Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

Spuerkeess | Studio J (Letzebuerger Journal)

Shows

Evergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessObjectif durabilité financière et économique La transition vers un modèle économique plus durable est en marche, et les entreprises doivent s'adapter aux nouvelles réglementations et attentes du marché. Dans cet épisode, Bryan Ferrari et ses invité·e·s explorent les implications de la directive CSRD et les impacts de la directive Omnibus ainsi que et les défis de la durabilité pour les PME. Comment la finance peut-elle être un moteur de la transition durable et quels outils sont à disposition des entreprises pour mieux anticiper ces enjeux ? Anne-Marie Loesch est Head of Sustainability & Business Development à la Chambre de Commerce. Michel Wursteisen es...2025-04-0439 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessEssentials - De Projet "Transition Enabler" Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mam Projet “Transition Enabler”. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Objectif durabilité financière et économique" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 4 Abrëll.2025-03-2811 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessLes menaces de la cybersécurité (hors-série 3/3) Les cyberattaques évoluent, et avec elles, les défis auxquels font face les entreprises et institutions. Dans ce dernier chapitre de trois épisodes hors-série, Bryan Ferrari et ses invités explorent la frontière entre cybersécurité et fraude. Où s’arrêtent les menaces techniques et où commencent les stratégies criminelles sophistiquées ? Comment les entreprises peuvent-elles sécuriser leurs infrastructures tout en restant performantes ? Quelles sont les stratégies des cybercriminels et comment les anticiper ? Bertrand Lathoud est Chief Operating Officer à la House of Cybersecurity, Philippe Parage est IT Infrastructure Engineer au Cybersecurity Competence Center et Lar...2025-01-3150 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessUm Bols vun de Mäert Wat bedeit dat politescht Klima an den USA fir d'Finanzmarchéen, a wéi steet Europa am Verglach do? Wäert de Boom vu Crypto och 2025 weidergoen, wat fir e Stellewäert hunn ETFen, a wéi beaflossen déi aktuell Entwécklunge klassesch Investitiounsstrategien?⁣⁣ ⁣ De Bryan Ferrari mécht mat sengen dräi Invitéen um Enn vum Joer en detailléierte Réck- an Ausbléck a puncto Marchéen. Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Managemen...2024-12-2049 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessGouvernance an der Praxis (hors-série 2/3) Eng Organisatioun, eng Entreprise an och de Staat brauche Reegelen, déi festleeën, op wéi eng Manéier a firwat Decisioune getraff ginn. Mat der sougenannter Gouvernance soll de Kader dofir gesat ginn. Firwat ass si besonnesch hautdesdaags esou wichteg, a wéi eng Zorte gëtt et? Funktionéiert dëst an all Secteur anescht, a wou leien d'Geforen, wann d'Gouvernance net konsequent duerchgefouert gëtt?    De Bryan Ferrari pléckt de Sujet mat sengen dräi Invitéen auserneen. D'Stéphanie Damgé ass Directrice vum Beräich Entrepreneurship bei der Chambre de Commerce an Directrice vun der House of En...2024-12-1342 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessAlles ronderëm de Bilan Och wann alles am Detail schwaarz op wäiss opgelëscht ass, kann et fir ontrainéiert Ae schwiereg sinn, de Bilan vun enger Entreprise ze dechiffréieren. De Bryan Ferrari pléckt mat sengen dräi Invitéen déi wichtegst Aspekter vun dësem Dokument auserneen. Et gëtt dobäi theoretesch a praktesch Ablécker dran, wat dës Informatiounen aussoen, wat Lëtzebuerg an Europa vum Rescht vun der Welt ënnerscheet, a wat alles mat afléisse muss, fir enger Entreprise de Bols kënnen ze fillen.⁣⁣ ⁣⁣ D'Maryam Khabirpour ass Associée am Audit bei Deloitte. De Laurent Nittl...2024-12-0645 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessTypologie des fraudes (hors-série 1/3) Les cyberattaques et les fraudes financières évoluent rapidement. Dans ce premier chapitre d'une série de trois épisodes hors-série, nous mettons en lumière les défis spécifiques auxquels sont confrontées les institutions financières au Luxembourg et en Europe. Bryan Ferrari et ses trois invité discutent des méthodes de prévention et de détection, du rôle clé de l’ABBL, ainsi que des opportunités et risques liés à l’utilisation de l’IA pour renforcer la résilience face à ces menaces. Des exemples concrets viendront illustrer les impacts sur les victimes et les stratégies...2024-11-2942 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessDemystifying the Digital Euro What is the Digital Euro, and how might it reshape the European financial landscape? With the European Central Bank spearheading initiatives, questions arise about its goals, impact, and feasibility in a world of rapid technological transformation. Host Bryan Ferrari welcomes three experts to explore the vision for its implementation, from retail and wholesale applications to economic and regulatory implications.⁣⁣ ⁣⁣ Sven Conter is in charge of the customer desk at the Financial Markets department at Spuerkeess. Johannes Sedlmeir is a postdoctoral researcher at the Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT), focusing on blockchain technology and digital identity systems. Andrey M...2024-10-2549 minGëlle FroGëlle FroPatrizia van der Weken ass lëtzebuerger Sprint-Pionéier - GËLLE FRO EP. 85AXA: https://www.axa.fr/assurance-auto.html SPUERKEESS: http://spuerkeess.lu/axxess LUXLAIT: https://www.luxlait.lu/product/ 2024-10-1258 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessWat dreift d'Maartdynamik? Wéi beaflosse global politesch a wirtschaftlech Evenementer déi aktuell Finanzmäert? An dësem Episod kuckt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen op déi rezent Entwécklunge bei den US-Walen an hire potenziellen Impakt op d'Boursen, analyséiert d'Goldpräisser an d'Zënspolitik, geheit e Bléck op China an thematiséiert den Opstig vum indeschen Aktiemaart. Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess....2024-09-2751 minOn the Record - Reporter.luOn the Record - Reporter.luWéi Reporter.lu mat Plainten ëmgeet Eng kritesch an investigativ Press riskéiert och zu Lëtzebuerg ëfters verklot ze ginn. Dat ass op mannst déi rezent Erfarung vu Reporter.lu. Wat stécht hannert esou Plainten? Wéi geet eng Redaktioun domat ëm? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“. Abonnéiert Iech elo op Reporter.lu fir iwwert d'Hannergrënn vun der Lëtzebuerger Politik informéiert ze bléiwen an eis Recherchen ze ënnerstëtzen: Reporter-Abo Aner Sujeten dës Woch: Affaire Caritas: BGL et Spuerkeess visés par la justice Entwicklungsh...2024-09-2719 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessDe l'école au marché Le monde est en constante évolution et il en va de même pour les domaines de la finance et de l'économie. Mais comment font ceux·celles qui forment les demandeur·ses d'emploi de demain pour non seulement rendre le Luxembourg attirant, mais aussi pour rester dans l'air du temps et proposer une formation, qui prépare ses diplômé·es aux prochaines 20 années du marché ? Bryan Ferrari parle de tous les challenge auxquels font – et vont faire – face les écoles ainsi que les recruteur·ses à l'âge de l'intelligence artificielle avec ses trois invité·e·s. Marin Njavro est l...2024-09-0349 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessEnergie am Wandel Lëtzebuerg an Europa hunn d'Weiche fir d'Energietransitioun scho laang gestallt. Mee wat genee soll mam Wiessel eriwwer op erneierbar Ressourcen erreecht ginn, a wéi eng Schrëtt si mëttel- a laangfristeg geplangt, fir d'Erausfuerderungen ze meeschteren an dat éiergäizegt Zil och wierklech ze erreechen?⁣ ⁣ Iwwer den "Big Picture" a konkret Mesuren diskutéiert de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Anne Calteux vertrëtt déi Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg, fir Europa méi no un d'Bierger·innen an d'Autoritéiten ze bréngen. De Fenn Faber ass Direkter vun der Klima-Agence, déi nat...2024-07-2646 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessChancen a Risike vum Investéieren Et soll ee keng Angscht virum Investéieren hunn, mee och net blann drop lass handelen. D'Bank ass e wichtege Beroder, wann een säi Geld op eng iwwerluechte Manéier an effikass wëll schaffe loossen. ⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen, déi Expert an der Matière sinn. Den Nick Huberty ass Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsbel vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess. An den Thierry Abdiu ass Conseiller am Private Banking fir d'Spuerkeess um Kierchbierg.⁣⁣ ⁣...2024-06-2839 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessLiewenszyklus vu Startups Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Success Stories bei de Startups. Starten ass déi eng Saach, sech weiderentwéckelen eng aner. Wou fënnt een de Finanzement, fir kënnen ze wuessen? Ass de Lëtzebuerger Ekosystem op der Héicht, fir potenzielle Grënner e fruchtbare Buedem fir hir Entreprise ze proposéieren? Firwat zitt et vill Entrepreneuren an d'USA, a wéi eng Hürde gëtt et op europäeschem Plang? ⁣ ⁣ De Bryan Ferrari fillt sengen dräi Invitéen aus der Startup-Zeen op den Zant. De Christophe Folschette ass ee vun de Grënner vun Tal...2024-05-3148 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessLuxembourg Stock Exchange D'Boursen als Handelsplaze gëtt et schonn zanter Joerhonnerten. D'Pabeiere ginn hautdesdaags awer net nëmmen anescht echangéiert, mee och d'Roll vun der klassescher Bourse huet evoluéiert. Wéi kann sech d'Lëtzebuerger Bourse am internationale Verglach nach demarkéieren, wéi eng Tendenze wäerten an Zukunft dominéieren a wéi wichteg sinn Daten dobäi?⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ De Bryan Ferrari schwätzt mat sengen dräi Invitéen am Detail driwwer. De Carlo Oly ass fir de Relationship Management beim Luxembourg Stock Exchange responsabel. De Raphael Duarte ass Portfolio Manager an Analyst bei CapitalAtWork vum Groupe Foyer. De Julien Kohn ass b...2024-04-2637 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessKYC, entre sécurité et menaces numériques Vous êtes-vous déjà demandé comment les banques et les institutions financières protègent vos informations, et pourquoi la réglementation en vigueur est stricte ? En effet, les exigences d'identification sont constamment adaptées pour faire face aux dangers en mutation de plus en plus rapide. ⁣ ⁣ Bryan Ferrari discute des développements en matière de collecte de données personnelles et de son usage avec trois invité·e·s. Ananda Kautz est membre de la direction de l'ABBL et est en charge des domaines paiement, digitalisation et durabilité. Pierre Grasset est membre de la direction de Luxtrust et a en charge le v...2024-03-2942 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessUn avenir fluide sans liquide Une société fonctionnant sans recours à des moyens de paiement physiques est tout à fait envisageable, et même réalisable aujourd'hui. Mais qu'en est-il de l'inclusion financière, de la protection des données, de la cybersécurité et de la dépendance technologique y liées ? Peut-on atténuer de manière efficace les risques potentiels pour les consommateur·rice·s et l'économie dans son ensemble ?⁣ ⁣ Bryan Ferrari en discute en profondeur avec trois invité·e·s. Natasha Deloge est Head of Innovation de la CSSF, entre autres en charge de l'Innovation Hub. Olivier Rozet est Chief Experience Officer d'Edo...2024-02-2342 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessLaangfristeg investéiere mam ELTIF De European Long-Term Investment Fund gouf vun der Europäescher Unioun an d'Liewe geruff, fir laangfristeg Investitiounen an Europa ze fërderen. Wéi eng Diere ginn domat fir privat Investisseuren opgemaach? A wéi profitéiert d'Wirtschaft op där anerer Säit vun dëser neier Méiglechkeet, fir Kapital ze bannen?⁣ ⁣ De Bryan Ferrari diskutéiert mat sengen dräi Invitéen am Detail zu dëse Froen. De Marc Meyers ass Associé an der Étude Loyens & Loeff, ass Responsabel fir d'Fongendepartement a gouf vun der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) invitéiert. Den David Zackenfels...2024-01-2648 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessQuo Vadis, Lëtzebuerger Wirtschaft? Et war e mouvementéiert Joer, dat och d'Banken- a Finanzwelt net kal gelooss huet. Am leschten Episod 2023 steet bei Evergreens generell déi Lëtzebuerger Ekonomie am Fokus, déi nieft Maartturbulenzen och den Afloss vu Krich, héijen Zënsen an Inflatioun ze spiere krut. Wéi schwiereg ass et, dëst alles an engem europäesche Kontext ze navigéieren, a wéi problematesch ass d'Situatioun am Logement fir déi zukünfteg Entwécklung?⁣ ⁣ De Bryan Ferrari mécht mat sengen zwee Invitéen e Réck- an Ausbléck. De Serge Allegrezza ass Direkter vum Statec, dem Instit...2023-12-2945 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessLëtzebuerg a säin AAA-Status Am November koum d'Nouvelle, dass Lëtzebuerg seng Kreditbonitéit – de sougenannten Triple A – behält. Firwat ass dëse Label esou wichteg? Wien decidéiert doriwwer, a wéi en Afloss huet den "AAA" net nëmmen op de Finanzsecteur, mee och allgemeng op d'Wirtschaft am Grand-Duché?⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat zwee Invitéen. D'Françoise Thoma, Generaldirectrice vun der Spuerkeess, erlieft dëse Prozess vum Rating zwee mol d'Joer hautno mat. De Bob Kieffer, Direkter vum Trésor, erkläert d'Wichtegkeet vum Kreditrating aus der Siicht vum Staat.⁣⁣ ⁣⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Jour2023-11-2442 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessThe Expanding World of Blockchain Verification and traceability are at the core of the blockchain technology. Is it still on its way to revolutionising the digital realm? What real-world problems is it poised to solve in the near future, for example in the financial sector?⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Ivie Satijn is the Marketing Manager at Tokeny, provider of tokenisation solutions. Gilbert Fridgen is Professor and PayPal-FNR PEARL Chair in Digital Financial Services at the University of Luxembourg. Christophe Medinger is Deputy Head of Business Unit "Digitalisation" at Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerge...2023-10-2744 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessConstruire son futur financier Manque de diversification ou ancienne sagesse ? Les Luxembourgeois·e·s ont tendance à graviter vers l'immobilier quand il s'agit d'édifier leur patrimoine financier, ou bien de laisser l'argent à l’abri dans le confort de leur compte bancaire. Y a-t-il des évolutions contemporaines, notamment chez les jeunes, ou d'autres types investissements qui pourraient changer fondamentalement cette manière d'agir ? Quels efforts restent à faire an matière d'éducation financière ? Bryan Ferrari en discute avec trois invité·e·s qui viennent de domaines très différents.⁣ ⁣ Claudia Halmes-Coumont est directrice de Lalux Assurances-Vie. Julien Pénasse est professeur à l'Université du Luxembourg au département de...2023-09-2944 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessLes Big Four Quel est le rôle des quatre plus grands groupes d'audit et de conseil dans l'économie du Luxembourg ? Quels sont les futurs développements prévus dans leurs activités ? Quatre représentant·e·s dévoilent l'empreinte indélébile de leurs sociétés sur le Grand-Duché en discussion avec Bryan Ferrari et dressent un tableau des défis et opportunités qui dessinent leur avenir.⁣ ⁣ Julie Batsch est associée chez PwC, responsable de l'industrie bancaire et auditrice. Stanislas Chambourdon est associé chez KPMG et en charge des activités banques et assurances. Pascal Martino est associé chez Deloitte...2023-07-2841 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessLe monde des ETFs Les Exchange Traded Funds sont des fonds indiciels qui cherchent à suivre fidèlement l'évolution des indices boursiers. Quelles sont les différentes catégories d'ETFs et quelle est la différence par rapport aux instruments financiers traditionnels ? Quels sont les risques associés à leur utilisation et les bonnes pratiques à adopter avant d'investir ?⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ C'est ce dont discute Bryan Ferrari avec trois expert·e·s en la matière. Solène Garnavault de Fidelity International s'occupe du développement commercial des solutions ETF à Luxembourg. Antoine Perrier gère la distribution des ETFs sur le Luxembourg et la Belgique chez DWS, et Guillaume Dambrine de Frankli...2023-06-3039 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessKënschtlech Intelligenz verstoen K.I. oder A.I., op Englesch, huet en neit Zäitalter agelaut. Wat fréier Science Fiction war, kéint geschwë scho Realitéit sinn: Maschinnen iwwertreffen de Mënsch, deen se gebaut a programméiert huet. Wat kann déi Intelligenz, déi kënschtlech geschaf gouf, bis ewell? Wéi eng Méiglechkeeten erginn sech doduerch an der Gesellschaft, a méi spezifesch am Banken- a Finanzwiesen? An iwwerweit den Notzen, deen de Mënsch doraus zitt, déi potenziell Geforen?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Misch Strotz ass ee vun Fondateuren...2023-05-2642 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessThe Age of Talent Magnetism Talent acquisition and retention have become more crucial than ever in today's competitive job market. With companies vying for the best candidates, it's essential to create the right workplace culture. In this episode in English language, we explore how companies can introduce and cultivate talent magnetism, and why it matters more than ever for business success.⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Prof. Dr. Marion Festing is Professor of Human Resource Management and Intercultural Leadership at ESCP Business School's Berlin campus. Lieven Lambrecht is the Head of HR at PwC Luxembourg. Jennifer Kearny is the...2023-04-2844 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessVolatilitéit op de Marchéen Vill Investisseuren hunn e relativ schlecht Joer hanneru sech. Wat huet 2022 esou aussergewéinlech gemaach, a wéi eng Entwécklungen hunn dofir gesuergt, dass et op de Marchéen zu engem sougenannten "perfect storm" koum?⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Aude Lemogne war Traderin zu New York a geréiert elo säin eegene Portefeuille. De Claude Arend schafft bei Intesa Sanpaolo Wealth Management a këmmert sech ëm privat Clienten. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Salle des marchés an der Equipe, déi den eegenen Investmentportefeuill...2023-03-3142 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessSinn eis Banke sécher? Silicon Valley Bank, Signature Bank, First Republic Bank. Déi rezent Failliten an den USA hunn op de Finanzmarchéë Schockwellen ausgeléist. Wéi stabil sinn d'Banken an Europa an zu Lëtzebuerg opgestalt? A goufen déi richteg Léieren aus fréiere Krise gezunn?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Claude Wampach ass Direkter op der CSSF, der Commission de Surveillance du Secteur Financier, an ass verantwortlech fir d'Bankesurveillance. De Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken zu Lëtzebuerg, an de Claude Origer ass bei der Spuerkees...2023-03-2444 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessZënsen an Immobilien De klasseschen Zënsmechanismus ass wichteg, fir d'Offer vu gespuerte Suen an Aklang ze brénge mat der Nofro no Investitiounen. Souwäit d'Theorie. Wat bedeit déi aktuell Hausse, nodeem d'Zënse jorelaang op engem historesch déiwen Niveau waren? A wéi en Afloss hu méi héich Zënsen op de Secteur vun den Immobilien zu Lëtzebuerg?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Paul Nathan vun der Bauentreprise Poeckes ass och Vizepresident vun der Chambre des Métiers a vertrëtt d'Handwierk. De Jean-Paul Scheuren ass aktiv am Immobiliesecteur...2023-02-2437 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessWomen in Finance Am éischten Episod vum neie Joer sinn d'Fraen am Mëttelpunkt. Wéi steet et an der Banken- a Finanzwelt ëm d'Gläichberechtegung? Ass et am Verglach zu fréier haut éischter eng Normalitéit, dass een onofhängeg vum Geschlecht säi Wee ka maachen? A wéi gëtt Diversitéit am professionellen Alldag gelieft?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nathalie Deltgen ass en charge vum Secrétariat général vun engem Single Family Office zu Lëtzebuerg an huet laang Joren am Bankesecteur geschafft. D'Lynn Alzin ass Partnerin am Finanz- a Kapitalmaar...2023-01-2742 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessBanken- a Finanzwelt vu muer Am éischte Joer vum Podcast Evergreens goufe ganz vill verschidde Sujeten opgegraff. Fir den 12ten a leschten Episod vum Joer 2022 gëtt nach emol e Bléck op déi wichtegst Theme geheit, mee et ass méi wéi just e Réckbléck. Wéi eng Entwécklunge sinn 2023 an doriwwer eraus z'erwaarden, a wéi gutt sinn d'Marchéen a besonnesch och d'Lëtzebuerger Finanzplaz dorobber preparéiert?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Françoise Thoma ass Generaldirectrice vun der Spuerkeess. De Philipp von Restorff ass den Deputy CEO vu Luxembourg For Fina...2022-12-2950 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessObligatiounen an hir Roll um Kapitalmaart No Aktien, Devisen a Private Equity geet et dës Kéier ëm eng vun de gréissten "classes d'actifs" fir z'investéieren. Wat sinn Obligatiounen eigentlech genee, wat sinn déi fundamental Ënnerscheeder par rapport zu aneren Aktiva a wie sinn déi grouss Acteuren?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Carlo Oly ass responsabel fir de Relationship Management bei der Lëtzebuerger Bourse a war fréier zoustänneg fir d’Kotatioun vun den Obligatioune bei der Bourse. De Marc Dax ass schonn 30 Joer laang an de Finanzmarchéen aktiv an ass Broker fir Obl...2022-11-2543 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessPrinzip a Potenzial vun Aktien Aktien hunn net grad dat bescht Joer hanneru sech. An awer kéint dës wichteg classe d'actifs an Zukunft erëm u Bedeitung gewannen. Wat fir e Prinzip stécht hannert den Aktien? A wéi gesäit den Ecosystem ronderëm aus?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Annick Maas ass schonn 10 Joer laang Aktienanalyst zu London mam Schwéierpunkt Medien. De Mike Reuter ass Aktienhändler bei Tradition zu London an huet mat institutionellen Investoren ze dinn. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Equipe, déi d'Investment-Portefeuillë vun der Bank geréi...2022-10-2842 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessWärungen an Devisen, fréier an haut Wann ee vum Geldwiessel schwätzt, geet et ëm eppes, dat fir jidderee schéngt gräifbar ze sinn, an awer abstrakt bleift. Wat ass de Grondgedanken hannert dem Prinzip vum Tausche vu Suen? A wat ass de Rapport zu deem, wat aktuell an der Welt geschitt?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Marco Manieri war 32 Joer laang Devisenhändler a laangjärege Comitésmember vun der Luxembourg Financial Markets Association. De Jean-Jacques Rommes, fréieren Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL an och vun der Patronatsorganisatioun UEL, ass aktuell Vizepresident vum Conseil économique et soc...2022-09-3041 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessErausfuerderungen am Entreprenariat Kleng a mëttelstännesch Betriber sinn d'Réckgrat vun der Ekonomie, woubäi déi sougenannte Startups de Motor vun der Innovatioun sinn. Mee wien sech op eege Fauscht lancéiere wëll, geet zu Lëtzebuerg e Wee, deen nach ëmmer éischter d'Ausnam ass. Donieft huet een eng sëllegen Hürden ze huelen.⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Patrick Kersten ass Grënner vun Doctena a vun Athome.lu, a begleet respektiv beréit ganz vill Startups. Den Tom Michels ass ee vu fënnef Grënner vu Salonkee, engem Service fir...2022-08-2639 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessFaarf bekenne bei der Nohaltegkeet Als Verbraucher ass ee frou, wann ee bei sengen Investitioune geschützt gëtt an alles transparent ofleeft. Dofir suergt d’Direktiv ronderëm d’Marchéë fir Finanzinstrumenter, kuerz MiFID II genannt. Ab August 2022 muss e Client vum Beroder oder Portfoliomanager och no senge Präferenzen a punkto ESG, also Nohaltegkeet, gefrot ginn, fir säi Profil ze completéieren. Wat bréngen déi zousätzlech Date konkret a wat huet de Verbraucher wierklech dovun?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Emmanuelle Mousel ass Partner an der Affekotenétude Arendt & Medernach, këmmert sech ganz vill ëm...2022-07-2840 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessMat Geld eppes Positives bewierken Den Impact Investing stellt nach eng relativ kleng Kategorie vum weltwäit investéierte Geld duer, mee am Zäitalter vun der Nohaltegkeet kritt si eng ëmmer méi grouss Bedeitung. D’Fro stellt sech allerdéngs, wéi een als klengen, privaten Investor Zougang dozou kritt a wou d’Risike par rapport zu aneren Investissementer leien.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Annemarie Arens ass Directrice indépendante a Fongegesellschaften, vun deenen der vill am Impact Investing aktiv sinn. De Lennart Duschinger ass Conseiller am Finanzministère fir nohalteg Finanzen. De Georges Bock huet mat...2022-06-2442 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessKetten-Revolutioun mat der Blockchain Déi sougenannten Distributed-Ledger-Technologie gëtt vu ville Leit als revolutionäre Schrëtt an eng nei Ära gesinn. An am Hibléck op Web3 a Co. sinn d’Verwendungszwecker vun der Blockchain effektiv onendlech. Et gëtt ëmmer méi spannend Entwécklungen, déi de prakteschen Notze vun esou enger dezentraliséierter, fälschungssécherer Datebank ënner Beweis stellen.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Jean-Paul Scheuren ass schonn 20 Joer laang am Immobiliesecteur täteg an donieft Co-Fondateur vu BlocHome. Den Tom Kettels ass Project Leader vun der asbl Infrachain, déi den Developpement vun...2022-05-2640 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessFirwat ass Private Equity wichteg? Jidderee schwätzt vu Private Equity, mee déi mannst wëssen, wat dat ass. Dobäi geet et ëm en essentiellen Deel vun der Finanzwelt, a besonnesch fir kleng a mëttel Entreprisen ass PE wichteg, fir dat laangfristegt Iwwerliewen ze sécheren. Et geet ëm Know How, Nohaltegkeet an d'Aarbechtsplaze vu muer.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Stéphane Pesch representéiert als CEO vun der Luxembourg Private Equity & Venture Capital Association déi ganz Communautéit an Industrie. De Yannick Oswald ass Partner bei der Venture Capital Firma Mangrove Capital Pa...2022-04-2842 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessCryptomania an den Notze vun digitale Wärungen D'Pandemie huet den Opschwong vu Crypto-Geld befligelt. Mee nach ëmmer gëtt et vill Skepsis géintiwwer dësen Assets ouni physesch Substanz. Geet et hei ëm sënnlos Spekulatioun, wéi d'Kritiker behaapten, oder huet Crypto eng Zukunft am Mainstream?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nadia Manzari ass Associée bei Schiltz & Schiltz an ass zoustänneg fir Finanzrecht a Finanztechnologien. De Christof Torres ass Doktorand op der Uni Lëtzebuerg an der TU München, an seng Dissertatioun befaasst sech mat der Sécherheetsanalyse vu Blockhain-Technologien, d.h. Crypto-Geld a Smart Contracts. De...2022-03-2441 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessMusse sech Banken online nei erfannen? D’Digitalisatioun ass e grousst Thema, mee et geet hei ëm méi wéi 1ten an 0en. Dat traditionellt Bankwiesen muss sech engem Public upassen, deen Interaktivitéit gewinnt ass a bürokrateschen Opwand scheit, ouni awer déi Clienten ze vergiessen, déi sech méi schwéier mam Changement dinn.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Christophe Medinger vun der Spuerkeess schafft am Service Digitalisatioun an huet Dag fir Dag mat Projeten an dësem Beräich ze dinn. De Raoul Neu ass Solution Architect bei der Fintech Luxhub, déi di digital Trans...2022-02-2539 minEvergreens by SpuerkeessEvergreens by SpuerkeessOch Suen hannerloosse Spueren Geld huet en Impakt. Dees ass ee sech an der Banken- a Finanzwelt mëttlerweil bewosst. Mee wéi beaflosst d’Thema Nohaltegkeet dës Beräicher an Zukunft? Wéi evitéiert ee Greenwashing a belount déi, di sech wierklech dru ginn? A wou kënnt déi sozial Verantwortung mat an d’Spill? Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat dräi Invitéë vum Scientific Advisory Board vun der Spuerkeess. D'Nathalie Roth vu 4Climate ass schonn 20 Joer laang aktiv am Beräich Ëmwelt a Finanzen, d'Jenny de Nijs ass am Finanzministère responsabel fir nohalteg Finanzen, a...2022-01-2742 min