podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Baschti
Shows
Erklär&Laach
Ep.115: Vulnerabel am Baumaart
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach?Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher Kultur. Bis elo hu si 127 Episoden produzéiert. D'Themen si variéiert: vun aktueller Gesellschaftskritik a politeschen Iwwerleeungen bis zu fiktiven True-Crime-Serien wéi "Tatort: Lëtzebuerg – D'Waldbëlleger Band". D'Hosts kombinéieren dacks Ironie mat engem kriteschen Bléck op d...
2025-05-21
47 min
Erklär&Laach
Ep.111: Bom Dia Baaschterten
Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.
2025-03-24
1h 04
Erklär&Laach
Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm...
Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen). A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir probéieren eis un der Welt vu muer - Kë...
2023-09-08
1h 02
Erklär&Laach
Ep.96: Belsch Bashing um Europadag
Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen.Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi.Niewebäi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwätzt iwwert säin däischtert Geheimnis...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Att...
2023-05-10
50 min
Erklär&Laach
Ep.90: Heroin am Superwaljoer
2023 huet scho laang ugefaangen, mee mir erweche lo réischt aus eisem onverdéngt Wanterschlof: de Pippo an de Joe hunn alt wéinstens vun neie Rubricke gedreemt, se erziele vum Spa an der Eifel an de Baschti kritt esou lues seng Perséinlechkeet vum Radio an déi vum Podcast net méi getrennt - eng klassesch Féckmillchen. Mee ëmmerhin: eis huet et gutt gedoen, fir nees beieneen ze setzen. Lo hoffe mer just, dass dir hei net ze vill IQ-Verloscht kritt.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licens...
2023-01-23
56 min
Erklär&Laach
Ep.88: Pöbel's Choice Awards
Wat ass bei de Podcast Awards schief gaang? Paus net dobäi, Happy Hippos net dobäi, a yours truly och net... Mir ginn op Spueresich a kommen zu (k)enger Konklusioun. Fir et mat den onstierfleche Wierder vun engem vun de gréissten a breedsten Dichter vun eisem Land ze soen: FCK RTLMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-12-01
1h 02
Erklär&Laach
Ep.87: Flantes, Dräibiz a Fléipéiter
An der Hoffnung dass een eis sënnlos a liicht iwwerflësseg Beschreiwungen hei liest, ass hei eng wichteg Warnung: D'gëlle Fro probéiert e Podcast-Monopol opzebauen an zesumme mat den Illuminati vum Gruppetto aus ganz Lëtzebuerg ze kontrolléieren! Du kanns dat nëmme verhënneren andeems du des Folg lauschters an op Follow klicks! D'Schicksal vum Land, jee vun der ganzer Groussregioun läit an denge Wurschthänn.Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/Music promoted by https://www.chosic.com/free-music/all/Creative Commons CC...
2022-11-15
1h 05
Erklär&Laach
Ep.86: Blowal, Robb a Bison
Wéi an engem episodesche Filmmeeschterwierk vum Wes Anderson huele mir iech haut mat op eng verzaubert Rees duerch eis defekt Kläranlag, bis uewe gefëllt mat onsënnegen Themen an enger grousser Fro: Wat mécht de Joe mam Soundboard? Ausserdeem mat um Start (oder um Stizzle, wéi d'Kids net soen) sinn de Merci vun der Woch, eng philosophesch Fro an d'Thema Dout. Ça promet seet de Belsch.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-11-06
1h 14
Erklär&Laach
Ep.85: Quiz de grenouille
Eng Folg sou gefëllt mat Inhalt, dass se bal platzt: Vun engem onnéideg laangen Ausfluch an d'Sportwelt begi mir eis natierlech kuerz op d'Insel fir iwwert déi eenzeg Premierministesch ze schwätzen, déi jeemools engem Kinnek AN enger Kinnigin gedéngt huet. Mir hunn en extrem praktesche Lifehack fir iech, de Merci vun der Woch an NATIERLECH: de grousse Quiz mat Euphemisme fir Masturbatioun.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-10-25
1h 05
Erklär&Laach
Ep.84: Baschti's Bucket Brothers
Wéi kann een den Erfolleg vum Jeff Bezos kopéieren - nee - verbesseren? Dat a weider #Lifehacks presentéiere mir iech an enger neier Folg live aus dem Geckenhaus. Ausserdeem beschäftege mer eis mat der Fro: Wat mécht méi korrupt: Muecht oder Geld? Mir mussen et jo wëssen.Inzest dierf als Thema natierlech och net feelen, mee dat kennt dir jo souwisou vun eis.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-10-17
54 min
Erklär&Laach
Ep.83: Joe du bass sou anescht ginn
Häerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts! Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier... C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kiffe.
2022-10-10
58 min
Erklär&Laach
Ep.82: Antihistamin fir Intelligenzallergiker
Et gëtt esou lues elle waarm, a mir verofschidden eis an eng absolut onverdéngte Summerpaus. Éier mir fort sinn fir an iergendenger Toilette ze tauchen, bidde mir awer natierlech nach eng Kéier eng uerdentlech Portioun Blödsinn, vum Joe senger Mamm, déi duerch hiren Hënner otemt, bis hin zu den neisten Dommheete vum lëtzebuergeschen Twitter. Fir Antiinformatioun ass wéi ëmmer gesuergt. Also léif Fësch, bis am Hierscht, passt gutt op iech op. Kussi, är dräi Liblings-Evolutiounsbremsen
2022-07-13
52 min
Erklär&Laach
Ep.81: Squattage um Stau
Mir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat! An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer de Mullenchecka69 bis hin zum 4. Prager Fenstersturz.
2022-06-19
1h 23
Erklär&Laach
Ep.80: Joe's next Topmodel
Wat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel. A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier. Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen. Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt. De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.
2022-06-14
53 min
Erklär&Laach
Ep.79: Stammdëschgespréicher an der Zanzibar
Vum Kliemann iwwert d'Geriichtsaffär Heard vs Depp bis bei de Eurovision Song Contest: an der leschter Woch huet eis sou munches opgereegt.Dofir huele mir eis lo Zäit fir erofzekommen, an zesumme mat iech d'Séil baumelen ze loossen.(Bei Roserei oder Irritatioune wärend dem Lauschtere vun dësem Podcast, schreiwt w.e.g. e Mail un echhukeenhumor@feckdech.lu)Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-05-20
1h 03
Erklär&Laach
Ep.78: Deng Mamm geet Ettel
Hei ass eng XXL-Folg vun eisem Schrottcast. XXL ass iwwregens och d'Gréisst vun denger Mamm hirem Schnitzel, dee si all Moie beim Kaffi wegstaubsaugert. Themen sinn eis Liblingslidder, Twitter, Klischeeën iwwer Jugendlecher, an natierlech dierfen eis 60.000 Rubricken net feelen. 60.000 ass iwwregens och de BMI vun denger Mamm.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-04-28
1h 50
Erklär&Laach
Ep.77: Drockverloscht an der Niveau-Kabinn
Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet.D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un.Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinnt mat 'geistiger Umnachtung', wéi se am großdeutschen Reich soen.(Jo, da...
2022-04-20
1h 26
Erklär&Laach
Ep.76: 'Nepal, Capitani & aner Sauereien'
Neies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast. Zesummen huele mir iech mat op eng weider Audiorees Richtung Verluerenzäitland an nees zréck.
2022-04-11
55 min
Erklär&Laach
Ep.75: Den Toni Schlesser a säi brennende Pissoir
Komm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest.Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer.Pas de prob.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2022-03-07
1h 08
Erklär&Laach
Ep.74: Capitani oder Erklär&Laach?
Mir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'. *Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as usual
2022-02-28
1h 12
Erklär&Laach
Ep.73: 'De finale Féck Dech un 2021'
Mir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen. Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer. De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.
2021-12-25
59 min
Erklär&Laach
Ep.72: 'Vum Peacock bis op Fribourg'
Mir huelen iech mat op eisem Wasserwerfer a fueren eng Kéier gedanklech vum Peacock bis an d'Schwäiz. Dobäi hu mer nees eng ganz Rei Stops ënnerwee: Eng elitär Geschicht vum Joe, dem Philippe säin Owend um Filmpräis, de Baschti zielt vum legendäre Gunther VI., an et gëtt endlech en neie Kack-Krimi. Nach eng Reklamm an eegener Saach: De Paus-Podcast huet eis agelueden, fir déi 4. Käerz op hirem Adventskranz ze sinn. Also lauschtert do och eng Kéier ran wann iech langweileg ass. Bussi Bussi.
2021-12-14
1h 02
Erklär&Laach
Ep.71: 'Dem Joe seng lescht Folg op fräiem Fouss'
De Podcast fänkt des Kéier an trauter Zweesamkeet un - de Joe huet nämlech eng mysteriéis Verspéidung. Hien bréngt ofgesinn vun enger klenger Strofdot awer mat Retard och eng kleng Preparatioun als Host mat. A behandelt do alles vu Märercher bis Nazien zu Schraasseg.
2021-11-24
1h 04
Erklär&Laach
Ep. 70: 'Klappjuegd mam Camion'
Mir komme mam Kackcamion vun Dubai bis bei deng Oueren an tippen 7 Tonnen Blödsinn direkt an däi Kapp. Inhaltlech wéi ëmmer mannerwäerteg, mat Themen wéi Klappjuegd, Marche Blanche Leaks, Pissconcerten an engem laang iwwerfällege Comeback vum Prager Fenstersturz.
2021-11-16
1h 09
Erklär&Laach
Ep.69: 'Nice'
Beim insulinbedengten Zockerschock ënnert de lëtzebuergesche Podcasts geet et des Woch em d'REEL, héich qualifizéiert Tipps fir der Inflatioun entgéint ze wierken, Déieren an d'Marche Blanche. Net feelen dierfen natierlech eis Social Media Fësch, de Merci vun der Woch, an dem Pippo seng philosophesch Fro.Hei nach d'Kaart vun den Allergenen: Dëse Podcast enthält Cringe, Roserei an Triggergefor.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-11-04
1h 05
Erklär&Laach
Ep.68: 'Benchmark vum Wahnsinn'
De Joe huet den Host. Soss nach Froen?Ok, kuerz zesumme gefasst: Autobiographien, Baldwin-Schoss, Baschti um RTL, Ganzkierperzongen, Verfassung.Ofwiesslungsräiche Contenu à la Dennenwald.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-10-24
1h 14
Erklär&Laach
STAFFEL 4 Ep.67: 'Du bass ee Schäiss'
Mir sinn zréck aus der Summerpaus a sprange mat enger Mëschung aus Motivatioun an Existenzangscht an déi nei Staffel vun eisem kléngen Zigeiner-Podcast. Mir maachen den Debrief vum Erklär&Live, erklären fachmännesch d'Vir- an Nodeeler vun der Marche blanche, an drénken e gesond Glas Kokain mat Drëpp. Ah, schéin nees do ze sinn.
2021-10-17
1h 05
Erklär&Laach
Erklär&Live @ Millebières
Mir hunn et endlech hikritt: No gefillt 69 Uleef hu mer eisen éischten Erklär&Live gefeiert, am Café Millebières. Leider ass de Joe kuerzfristeg malade tombéiert, mee d'Jill vu 'Paus.' an '(On)bekannt' konnt kuerzfristeg asprangen an huet e fantasteschen Ersatz gebueden. Hei sinn e puer Ausschnëtter, éier et dann e Méindeg nees lassgeet, mat Staffel 4 vun der Erklär&Laach.
2021-10-14
26 min
Erklär&Laach
Ep.66: 'Summer21: Mam Wingsuit an de Bierkönig'
Mir 3 al Schaffpäerd jetsetten endlech an de Summer - awer net ouni et nach eng Kéier knuppen ze loossen! Mam Baschti senger fantastescher (illegaler?) Prankshow, de makaberste Sportaktivitéite fir de Summer, dem sangende Joe, an och e puer sérieuxe Gedanken.
2021-07-26
1h 15
Erklär&Laach
Ep.65: 'Clownen klonen'
Den Zirkus ass nees an denger virtueller Stad! Deng Liblings-Entertainer (Jongleur Joe, Wuertakrobat Pippo & Dompteur Baschti) bidden nees eng vun hiren typesche Shows: frëscht Hallefwëssen an eng gesond Portioun Iwwerhieflechkeet, gemëscht mat engem Schoss Humor. Bonne dégustation.
2021-07-13
58 min
Erklär&Laach
Ep.64: 'Pinkwashing fir Faarweblanner'
Et ass PrideWeek! Nom absolut onkontroversen Erfolleg vun eiser Folge iwwer Verhütung ass et elo um Thema LGBTIQ-Akzeptanz. Wat soll do scho schif goen? Ausserdeem: De Philippe ass nom Joe lo schonn deen zweeten, dee mat engem anere Podcast friem gaangen ass, de Joe huet e Merci vun der Woch, an de Baschti ass och do.
2021-07-06
44 min
Erklär&Laach
Intermezzo V - Who are you Andy Schtrack?
Et ass roueg an der nationaler Podcast-Landschaft, just bei eis dräi Toperte brennt nach Luucht. An dat huet e gudde Grond. No wochelaangem Sichen, féiwerhaftem Gerätsels, a mystériéisen Noriichten ass et endlech souwäit: Den Andy Schtrack weist seng hässlech Fratz.
2021-06-22
18 min
Erklär&Laach
Ep.63: 'Sex Education fir Dommer'
De Joe ass Host a steiert eist Podcastschëff (et ass just e klénge Kutter, mee ëmmerhin) riicht an en onrouegt Gewässer mat politesch inkorrekte Strudelen, engem Genderstuerm, a ville Froen, op déi mir keng Äntwert hunn. SOS! Niewebäi hu mir awer och e ganz emotionale Merci vun der Woch, villes zu der EM, an natierlech gutt Laun fir jiddereen.
2021-06-14
1h 00
Erklär&Laach
Ep. 62: 'Pippo's Pub Quiz'
-Mir behandelen an eiser Antiagressiounstherapie déi verschiddensten Themen: Vu BIcher iwwer Reklammen bis hin zum Andy Schtrack sengem neiste Message. Ausserdem huet de Philippe e Pub Quiz organiséiert, an de Joe verstréckt sech an enger Rechnung, déi sou komplizéiert ass, dass hien elo an der Klinick läitMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-06-08
1h 09
Erklär&Laach
Ep.61: 'SI MIR A GEFOR?'
Mir kruten eng mysteriéis Noriicht op eisem Instagram... a mir brauchen Hiweiser, wat do geschitt ass. Ausserdeem beschwätze mir alles aus der leschter Woch, vu verschwonnenen Zaldoten an der Belsch bis zum Test-Concert an der Rockhal. Wéi ëmmer delikat gewierzt mat mëttelméissegem Humor an Experts-Wësse vun dräi Idioten (dat si mir).
2021-05-24
52 min
Erklär&Laach
Ep. 60: 'Den Tommy wëll eis net'
Fir eise 60. Jubiläum sëtze mir mat engem Feierowendbéierchen a beschter Laun beieneen - a poteren iwwer méiglech Gäscht fir eise Podcast, dem Joe säin neiste PR-Stunt fir den Handball, den Auto vun der Pizzeria Le Special, an nach eng ganz Rëtsch aner Dommheeten.
2021-05-12
1h 23
Erklär&Laach
Ep.59: 'Déi däischter Säit vun der Party'
Mir liewen nach! Oder nees... a mir lafen direkt mat Wuppes an eise gewinnten Dall aus schwaache Pointen, flaachem Humor an enger handverliesener Selektioun un dommen Themen. Bon appétit! (Beim Lauschtere vum Podcast gëtt d'Anhuele vu Paracetamol oder Ibuprofen staark recommandéiert)Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-05-03
1h 11
Erklär&Laach
Intermezzo IV
Et gëtt emol nees Zäit, fir eis kuerz ze mellen. Fir eng ganz Folg ass et eis zäitlech leider net erausgaangen, mee mir trälleren iech awer kuerz e Lidd vun engem Super-GAU, méigleche Partnerschaften - an natierlech der gefallener Legend Frank Engel.
2021-04-13
20 min
Erklär&Laach
Ep.58: 'Being Joe'
Wann de Joe den 'Houscht' huet, weess een ni esou genau, wat geschitt. Vu Fun Facts iwwer Naturkatastrophe bis zu der Erklärung, firwat hien ni eng Carte d'Identité dobäi huet - alles ass couvréiert. De Philippe gëtt och neien CSV-Presi. You're welcome.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-03-24
1h 02
Erklär&Laach
Ep.57: 'Casting Lux cherche...'
Esouguer fir eis dräi bildungsresistent Intelligenzallergiker ass um Casting fir Capitani 2 eppes ganz faul. Mir ginn also fir d'éischte Kéier der Richtung 22 Recht - an dat net gär! Ausserdeem an dësem Potpourri fir Podcast-Schneekerten: Hexejuegd beim Impfen, en net-wäissen James Bond, an eng ganz grujeleg Naturkatastroph.
2021-03-15
1h 14
Erklär&Laach
Ep.56: 'De Kack-Krimi'
D'Liewen huet eis dräi intellektuell Redoublant'en leider e puer Wochen vun dësem Podcast fortgehal - dofir ass eist Postfach gerammelt voll. Mir huelen eis d'Zäit fir op eng ganz Retsch Messagen anzegoen. Ënnert Anerem héiere mir eppes vum grousse Freiburger Strulleleeër, dem Tankentrio, der ALEM, a villen aneren.
2021-03-08
1h 07
Erklär&Laach
Ep.55: 'Mentale Keller (ausser fir den Netflix-Joe)'
Mir probéiere mat alle Mëttelen eis (an är?) schlecht Laun wegzeimpfen: Domm Gedichter, flaach Witzer, Ablécker an eise kreative 'Prozess'. Ahjo, an de Joe an de Philippe plapperen iwwer extrem peinlech Geschichten, déi si zesummen erlieft hunn.
2021-02-18
1h 04
Erklär&Laach
Ep.54: '1. TAUMEL Awards Zeremonie'
Mir huelen eis Zäit fir d'Welt ronderëm eis ze feieren - a mat Präisser ze bedenken. Vum Top Vull bis zur beschter PLZ, se sinn all dobäi, an d'Prominenz gëtt sech d'Klensch an d'Hand!Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-02-05
1h 13
Erklär&Laach
Ep.53: 'D'Oochener Stréckel-Verschwörung'
Zäit fir eng Stonn Eskapismus mam Netflix-Joe, dem Wahrig-Philippe & dem Bukkake-Baschti. Haut brénge mir, nieft villen anere Saachen, och endlech dem Pier seng Geschicht vun der legendärer Hausparty zu Oochen op en Enn. Also maach dir et gemittlech, verschränk d'Hänn genau esou wéi d'grumpy chicc Bernie Sanders, a lass geet et.
2021-01-25
1h 15
Erklär&Laach
Ep.52: 'Era of Misinformation'
Wat ass an eiser Zäit eigentlech nach wouer? A wéi engen Informatioune kann ee vertrauen? Dat diskutéieren an dësem Experte-Gespréich de Mieresbiolog Dr. Philippe Berscheid, de Prof. Joe Dennenwald vun der Uni Sorbonne, an de weltwäit renomméierte Fake-News-Expert Sebastien Gudenburg vun Oxford. Leider ass deenen dräi am Endeffekt selwer net méi bewosst, wat si elo gleewe sollen a wat net. Vill Spaass beim intellektuelle Bungeejumping.
2021-01-17
55 min
Erklär&Laach
Ep.51: 'Maacht är Aen op! No New World Order'
De perfekten Audiobegleeder fir esou gemittlech an dat neit Joer ze starten, dass et einfach guernet sou schlëmm ka gi wéi 2021. Mir maachen e klenge Quiz, héieren Neies vum Pier vun Oochen, a beschwätzen natierlech d'Aktualitéit, ënnert anerem d'Season Finale vun der amerikanescher Demokratie, Demonstranten zu Lëtzebuerg, an de wäisse Wanter.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2021-01-10
1h 07
Erklär&Laach
Ep.50: 'Christmas Special'
Hohoho! Déi dräi mannerbemëttelt Kleesescher sinn do, fir Iech d'Chrëschtgeschicht aus dem Joer 2020 ze verzielen!Ausserdeem an dësem Späschel: Liicht Esoterik, de Podcastkrich, an dem Pippo seng Verwandlung vum Grinch hin zum empatheschen Darling. An elo scho mol: Schéi Feierdeeg, loosst et iech gutt goen.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-12-21
1h 17
Erklär&Laach
Ep:49: 'Je suis Eric Rolgen'
Mir mussen natierlech direkt iwwert d'Bomm schwätzen, déi des Woch an der Podcastszeen geplatzt ass: Den Eric Rolgen mat senger *opgepasst: Ironie* Libeserklärung un Enseignanten an Déifferdeng. A wien ass eigentlech déi gëlle Fro? Donieft schwätze mir och emol endlech rëm iwwert eis Liiblingsleit: Iech. Bienvenue au cirque de la lune.
2020-12-13
1h 16
Erklär&Laach
Ep.48: 'Monocock'
Genéisst elo: Eng liicht ugeschimmelt Portioun auditive Kaviar, deen ee beim Discounter an der Reklamm kritt. Disclaimer! Nieft eiser Propose fir d'Lëtzebuerger*in vum Joer, der deeper Diskussioun em Schéinheetsoperatiounen, an der Seuche, geet et och ganz kuerz em e Monocock.
2020-12-06
53 min
Erklär&Laach
Ep.47: 'When I start to fight then I fight maximum'
Mat leschter Kraaft distilléiere mir déi wéineg Glécksgefiller, déi eis nach bleiwen, an en illegal gebranntene Podcast mat 69% Blödsinnsgehalt. Vum Meisch-Meisch bis zum Marcel Ewen: Och des Woch betruechte mir aus eisem virtuellen Elfebeentuerm d'Promiszeen zu Lëtzebuerg an an der Welt. De Joe ass ausserdem erëm opgetaucht a bréngt e puer Geschichte mat. Bonus: Witzer zum Thema Supermarché.
2020-11-23
1h 07
Erklär&Laach
Intermezzo III
E kuerze Liichtbléck am groen Alldag vum Joer 2020: Et gëtt Zäit fir op eng Rei Noriichten aus Internetz ze äntweren. Ënnert anerem eng wichteg Fro vu Spogens hirem Dan. An dann freeë mir eis fir d'Lynn, a froen eis wou de Joe mat sengem Liegerad wuel hin ass...
2020-11-17
31 min
Erklär&Laach
Ep.46: 'FCK 2020'
Mir starten direkt mam Joé Bidon senger Victoire iwwert den orangen Af am wäissen Haus, haangelen eis geschéckt duerch d'Minnefelder vum Covid-19 an diskutéieren à distance de gewinnte Blödsinn. Allerdéngs gi mer Iech och wäertvoll Tipps fir den Lockdown Lite, deen sech esou lues uschläicht.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-11-08
1h 08
Erklär&Laach
Ep.45: 'Epesche 5-Kampf am Secteur 93'
Aus eisem Special 'on the road' gouf schlussendlech e gemittlechen Ethanol-Nomëtteg doheem am Studio (thanks rona): Mir spillen eng nei Oplag vun eisem 5-Kampf, bei deem et esou wuel eng Belounung, wéi och eng Bestrofung gëtt... Des Weideren dierfen natierlech kriddeleg Wuertspiller, domm Geschichten, an de Merci vun der Woch net feelen. Dee ganze Misär gëtt et des Woch och rëm op Youtube, esou als klenge Schmankerl, well mir Iech gär hunn. Bussi Bussi, ären Trio Farfalle.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative...
2020-10-25
1h 31
Erklär&Laach
Ep.44: 'Postcast (PLS POST GËFF EIS €€)'
Mir sinn op eng Minn gestouss: Dem mysteriéise Ben säi Youtube-Channel ass voll mat lëtzebuergeschem Content-Gold, wat mir an dëser Folg fläisseg ofdroen. Niewebäi potere mir iwwert d'US-Walen, Dreem, 5G-Demonstratiounen zu Lëtzebuerg, d'Sandra aus de Ressources Humaines, a villes méi.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-10-12
1h 06
Erklär&Laach
Ep.43: 'Gastrokomiker'
En Intro vum Gastron Vogel, Wine-Tasting-Tipps, de World Veggie Day, eng Dan-Spogen-Fro zum Fiederwäissen, eis Dram-Restauranten, a villes méi zum Thema Schnabulatioun kritt dir des Woch bei enger geballter Portioun Spaghetti al Ketchup an Audioform. Dëse Podcast consomméiert een am Beschte mat engem Kanister Gedrénks.
2020-10-04
1h 02
Erklär&Laach
Ep.42: 'Morningshow (mam Gönnjamin Yves Mersch)'
Mir maachen aus eisem Podcast kuerzerhand eng gutt gelaunte Morningshow, inklusiv Presserevue, schlechte Witzer, Dramberuffer, Merci vun der Woch, enger Fro vum Dan Spogen, a villem méi. Eben sou wéi RTL fir déi aarm a geeschteg Sëlwermedailen. Mir iwwerhuele wéi gewinnt KENG Responsabilitéit falls Nolauschterer duerch dëse Podcast dauerhaft gesondheetlech Problemer kréien. Falls awer eng Persoun, déi dëse Podcast lauschtert, onverhofft räich gëtt, kréie mir 15%.
2020-09-27
1h 13
Erklär&Laach
Ep.41: 'Nowitschok... oder dach just schlecht gefrühstückt?'
De Monseigneur Joe Dennenwald duerft alt erëm d'Theme fir dësen Episod opstellen: Mir danzen um Vulkan vun der politescher Korrektheet a siche fläisseg no de Grenze vum gudde Goût. Et geet em d'State of the Union vum Flintenuschi, Streamingstars, Nowitschok, an d'Skandaler vum Tour de Luxembourg.Net feelen dierf natierlech de Merci vun der Woch! De Joe huet souguer een...Bonus: Mir loossen eis vun eise besseren Hallschente beschreiwen, mat gaaanz ënnerschiddleche Resultater.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commo...
2020-09-21
1h 43
Erklär&Laach
STAFFEL 3 Ep.40: 'Level up'
Säit eiser leschter Episode si 34.000 nei Eldo-Podcasts erauskomm, Hei Elei ass an d'Ausland gewiesselt, an de Benoit Joachim huet es endlech genuch. Mee lo si mir nees do, d'Podcast-Autokraten, vum Titel hier Fournisseurs de la Cour, vum Verstand hier liicht méi domm wéi e Stéck Toast. Mir hu vill ze beschwätzen: D'Erklär&Laach ass elo méi professionell, den Dan Spogen huet Froen fir eis, de Joe fantaséiert vun enger Sexzeen, mir beschwätzen de Podcast/Revue-Skandal, and much more. Mat dem gewinnten Niveau un intellektueller Éierlechkeet an akkurate Fakten.
2020-09-06
1h 19
Erklär&Laach
Ep.39: 'De Bam brennt'
De Joe ass Host... an et entsteet eng interessant Diskussioun? Wierklech? Jo! Dat ass zwar ongeféier esou warscheinlech wéi en Nobelpräisgewënner, deen am Éislek wunnt, mee et ass wierklech geschitt!Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-06-27
1h 00
Erklär&Laach
Ep.38: 'Boris de Briecher'
Maacht Iech prett fir dem Joe säi Gigabagger, dem Philippe seng Lektiounen aus der Kris, an dem Baschti säi gigantesche Penis! (Jo, dee leschten hei genannten schreift och ëmmer d'Texter...)Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-06-17
1h 20
Erklär&Laach
Ep.37: 'MAACHT D'SPILLPLAZEN ERËM OP!'
Alles wat dir braucht: Meenungen zum Thema George Floyd, déi beschte Corona-Verschwörungstheorien, eng Täscheluucht, an e Blauwalfakt. Bon appétit.
2020-06-09
53 min
Erklär&Laach
Ep.36: 'RIP Summer 2020'
Eise Special fir de Summer no der grousser Quarantäne vun 2020. Mat Features vun nationale Musiker a vill méi!Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-05-29
1h 13
Erklär&Laach
Intermezzo II
D'Liewe geet nees un. A mir wäerte ganz geschwënn nees beienee sëtzen! Bis et souwäit ass, hei nach e klénge Kaffisbraddler mam Pippo a Baschti.
2020-05-26
15 min
Erklär&Laach
Ep.35: 'Joe's Geschlechter-Special'
Den Numm seet eigentlech schonn alles. Héich intellektuell Betruechtunge vu Mann a Fra, zervéiert als auditiven Hors-d'oeuvre.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-05-12
1h 15
Erklär&Laach
Ep.34: 'D'Liewen an d'Revanche nom Dout'
Mir gesinn eng Luucht um Enn vum Tunnel. Dofir musse mir eis wichteg Froen stellen: Gett et e Liewen nom Dout? Wat maache mir, wa mir eis nach un engem op der Äerd räche mussen? A firwat huet de Joe de Bauch wéi?Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-05-06
1h 20
Erklär&Laach
Ep.33: 'Baschti = Beschten Host'
Mir klären op, wien an der geheimer Corona-Taskforce vun der Regierung sëtzt. Ausserdeem: eis fonkelnei Rubrik, a lauter onangeneem Froe fir de Joe an de Philippe...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-04-27
1h 03
Erklär&Laach
Ep.32: 'Diss vun der Woch?'
Eis véiert Folg mat Social Distancing, dofir awer wéi gewinnt ouni Niveau an Intellekt. Mir sinn op der Sich no engem neie Segment, wat mir all Woch maache kënnen. Spoiler Alert: Mir fannen eppes...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-04-20
1h 09
Erklär&Laach
Ep.31: 'Vu Corona-Partyen, Elsteren an Nutella-Lyoner-Schmieren'
De Joe probéiert seng Frëndin mat engem sténkege Kalzong ze betäuben. De Pippo iwwerhëlt beim Schwammen d'Leit vun ënnen. An de Baschti war lescht Woch op enger Corona-Party. Op mannst eng vun dësen Aussoe stëmmt... Checkt eisen offizielle Merch-Shop! Link an der Bio op Instagram.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-04-15
57 min
Erklär&Laach
De Feierstorch: Kapitel 5
Nodeems Hei Elei, Paus, Happy Hippo, an Tun&Max schonn de Feierstorch op senger Rees begleet hunn, ass et elo un eis. Maacht Iech prett fir eng Achterbunn vun de Gefiller op der Sich nom Scoville-Rubin.
2020-04-06
13 min
Erklär&Laach
Ep.30: 'Dag 420 an der Quarantäne'
De Joe ass haut als Host drun. Wierklech, ganz éierlech. Dir kënnt jo zréck goen a lauschteren. Baschti, Pippo, Joe, Special. Baschti, Pippo, .... an dann de Joe! Naja, oder och net. (Beschte Promotext ever gell)Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-03-31
50 min
Erklär&Laach
Ep.29: 'Vu Social Distancing bis Biberschwänz'
Lescht Woch hu mir eis nach live gesinn... a lo geet dat net méi! Wat ass geschitt? Wien ass schold? Dat a vill aner wichteg Themen (zum Beispill Eclairen a Biberen) kläre mir op! Haalt duerch doheem a bleift gesond. P,B&JMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-03-23
1h 08
Erklär&Laach
STAFFEL 2 Ep.28: 'De Krisepodcast'
Mir sinn erëm do, well d'Land eis braucht! Corona leet d'ëffentlecht Liewen op Äis, also komme mir mam Bunsenbrenner, enger Petitioun an Tonne vun (net) eescht gemengten Tipps...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-03-16
1h 11
Erklär&Laach
Ep.27: 'De Joe a seng lieweg Zwibbel'
De Joe huet schlëmm Problemer doheem... dat hënnert eis awer net drun, fir aner Themen ze bebraddelen: Corona, Gerüchter a Mythen, e Sproochquiz, a villes méi. Mindest-IQ vu 50 ass erfuerderlech!Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-02-02
1h 27
Erklär&Laach
Ep.26: 'Deng Mamm kéint sech roueg hier Couille raséieren'
Är dräi Heelpraktiker vum Déngscht si rëm do! Mir trippen op enger Iwwerdosis Globuli a beschwätzen alles Wichteges am neie Joer: Eis Virsätz, déi national Kulturzeen, wei ee richteg an de Kino geet, a vill Froen aus der Fësch-Community! Plus geheime Bonus...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2020-01-26
1h 12
Erklär&Laach
Ep.25: 'De groussen (a wichtege) Joresréckbléck 2019
Megaeditioun genau fir Chrëschtdag a Silvester! Mir loossen d'Joer Revue passéieren a beschwätzen alles Wichteges vun Area 51 bis zum Tornado. Dëse Podcast ass zertifiéierte Fournisseur de la Cour, made in Luxembourg.
2019-12-24
1h 41
Erklär&Laach
Ep.24: 'Yakuza-Joe, Russepippo a Big Baschti'
De grousse Mafiameeting vun der Erklär&Laach ass do! De Podcast fir all Mobsters, Halunken an illegal Gesellen. (Léisst sech am Beschte genéisse mat Wäin an/oder Koks)
2019-12-08
1h 10
Erklär&Laach
Ep.23: 'Mécht dat hei iwwerhaapt nach Sënn?'
De genetesch manipuléierte Kaviar vum Podcastbuffet ass erëm do. Dës Woch: Wéi laang den CR7 Sex huet, eng schwéier Beleidegung an déifgrënneg Froen zum Thema Masturbatioun/Onanie. Mir kommen dem grousse Mysterium vum Prager Fenstersturz leider rëm net méi no...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-12-01
1h 02
Erklär&Laach
Ep.22: 'Hien ass mam Drock net eenz ginn'
Erklär&Themen: Déi gréisst Whatsappgrupp vun der Welt, Rassismus zu Lëtzebuerg an dem Joe seng schwéier Vergaangenheet als Skater Boy...An natierlech nach vill méi. Fir Risiken an Niewewierkungen consultéiert w.e.g. Ären Druid an/oder Schaman.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-11-26
52 min
Erklär&Laach
Ep.21: 'The band is back together'
Podcastkrich, Pit Witzeg vs. Joe Mores, an eng onwarscheinlech Frëndschaft tëscht engem Tiger an enger Geess. Ausserdem: Dem Pippo seng Erliewnisser op der Spielemesse, Neies aus der Welt, an natierlech de Merci vun der Woch. Dëse Podcast eegent sech gutt als Medizin bei liichten Erkrankungen oder als Depressiva. Vergiesst net, e gudden Tacos ze iessen. Aiii.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-11-10
1h 07
Erklär&Laach
Intermezzo
20 Folgen E&L? Zäit fir e klengen Intermezzo! Opgepasst: Dëse Podcast enthält Clickbait a Sponsoring!
2019-10-30
07 min
Erklär&Laach
Episode 20: 'Papp erschéisst Mamm -> Kiffen -> Ouni Zänn op der Gare leien'
Eng lëtzebuergesch Kaméidi iwwer kleng Leit, Cannabis, an de Kuwait. An de Rollen: Pippo Berscheid als Gyberien's Gast, Joe 'Capitani' Dennenwald als Billie Eilish, an de Baschti Gudenburg als dank Memelord (an immens léiwe Mënsch). A weidere Rollen: Fernand Kartheiser, d'Nationalequipe an eng Reklamm fir lëtzebuergesche Béier...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-10-13
1h 02
Erklär&Laach
Ep.19: 'Vu Fësch an schwaarze Lächer'
Dës Woch sin d'Bouwen e bësschen méi seriö ënnerwee, och si ginn aal. De Joe huet den Houscht an sech e puer intressant Themen iwwerluecht. An jo, mir schwetzen letzebuergesch Podcasts un, wei all dei aaner.. sorry
2019-10-09
53 min
Erklär&Laach
Ep.18: 'Aus Scheisse mach Blume'
Sou oder sou ähnlech kann een d'Jongen des Woch beschreiwen. Et as e besschen Rou agekéiert an är dräi Lieblingsschlawiner konnten sech rem mat de wichtegen Themen vum Liewen beschäftegen. An deser Folg wier de Joe gär rem schwaarz. De Baschti ernimmt e béist Wuert. An dem Philippe freet sech op de Felix der Hase hautzedaags genausou reesen kéint wéi freier. LG E&LMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-09-29
1h 09
Erklär&Laach
Ep.17: 'Saumon mat Schleeken op der Bowl'
Är Lieblingsjongen schwätzen des Woch iwwer hier "Namensgeber": d'Kläranlagen. Aaner Themen sin Modern Kricher, d'Schoulrentrée, Expeditiounen an Draamberuffer. A wonnert Iech net.. de Joe kennt ze spéit.. Gros BisousMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-09-18
52 min
Erklär&Laach
Ep.16: 'Brexit ouni Capitani'
An der neier Episode vum EU-Commissaire Nicolas Schmit sengem offizielle Podcast geet et em déi nei RTL-Serie Capitani, Brexit, a Bowls. Et sinn Emotiounen am Spill, mee de Philippe ass zréck aus Grönland (mission failed), a kann de Joe an de Baschti mat senger engelsgläicher Stëmm berouegen.
2019-09-11
58 min
Erklär&Laach
Ep.15: 'Dem Joe säi roude Fuedem'
Wärend de Philippe op geheimer Missioun ass, stellen de Joe a Baschti e Weltrekord op. De Joe moderéiert duerch di längst Episode vun ever, vun Statussymboler iwwer Viruerdeeler bis zu fléienden Taxien. Et war Ginpresso am Spill...
2019-09-02
1h 27
Erklär&Laach
Ep.14: 'Lies mol rem e Buch'
De Joe ass erëm operstaan! Doriwwer sinn déi aner zwee ganz vill frou :-* Bäi engem feinen Whisky an enger gudder Staang Ducal beschwätzen déi 3 des Woch ënner anerem d'Bicher déi se an der Schoul gelies hunn, Saachen déi se an de Koffer paken, Muséeën, den Epstein an virun allem kritt der déi nei E&L-Tapp gewisen. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-08-19
59 min
Erklär&Laach
Ep.13: 'Rest in Peace Joe'
De Joe ass des Kéier net derbäi..mee wisou? Fannt et an senger leschter Voicemail eraus. Desweideren schwätzen de Baschti an de Philippe natierlech iwwert den Tornado, lëtzebuerger Spréchwierder, Festivals an wat geschitt wann een ze vill Viz drénkt. Donieft ass alt deen üblechen Blödsinn derbäi mam Ënnerscheed datt mer des Woch vill no ärer Hëllef froen. Mer zielen Iech awer dofir och dat gréissten Geheimnis aus dem Äishockey. PS. Séchert iech an dëser Folge är ganz eegen Erklär&Taass!Meatball Parad...
2019-08-12
1h 05
Erklär&Laach
Ep.12: 'Spotted Lëtzebuerg..:Studentenjobs'
Des Woch steet en neien Special um Programm! Thema vun deser Episode: Vakanzenjobs an onnéideg Hobbies. Donierwt stelle mer eis awer och soss lauder onnéideg Froen an braddelen eis all Leed vun der Séil. Wei een an der Nuecht an den Auchan kennt, wei Versecherungen verkaaf gin an wat d'Dachsenfamill vun der N24 domat ze din huet, gidd der alles an deser Folge gewuer. GL HFMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-08-04
1h 13
Erklär&Laach
Ep.11: 'Eng nët immens deep Folg'
De Joe, de Baschti an de Philippe si erëm vereent an kennen sech des Woch erëm richteg un d'Knéien fueren. Dofir schaffen se an dëser Episode ganz traumatesch Erliefnisser op... wat gutt Virsätz, de Konny Reimann an divers Kierperflëssegkeeten domat ze dinn hunn lauschtert der iech am beschten selwer un. Haut erëm mam Prager Fenstersturz an ouni de Frank Elstner. P.S. décke KussMeatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-07-30
1h 03
Erklär&Laach
Ep.10: 'Island, Lëtzebuerg, an eng Summerresidenz'
De Philippe huet des Woch den Houscht, mee hien setzt op engem (schmelzende) Gletscher an Island! Dofir stellt hien stellt seng Froen un de Baschti a Joe per Fläschepost... Mir beschwätzen trotzdem rem vill Dommheeten, enner anerem di gréisst Fehler vun der Menschheet, Stars aus Hollywood, di bäscht Sprëch, Drohnen, Klima, bla bla bla. Dat Üblecht, just an engem anere Format. Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-07-21
1h 01
Erklär&Laach
Ep.9: 'Donkel Säit vum Mound'
Mer haten erëm eng ganz opreegend Woch... zielen awer näischt dovunner, de Joe zielt amplaz vun enger Kanddaf, de Sebastien sicht e Spill, well en seng Masteraarbecht ofginn huet an de Philippe war Geméis kucken. Desweideren hunn mer eis gefrot wat mer maachen géingen wann mer onsiichtbar wieren an wei eis Begriefnes géing ausgesinn. Natierlech ernimmen mer des Woch awer och d'Flintenuschi, d'Kickerweltmeeschterschaft an ginn eis net-fundéiert Meenung zum Carola Rackete of. P.S. den DJ Bass-T huet des Woch opgeluecht. dk E&LMeatball Parade Kevin M...
2019-07-10
1h 07
Erklär&Laach
Ep.8: 'Zäit as wéi en indeschen Zug'
D'Summervakanz steet firun der Diir daat heescht fir eis: Zäit fir e Vakanzenspecial! Haut extra ouni den Camille Ney.Mir maachen eis Gedanken iwwert Vakanzen, ginn Tipps, erzielen vun Erliewnisser an probeieren d'Weltherrschaft rem un eis ze räissen. Selbstverständlech reegen mer eis och iwwert d'Temperaturen op. Mee ganz eierlech et as och waarm, et soll mol rem reenen...Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-06-30
1h 01
Erklär&Laach
Ep.7: 'Dei Woch hei hëllt eis keen'
Net op der Plaatz, mee a Gedanken bäieneen. Mer hun eis des Woch zu enger SkypeSession getraff an schwätzen bessen iwwer de Passé.. an projetzéieren eis an d'Zukunft. Wat dat awer lo mat Nieren vum asiateschen Schwarzmaart an den Frais'en op lëtzebuerger Banken ze dinn huet, héiert der an dëser Episode.Meatball Parade Kevin MacLeod (incompetech.com)Licensed under Creative Commons: By Attribution 3.0 Licensehttp://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-06-23
1h 05
Erklär&Laach
Ep.6: 'Diner for Yoang'
Summer zu Lëtzebuerg, gutt Wierder, Cocktailer, Steierhannerzéiung an eng Folg Erkläranlaag. Des Woch schwätzen mir iwwer Volleksfester, Erfindungen, Vëlosfuerer am Gruef, Dinnerparties, zerschreddert Schippelcher an extrem vill iwwert China.. mee wat hun Xenotransplantatiounen domat ze din? Vill Spaass!
2019-06-16
1h 13
Erklär&Laach
Ep.5: 'Vu Speckbullen an Schubkaren'
Des Woch schaffen mer rezent schlemm Erliewnisser an der Staat zesummen op, dir kritt eis geheim Lloret-Tipps an soss erwähnen mer unsech och all aaner extrem wichteg Aktualitéit dei et gett. Waat dat awer lo mat Speckbullen an Schubkaren ze din huet, an eist Lidd vun der Woch, kennt der Iech hei ulauschteren.Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/Music promoted by https://www.chosic.com/free-music/all/Creative Commons CC BY 3.0https://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-06-10
1h 09
Erklär&Laach
Ep.4: 'Wat den Charles Manson an eng CSV-Ministesch gemeinsam hun'
Hei kënnt eisen éischte Special!Crime Time bei der Erkläranlaach. Mir beschwätzen alles vun Charles Manson bis Aktenzeichen XY, mat e puer spektakuläre Geschichten aus Lëtzebuerg. Niewebäi braddele mer natierlech iwwer Gott an d'Welt, wi emmer. Et geet leider och rem kuerz em de Joe Thein…Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/Music promoted by https://www.chosic.com/free-music/all/Creative Commons CC BY 3.0https://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-06-02
1h 09
Erklär&Laach
Ep. 3 : 'Entweder..oder et ginn der an d'Miil!'
Mir hunn eis erëm zesummegesat bäi enger gemittlecher Ronn Kamillentéi an Anabolika an hunn zesummen iwwert d'lescht Woch philosophéiert. Natierlech d'Europawahlen, de Ben Olinger, eis Posture zu Prisongsstrofen an dem Baschti säin GoT-Fazit sinn Thema des Woch. Vill Spaass! Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/Music promoted by https://www.chosic.com/free-music/all/Creative Commons CC BY 3.0https://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-05-26
1h 10
Erklär&Laach
Ep.2: 'Papa, haal op mech ze superliken..'
Mir loossen d'lescht Woch nach engkeier Revue passéieren an soen einfach emol MERCI. E Wollef zu Letzebuerg? Eng Welt ouni Suen? Dem Sebastien säin Dilemma mat Game of Thrones? ... an waat den Adam Sandler damat ze din huet, héiert der des Woch bäi der Erkläranlaag!
2019-05-20
1h 07
Erklär&Laach
Ep.1: 'DuckFeiss: Endgame'
Als Intro fir eisen neie Podcast hu mer nëmmen di bäscht Themen: Eis Vergangenheet mat Duck Féiss, eis nei Partei, an eis Gedanken zu der Zombieapokalypse.Vill Gesabbels eben, wi een et vun eis gewinnt ass.Meatball Parade by Kevin MacLeod | https://incompetech.com/Music promoted by https://www.chosic.com/free-music/all/Creative Commons CC BY 3.0https://creativecommons.org/licenses/by/3.0/
2019-05-13
1h 04