podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
TankenTrio
Shows
TankenTrio
#52 END OF AN ERA
Allerléiwsten an träisten Trankentrio Zuhörer*innen Mat schwéiren Häerzen muss ären lieblings Trio sech vun sengem Häerzensprojet trennen. Mir soen zwar “auf Wiederhören“ mee lo gett eis Tankentrio Dier zou gemach. An dëser Folge machen mir mat iech zesummen een Réckbléck iwwert eis Podcast Joeren, wéi mir gestart hunn, wou mir elo stinn an wou mir eis an 5 Joer gesinn. Mir soen net, dat mir nie mei remkommen, eventuell an engem neien Kapitel an eisem Liewen machen mir eis Dier nees op. Mat engem laachenden a kräischenden Aan verabschieden mir...
2024-10-13
1h 21
TankenTrio
#51 Nennen ma se mol: Antwerpen
Den Tankentrio huet no 2 Méint erëm zesummefonnt, fir iech mol nees eng geschmackvoll Plauderrunde opzedëschen. Wéi ëmmer gëtt et rëm ee klengen Update vun eis all a ganz extra des Kéier souguer funny Stories iwwert een fail Citytrip. Donieft hu mir awer och mol missen Thema „Weltschmerz“ uschwätzen, well den eiser Meenung no zimmlech vill präsent ass, du bass also net eleng mat dem Gefill. Allerdéngs wiere mir jo net mir, wa mir net mat engem lëschtege Schluss géifen ophalen. Also lauschtert ran. P.S. Den 9.06 sinn d‘Europawahlen, gitt wi...
2024-06-03
1h 17
TankenTrio
#50 Let's raise a final toast
Huelt eis et net beis, mee ären lieblings Trio huet iech puer News matzedeelen. Wann dir wessen wëllt wat lo mam Tankentrio leeft, dann schallt an, mir geifen eis driwwer freeën!
2024-04-07
1h 23
TankenTrio
#49 Dry January
Yuuhuuuu, eis Wanterpaus ass erëm riwwer, d‘Examen si geschriwwen an den Dry January ass och geschwënngepackt. Lauschtert ra fir d‘Fortsetzung vum Lea senger Handy-Story ze héieren eppes kenne mir verspriechen, déi ass nach net färdesch! Och ee ganz spannenden „Wousst du schonn“ hu mir rëm mat dobäi an d‘Kategorie Buh-Mënsch ass erweidert ginn. Ofschléissend war Thema Dry January um Dësch, wei war et bei iech, hutt der ärerLiewer 31 Deeg Paus ginn oder ass dat iwwerbewäert?
2024-01-28
1h 21
TankenTrio
#48 Merry Crisis
Merry Crisis everyone! Pünktlech fir d'himmlische Zeit kennt eng nei Folge vun eis raus, falls da vun de Familieniessen kuerz flüchte wëllt. Vum Vero sengem zukünftegen Mann, zum Waxing bis hin zu Christmas ass alles dobäi. Iwwregens, wat hält dir vun der traditioneller Bûche? Mir héiren eis am nächste Joer, Kussi.
2023-12-24
1h 10
TankenTrio
#47 Bumerang
Moin Moin, mir erzielen iwwert eis 11.11 Erliefnes a wat haut nach um Programm steet, ausser wat a bei eis an de leschte Woche lass war: rëm zur Ofwiesslung eng Buh-Fra an hire Karma, wisou Piloten eigentlech net dierfen dat selwecht iessen an ee klengen Abléck an d’Truecrime-Welt. Mee domat end eis Folge net, mee dir kritt och nach ee klengen Abléck op d’Crème de la crème: déi nei Regierung. Leent iech zerreck a genéisst et.
2023-11-26
1h 13
TankenTrio
#46 Pizza Wurstel
Moin, Servus, Buon Dia! Haut um Menü steet eng séiss Entrée nämlech Pizza Hawaii. Hutt der iech scho mol gefrot wisou déi sou heescht? D'Vero kläert op. Als Haaptgang steet eng gutt Portioun Opreegung iwwert de Buh-Mensch de gemengt huet dem Lea säin Handy ze klauen. Eisen Dessert huet leider ee bëssi méi batteren Nogoût. Et geet em de Verloscht vun enger Comedy Ikone, ganz genau de Matthew Perry alias Chandler Bing. Wei ëmmer dat ganzt mat enger extra Prise vun eisem Humor, also net verpassen!
2023-11-05
1h 11
TankenTrio
#45 Vun der Long op d'Zong
Wei den Titel et scho seet, huele mir an dëser Folge absolut kee Blat virun de Mond. Ganz judgy urteele mir iwwert eis Lëtzebuerger Gesellschaft, sief et eise Buh-Mënsch oder dat aktuellt Thema: d‘Walen. Sidd also prett fir eng ganz subjektiv an emotional geluede Folge, mir verspriechen iech, langweileg gëtt et iech op alle Fall net!
2023-10-15
1h 10
TankenTrio
#44 Lea alleine auf Sri Lanka
No 2 Méint, hu mir et rëm fäerdeg bruecht eis un Table Ronde ze setzen. Wéi ëmmer gitt dir vun eiser aktueller Liewenssituatioun geupdated. Sidd dir prett fir ee ganz onerwaarten Bumensch, dem Pippa säin Cadeau un d'Claire an dem Lea seng Solo Travel Exeprience?
2023-09-24
1h 23
TankenTrio
#43 Wohnzimmeratmosphäre
Mir fänken net laang un mat: We‘re back, well mir hunn et opginn,reegelméisseg rëm do ze sinn, d‘Liewen mëscht eis ëmmer rëm een Strëch duerch d'Rechnung! Dofir welcome an eiser neier Wohnzimmeratmosphäre, lost iech vun eisem Gebabbels verzauberen. Mir huelen iech mat op den Harry Styles Concert, op eisen Danzgala bis hin zur Eurovision. Zousätzlech kritt der nach e puer richteg gutt aner Podcast Tipps. Also net verpassen!
2023-07-16
1h 13
TankenTrio
#42 Mammendag ass net Thema vun der Folge
First things first: Happy Mama Dag! Och wann se op Mammendag rauskënnt geet et an dëser Folge em ganz aner Saachen. Hues du schonn eemol Butterbier gedronk? Wat ass mam Vero sengem lieblings T-Shirt? Wisou vergiessen d‘Leit hautdesdaags Manéieren ze hunn an Héiflechkeet ze weisen? Wanns du Äntwerten ob déi Froen wëlls, dann muss de des Folge lauschteren. Zousätzlech feieren mir eng ganz spannend Diskussioun, déi mat der neier Verfilmung vum Arielle ze dinn huet. Diskutéiert mat, mir freeën eis iwwert all Feedback!
2023-06-11
1h 19
TankenTrio
#41 Syphilis Oder Physalis?
Eis 41. Folge fänkt natierlech rëm mat techneschen Problemer un, wat sidd da och soss vun ärem Trio gewinnt. Nodeems ma eis rëm gesammelt hunn zielen mir iech des Kéier iwwer eise Breissel Revival, en Ausflug an d‘Champagne an wei et ass plakeg an engem Pool e Cocktail ze drénken. Lauschtert bis eran wann dir dat an eis méi serieuxt Thema iwwer Geschlechtskrankheeten héieren wëllt. Enjoy!
2023-05-21
1h 28
TankenTrio
#40 Vun London iwwer Hamburg, direkt an d'Pensioun
Sidd dir och sou prett wéi mir fir an d’Pensioun? Schéin wier et, do mussen och mir nach e puer Joer op d’Zänn bäissen. Wisou stellen mir déi Fro? Ma ganz einfach an eiser neier Folge diskutéieren mir iwwert déi aktuell Situatioun an Frankräich. Niewent dësem méi serieuxen Thema, poteren mir awer och iwwert eis Erliefnisser an natierlech iwwert den Buh-Mënsch vun der Woch. Leent iech zréck an vill Spaass mat äiser neier Folge.
2023-04-23
1h 06
TankenTrio
#39 The New TankenTrio
Hallo hallo halloooooo! Ären lieblings Chaos-Trio ass endlech rëm do. Keng Suerg, dir kennt eis gleewen, deskeier ass et definitiv, zu 100%, Eescht gemengt. Dir gleeft eis net? Verständlech! Mee dofir beweisen mir iech dat. Wat mir lo an dëser Zäit sou gedriwwen hunn an weien Verännerungen lo am Podcast ustinn,gitt dir an dëser Folge gewuer. Also lauschtert eran fir um neisten Stand ze sinn!
2023-04-02
1h 02
TankenTrio
#38 Woman Life Freedom (ژن، ژیان، ئازادی)
Mir sinn erëm zeréck mat enger méi seriöer Folge. Wei den Titel schonn verréit, hunn mir déi aktuell Situatioun aus dem Iran opgegraff. Och wann déi ganz Protester schonn säit e puer Méint amgaangen sinn, war et eis ëmsou méi wichteg et elo awer nach ze thematiséieren, well genau dat een wichtegen Wee vun Ënnerstëtzung fir déi Leit do ass. Lauschtert also eran, mir diskutéieren zesummen iwwert den Ufank vun dem Ganzen, iwwert den momentanen Stand an wat mir perséinlech dovunner denken!
2022-12-04
48 min
TankenTrio
#37 Claire alleine auf Bali
MIR SINN NEES DOOOOO! Mir wëssen, mir hunn iech lang am Stach gelooss an kruten mat, dass mir vermësst ginn sinn. Mee keng Suerg, är dräi lieblings Girls sinn erëm zréck an suergen endlech rëm fir Entertainment. Dir frot iech awer lo sécher wisou et sou lang roueg war an wat mir iwwerhaapt sou gedriwwen hunn an der Zäit. Genau doriwwer klären mir iech op, bei jidderengem war vill lass an et goufen puer Verännerungen. Wann der wëssen wëllt wat also lass war, dann duerf der iech des Folge net entgoen loosse...
2022-11-06
1h 35
TankenTrio
#36 Summer Edition
Du bass scho rëm aus denger Vakanz oder konnts dëst Joer Lëtzebuerg net verloossen? Du hues keng Ahnung weis de dësen Summer solls Zäit emkréien oder hues nach näischt geplangt déi nächst Weekender? Dann ass des Folge deng Rettung! Mir hunn eis mol ugekuckt wat am Summer 2022 zu Lëtzebuerg lass ass. Ganz vill verschidden Eventer wäerten stattfannen, vun Concerts, Festivals bis Duerffester ass alles dobäi!
2022-08-07
50 min
TankenTrio
#35 Surprise 2.1
Mir sinn rëm an eiser 7ter Reih ukomm an dir wësst wat dat heescht: Nei Surprise Folge! Des Kéier war et rëm un eisem Claire. Hat huet sech een klengt Spillchen fir eis iwerluescht, an dem et drëms geet e puer spannend Froen ze beäntweren. Also net verpassen!
2022-07-24
1h 21
TankenTrio
#34 WE ARE BACK
No ganzer 3 Méint sinn är lieblings Labertaschen erëm zréck. Aus deenen verschiddensten Grënn hunn mir eis déi Auszäit geholl an sinn dofir elo erëm méi fresh vir iech do. Wat mir déi ganz Zäit gedriwwen hunn an wat bei eis lass war fro der iech? Ma dat alles gitt dir an dëser Folge gewuer. Een klengen Hint: Thema Stress ass ganz stäerk present an den een oder aneren Tipp kennen mir iech och mat op den Wee ginn. Vill Spaass beim Lauschteren!
2022-07-10
1h 05
TankenTrio
#33 Däin secheren Hafen Part II
Kommen mir zu Part II vun verschidden Bezéiungsmodeller. Mir perséinlech kennen éischter dei monogam Bezéiungen mee wat gëtt et eigentlech nach esou? Wei funktionéieren z.B. polygam Bezéiungen? Kennen mir Leit déi esou liewen? An kennen mir eis virstellen och irgentwann net mei nëmmen monogam ze liewen? Lauschtert ran an entdeckt mat eis wat den Mënsch nach alles vun Liebesbezeihungen ze bidden huet!
2022-04-17
54 min
TankenTrio
#32 Däin secheren Hafen Part I
Sidd der prett vir ären Horizont ze erweideren? Dann sidd der elo hei genau richteg! An dëser Folge schwätzen mir iwwert een ganzt spannend Thema an zwar: Oppen Bezéiungen. Wat genau ass dat? An huet dat iwwerhaapt iergend een Sënn? Wei stinn mir eigentlech dozou? Mir hunn eis mat dem vir eis friemen Thema befaasst an ganz vill nei an spannend Erkenntnisser gewonnen. Also lauschtert ran.
2022-04-03
50 min
TankenTrio
#31 Okaaay let's go
Mol rëm eng Kéier hunn mir eis geduecht iech mat enger vun eisen berüümten Laberfolgen, vun deenen ellenen Noriichten vun eiser Welt ofzelenken. Vorweg mussen mir iech awer virwarnen, dass mir an dëser Folge iwwert Inhalter laberen, déi iech warscheinlech wéineg interesséieren MEE si ass dowéinst ëmsou méi witzeg! Also loosst iech net entgoen wei mir eng gutt an lëschteg Stëmmung verbreeden andeems mir einfach banal iwwert eis Hobbys diskutéieren Vill Spaass gewënscht
2022-03-20
48 min
TankenTrio
Special Episode : Russland-Ukrain Krich
Dir sidd villäicht verwonnert, dass mir net op engem Sonnden des Folge rausbréngen. Dat leit ganz einfach dorun, dass mir et als wichteg empfonnt hunn iwwert dat aktuellt Thema, den Russland-Ukrain Krich, ze schwätzen. Einfach erklärt wëllen mir iech puer wichteg historesch Andréck zu dem ganzen Konflikt ginn. Natierlech hunn mir och eis perséinlech Meenungen rabruecht souwéi eis momentan Gefillslag geschwat. Et ass momentan eng schweier an bedréckend Zäit, an et ass ok den Weltschmäerz ze fillen, well mir fillen en och! Mat dëser Folge wëllen mir iech en Iwwer...
2022-03-01
1h 09
TankenTrio
#30 Couch Potato
Ready vir mat eis an d‘Welt vun den beschten Filmer, lieblings Serien an spannendstem Trash Tv anzetauchen? Genau doriwwer laberen mir dréi nämlech an dëser Folge. Ween vun eis ass wuel den gréissten Filmekenner? An ween ass den totalen Géigendeel? Wei stinn mir zu Trash Tv an wat sinn eis guilty pleasure? Alles dat gitt der hei gewuer!
2022-02-06
1h 30
TankenTrio
#29 Vogelperspektive
Dës Folge beschäftegt sech mat engem Thema oder besser gesot mat engem Begrëff den jidderengem méi wéi bekannt an den och méi wei mënschlech ass, nämlech: Feeler. Och wann verschidden Leit mengen, si wieren fehlerlos, verstoppt sech dach ëmmer den een oder aneren Feeler iergendwou. Mir hunn eis mol selwer gefrot wéi mir mat eisen Feeler emgin bzw. op mir eis déi selwer agestoen kennen. Natierlech hunn mir eis och Gedanken driwwer gemaach, wéi een domat ëmgeet, wann een selwer oder een aneren een Feeler gemaach huet. Villäicht ass jo rëm den...
2022-01-23
55 min
TankenTrio
#28 Surprise 1.1
Eis 7er Rei geet virun, an wéi dir jo mëttlerweil wësst heescht dat, dass et eng néi Surprise Folge gedd! Des Kéier huet d‘Vero eis rëm mat engem ganz spannenden Thema iwwerrascht. Mat Hëllef vun puer Gäscht hunn mir eis mam Thema Flüchtlingen sou wei hier Integratioun an Inclusioun zu Lëtzebuerg auserneen gesat.
2022-01-09
1h 40
TankenTrio
#27 Happy 1st Birthday
Happy Birthday TankenTrio! Andëser Folge stoussen mir zesummen op eist 1-järegt Jubiläum un. Dobäi hunn mir eis geduecht, dass et passend wier een klengen Joeresreckbleck, mat all den groussen Ereegnisser déi dëst Joer op dëser Welt geschitt sinn, ze maachen. Leent iech zréck,gënnt iech een Drink an loosst 2021 mat eis zesummen auskléngen.
2021-12-27
1h 10
TankenTrio
#26 Meenungsfräiheet: Wou sinn d'Grenzen?
No enger kuerzer Paus, sinn mir zréck mat engem méi eeschten an ganz aktuellen Thema: Meenungsfräiheet. Mir hunn eis d’Fro gestallt: Wat ass Meenungsfräiheet? Wei wäit geet se an ginn et do iwwerhaapt Grenzen? Vun privater Meenungsfräiheet, iwwer Kënschtlerfräiheet bis hin zu ganz hëtzegen Diskussiounen iwwert déi aktuell Corona Situatioun hunn mir dëst Thema auserneen geholl. Schlussfolgernd kennen ma behaapten, dass Meenungsfräiheet un deenen eegenen Wäerter orientéiert ass soudass et een ganzt kritescht an subjektiivt Thema ass, well jiddereen ganz individuell dozou steet an awer huet eis Toleranz zu verschi...
2021-12-12
1h 27
TankenTrio
#25 Jealous
Des Folge geet et em dat Thema wat jiddereen vun eis kennt, wat jiddereen sécher schonn erlieft huet an suguer bal ganz sécher och jiddereen an sech dréit: Jalousie. Hues du dech well gefrot op weiengem Jalousies Level du bass? Wann net dann ass elo den Moment dat mam Tankentrio ze maachen! Ob an enger Bezéiung, Frëndschaft, Famill oder Beruff, et kann een et bal iwwerall erliewen. Lauschtert eran,vir e puer nei spicy Infos ze kréien
2021-11-21
1h 06
TankenTrio
#24 Mir vs. eis Elteren
Generatioun X, Y oder Z,wéi eng ass déi besser? Den éiwegen Generatiouns Konflikt hunn mir des Kéier zu eisem Thema gemaach an eis gefrot wat mir an Zukunft änneren wëllen an wéi eng Wäerter mir gären weider mat op eisen Wee wëllen huelen. Wat kruten mir vun klengem un an d‘Weih geluecht wourunner mir eis haut na halen an bei wéi engen Themen stoussen mir op Géigewand, wann mir Doheem diskutéieren? All déi Froen diskutéieren mir an kucken nostalgesch zréck op eis Vergaangenheet.
2021-11-07
1h 08
TankenTrio
#23 Pass op wien du gär hues
Mir bleiwen nach an eisem Grujel Mount Oktober an zéien eis dat nächst Horror-Thema aus dem Ärmel. Des Kéier geet et em „Horror-Dates“. Wat sinn eis perséinlech Virstellungen vun engem Horror Date an absolut No Gos? Mais och iech hunn mir des Kéier nees mat an d‘Boot geholl an no enger Ëmfro op Instagram (tankentrio_de_podcast) koumen ganz skurril Horror Dates zum Virschäin. Lauschtert bis eran an vläicht kennt är verdrängten Horror Date Story och rëm op.
2021-10-24
1h 04
TankenTrio
#22 Awerglawen
Mir sinn am Grujel-Mount Oktober ukomm an passend dozou hunn mir eng Episode iwwer Awerglawen, Horoskoper an Geeschter Geschichten opgeholl. Wat ass Awerglawen iwwerhaapt an ass dat wierklech eppes wat eis am Liewen beaflosst? Och iwwer verstuerwen Séilen, komesch Gestalten an Schicksal-Geschichten hunn mir 3 des Kéier diskutéiert. Et ass nees eng Folge wou mir eisem Gebraddels keng Grenzen setzen an wënschen iech domat vill Spaass beim Lauschteren!
2021-10-10
1h 06
TankenTrio
#21 Surprise 3.0
Wei soen mir dach ëmmer sou gär beim Tankentrio: Aller Guten Dinge sind 3! An esou sinn ma lo bei eiser Folge Surprise 3.0 ukomm. Och eist drëtt Mitglied war dann elo un der Rei an huet den Rescht vum Trio mam Thema Feminismus iwwerrascht! Zesummen mam CID huet eist Lea eng spannend Diskussioun zu dësem Thema gehat an déi mat deenen aneren 2 wärend der Folge gedeelt an iwwert verschidden Aussoen diskutéiert! Et ass eng immens lehrreich Ronn ginn, an allen dréi hunn mir gemierkt wei eisen Horizont sech alt rëm enkéier méi erweidert...
2021-09-26
1h 34
TankenTrio
#20 Kierperbetount Part II
Eis 20. Episode ass online an domat feieren mir schonn eis 2. Jubiläum! Mir 3 fueren mam Thema vun der Folge 19 virun: Bodyshaming. Dësen Part II geet vill em Body Positivity. Wat ass dat genau? Ass dat wierklech eng gutt Bewegung? Wat ass mat Body Neutrality? Vill Spaass gewënscht an loosst de Schampes mat eis knuppen zur Feier des Tages!
2021-09-12
54 min
TankenTrio
#19 Kierperbetount
An dëser Folge hunn mir eis mam Thema Bodyshaming auserneen gesat. All Mënsch op dëser Welt ass schonn mat dësem Thema konfrontéiert ginn an wei mir festgestallt hunn droen Social Medias haut zu daags ganz vill dozou bei. Wat ass den perfekten Kierper? Ween definéiert wéini een ze deck, ze dënn, ze grouss, ze kleng oder wat och emmer ass? Wat sinn eis perséinlech Erfarungen domadder an wei sinn mir bis elo domadder emgaangen? Och deskéier hunn mir eis puer Gedanken zu dësem Thema gemaach an wei ëmmer serieux an mat enger...
2021-08-29
1h 10
TankenTrio
#18 Eng Mutz fir de Wutz
An dëser Episode schwätzen mir 3 iwwer Verhütungsmittel an stellen eis vill Froen dozou. Wisou verschreiwen Gynekologen esou schnell d‘Anti-Baby-Pëll? Wat fir verschidden Kategorien vun Verhütungsmittel gin et? Wat fir Mëttel gin et fir d‘Männer? No puer Recherchen an mat Hëllef vun Eegenerfahrung diskutéieren mir iwwert dëst wichtegt Thema wat sécherlech vill Leit beschäftegt, och wann do jiddereen individuell fir sech d‘Entscheedung treffen muss wéi an op en verhüten well. Des Instagram Accounts goufen erwähnt an kéinten fir den een oder aner hëllefräich sinn: - Be...
2021-08-15
1h 18
TankenTrio
#17 Fro du, so du
Welcome zu der TankenTrio Froeronn! Mir hunn eis Community opgefuerdert eis e puer Froen ze stellen iwwert déi mir dann ausführlech diskutéiert hunn. Wat waren eis peinlechst Momenter? Leiwer Vergaangenheet oder Zukunft? Hong oder Ee? An nach villes méi! Wann dir méi iwwert eis wëllt gewuer ginn, dann ass dat hei den perfekten Moment dofir.
2021-07-18
1h 11
TankenTrio
#16 Erwaardungs-Shot
Nëmmen keng ze héich Erwaardungen un des Episode (do you get the joke? hehe). An eiser Folge 16 schwätzen mir iwwer Erwaardungen déi mir un eis selwer hunn, un eis Matmënschen an wei mir mat den gesellschaftlechen Erwaardungen emgin. Schnell stellt sech raus dass dat e breet gefächerten Term ass, den jiddereen individuell definéiert an soumat hunn mir hei déi eng oder aner Diskussioun. Opgepasst: fir déi ganz king kann een aus dëser Folge souguer een Drénkspill machen. Fir méi doriwwer rauszefannen: lauschtert ran! !! Keen Alkohol ënner 16 !!
2021-07-04
1h 02
TankenTrio
#15 Schlappentourist
Viva Vakanz! An eiser Episode 15 schwätzen mir drei iwwer eis lieblings Vakanzen Destinatiounen, Länner an Stied déi eist Häerz erobert hunn mee och vun deenen Vakanzen déi mir kengem recommandéieren géingen. Lauschtert eran wann da eis Weltenbummler Geschichten an e puer witzeg Anekdoten héieren wëllt. Déi nächst Vakanz steet schliisslech bal virun der Dier.
2021-06-20
1h 18
TankenTrio
#14 Surprise 2.0
!Triggerwarning! Mir sinn bei eiser Folge 14 ukomm! Wat heescht dat genau? Ganz einfach: et ass an der 7er Rei an domat nees eng Surprise Folge! Des Kéier iwwerrascht d‘Claire déi aner zwee mat engem Thema vun dem si réischt wärend der Episode gewuer gi. Virun wat hues du Angscht? Domat fänkt eng wichteg Folge un befiert mir riwwer op d‘Panik an Panikattacken gi. Mat engem Avis vun zwee Psychologinnen an zwee Temoignagen schwätzen mir dréi doriwwer wei sech eng Panikattack ufillt, wei een als Außenstehenden reagéieren soll an wéi een sech sel...
2021-06-06
1h 25
TankenTrio
#13 Gesangsstonn mam Trio
Welcome to eiser musikalescher Episode! Des Kéier schwätzen mir dréi iwwer Musek. Wat bedeit Musek fir eis? Weieng Lidder kennen mir am Dauer Loop lauschteren an weieng gin einfach guer net? Hei fann dir Song Tipps fir Breakups, Hype ze gin an och déi eng oder aner Gesangseinlage. An och eis letzeboier Musikszene hunn mir mat dobai. Macht iech op vill Throwbacks an Onstëmmegkeeten bereet. Listen and enjoy!
2021-05-23
1h 10
TankenTrio
#12 Corinna
Corinna lässt Grüßen! An eiser heuteger Episode hunn mir eis mol eng kéier richteg iwwert Corinna ausgekatzt. Wei geet et eis momentan? Wou ass eis Motivatioun sou drun? An ganz wichteg: Wei fill dir iech eigentlech? Duerch verschidden Temoignagen hunn mir och en Abléck doriwwer kritt, wei et verschiddenen vun eisen Zuhörer*innen esou geet. Vun keng Motivatioun méi hunn, iwwert „stay positive vibes“ bis hin zu nostalgeschen Pré-Corona-Zäiten Momenter ass och rëm an dëser Folge alles dobäi. Katzt iech also eng kéier richteg mat eis aus, an dat Allerwichtegst, bleift ge
2021-05-09
1h 09
TankenTrio
#11 Wous du den Summer verbréngs, verbréngs du och den Wanter
An eiser 11. Folge schwätzen mir dréi iwwert Frëndschaft. Wat bedeit Frëndschaft fir eis mëttlerweil? Léiwer vill Frënn hunn oder geet eis eng Hand voll duer? Frëndschaft zwëschen Mann an Fra, jo oder nee? Wat ass toxesch an wat pusht eis an enger Frëndschaft? En Thema wat nees jiddereen betrëfft an wou jiddereen matschwätzen kann.
2021-04-25
1h 04
TankenTrio
#10 verflixt und zugenetzt
Jubiläumsfolge! An eiser 10. Episode schwätzen mir 3 iwwert dat grousst Thema „Social Media“. Seng Pros, seng Cons an weien Impakt dat alles op eis huet. Ps: Genéisst déi bis elo beschten Qualitéit vun eisem Podcast! Enjoy.
2021-04-25
59 min
TankenTrio
#9 Back to the Future
Laang huet sech mindestens eent vun eis virun dëser Episode gedréckt. Et geet nämlech em d’Thema Zukunft, wat net ëmmer angeneem kann sinn. Vill oppen Froen kommen op: Wou stinn mir grad? Wéi geet et virun no der Uni? Musse mir lo schonn en konkrete Plang hunn fir déi nächst 40 Joer? Kennen mir nach eis Dreem verwierklechen? Dëst, eis Suergen, eis Visiounen an nach villes méi thematiséieren mir an eiser Laaberfolge. Have fun!
2021-04-11
55 min
TankenTrio
#8 Katz und Maus Spiel
An dëser Folge hunn mir eis mam Thema "Gewalt" beschäftegt, wat aktuell méi denn je an den Medien ass. En Katz und Maus Spiel wou et leider ëmmer eng Persoun gëtt déi jot an eng déi gejot gëtt. Gewalt un Fraen, an allgemeng un all Mënsch, ass fir eis drei extrem wichteg thematiséiert ze gi. An eiser Gesellschaft leeft nach ëmmer vill schief an et ass un der Zäit Tabuthemen opzegräifen an doriwwer ze schwätzen. Mat theoreteschen Aspekter an perséinlechen Erfarungen, huelen mir iech mat an eis Diskussiounsron...
2021-03-28
1h 12
TankenTrio
#7 Surprise 1.0
An dëser Folge huet d‘Vero eis mat engem ganz spannenden Thema iwwerrascht. Zu dréi diskutéieren mir iwwert „Stereotypen“, een Sujet den eis alleguer betrëfft an wouriwwer jiddereen sech mol Gedanken kann maachen. Duerch verschidden Point de Vuen goufen eis d‘Aan zur Realitéit opgemaach. An genau dat wëllen mir mat dëser Folge och bei iech bezwecken, et gëtt Zäit sech mat eiser Gesellschaft, eis selwer an der Realitéit auserneen ze setzen.
2021-03-14
1h 15
Erklär&Laach
Ep.56: 'De Kack-Krimi'
D'Liewen huet eis dräi intellektuell Redoublant'en leider e puer Wochen vun dësem Podcast fortgehal - dofir ass eist Postfach gerammelt voll. Mir huelen eis d'Zäit fir op eng ganz Retsch Messagen anzegoen. Ënnert Anerem héiere mir eppes vum grousse Freiburger Strulleleeër, dem Tankentrio, der ALEM, a villen aneren.
2021-03-08
1h 07
TankenTrio
#6 Fifty Shades of Grey
D'Welt ass net nëmmen schwaarz an wäiss. Et ginn vill verschidden Gro-Téin an deenen een denken an handelen kann. Sou wéi och wat d'Ëmwelt ugeet. An eiser "grünen Folge" schwätzen mir iwwer Nohaltegkeet, wisou dat grad eis Generatioun beschäftegt an wat mir dofir maachen kennen. Wéi ëmmer gëllt och hei : eis Tipps sollen nëmmen als Denkustéiss gëllen an keen virun de Kapp stoussen. Vill Spaass beim Lauschteren.
2021-02-28
1h 03
TankenTrio
#5 Fouss an den Aasch
Wéi den Titel des Kéier net verréit geet et an dëser Episode em: Selbstliebe. En grousst an wichtegt Thema dat eis dräi den Kapp zum Dämpen bruecht huet. Wat genau ass dat an wéi kennen ma se stäerken? Dëst an wat et mam Titel op sech huet, gëss Du hei gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren an vläicht ass jo den een oder aner Tipp dobäi deens de mat op däin eegenen Wee huelen kanns.
2021-02-14
56 min
TankenTrio
#4 Léiftwéi & Häerzblutt
An dëser Folge diskutéieren mir iwwert en Thema dat jiddereen scho emol beschäftegt huet : Bezéiungskroom an Singleliewen. Wat erwaart een sech an sengen 20er vun engem Partner? Wat heescht et an Corona Zäiten Single ze sinn? Ass dësen Altersoofschnett vläicht den wou mir eis am meeschten Froen stellen? All des Froen hunn mir eis gestallt an sinn eis sécher dass mir net eleng domat sinn. Wei ëmmer mat e bëssen Humor an Eegenerfarung stellen mir eis dësem Thema!
2021-01-31
1h 08
TankenTrio
#3 2020: Ma bonne année!
Endlech ass 2020 eriwwer. Schnell op Holz klappen fir 2021! Mais befiert ma eis an dat neit Joer lancéieren, loossen ma eis déi läscht 12 Méint duerch de Kapp goen. Mat engem laachenden an kräischenden Aan diskutéieren mir dräi iwwert dat onvergiesslecht Joer.
2021-01-10
1h 00
TankenTrio
#2 Vun der Bombe bleue bis zum Spritzer
Nei gewonnen Selbststännegkeet an Fails dank der Uni. Tipps und Tricks fir een gelongent Studenteliewen. Wat sinn d'Insider zu Bréissel? Wat ass een TD? Muss een dohin? No wat schmaacht eng Bombe bleue? Wéi sprangen ech Vollgas iwwert mäin Schiet? All déi Froen an Infoe zu aner Studentestied hunn mir fir iech ënnert d'Lupp geholl.
2020-12-26
1h 00
TankenTrio
#1 Aller guten Dinge sind drei
Strukturlos an mat techneschen Problemer, stellen mir iech eis mat vill Gelaachs, engem Pättchen Wäin, souwéi enger Taass Kaffi, fir
2020-12-17
37 min