BIcher iwwer Reklammen bis hin zum Andy Schtrack sengem neiste Message. Ausserdem huet de Philippe e Pub Quiz organiséiert, an de Joe verstréckt sech an enger Rechnung, déi sou komplizéiert ass, dass hien elo an der Klinick läitMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-06-08
1h 09
Erklär&Laach
Ep. 60: 'Den Tommy wëll eis net'
Fir eise 60. Jubiläum sëtze mir mat engem Feierowendbéierchen a beschter Laun beieneen - a poteren iwwer méiglech Gäscht fir eise Podcast, dem Joe säin neiste PR-Stunt fir den Handball, den Auto vun der Pizzeria Le Special, an nach eng ganz Rëtsch aner Dommheeten.
2021-05-12
1h 23
Erklär&Laach
Ep.58: 'Being Joe'
Wann de Joe den 'Houscht' huet, weess een ni esou genau, wat geschitt. Vu Fun Facts iwwer Naturkatastrophe bis zu der Erklärung, firwat hien ni eng Carte d'Identité dobäi huet - alles ass couvréiert. De Philippe gëtt och neien CSV-Presi. You're welcome.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-03-24
1h 02
Erklär&Laach
Ep.55: 'Mentale Keller (ausser fir den Netflix-Joe)'
Mir probéiere mat alle Mëttelen eis (an är?) schlecht Laun wegzeimpfen: Domm Gedichter, flaach Witzer, Ablécker an eise kreative 'Prozess'. Ahjo, an de Joe an de Philippe plapperen iwwer extrem peinlech Geschichten, déi si zesummen erlieft hunn.
2021-02-18
1h 04
Erklär&Laach
Ep.53: 'D'Oochener Stréckel-Verschwörung'
Zäit fir eng Stonn Eskapismus mam Netflix-Joe, dem Wahrig-Philippe & dem Bukkake-Baschti. Haut brénge mir, nieft villen anere Saachen, och endlech dem Pier seng Geschicht vun der legendärer Hausparty zu Oochen op en Enn. Also maach dir et gemittlech, verschränk d'Hänn genau esou wéi d'grumpy chicc Bernie Sanders, a lass geet et.
2021-01-25
1h 15
Diskursionen Podcast
Folge 14: Joe Bidens grüne Wende? Mit Samuel Kramer
Herzlich Willkommen zurück im Pariser Klimaabkommen, liebe USA! Jetzt können wir die Ziele endlich wieder gemeinsam nicht einhalten! Aber Schluss jetzt mit dem Zynismus. Es ist 2021, Leute, wir müssen uns endlich fragen, in welcher Gesellschaft wir leben wollen. Kein politisches Konzept eignet sich für diese Frage besser als der so genannte „Green New Deal“, der vom Sunrise-Movement um Alexandria Ocasio-Cortez wieder populär gemacht wurde. Gemeinsam mit Samuel Kramer schauen wir uns an, was dahinter steckt und grenzen diesen Green New Deal von anderen, vor allem aber vom „Green Deal“ der EU ab. Samuel ist Au...
2021-01-24
1h 21
Erklär&Laach
Ep.52: 'Era of Misinformation'
Wat ass an eiser Zäit eigentlech nach wouer? A wéi engen Informatioune kann ee vertrauen? Dat diskutéieren an dësem Experte-Gespréich de Mieresbiolog Dr. Philippe Berscheid, de Prof. Joe Dennenwald vun der Uni Sorbonne, an de weltwäit renomméierte Fake-News-Expert Sebastien Gudenburg vun Oxford. Leider ass deenen dräi am Endeffekt selwer net méi bewosst, wat si elo gleewe sollen a wat net. Vill Spaass beim intellektuelle Bungeejumping.
2021-01-17
55 min
Erklär&Laach
Ep.51: 'Maacht är Aen op! No New World Order'
De perfekten Audiobegleeder fir esou gemittlech an dat neit Joer ze starten, dass et einfach guernet sou schlëmm ka gi wéi 2021. Mir maachen e klenge Quiz, héieren Neies vum Pier vun Oochen, a beschwätzen natierlech d'Aktualitéit, ënnert anerem d'Season Finale vun der amerikanescher Demokratie, Demonstranten zu Lëtzebuerg, an de wäisse Wanter.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-01-10
1h 07
Erklär&Laach
Ep.50: 'Christmas Special'
Hohoho! Déi dräi mannerbemëttelt Kleesescher sinn do, fir Iech d'Chrëschtgeschicht aus dem Joer 2020 ze verzielen!Ausserdeem an dësem Späschel: Liicht Esoterik, de Podcastkrich, an dem Pippo seng Verwandlung vum Grinch hin zum empatheschen Darling. An elo scho mol: Schéi Feierdeeg, loosst et iech gutt goen.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-12-21
1h 17
Erklär&Laach
Ep:49: 'Je suis Eric Rolgen'
Mir mussen natierlech direkt iwwert d'Bomm schwätzen, déi des Woch an der Podcastszeen geplatzt ass: Den Eric Rolgen mat senger *opgepasst: Ironie* Libeserklärung un Enseignanten an Déifferdeng. A wien ass eigentlech déi gëlle Fro? Donieft schwätze mir och emol endlech rëm iwwert eis Liiblingsleit: Iech. Bienvenue au cirque de la lune.
2020-12-13
1h 16
Erklär&Laach
Ep.48: 'Monocock'
Genéisst elo: Eng liicht ugeschimmelt Portioun auditive Kaviar, deen ee beim Discounter an der Reklamm kritt. Disclaimer! Nieft eiser Propose fir d'Lëtzebuerger*in vum Joer, der deeper Diskussioun em Schéinheetsoperatiounen, an der Seuche, geet et och ganz kuerz em e Monocock.
2020-12-06
53 min
Erklär&Laach
Ep.47: 'When I start to fight then I fight maximum'
Mat leschter Kraaft distilléiere mir déi wéineg Glécksgefiller, déi eis nach bleiwen, an en illegal gebranntene Podcast mat 69% Blödsinnsgehalt. Vum Meisch-Meisch bis zum Marcel Ewen: Och des Woch betruechte mir aus eisem virtuellen Elfebeentuerm d'Promiszeen zu Lëtzebuerg an an der Welt. De Joe ass ausserdem erëm opgetaucht a bréngt e puer Geschichte mat. Bonus: Witzer zum Thema Supermarché.
2020-11-23
1h 07
Erklär&Laach
Intermezzo III
E kuerze Liichtbléck am groen Alldag vum Joer 2020: Et gëtt Zäit fir op eng Rei Noriichten aus Internetz ze äntweren. Ënnert anerem eng wichteg Fro vu Spogens hirem Dan. An dann freeë mir eis fir d'Lynn, a froen eis wou de Joe mat sengem Liegerad wuel hin ass...
2020-11-17
31 min
Erklär&Laach
Ep.46: 'FCK 2020'
Mir starten direkt mam Joé Bidon senger Victoire iwwert den orangen Af am wäissen Haus, haangelen eis geschéckt duerch d'Minnefelder vum Covid-19 an diskutéieren à distance de gewinnte Blödsinn. Allerdéngs gi mer Iech och wäertvoll Tipps fir den Lockdown Lite, deen sech esou lues uschläicht.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-11-08
1h 08
Erklär&Laach
Ep.45: 'Epesche 5-Kampf am Secteur 93'
Aus eisem Special 'on the road' gouf schlussendlech e gemittlechen Ethanol-Nomëtteg doheem am Studio (thanks rona): Mir spillen eng nei Oplag vun eisem 5-Kampf, bei deem et esou wuel eng Belounung, wéi och eng Bestrofung gëtt... Des Weideren dierfen natierlech kriddeleg Wuertspiller, domm Geschichten, an de Merci vun der Woch net feelen. Dee ganze Misär gëtt et des Woch och rëm op Youtube, esou als klenge Schmankerl, well mir Iech gär hunn. Bussi Bussi, ären Trio Farfalle.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative...
2020-10-25
1h 31
Le Nouvel Esprit Public
Sortir la justice de l’ornière / Qu’attendre de Joe Biden ? / n°163 (18 octobre 2020)
SORTIR LA JUSTICE DE L’ORNIERE. En avril 2016, déjà, le ministre de la Justice Jean-Jacques Urvoasconstatait : « L'institution judiciaire est en voie de clochardisation ». Alors que cette année, les dépenses publiques vont atteindre 65 % du PIB, la Commission européenne indique que la France ne consacre que 72 euros par habitant et par an à la justice, contre 146 en Allemagne et que notre pays ne compte que 10 juges pour 100.000 habitants, contre 21 pour la moyenne de l'Union européenne. D'où l'allongement des délais au détriment des citoyens. Un jugement de première instance demande 309 jours en France, contre 19 au...
2020-10-18
1h 03
Erklär&Laach
Ep.44: 'Postcast (PLS POST GËFF EIS €€)'
Mir sinn op eng Minn gestouss: Dem mysteriéise Ben säi Youtube-Channel ass voll mat lëtzebuergeschem Content-Gold, wat mir an dëser Folg fläisseg ofdroen. Niewebäi potere mir iwwert d'US-Walen, Dreem, 5G-Demonstratiounen zu Lëtzebuerg, d'Sandra aus de Ressources Humaines, a villes méi.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-10-12
1h 06
Erklär&Laach
Ep.43: 'Gastrokomiker'
En Intro vum Gastron Vogel, Wine-Tasting-Tipps, de World Veggie Day, eng Dan-Spogen-Fro zum Fiederwäissen, eis Dram-Restauranten, a villes méi zum Thema Schnabulatioun kritt dir des Woch bei enger geballter Portioun Spaghetti al Ketchup an Audioform. Dëse Podcast consomméiert een am Beschte mat engem Kanister Gedrénks.
2020-10-04
1h 02
Erklär&Laach
Ep.42: 'Morningshow (mam Gönnjamin Yves Mersch)'
Mir maachen aus eisem Podcast kuerzerhand eng gutt gelaunte Morningshow, inklusiv Presserevue, schlechte Witzer, Dramberuffer, Merci vun der Woch, enger Fro vum Dan Spogen, a villem méi. Eben sou wéi RTL fir déi aarm a geeschteg Sëlwermedailen. Mir iwwerhuele wéi gewinnt KENG Responsabilitéit falls Nolauschterer duerch dëse Podcast dauerhaft gesondheetlech Problemer kréien. Falls awer eng Persoun, déi dëse Podcast lauschtert, onverhofft räich gëtt, kréie mir 15%.
2020-09-27
1h 13
Erklär&Laach
Ep.41: 'Nowitschok... oder dach just schlecht gefrühstückt?'
De Monseigneur Joe Dennenwald duerft alt erëm d'Theme fir dësen Episod opstellen: Mir danzen um Vulkan vun der politescher Korrektheet a siche fläisseg no de Grenze vum gudde Goût. Et geet em d'State of the Union vum Flintenuschi, Streamingstars, Nowitschok, an d'Skandaler vum Tour de Luxembourg.Net feelen dierf natierlech de Merci vun der Woch! De Joe huet souguer een...Bonus: Mir loossen eis vun eise besseren Hallschente beschreiwen, mat gaaanz ënnerschiddleche Resultater.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commo...
2020-09-21
1h 43
Erklär&Laach
STAFFEL 3 Ep.40: 'Level up'
Säit eiser leschter Episode si 34.000 nei Eldo-Podcasts erauskomm, Hei Elei ass an d'Ausland gewiesselt, an de Benoit Joachim huet es endlech genuch. Mee lo si mir nees do, d'Podcast-Autokraten, vum Titel hier Fournisseurs de la Cour, vum Verstand hier liicht méi domm wéi e Stéck Toast. Mir hu vill ze beschwätzen: D'Erklär&Laach ass elo méi professionell, den Dan Spogen huet Froen fir eis, de Joe fantaséiert vun enger Sexzeen, mir beschwätzen de Podcast/Revue-Skandal, and much more. Mat dem gewinnten Niveau un intellektueller Éierlechkeet an akkurate Fakten.
2020-09-06
1h 19
Erklär&Laach
Ep.39: 'De Bam brennt'
De Joe ass Host... an et entsteet eng interessant Diskussioun? Wierklech? Jo! Dat ass zwar ongeféier esou warscheinlech wéi en Nobelpräisgewënner, deen am Éislek wunnt, mee et ass wierklech geschitt!Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-06-27
1h 00
Erklär&Laach
Ep.38: 'Boris de Briecher'
Maacht Iech prett fir dem Joe säi Gigabagger, dem Philippe seng Lektiounen aus der Kris, an dem Baschti säi gigantesche Penis! (Jo, dee leschten hei genannten schreift och ëmmer d'Texter...)Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-06-17
1h 20
Erklär&Laach
Ep.37: 'MAACHT D'SPILLPLAZEN ERËM OP!'
Alles wat dir braucht: Meenungen zum Thema George Floyd, déi beschte Corona-Verschwörungstheorien, eng Täscheluucht, an e Blauwalfakt. Bon appétit.
2020-06-09
53 min
Erklär&Laach
Ep.36: 'RIP Summer 2020'
Eise Special fir de Summer no der grousser Quarantäne vun 2020. Mat Features vun nationale Musiker a vill méi!Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-05-29
1h 13
Erklär&Laach
Intermezzo II
D'Liewe geet nees un. A mir wäerte ganz geschwënn nees beienee sëtzen! Bis et souwäit ass, hei nach e klénge Kaffisbraddler mam Pippo a Baschti.
2020-05-26
15 min
Erklär&Laach
Ep.35: 'Joe's Geschlechter-Special'
Den Numm seet eigentlech schonn alles. Héich intellektuell Betruechtunge vu Mann a Fra, zervéiert als auditiven Hors-d'oeuvre.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-05-12
1h 15
Erklär&Laach
Ep.34: 'D'Liewen an d'Revanche nom Dout'
Mir gesinn eng Luucht um Enn vum Tunnel. Dofir musse mir eis wichteg Froen stellen: Gett et e Liewen nom Dout? Wat maache mir, wa mir eis nach un engem op der Äerd räche mussen? A firwat huet de Joe de Bauch wéi?Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-05-06
1h 20
Erklär&Laach
Ep.33: 'Baschti = Beschten Host'
Mir klären op, wien an der geheimer Corona-Taskforce vun der Regierung sëtzt. Ausserdeem: eis fonkelnei Rubrik, a lauter onangeneem Froe fir de Joe an de Philippe...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-04-27
1h 03
Erklär&Laach
Ep.32: 'Diss vun der Woch?'
Eis véiert Folg mat Social Distancing, dofir awer wéi gewinnt ouni Niveau an Intellekt. Mir sinn op der Sich no engem neie Segment, wat mir all Woch maache kënnen. Spoiler Alert: Mir fannen eppes...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-04-20
1h 09
Erklär&Laach
Ep.31: 'Vu Corona-Partyen, Elsteren an Nutella-Lyoner-Schmieren'
De Joe probéiert seng Frëndin mat engem sténkege Kalzong ze betäuben. De Pippo iwwerhëlt beim Schwammen d'Leit vun ënnen. An de Baschti war lescht Woch op enger Corona-Party. Op mannst eng vun dësen Aussoe stëmmt... Checkt eisen offizielle Merch-Shop! Link an der Bio op Instagram.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-04-15
57 min
Erklär&Laach
De Feierstorch: Kapitel 5
Nodeems Hei Elei, Paus, Happy Hippo, an Tun&Max schonn de Feierstorch op senger Rees begleet hunn, ass et elo un eis. Maacht Iech prett fir eng Achterbunn vun de Gefiller op der Sich nom Scoville-Rubin.
2020-04-06
13 min
Erklär&Laach
Ep.30: 'Dag 420 an der Quarantäne'
De Joe ass haut als Host drun. Wierklech, ganz éierlech. Dir kënnt jo zréck goen a lauschteren. Baschti, Pippo, Joe, Special. Baschti, Pippo, .... an dann de Joe! Naja, oder och net. (Beschte Promotext ever gell)Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-03-31
50 min
Erklär&Laach
Ep.29: 'Vu Social Distancing bis Biberschwänz'
Lescht Woch hu mir eis nach live gesinn... a lo geet dat net méi! Wat ass geschitt? Wien ass schold? Dat a vill aner wichteg Themen (zum Beispill Eclairen a Biberen) kläre mir op! Haalt duerch doheem a bleift gesond. P,B&JMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-03-23
1h 08
Erklär&Laach
STAFFEL 2 Ep.28: 'De Krisepodcast'
Mir sinn erëm do, well d'Land eis braucht! Corona leet d'ëffentlecht Liewen op Äis, also komme mir mam Bunsenbrenner, enger Petitioun an Tonne vun (net) eescht gemengten Tipps...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-03-16
1h 11
Erklär&Laach
Ep.27: 'De Joe a seng lieweg Zwibbel'
De Joe huet schlëmm Problemer doheem... dat hënnert eis awer net drun, fir aner Themen ze bebraddelen: Corona, Gerüchter a Mythen, e Sproochquiz, a villes méi. Mindest-IQ vu 50 ass erfuerderlech!Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-02-02
1h 27
Erklär&Laach
Ep.26: 'Deng Mamm kéint sech roueg hier Couille raséieren'
Är dräi Heelpraktiker vum Déngscht si rëm do! Mir trippen op enger Iwwerdosis Globuli a beschwätzen alles Wichteges am neie Joer: Eis Virsätz, déi national Kulturzeen, wei ee richteg an de Kino geet, a vill Froen aus der Fësch-Community! Plus geheime Bonus...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-01-26
1h 12
Erklär&Laach
Ep.25: 'De groussen (a wichtege) Joresréckbléck 2019
Megaeditioun genau fir Chrëschtdag a Silvester! Mir loossen d'Joer Revue passéieren a beschwätzen alles Wichteges vun Area 51 bis zum Tornado. Dëse Podcast ass zertifiéierte Fournisseur de la Cour, made in Luxembourg.
2019-12-24
1h 41
Erklär&Laach
Ep.24: 'Yakuza-Joe, Russepippo a Big Baschti'
De grousse Mafiameeting vun der Erklär&Laach ass do! De Podcast fir all Mobsters, Halunken an illegal Gesellen. (Léisst sech am Beschte genéisse mat Wäin an/oder Koks)
2019-12-08
1h 10
Erklär&Laach
Ep.23: 'Mécht dat hei iwwerhaapt nach Sënn?'
De genetesch manipuléierte Kaviar vum Podcastbuffet ass erëm do. Dës Woch: Wéi laang den CR7 Sex huet, eng schwéier Beleidegung an déifgrënneg Froen zum Thema Masturbatioun/Onanie. Mir kommen dem grousse Mysterium vum Prager Fenstersturz leider rëm net méi no...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-12-01
1h 02
Erklär&Laach
Ep.22: 'Hien ass mam Drock net eenz ginn'
Erklär&Themen: Déi gréisst Whatsappgrupp vun der Welt, Rassismus zu Lëtzebuerg an dem Joe seng schwéier Vergaangenheet als Skater Boy...An natierlech nach vill méi. Fir Risiken an Niewewierkungen consultéiert w.e.g. Ären Druid an/oder Schaman.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-11-26
52 min
Erklär&Laach
Ep.21: 'The band is back together'
Podcastkrich, Pit Witzeg vs. Joe Mores, an eng onwarscheinlech Frëndschaft tëscht engem Tiger an enger Geess. Ausserdem: Dem Pippo seng Erliewnisser op der Spielemesse, Neies aus der Welt, an natierlech de Merci vun der Woch. Dëse Podcast eegent sech gutt als Medizin bei liichten Erkrankungen oder als Depressiva. Vergiesst net, e gudden Tacos ze iessen. Aiii.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-11-10
1h 07
Erklär&Laach
Intermezzo
20 Folgen E&L? Zäit fir e klengen Intermezzo! Opgepasst: Dëse Podcast enthält Clickbait a Sponsoring!
2019-10-30
07 min
Erklär&Laach
Episode 20: 'Papp erschéisst Mamm -> Kiffen -> Ouni Zänn op der Gare leien'
Eng lëtzebuergesch Kaméidi iwwer kleng Leit, Cannabis, an de Kuwait. An de Rollen: Pippo Berscheid als Gyberien's Gast, Joe 'Capitani' Dennenwald als Billie Eilish, an de Baschti Gudenburg als dank Memelord (an immens léiwe Mënsch). A weidere Rollen: Fernand Kartheiser, d'Nationalequipe an eng Reklamm fir lëtzebuergesche Béier...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-10-13
1h 02
Erklär&Laach
Ep.19: 'Vu Fësch an schwaarze Lächer'
Dës Woch sin d'Bouwen e bësschen méi seriö ënnerwee, och si ginn aal. De Joe huet den Houscht an sech e puer intressant Themen iwwerluecht. An jo, mir schwetzen letzebuergesch Podcasts un, wei all dei aaner.. sorry
2019-10-09
53 min
Erklär&Laach
Ep.18: 'Aus Scheisse mach Blume'
Sou oder sou ähnlech kann een d'Jongen des Woch beschreiwen. Et as e besschen Rou agekéiert an är dräi Lieblingsschlawiner konnten sech rem mat de wichtegen Themen vum Liewen beschäftegen. An deser Folg wier de Joe gär rem schwaarz. De Baschti ernimmt e béist Wuert. An dem Philippe freet sech op de Felix der Hase hautzedaags genausou reesen kéint wéi freier. LG E&LMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-09-29
1h 09
Erklär&Laach
Ep.17: 'Saumon mat Schleeken op der Bowl'
Är Lieblingsjongen schwätzen des Woch iwwer hier "Namensgeber": d'Kläranlagen. Aaner Themen sin Modern Kricher, d'Schoulrentrée, Expeditiounen an Draamberuffer. A wonnert Iech net.. de Joe kennt ze spéit.. Gros BisousMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-09-18
52 min
Erklär&Laach
Ep.16: 'Brexit ouni Capitani'
An der neier Episode vum EU-Commissaire Nicolas Schmit sengem offizielle Podcast geet et em déi nei RTL-Serie Capitani, Brexit, a Bowls. Et sinn Emotiounen am Spill, mee de Philippe ass zréck aus Grönland (mission failed), a kann de Joe an de Baschti mat senger engelsgläicher Stëmm berouegen.
2019-09-11
58 min
Erklär&Laach
Ep.15: 'Dem Joe säi roude Fuedem'
Wärend de Philippe op geheimer Missioun ass, stellen de Joe a Baschti e Weltrekord op. De Joe moderéiert duerch di längst Episode vun ever, vun Statussymboler iwwer Viruerdeeler bis zu fléienden Taxien. Et war Ginpresso am Spill...
2019-09-02
1h 27
Erklär&Laach
Ep.14: 'Lies mol rem e Buch'
De Joe ass erëm operstaan! Doriwwer sinn déi aner zwee ganz vill frou :-* Bäi engem feinen Whisky an enger gudder Staang Ducal beschwätzen déi 3 des Woch ënner anerem d'Bicher déi se an der Schoul gelies hunn, Saachen déi se an de Koffer paken, Muséeën, den Epstein an virun allem kritt der déi nei E&L-Tapp gewisen. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-08-19
59 min
Erklär&Laach
Ep.13: 'Rest in Peace Joe'
De Joe ass des Kéier net derbäi..mee wisou? Fannt et an senger leschter Voicemail eraus. Desweideren schwätzen de Baschti an de Philippe natierlech iwwert den Tornado, lëtzebuerger Spréchwierder, Festivals an wat geschitt wann een ze vill Viz drénkt. Donieft ass alt deen üblechen Blödsinn derbäi mam Ënnerscheed datt mer des Woch vill no ärer Hëllef froen. Mer zielen Iech awer dofir och dat gréissten Geheimnis aus dem Äishockey. PS. Séchert iech an dëser Folge är ganz eegen Erklär&Taass!Meatball Parad...
2019-08-12
1h 05
Erklär&Laach
Ep.12: 'Spotted Lëtzebuerg..:Studentenjobs'
Des Woch steet en neien Special um Programm! Thema vun deser Episode: Vakanzenjobs an onnéideg Hobbies. Donierwt stelle mer eis awer och soss lauder onnéideg Froen an braddelen eis all Leed vun der Séil. Wei een an der Nuecht an den Auchan kennt, wei Versecherungen verkaaf gin an wat d'Dachsenfamill vun der N24 domat ze din huet, gidd der alles an deser Folge gewuer. GL HFMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-08-04
1h 13
Erklär&Laach
Ep.11: 'Eng nët immens deep Folg'
De Joe, de Baschti an de Philippe si erëm vereent an kennen sech des Woch erëm richteg un d'Knéien fueren. Dofir schaffen se an dëser Episode ganz traumatesch Erliefnisser op... wat gutt Virsätz, de Konny Reimann an divers Kierperflëssegkeeten domat ze dinn hunn lauschtert der iech am beschten selwer un. Haut erëm mam Prager Fenstersturz an ouni de Frank Elstner. P.S. décke KussMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-07-30
1h 03
Erklär&Laach
Ep.10: 'Island, Lëtzebuerg, an eng Summerresidenz'
De Philippe huet des Woch den Houscht, mee hien setzt op engem (schmelzende) Gletscher an Island! Dofir stellt hien stellt seng Froen un de Baschti a Joe per Fläschepost... Mir beschwätzen trotzdem rem vill Dommheeten, enner anerem di gréisst Fehler vun der Menschheet, Stars aus Hollywood, di bäscht Sprëch, Drohnen, Klima, bla bla bla. Dat Üblecht, just an engem anere Format. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-07-21
1h 01
Erklär&Laach
Ep.9: 'Donkel Säit vum Mound'
Mer haten erëm eng ganz opreegend Woch... zielen awer näischt dovunner, de Joe zielt amplaz vun enger Kanddaf, de Sebastien sicht e Spill, well en seng Masteraarbecht ofginn huet an de Philippe war Geméis kucken. Desweideren hunn mer eis gefrot wat mer maachen géingen wann mer onsiichtbar wieren an wei eis Begriefnes géing ausgesinn. Natierlech ernimmen mer des Woch awer och d'Flintenuschi, d'Kickerweltmeeschterschaft an ginn eis net-fundéiert Meenung zum Carola Rackete of. P.S. den DJ Bass-T huet des Woch opgeluecht. dk E&LMeatball Parade Kevin M...
2019-07-10
1h 07
Erklär&Laach
Ep.8: 'Zäit as wéi en indeschen Zug'
D'Summervakanz steet firun der Diir daat heescht fir eis: Zäit fir e Vakanzenspecial! Haut extra ouni den Camille Ney.Mir maachen eis Gedanken iwwert Vakanzen, ginn Tipps, erzielen vun Erliewnisser an probeieren d'Weltherrschaft rem un eis ze räissen. Selbstverständlech reegen mer eis och iwwert d'Temperaturen op. Mee ganz eierlech et as och waarm, et soll mol rem reenen...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-06-30
1h 01
Erklär&Laach
Ep.7: 'Dei Woch hei hëllt eis keen'
Net op der Plaatz, mee a Gedanken bäieneen. Mer hun eis des Woch zu enger SkypeSession getraff an schwätzen bessen iwwer de Passé.. an projetzéieren eis an d'Zukunft. Wat dat awer lo mat Nieren vum asiateschen Schwarzmaart an den Frais'en op lëtzebuerger Banken ze dinn huet, héiert der an dëser Episode.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-06-23
1h 05