Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

Poterkescht

Shows

Poterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLRéckbléck Nationalfeierdag a fir en Test léieren (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!-Transkript:Réckbléck - NationalfeierdagEmma: Salut Alma! Hues de gutt gefeiert fir Nationalfeierdag?Alma: Hallo Emma! Jo, ech hat e super Owend!Emma: Cool, wat hues du da gemaach?Alma: Ech si géint aacht Auer mat enger Frëndin an d'Stad gefuer. Et ware scho vill Leit do an d'Stëmmung war richteg flott. Mir sinn duerch d’Stad getrëppelt a ware bei déi verschi...2025-06-2405 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLMeteo a Vëlo fueren (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt eng Wiederprevisioun, an duerno héiere mir, wéi zwou Persoune Pläng fir de Weekend maachen-Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptEng Wiederprevisioun  Da Komme mer elo zu der Meteo fir de Weekend: Den Abrëll weist sech dëse Weekend vu senger beschter Säit! E Samschdeg erwaart eis e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleken. D’Temperature klamme bis op 18 Grad am Norden an 21 Grad am Süde vum Land...2025-04-2404 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLIwwer Blutt spende schwätzen (B2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut erzielt eis eng Persoun iwwer hir Erfarung mat Blutt spenden.Wann dir och Bluttspender wëllt ginn, fannt dir méi Informatiounen op www.dondusang.lu.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Moodle-Account, klickt einfach op "Access as guest".2025-04-2206 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLPläng fir Ouschteren an eng Wanderung (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer hir Pläng fir den Ouschterweekend schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou aner Persounen eng Wanderung an de Mëllerdall plangen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptPläng fir Ouschteren A: An, hues de schonn eppes vir fir den Ouschterweekend? B: Jo, natierlech! Mir maachen de vollen Ouschterprogramm mat eiesem Klengen. E Samschdeg fierwe mir doheem Ouschtereeër, dorops freet hie sech schonn...2025-04-1604 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAm Buchclub (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi dräi Persounen zesummen am Buchclub iwwer e Buch schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Am BuchclubA: Ok, mir kënnen ufänken: Wéi huet iech de Roman gefall? Ech si gespaant!B: Ech hunn d’Buch gëschter Owend nach séier fäerdeggelies. Ech war net esou motivéiert. Leider huet et mir net esou gutt gefall.A: Dat ass schued! Wëlls de eis soen, firw...2025-04-0904 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLE Rendez-vous ofsoen & de Schlëssel verluer (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen telefonéieren an e Rendez-vous ofsoen. Duerno lauschtere mir, wéi eng Persoun doheem no hirem Schlëssel sicht.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Acess as guest''.2025-04-0305 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAm A1-Sproochecours & en Abrëllsgeck (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir eng Situatioun an engem A1-Sproochecours. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Am A1-Sproochecours P : Gudde Moien, alleguer! Wéi geet et iech ? A & B: Ganz gutt ! P: Haut maache mir eng kleng Widderhuelung vum leschte Cours. Eva, kanns du dech virstellen a soen, vu wou s du kënns ? Formuléier duerno eng Fro fir däin Noper. C : Moien, ech sinn d’Eva. Ech kommen aus Ungarn, v...2025-04-0106 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLBretzelsonndeg & beim Bäcker (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut erziele mir iech e bëssen iwwer Bretzelsonndeg. Passend zum Theema héiere mir duerno en Dialog an enger Bäckerei.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Bretzelsonndeg A: Salut Alain! An, hues du schonn deng Bretzel fir Bretzelsonndeg kaf? B: Bretzelsonndeg? Wat ass dat? Kléngt gutt, mee ech hunn nach ni eppes dovun héieren. A: Seriö? Dat ass eng ganz flott Traditioun hei zu Lëtzebuerg. De véierte Sonndeg an der Faaschtenz...2025-03-2704 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLRendez-vous an de Kino & d'Auer gëtt geréckelt (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous fir an de Kino ausmaachen. Duerno schwätze mir nach iwwer d'Summerzäit an d'Auer, déi dëse Weekend geréckelt gëtt.-D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".2025-03-2506 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAn der Crèche: Mat den Elteren iwwer e Problem schwätzen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Op Nofro vum Ministère hu mir haut erëm en Episod zum Theema Crèche fir iech. Mir héieren, wéi eng Educatrice eng Mamm iwwer e Problem mat hirem Kand informéiert.Vill Spaass!-TranskriptEducatrice: Madamm Horváth, hutt Dir nach ee Moment Zäit, fir iwwer de Máté ze schwätzen? Mamm: Jo, natierlech. Ass alles ok? Educatrice: Et ass näischt Schlëmmes, mee mir hu gemierkt, datt de Máté déi lescht De...2025-03-2002 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDialog op der Post & an der Urgence (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun wéinst engem Pak op der Post reclaméiert. Duerno héiere mir en Dialog vun enger Urgence am Spidol.Vill Spaass!----D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir brauch kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.2025-03-1806 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAn enger Crèche schaffen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am éischten Dialog vun haut héiere mir, wéi eng Persoun sech bei enger Frëndin informéiert, wat fir en Diplom ee brauch, fir an enger Crèche ze schaffen. Duerno héiere mir, wéi eng Stagiaire mat hirem Tuteur schwätzt an Aktivitéite proposéiert.Vill Spaass beim Nolauschteren!-D'Transkript vun dësem Episod kënnt dirhei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.2025-03-1305 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLInterview mam Luc Spada (B2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut hu mir de Museker, Schrëftsteller a Schauspiller Luc Spada bei eis am Studio. Mir schwätzen e bësse mat him iwwer seng kreativ Aarbecht a seng nei EP, ,,Alles nur Poetry''.Méi Informatiounen iwwer de Luc a seng Musek fannt dirop sengem Site.Wann dir seng Musek gär live héiere wëllt, kënnt dir dat den 18. Mäerz 2025 an der Abtei Neimënster an den 23. Mäerz 2025 Beim Krukert zu Garnech.2025-03-1107 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLSäin Dramhaus an d'Géigend beschreiwen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun hiert Dramhaus beschreift. Duerno schwätzt eng Persoun iwwer d'Géigend, an där si elo wunnt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Säin Dramhaus beschreiwenBen: Du gesäis awer frou aus. Wéi war d’Visitt? Joulie: Hei Ben, se war fantastesch. Dat Haus ass en absolutten Dram. Gi mir et d’nächst Woch zesumme kucken? Ben: Dann ziel mol fir d‘éischt. Wat huet der da sou g...2025-03-0603 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLGespréicher mat Elteren iwwer d'Kanner (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir zwee Dialoger iwwer Kanner. Am éischten Dialog rifft eng Educatrice aus der Crèche der Mamm un, well hiert Kand krank ass. Am zweeten Dialog geet et ëm e Kand, wat an der Spillschoul Sträit mat engem anere Kand hat.Vill Spaass beim Nolauschteren!-D'Transkript fir dësen Episod kënnt dirhei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.2025-03-0404 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLSpecial: 1 Joer PoterkëschtWëllkomm zréck an der Poterkëscht ! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. D’Poterkëscht existéiert elo genee ee Joer. Den éischten Episod ass den 22. Februar 2024 erauskomm. Hei e puer Zuelen a Fakten zum Podcast. D’Poterkëscht sinn... Stand haut: 85 Episoden, an dat sinn alles an allem ongeféier 6 Stonnen Audiomaterial a mir hunn et fäerdegbruecht, fir iwwer 1300 Follower ze kréien. Et lauschteren ongeféier grad esou vill Frae wéi Männer eise Podcast, et si just 3% méi Fraen.  D’Poterkëscht huet och Nolauschterer...2025-02-2705 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLEn Dag an der Crèche (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi e Papp säi Meedchen an d'Crèche siche geet, a vun der Educatrice den Dagesoflaf erzielt kritt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript vun dësem Episod kënnt dir ënnertdësem Link noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".2025-02-2505 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLFuesent zu Lëtzebuerg (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut schwätze mir iwwer d'Fueszäit zu Lëtzebuerg.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:A: Schued! Geschwënn ass d’Fuesent scho rëm riwwer!B: Waars de op engem Fuesbal?A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op zwou Kavalkaden!B: Wow! Du hues vill Energie! Als wat waars de da verkleet?A: Ech war eng Kéier als Prinzessin an eng Kéier als Maus verkleet, a fir op d’Kavalka...2025-02-1904 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLOp eng Hochzäit goen (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript Aluedung op eng Hochzäit    A: O, kuck emol! Ech sinn op eng Hochzäit invitéiert ginn!  B: Ou?! Vu wiem dann?  A: Vum Marie a vum Bruno.   B: Da lies emol vir, wat op der Invitatioun steet !  A: Ok, ee Moment … Léift Lucie, du bass heimat häerzlech invitéiert, dee schéinsten Dag vun eisem Liewe mat eis ze feieren.  B: Wéi romantesch!  A: De 15. Juni um 15 A...2025-02-1305 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLVältesdag (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! E Freideg ass de 14. Februar, also Vältesdag. Haut lauschtere mir en Dialog, wou eng Koppel iwwer dëst Theema diskutéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Vältesdag A: So, du weess jo, geschwënn ass Vältesdag.  B: Wat ass geschwënn?  A: Ma, Vältesdag.  B: Hei, nee, fänk net erëm un! Ech hunn dir dach d’lescht Joer schonn erkläert, datt ech dee blöden Dag net feieren.  A...2025-02-1102 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLVum Wantersport erzielen (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, wéi d'Schivakanz vun de Frënn aus dem leschten Episod war a wat si alles gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Iwwert eng Schivakanz schwätzen   A: Hallo! An wéi war är Schivakanz? Schued, datt mir eis do net iwwert de Wee gelaf sinn. Ech war och do mat de Kanner  B: Jo, den Tony sot mir, dass dir och do waart, mee vläicht ass et och besser, datt mir eis net i...2025-02-0604 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAn de Wantersport fueren (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Personen hir Walliss fir an de Wantersport paken. Duerno héiere mir e Gespréich am Auto. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dirhei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt wgl. einfach op ,,Access as guest''.2025-02-0405 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLLiichtmëssdag (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer eng Lëtzebuergesch Traditioun, Liichtmëssdag. Wat dat genau ass, héiere mir haut. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Hallo Luc! Ech hu viru Kuerzem vun enger lëtzebuergescher Traditioun héieren, déi ech nach net kennen: Liichtmëssdag. Kanns du mir soen, wat dat ass?  B: Natierlech! Liichtmëssdag gëtt zu Lëtzebuerg all Joer den 2. Februar gefeiert. Dat ass de Virowend vum Dag vum Hellege Blasius, an do ginn d’Kanner liichten.  A: Liichten ...2025-01-3003 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLEn Jobinterview (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut lauschtere mir en Jobinterview. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Jobinterview Accueil: Gudde Moie Monsieur. B: Gudde Moien. Ech hunn elo um 10:15 Auer, e Rendez-vous fir en Entretien. A: Wéi ass Ären Numm wgl.? B: Ech heesche Bertrand Lafontaine. A: Kënnt Dir Ären Numm buschtawéieren, wannechgelift? B: Jo, natierlech. Mäi Virnumm ass B-E-R-T-R-A-N-D. Mäi Familljennum ass L-A-F-O-N-T-A-I-N-E. A: Ajo, ech gesinn. Dir sidd op der Lësc...2025-01-2803 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLHobby: Badminton (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, Badminton spillen, a säin Engagement an engem Veräin zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, a wéi et dozou komm ass, datt hie President vun engem Veräin ginn ass.  Mo...2025-01-2303 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAm Reesbüro (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Koppel sech am Reesbüro iwwer hir Vakanz beschwéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Reesbüro A: Gudde Moien, Madamm Müller! Mir musse mat Iech iwwer eis lescht Vakanz schwätzen. Mir si wierklech enttäuscht!  C: Gudde Moien, Här a Madamm Weber! O jee, dat deet mir awer leed. Wat ass da genau geschitt?  B: Éierlech gesot goung sou zimmlech alles schif, w...2025-01-2104 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAm Sproochecafé (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi an engem Sproochecafé matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Sproochecafé Organisatrice: Moien an häerzlech Wëllkomm hei zu Luerenzweiler an eisem Sproochecafé! Dir kënnt hei véier Sproochen schwätzen an trainéieren. Op der rietser Säit, hei vir, ass den Dësch fir Däitsch, riets, bei der Dier, ass Lëtzebuergesch, niewendrun ass Franséisch an do ass den Dësch, fir Engl...2025-01-1604 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLInterview mam Maisy Gorza (B2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Maisy Gorza, d'Directrice vum INLL bei eis am Studio. Mir schwätze mat him zesummen iwwer den INLL. Vill Spaass beim Nolauschteren! -- Fir dësen Episod ass keen Transkript disponibel.2025-01-1411 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLHobby: Trail Lafen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Güneş iwwer säin Hobby, Trail lafen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A : Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir erëm eng Kéier iwwer Hobbyen. Mir hunn dofir en Apprenant aus dem INL bei eis am Studio, de Güneş. Wëllkomm am Studio!  B: Moien!  A: Güneş, du léiers de Moment Lëtzebuergesch. Zanter wéini?  B: Ech léieren zanter engem Joer Lëtzebuergesch...2025-01-0902 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLVirsätz fir dat neit Joer (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir e bëssen iwwer Virsätz fir dat neit Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Virsätz fir d’neit Joer  A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht ! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Virsätz fir d’neit Joer. Dat passt, oder?  B: Absolut! Ech huele mir ëmmer gär e puer gutt Virsätz, och wann ech se meeschtens am Februar schonn opginn.  C: Max, du bass net eleng! Ech d...2025-01-0703 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLVun enger Sylvesterfeier erzielen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hire Sylvesterowend schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: A: Prost a vill Gléck am neie Joer!  B: Prost! Och fir dech, virun allem eng gutt Gesondheet. Gëschter war jo mol e lëschtegen Owend.  A: Gell. Bis wéi vill Auer bass du bliwwen?  B: O Mamm, vill ze laang.  A: Firwat sees de dat?  B: Ma de Christian huet net opgehalen ei...2025-01-0203 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLE chatoescht Chrëschtdagsiessen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Mir hoffen, datt dir schéi Feierdeeg hat. Am Episod vun haut erziele mir vun engem chaotesche Chrëschtdagsiessen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: B: Hallo! Wéi geet et dir? A: Hallo! Gutt an dir? Wéi waren deng Feierdeeg ? B : Jooo…hmm… Hellegowend war immens schéin, mee Chrëschtdag selwer war fuerchtbar! A: Wéi? Wat ass da geschitt? B: Am Ufank war nach alles an der Rei. Mir hunn e puer Kippercher Cremant gedronk – verschiddener, menger Meenung no, e puer ze vill – an derbäi gouf et immens gutt Aperiti...2024-12-2604 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDe Wanter a Wanterpneuen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir e bësse méi allgemeng iwwer de Wanter, an duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Wanterpneue schwätzen. - Transkript: De Wanter Am Wanter ass et zu Lëtzebuerg kal, net grad esou kal wéi an den nërdleche Länner, mee et kënnen awer och Minusgrade ginn. Meeschtens sinn d’Temperaturen ëm déi 5 Grad an et reent och vill. Zu Lëtzebuerg schneit et leider net méi vill, mee wann ee mo...2024-12-1905 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDe Stot an d'Hausregelen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Koppel iwwer déi verschidden Aufgaben am Stot schwätzt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun en Zëmmer an enger WG kucke geet. - Den Transkript fir dësen Episod kënnt méi spéit no. Merci fir Är Gedold!2024-12-1705 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLD'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg (B2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Gilles iwwer d'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Klickt wgl. uewe riets op ,,Access as guest''.2024-12-1208 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLE Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Nathalie : O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill Zäit, mee ech muss onbedéngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer … oder vläicht en Donneschdeg ? Hoffentlech hu se nach eppes fräi … Ech ruffen emol un a froen.  C : Gudde Moien, Salon ,,Schnipp Schnapp’’, wéi kann ech Iech hëllefen? 2024-12-1003 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAussprooch "ch" (A1-A2)Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht!  Haut erklären mir d’Aussprooch vum “ch”. Wéini soe mir [χ] a wéini soe mir [ɕ] ?  - Transkript:  A: Wéi schwätzt een dat Wuert aus?  B: Buch.  A: An dat?  B: Bicher.  A: Mee, firwat “Buch” a firwat “Bicher”?  B: Also: “Bicher” ass de Pluriel vu “Buch”.       An et gëtt och glécklecherweis eng Reegel, wéini mir [χ] a wéini mir [ɕ] soen.       Wa virun dem “ch” en “a”, en “o” oder en “u” ass, da soe mir [χ...2024-12-0505 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLKleeserchersdag (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass de 6. Dezember. Zu Lëtzebuerg ass dat e speziellen Dag: Kleeserchersdag! Mee wat ass dat genee? Lauschtert a fannt et eraus! - Transkript: Kleeserchersdag
Wat ass Kleeserchersdag a wien ass de Kleeschen? Dëse Freideg ass et endlech esou wäit an d’Kanner sange scho fläisseg "Léiwe Kleeschen" an der Schoul.Wann der scho méi laang zu Lëtzebuerg wunnt, hutt der dëst Lidd vläicht schonn héieren.
 Kleeschen oder Zinniklos ass de lëtzebuergeschen Numm f...2024-12-0304 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLFester am Dezember an Outfit fir eng Chrëschtfeier (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Fester am Dezember a wat ee kann op eng Chrëschtfeier undoen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Fester am Dezember A: Hues de schonn e Chrëschtbeemchen an deng Wunneng dekoréiert? E Sonndeg ass schonn den éischten Advent. B: Lo ass scho rëm Dezember. D’Joer vergeet esou séier! Nee, ech hunn nach net dekoréiert a mir hunn och nach kee Beemchen, mee ech hunn awer sch...2024-11-2804 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLUm Chrëschtmaart (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! De Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg ass zënter e Freideg op. Perfekt, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen! Am Episod vun haut lauschtere mir dofir, wéi zwou Persounen en Tour driwwer maachen an och traditionellt Iessen a Glüwäin bestellen. - Transkript: A: Paul, kuck emol ! D’Stad ass scho sou schéi festlech dekoréiert, iwwerall hänke Liichtercher!   B: Jo, de Chrëschtmaart ass och virun e puer Deeg opgaangen.  A: Stëmmt! Solle mer e kl...2024-11-2604 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLRezept: Boxemännercher (A2-B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass Niklosdag, an domat och Zäit, fir déi éischt Boxemännercher z'iessen! Am Episod vun haut deele mir e Rezept mat iech, fir är eege Boxemännercher doheem ze baken. Vill Spaass! - Transkript: Rezept fir Boxemännercher Sou... Ech mengen, mir hunn elo alles prett fir eis Boxemännercher ze baken. Ech kontrolléieren nach eng Kéier d'Rezept um Internet... Fir 8 Boxemännercher brauche mir: 620 Gramm Miel 100 Gramm Zocker 250 Milliliter Vollmëllech, am beschte soll...2024-11-2103 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLKaddoe vum Kleeschen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An e puer Wochen ass de 6. Dezember, also Kleeserchersdag oder Nikoosdag zu Lëtzebuerg. Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Kaddoe vum Kleeschen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Geschwënn ass schonn erëm de 6. Dezember. Wat wënscht meng Giedelche sech da fir Kleeserchersdag? B: Meng Elteren a Schwéierelteren hunn och scho gefrot, duerfir hunn d’Nora an ech eng Lëscht gemaach. Vu mengen Eltere kritt hatt e klenge Buttek. Si kafen och alles fir an de Bu...2024-11-1902 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLNoriichten: Meteo a lokal Noriichten (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Simulatioun vun den Neiegkeeten um Radio. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: Gudde Moien! Et ass aacht Auer. Mir héieren elo fir d’éischt d’Meteo an da komme mir bei déi lokal Noriichten aus dem Land. Wéi gëtt d’Wieder haut? Dës Fro stelle sech eng Rei vun eisen Nolauschterer.  Meteo: Haut bleift et zimmlech bedeckt. D’Temperature leien tëschent zéng a fofzéng Grad. Am Nomëtteg kann et op e puer Plaze...2024-11-1402 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAm Fitnessstudio (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, wou sech eng Persoun gär am Fitnesstudio umelle wëllt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Fitnessstudio Rezeptionist: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?  Cliente: Moien! Ech géif mech gär an Ärem Fitnessstudio umellen. Kënnt Dir mir e puer Informatiounen zu de verschiddenen Abonnementer ginn?  Rezeptionist: Natierlech! Dir hutt e puer Optiounen. E Basiskontrakt kascht 40 Euro pro Mount. Dir kënnt awer och e Kont...2024-11-0704 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLHalloween Special: Um Hingerhaff (B1-B2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! 🎃 Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. Sidd gespaant ... 👻 Vill Spaass beim Nolauschteren, a loosst eis gär e Kommentar, wéi iech dësen Episod gefall huet! Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript. 2024-10-3011 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAllerhellegen an Trauliicht (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen iwwer Allerhellegen (den 1. November) an Trauliicht schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Mir waren e Sonndeg bei mengem Frënd sengen Elteren a seng Bomi sot, datt si elo onbedéngt d’Couppe fir op d’Griewer maache muss. Ech hu mech net getraut ze froen, wat dat bedeit, a wéi mer gëschter doheem waren, hunn ech vergiess de Mathis ze froen. Wat mengt si domat? B: Si schwätzt b...2024-10-2402 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAm Supermarché an e Kaffi drénke goen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog am Supermarché, an duerno lauschtere mir zwou Persounen no, déi zesummen e Kaffi an eppes z'iesse bestellen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Am Supermarché A: Ups, ech hunn d’Akafslëscht doheem vergiess! B: O! Weess de dann nach ongeféier, wat drop steet? A: Jo, mee ech hoffen, datt ech näischt vergiessen. B: A lass! Solle mer Blumme kafen? A: Hmm, déi...2024-10-2204 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLNëssmaart, Nuits des Musées a Kiermes am Duerf (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript: Nëssmaart an Nuits des Musées Michelle: Salut Tony, wéi geet et dir? Tony: Jo, et geet, de Weekend hätt kënnen e bësse méi laang sinn. Michelle: A sou? Firwat dann dat? Bass de midd? Tony: Jo, ech hat de Weekend e volle Programm. Du weess jo, dass mäi Frënd an ech eng Fernbezéiung hunn a wa mir eis gesinn, da wëlle mir esou vill wéi méiglech ë...2024-10-1705 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLZwou Weebeschreiwungen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Am éischten Dialog erkläert eng Persoun de Wee fir bei si heem mam ëffentlechen Transport, an am zweeten Dialog huet eng Persoun sech am INLL am Sall geiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Weebeschreiwung 1: Mam ëffentlechen Transport A: Moie Marie! Ech wunnen elo zu Märel. Kënns du mech eng Kéier besichen?  B: Gär! Wéini hues du Zäit?  A: E Samschden am N...2024-10-1503 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLD'Ëffnungszäiten (A2) a formell / informell (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt eppes iwwer d'Ëffnungszäiten, an duerno erkläre mir iech den Ënnerscheed tëschent duzen an dierzen, also der informeller an der formeller Form. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript D'Ëffnungszäiten an der Stad Iwwer Ëffnungszäite schwätzen (A2)    Luc: Salut Melanie, hues du de Weekend schonn eppes vir?  Melanie: Hey ! Nee, nach net wierklech. Ech muss e puer Kommissi...2024-10-1005 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLTiny House a Kleederschaf ausraumen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, dass d'Lara geschwënn an en Tiny House plënnert. Duerno héiere mir, wéi eng Frëndin där anerer hëlleft, fir hire Kleederschaf auszeraumen. --- Transkript Tiny House A: Hallo Lara! Deng Mamm seet, dass du geschwënn an en Tiny House plënners! Wéi flott!  B: Jo, ech wëll elo net méi bei menger Mamm wunnen an de Moment fannen ech zu Lëtzebuerg keng aner Wunneng.  A...2024-10-0705 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDen Hierscht a Pappendag (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer den Hierscht a Pappendag zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Den Hierscht Mir wollten elo iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Hierscht maache ka schwätzen. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktivitéit auszeprobéieren. Am Hierscht ass et mëttlerweil net méi esou kal wéi fréier an et sinn ëm déi 10 Gra...2024-10-0304 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLUkommen zu Lëtzebuerg (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mam Manon a mam Elif, déi eis e bëssen iwwer hir éischt Zäit zu Lëtzebuerg erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir zwou Persoune bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwert hiert Liewen hei zu Lëtzebuerg erzielen. Manon, firwat bass du op Lëtzebuerg komm?  Manon: Moien! Ech kommen aus der Belsch, vu Bréissel, an ech war op der Sich no enger...2024-10-0103 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLD'Alphabet (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Alphabet op Lëtzebuergesch. Mir héieren och e Beispiller, wou d'Alphabet trainéiert gëtt. --- Transkript D'Alphabet op Lëtzebuergesch D’Alphabet op Lëtzebuergesch  A wéi Adress  B wéi Bus  C wéi Computer  D wéi Dokter  E wéi Elteren  F wéi Famill  G wéi Gebuertsdag  H wéi Handysnummer  I wéi Informatiker  J...2024-09-2604 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAlldag mat Kanner (B1) a Message um Repondeur (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog tëschent Elteren iwwer hir Kanner. Duerno lauschtere mir, wéi eng Mamm e Message op de Repondeur vum Dokter schwätzt. --- Transkript Alldag mat Kanner Paul: Hallo Maria, wéi ass et, du gesäis e bësse midd aus? Maria: O, fro net.. Paul: Wéi dann? Wat ass lass? Maria: Ech sinn immens iwwerfuerdert mat deem Klengen. Geet et dir dann net esou? 2024-09-2404 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLSech kenneléieren (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! --- Transkript: Sally: Daniela, kann ech dir eng Fro stellen?Daniela: Jo, natierlech. Sally: Okay... Also Daniela: Wou bass du gebuer wgl.? Daniela: Ech sinn a Rumänien zu Bucharest gebuer. Ech hunn awer och direkt eng Fro fir dech, Sally: Wéini bass du gebuer? Sally: Ech sinn den 18. September 1986 gebuer. Daniela: Dann hues du jo haut Gebuertsdag! Alles Guddes! Wat hues du dann den Owend geplangt? Sally: Den Owend ginn ech gemittlech eppes mat me...2024-09-1805 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLSech am INLL umellen (A2-B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An dësem Episod erkläre mir iech, wéi dir iech an engem Cours am INLL umelle kënnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fir déi Persounen, déi d’lescht Semester schonn e Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Aschreiwungen schonn den 10. September un. Dës Persounen hunn also schonn e MyINL Konto a kënne sech via hire Konto aschreiwen.  Fir déi Persounen, déi nach kee Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Asch...2024-09-0402 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLD'Schueberfouer (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Schueberfouer. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lynn : So, Pit, ech hu gelies, datt d’Schueberfouer dës Woch ufänkt. Wat ass dat eigentlech ?  Pit : Jo, dat ass richteg ! D’Schueberfouer fänkt dëst Joer den 23. August un. Se ass all Summer vun Enn August bis Ufank September. Et ass eng riseg Kiermes hei an der Stad um Glacis, mat allerlee flotten Attraktiounen, Spiller an Iess- a Gedrénksstänn.  Lynn: Dat kléngt spannen...2024-08-2103 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLSeng Liewensgeschicht erzielen (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Selma am Studio. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht (Niveau B1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator: Moie Selma a wëllkomm an der Poterkëscht. Mir soen dir Merci, dass du bereet waars mat eis deng Liewensgeschicht ze deelen. Erziel eis emol fir d’éischt, wéi s du iwwerhaapt op Lëtzebuerg komm bass. Selma: Ech soen Iech Merci, dass dir mech invitéiert hutt. Ech si viru 27 Joer op Lëtzebuerg komm. Meng Eltere...2024-08-0704 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLEng Entspanungsübung (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. Mir maachen zesummen eng kleng Entspanungsübung. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Haut maache mir eng Entspanungsübung zesummen. Fir dësen Exercice braucht dir 5 Minutten Zäit an eng roueg Plaz. Setzt Iech op e Stull oder leet Iech op de Kannapee, Äert Bett oder op de Buedem oder eventuell op d’Plage an de Sand. Setzt oder leet Iech esou, datt et confortabel fir Iech ass. Maacht Är Aen zou a pr...2024-07-2405 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLEn Ausfluch an e Grillfest plangen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut ass de leschten Episod virun der Summervakanz. De Summer publizéiere mir just all zwou Wochen en neien Episod, an dat mëttwochs. Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi en Ausfluch plangen, an duerno zwou Persounen, déi e Grillfest organiséiere wëllen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: En Ausfluch plangen A : Moie Pit ! Hues de Loscht, de Weekend en Ausfluch ze maachen ?  B : Jo, dat kléngt flott...2024-07-1105 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLVakanzepläng an eng Postkaart (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir e puer Frënn, déi zesummen eng Vakanz fir de Summer plangen. Duerno lauschtere mir d'Postkaart, déi si aus der Vakanz geschéckt hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Anna: So, hutt dir scho Pläng fir de Summer?   Tom: Also ech nach net. Ech géif awer gär an eng Stad goen. Wat denkt dir?  Lara: Dat kléngt super ! Wuer solle mer da goen ?  Anna : Wéi wi...2024-07-0903 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLD'Lola aus Spuenien (A2) a Porte ouverte am INLL (B2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir fir d'éischt e klengen Interview mam Lola aus Spuenien. Duerno héiere mir e puer Andréck vun der Porte ouverte am INLL, déi den 29. Juni 2024 war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Fir dësen Episod ass keng Transkriptioun verfügbar.2024-07-0405 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAussprooch: éi - äi (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir erëm bëssen d'Aussprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Tranksript:   A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “e Accent aigu, i” an “ä, i”?  B: Dat ass eng gutt Fro!       D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey”          oder “Ey”.      So eng Kéier: [ɜɪ].  A: [ɜɪ]  B: Tipptopp!       So eng Kéier “Äddi”.  A: Äddi  B: Beim “ä” maache mir de Mond grouss op: Äddi       Beim “é, i” as...2024-07-0203 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDe Charakter: Stärenzeechen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Stärenzeechen an déi verschidde Charaktereegenschafte vun de Stärenzeechen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Laura: So, Julie, weess du zoufälleg, wat de Max am Horoskop ass? Du kenns dech jo esou gutt domat aus.  Julie: Jo, hien huet den 10. Februar Gebuertsdag, dofir ass hie Waassermann. An dat passt gutt bei hien: hien ass éischter onkonventionell, an ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt.  Laura: Dat stëmmt! Hien ass wierklech originell an...2024-06-2703 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLEng schlecht Vakanz (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt gelauschtert. Deng Vakanz kléngt jo wonnerbar! Ech si frou, dass de dech erhuele konnts!  Eis Vakanz war bis elo leider net esou flott… Als alleréischt gouf eise Fluch annuléiert, well de Fliger eng technesch Pann...2024-06-2503 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDe Summer an Nationalfeierdag (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: De Summer Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten oder Fester, déi et zu Lëtzebuerg am Summer ginn. Vläicht inspiréiert Iech dat, dat eent oder dat anert auszeprobéieren. Am Summer ass et meeschtens waarm an et kënne bis zu 35 Grad ginn. Wann et...2024-06-2006 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAussprooch: ei - éi (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Aussprooch a konzentréieren eis op ,,ei'' an ,,éi''. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “d,e,i,e,r” an “D, é (e Accent aigu), i, e r”?  B: “deier” ass de Géigendeel vu “bëlleg”, z.B. en Haus ass deier, eng Ketten aus Gold ass deier.  A: Ok.  B: Mir schreiwen “deier” mat  d, e, i , e, r   a mir prononcéieren et: deier. D’Aussprooch vum Diph...2024-06-1804 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAm Kleederbuttek an d'Wallis paken (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Kleederbuttek Verkeeferin : Gudde Moien ! Wéi kann ech Iech hëllefen ?  Cliente: Moien! Ech sichen e Rack fir op eng Hochzäit.  Verkeeferin: Wat fir eng Faarf soll et sinn?  Cliente: Am léifste blo. Natierlech elegant, a vläicht au...2024-06-1304 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLIwwer Veräiner schwätzen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Mir maachen en Interview mat zwou Persounen, déi eis iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Speakerin : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Bei eis am Studio sinn haut d’Lisa an de Markus, déi eis e bëssen iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.  Lisa : Moien !  Markus : Moien !  Speakerin : Lisa, erziel eis emol fir d’éischt v...2024-06-1102 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLE Kaddo fir Mammendag (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag?  B: Nee, nach net.  A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht schenken.  B: Ech hu virun e puer Deeg e Video mat den „Top 10 Kaddoe fir Mammendag“ gesinn. Do war eppes Flottes: en Abonnement, fir Blummen ze verschécken!  A: Wat ass dat?  2024-06-0603 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLEng Wunneng beschreiwen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir erëm iwwer d'Theema Wunnen. Fir d'éischt lauschtere mir e Voice Message, an duerno héiere mir e Gespréich, wou eng Ariichtung beschriwwe gëtt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: 1. Deel Hallo Pit ! Wéi versprach schécken ech dir en Audiomessage, iwwer d’Appartement, dat ech de Moie kucke war. Du weess jo, datt ech scho laang no engem Appartement sichen an et ass wierklech net einfach déi perfekt Wunneng ze fannen. Ech s...2024-06-0403 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLVun engem Date erzielen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Rendez-vous (Date) erzielt (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Ech erzielen iech mol eng witzeg Geschicht. Ech war de leschte Freideg op engem Date. Ech hunn den Typ op enger Dating-App kenne geléiert an ech wëll jo keen no sengem Ausgesi beurteelen, mee hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen. Op de Fotoen hat hie schéi laang Hoer, hie war zimmlech sportlech an huet o...2024-05-2802 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLIwwer Vakanz schwätzen (A1-A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Fir d'éischt héiere mir en Dialog, wou eng Persoun um Telefon iwwer hir Vakanz schwätzt (Niveau A1). Duerno héiere mir eng Koppel, déi eng Vakanz plangt (Niveau A2.2). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Dialog 1: Mamm: Moie Philippe! An, wéi ass et an ärer Vakanz?  Philippe: Super! Haut sinn et 30 Grad an d’Sonn schéngt. Ech gi geschwënn op d’Plage. A wéi ass d’Wieder dohe...2024-05-2304 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLOp e Konveniat goen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Persoun iwwer de Programm vun hirem Konveniat schwätzt (Niveau A1-A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Denk drun, e Samschdeg ass mäin 20-Joer-Konveniat. Da sinn ech net heiheem.  B: A jo! Wéi ass dann de Programm?  A: De Rendez-vous ass um 10.30 bei der Schoul, mee et fänkt um 11 Auer un. Mir maachen eng Visite guidée vun der Schoul an duerno drénke mir e Pa...2024-05-2102 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLWat hues du gëschter gemaach? (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hiren Dag vu gëschter schwätzen. (Niveau A2.1-A2.2) Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Tranksript: Laure: Moien Alex! An, wéi war däin Dag gëschter?  Alex: Salut! Gutt. Ech si géint néng Auer opgestanen an hu mer direkt eng Taass Kaffi gemaach. Du sinn ech eng Véierelstonn mam Hond trëppele gaang an duerno hunn ech nach eng Stonn Yoga gemaach.  Laure: Wow, dat kléngt...2024-05-1602 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLGesondheet a Rotschléi (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger iwwer d'Gesondheet (Niveau A2.2). Eventuell sinn e puer interessant Rotschléi fir iech dobäi. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Dialog 1 Luca : Moie Melanie, wéi geet et ?  Melanie : O, net esou gutt. Ech mengen, ech hu mech erëm erkaalt.  Luca : O nee, dat deet mer leed. Waars de scho beim Dokter ?  Melanie : Nee, nach net. Ech hu just e puer Pastille fir den Hals geholl.  L...2024-05-1404 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDagesoflaf an Hobby: Salsa (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An der Episod vun haut héiere mir, wat en Doktorand a sengem Alldag mécht. Duerno erzielt d'Mara eppes iwwer säin Hobby, Salsa danzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Dagesoflaf vun engem Doktorand Ech stinn normalerweis moies géint sechs Auer op. Ech drénke séier e Kaffi, maache mech fäerdeg a fueren da mam Bus an den INLL. Ech gi véier Mol d’Woch um siwen Auer moies an e Lëtzebuergeschcours. De Cours ass um aacht Auer...2024-05-0903 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAkafsgewunnechten (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Iwwer Akafsgewunnechte schwätzen  Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Mir hunn zwee Invitéen am Studio, d’Sarah an den Thomas.  Sarah: Moien! Merci fir d’Aluedung.  Thomas: Salut! Et freet mech och, hei ze sinn.  Moderatorin: Starte mer direkt mam Theema: Sarah, komm mir fänke mat dir un. Wéi oft gees du ak...2024-05-0703 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLGesondheet: Dokter an Apdikt (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Gesondheet. Fir d'éischt héiere mir e Gespréich beim Dokter an duerno lauschtere mir en Dialog an der Apdikt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Beim Dokter  Rezeptionistin: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?  Patientin: Bonjour. Ech hunn haut e Rendez-vous beim Dokter Weber um 10 Auer.  Rezeptionistin: Kënnt Dir mir wgl. Ären Numm an Äre Gebuertsdatum soen?  Patientin: Jo, natierlech. Mäin...2024-05-0203 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLTransportmëttelen zu Lëtzebuerg (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An der Emissioun vun haut schwätze mer iwwer Transportmëttelen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Speakerin: Wëllkomm an eiser Emissioun „Op der Rull“. Mir hunn haut dräi Persounen am Studio, fir iwwert d'Transportmëttelen zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Julie, du bass haut mam Tram an de Studio komm. Ass dat richteg? Julie: Jo. Dat stëmmt. Ech fuere ganz gär mam Tram. Den Tram kënnt all 5 Minutten an ech mu...2024-04-3002 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAussprooch: De Buschtaf ,,r’’ (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’. - - - Transkript: Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond. Sot eng Kéier „Buch“. An elo [x]. Do wou dir de  [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ]. [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ] Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:-rout...2024-04-2505 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDe Stot maachen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot. Vill Spaass beim Nolauschteren! - - - Transkript: Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen d’Lisa an de Max am Studio. Si wäerten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. Kënnt dir iech kuerz virstellen? Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an ech schaffen als Graphikdesignerin. Ech wunnen eleng an engem Studio a këm...2024-04-2303 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDen Aarbechtsalldag (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hiren Dagesoflaf op der Aarbecht erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dem Emma säin Dag D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten.  Duerno geet hatt zu Fouss op d...2024-04-1804 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLHobbyen: Lafen a Schwammen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lafen Mäin Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gär, dobaussen an der frëscher Loft ze trainéieren. Dräimol d’Woch doen ech moies meng Lafschong un a ginn eng hallef bis eng Stonn an de Park oder an de Bësch lafen.   Ech lafen net immens séier, mee dat ass net schlëmm. Esou k...2024-04-1603 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLE Rendez-vous ausmaachen (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen. Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös. Fra: Solle mir zwee zesumme léieren? Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren. Fra: Hues du e Méindeg den Owend Zäit? Mann: E Méindeg...2024-04-0902 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLE Rezept: Kniddelen (B1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir eng speziell Episod fir iech. Mir héieren en traditionellt lëtzebuergescht Rezept: Kniddelen! Vill Spaass beim Nolauschteren (a beim Kachen)! --- Transkript: Yuuka: O nee... Eise Frigo ass jo nach ëmmer eidel! Ben, du wollts dach haut akafe goen. Ben: Ech gi muer de Moien an de Supermarché. Ech hat haut ze vill Aarbecht an ech hat guer keng Zäit. Yuuka: Wat iesse mir dann elo? Ben: Da waart emol... Ech kucken...2024-04-0202 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLFréijoer a Liblingsplaz zu Lëtzebuerg (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Duerno lauschtere mir dem Marielle no, wat eis eppes iwwer seng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: D’Fréijoer Haut schwätze mir e bëssen iwwert d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Fréijoer maache kann. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktiv...2024-03-2802 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLMeng Famill (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Famill (Niveau A1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Luc: Gudde Moien, mäin Numm ass Luc an ech stellen iech haut meng Famill vir.  Ech sinn zënter 8 Joer bestuet a meng Fra heescht Sandrine. D'Sandrine huet 37 Joer an hatt huet de 27. Abrëll Gebuertsdag. Zesummen hu mir zwee Kanner, de Vinz an d'Lorie.  Meng Elteren heesche Laurence a Jemp. Si sinn 72 Joer al. Mäi Papp ass am Fréijoer gebuer a meng Mamm am Hierscht. ...2024-03-2602 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLIesspreferenzen (A1) an e Kommentar am Restaurant (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Iessen. Fir d'éischt lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir Iessgewunnechte schwätzen (Niveau A1). Duerno gi mir an de Restaurant a mir lauschteren zwou Persounen no, déi hiert Iesse kommentéieren (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Iwwer Iessgewunnechte schwätzen Max : So Anna, du bass jo Veganerin, oder? Anna : Jo. Ech ernäre mech zanter dräi Joer vegan. Max : Wow ! Dann ëss...2024-03-2103 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLPläng a Projete fir d'Zukunft (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir berufflech a privat Pläng fir d'Zukunft schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Kelly: Moie Gilles! An, wéi leeft et mat dengem Engleschcours? Gilles: Salut! Ma gutt, merci! Ech gi jo dräimol d’Woch an de Cours an hu scho vill Saache geléiert. Et ass awer zimmlech intensiv an ech muss vill doheem léieren. Mee ech wëll onbedéngt an engem Joer fléissend Engl...2024-03-1902 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLAussprooch: D'Vokaler (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod: Mir trainéieren zesummen d'Aussprooch (Prononciatioun) vun de Vokaler. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Lëtzebuergeschen hu mir dës Vokaler: i, u, e, o, a. Dozou gehéieren och d'Ëmlauter mat Treema: a mat Treema: ä, e mat Treema: ë, o mat Treema: ö, u mat Treema: ü. Elo trainéiere mir d'Aussprooch zesummen. Ech soen d'Lauter fir d'éischt an dir schwätzt haart no: i, u, e, o, a, ä, ë, ö, ü. Heiansdo schwätz...2024-03-1404 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLHobbyen: Sangen a Fitness (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Hobby: Chouer  Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war.   Zoé: Jo, ech sinn an der Chorale Florale zu Ierpeldeng. Ech sinn immens frou do! Mir hu Sänger...2024-03-1403 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLMeng lescht Vakanz (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog tëscht dem Laurent an dem Anne, déi iwwer hir lescht Vakanz schwätzen (Niveau A2.2). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Anne: Hallo Laurent, wéi war deng Vakanz? Du waars dach mat denge Kanner ënnerwee, oder? Laurent: Jo! Mir si fir zwou Woche mam Auto an Holland op d’Küst gefuer. Et war wierklech flott, an d’Kanner hate vill Spaass op der Plage. Anne: Dat kléngt jo super! A...2024-03-0702 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLCheck-in am Hotel & Weebeschreiwung am INLL (A2)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Fir d'éischt lauschtere mir en Dialog am Hotel, an duerno héiere mir eng Weebeschreiwung am INLL (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Check-in am Hotel Cliente: Gudde Mëtteg! Ech hunn eng Reservatioun op den Numm Hoffmann. Receptionnist: Gudde Mëtteg, Madamm Hoffmann! Wëllkomm am Hotel Schéi Vue. Kann ech Är Carte d’identité gesinn, wannechgelift? Cliente: Jo, kee Problem, hei ass de. Receptio...2024-03-0703 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLSech virstellen (A1)Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir fir d’éischt dem Aicha no. Hatt erzielt eis eppes iwwer sech. Duerno héiere mir en Dialog tëscht zwou Persounen, déi sech kenneléieren an e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Monolog Moien!  Mäin Numm ass Aicha Ismaali. Ech kommen aus Tunesien, vu Monastir. Ech schwätzen Arabesch, Franséisch an e bëssen Englesch. Zënter dräi Méint léieren ech dräi Mol d’Woch, vun 10.10 bis 11...2024-02-2902 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLOp Wunnengssich (A2)Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Theema Wunnengssich (A2.1). De Marc sicht eng nei Wunneng, an d’Sarah kann him villäicht hëllefen. Vill Spaass beim Nolauschteren!  --- Transkript: Sara: Salut! An, wéi leeft et mat der Wunnengssich? Marc: Hey! Pff, et ass wierklech net einfach. Ech hu schonn e puer Annoncë gekuckt, mee ech fannen einfach net dat Richtegt. Sara: Dat ass awer blöd. Mee ech kann der vläicht hëllefen. E Kolleeg vu mer plënnert de...2024-02-2902 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLDialog am Restaurant an op der Bank (A2)Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger (Niveau A2.1) op ëffentleche Plazen. Fir d’éischt si mir am Restaurant an duerno op der Bank. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Restaurant Client & Cliente: Gudden Owend! Client: Kéinte mir d’Menüskaart kréien, wannechgelift? Serveur: Gudden Owend! Jo, natierlech. Hei ass se. Client: Merci. Wat kënnt Dir eis recommandéieren? Serveur: Eis Pizzae si ganz beléift. Mir hunn awer och hausgemaachten Nuddelen. Oder...2024-02-2204 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLSprooch am Cours (A1)Wëllkomm am éischten Episod vun der Poterkëscht! Haut léiert dir e puer nëtzlech Informatiounen, déi dir an ärem Lëtzebuergeschcours gebrauche kënnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Hei e puer Sätz, wann d'Apprenantë mam Proff schwätzen: -      Entschëllegt, ech hunn eng Fro. -      Wéi seet een … op Lëtzebuergesch?  -      Wat heescht... ? -      Ech verstinn dat net. -      Kënnt dir dat widderhuelen, wgl.? -      Kann ech eng Kopie kréie wgl.? -      Ech wëll d'Ecou...2024-02-2202 minPoterkëscht vum INLLPoterkëscht vum INLLTeaser - JingleD'Poterkëscht kënnt geschwënn.2024-02-1900 min