podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Ee Staarkt Team
Shows
PROST
13) Morgens halb 10 zu Wuermer beim Ern Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Lethal
Wéini mécht e pensionéierte Wënzer eigentlech Vakanz? Eigentlech ass den Ern Schumacher an der Pensioun an awer och net sou richteg. Zesumme mat sengem Bouf a senger Fra bilden déi 3 dat staarkt Réckrad vum Familljebetrib. Ëmmer um Dill, ëmmer eppes ze soen, ëmmer um schaffen. Mä wéini a wou mécht e Wënzer eigentlech Vakanz? De fréiere President vun de Privatwënzer iwwert (net) lassloossen, Schmaachstuffen a beschter Lag an d'Konkurrenz tëscht de Betriber an den Uertschaften. Feuer frei!
2024-09-25
48 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Ee staarkt Team/Episode 11: Et gëtt een net als Grousseltere gebuer
An der 11. Episode vun "Ee staarkt Team, de Podcast vun der Elteschoul", dréint sech alles ëm d'Grousselteren: Grousseltere sinn – gëschter an haut. Wéi eng Roll spille Grousselteren haut an eiser verännerter Gesellschaft, eng Gesellschaft mat neien, anere Familljestrukturen? Wat gëtt vun hinnen erwaart? Wat sinn hir Erwaardungen u sech selwer? Firwat ass d’Bezéiung zu den Enkelkanner esou wäertvoll? Fir d’Grousselteren? Fir d’Enkelen? Doriwwer schwätzen d' Jeannine Schumann an d'Tania Hemmer vun der Eltereschoul an dësem Podcast fir Grousselteren an Elteren.
2023-07-07
40 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Episode 10: Geschwëster
Nodeems et an den éischten Episode vun eisem Podcast ëm d'Entwécklung vum Kand goung, kucke mer lo op verschidden Aspekter vun de Familljekonstellatiounen. Am 10. Episod dréint sech alles ëm Geschwëster: wat ännert sech wann ee Geschwësterchen an d'Famill kënnt a wat hanno mécht d'Bezéiung ënnert de Geschwëster esou spannend? D'Véronique Nilles , Educatrice graduée an d'Nora van Daele, Sozialpädagogin, béid Mataarbechterinnen aus der Eltereschoul, sinn haut Invitéeën.
2023-04-27
50 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Episode 9 Manner Stress am Familljenalldag
Manner Stress am Familljenalldag D’Eltereschoul erkläert an dëser Episod vum Podcast “ee staarkt Team”, wat Stress ass, wéi Stress entsteet, wéi een op Stress reagéiert, awer och wéi een dee ganz normalen Familljendag meeschtere kann, ouni dem Stress ze vill Plaz ze loossen. Ausserdeem gëtt et ee klengen Abléck an d’Methode vum MBSR an eng kuerz Klangschuelerees, fir esou mat méi Geloossenheet an den Alldag zréckzegoen.
2023-01-30
50 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
E staarkt Team - Hors série: la méthode Janusz Korczak ?
La méthode éducative selon Janusz Korczak : surtout pas de méthode! Discussion avec Eliza Smierzchalska Comment ce grand pédagogue polonais a-t-il repensé l’éducation et le statut de l’enfant ? Comment ce responsable d’un orphelinat a-t-il organisé un internat avec l'idée directrice de rendre l’enfant autonome ? Basée sur l'observation et respectant l'individualité de chaque enfant, qu’est-ce qui caractérise la pédagogie chez Janusz Korczak ? Dans cet épisode hors-série, Eliza Smierzchalska qui a retraduit et illustré le livre-culte de Janusz Korczak 'Le roi Mathias 1er' discute de manière informelle avec l’équipe de l’Ecole des parents...
2022-12-06
1h 41
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
E staarkt Team Episode 8: De Burn-out parental verstoen
An dëser Episod vum Podcast beschäftege mer eis mat engem Phenomen, deen et warscheinlech scho méi laang gëtt, mee deen awer eréischt an de leschten 20 Joer besser erfuerscht ginn ass. Wat ass de Burn-out parental? Wéi kënnt de Burn-out zustan a wat kann ee maachen fir en ze prevenéieren oder rëm erauszekommen? Wat si Konsequenze vun engem Burn-out parental fir d’Elteren a fir d’Kanner. D’Tania Hemmer, Mataarbechterin an der Eltereschoul an Expertin am Burn-out parental ass eis Invitee
2022-10-13
44 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
E staarkt Team - Episode 7: Schlof Këndche schlof
De Schlof vum Kand, eent vun deenen Theemen, dat villen Eltere besonnesch um Häerz läit.. Iwwert de Schlof vum Kand gëtt vill diskutéiert an debattéiert, an am Laf vun de Joerzengten sinn do eng Rei Mythen, Wourechten an Onwourechten entstanen. Fir e bëssen opzeraumen an deem Sujet an eis op de neiste Stand vun der Fuerschung ze bréngen, hunn ech haut d’Tania Hemmer, eis Spezialisten zum Thema Kanner an hire Schlof, invitéiert.
2022-06-27
35 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
E staarkt Team - Episod 6: Ech kann dat schon eleng
Eltere vu klenge Kanner stelle sech ëmmer erëm d’Fro, wéini muss mäi Kand wat kënnen a wat ass, wann et dann eppes nach net sou gutt fäerdeg bréngt? Äntwerten op dës Froen an nach villes méi, héiert Dir lo an engem Gespréich tëschent dem Jeannine Schumann an dem Ana Luisa Carrilho vun der Eltereschoul. De Podcast dréint sech ëm folgend Punkten: Wat heescht dann eigentlech Autonomie? Wéini muss mäi Kand wat kënnen? Wéini riskéieren ech et ze iwwserfuerderen oder awer och z’ënnerfuerderen? Wat sinn...
2022-05-02
22 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
E staarkt Team Episod 5 Pubertéit ass...
Pubertéit ass, wann Elteren ufänke schwiereg ze ginn, esou heescht de 5. Episod vun eisem Podcast iwwer d'Erzéiung. D’Haapttheeme sinn: D’Gehier vum Jugendlechen ass wéi ee grousse Chantier Wat geschitt mat dem Jugendlechen an der Pubertéit? Firwat déi staark Oppositioun? Brauch dee Jugendlechen nach Reegelen a Grenzen? Lassloossen, ouni falen ze loossen Eng gutt Bezéiung mat dem Jugendleche behalen
2022-02-16
38 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Ee staarkt Team Episod 4 An wann et dann awer mol schwiereg ass....
An dëser Episod kucke mer wéi een als Elteren duerch méi schwiereg Momenter kënnt, wann et eemol net esou gutt klappt mat der Erzéiung, wéi ee sech dat virgestallt huet. Dëst erwaart iech an der Episod: - Wat huet Eltere sinn an Erzéiung mat enger Faarwepalett ze dinn? - Wéi kënne systemesch Familljeberodung an Triple P eng Ënnerstëtzung sinn? - Alternativen zum klengen Klapps op den Hënner - Wéi kann ech d'Verhale vun mengem Kand besser verstoen? - Wat erwaart mech an engem Triple P Cours? - Beispiller aus dem Alld...
2021-12-03
41 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Ee staarkt Team Episod 3 Modern Erzéiung
An dëser Episod gidd Der gewuer wat d’Elteren a Kanner mat enger Sportsekipp an hirem Coach ze dinn hunn. Mir kucken eis d'Grondiddien an Prinzipië vun enger "moderner" Erzéiung un Dëst erwaart iech am 3. Episod: - Wat huet sech an der Covidzäit fir d'Eltereschoul an hirer Aarbecht verännert? - Besoinë vun eisn Kanner fir staark Erwuessener ze ginn - Wat huet Erzéiung mat enger Sportsekipp an hirem Coach op sech? - Réckbleck ob verschidden Erzéiungsstiler - Wéi klappt e gutt Zesummeliewe mat eise Kanner? - Wéi eng Elementer gehéieren zu enger gudder K...
2021-10-27
28 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
E staarkt Team Episod 2 Et gëtt een net als Eltere gebuer
An eiser zweeter Episod schwätze mer doriwwer wéi d'Eltereschoul ob d'Iddi komm ass e Cours fir d'Maternitéen ze organiséieren a wéi dëse Cours ofleeft. Mir ënnerhalen eis iwwer d'Erausfuerderung fird' Famill an awer och fir d'Koppel, déi Gebuert vun engem Puppelchen mat sech bréngt. Froen ob déi mer am Podcast agi sinn: - Firwat sollen Elteren sech scho virun der Gebuert Gedanken zum Theema Erzéiung maachen? - Wéi ass d'Eltereschoul ob d'Iddi komm an Maternitéen ze goen? - Wat sin d'Theemen vum Cours? - Changementer déi ob d'Koppel no der Gebu...
2021-09-29
28 min
Ee staarkt Team/ Podcast vun der Eltereschoul
Ee staarkt Team 1. Episode D'Eltereschoul stellt sech vir
Am éischten Deel geet et ënner anerem drëms firwat et iwwerhaapt eng Eltereschoul gëtt, an ob et dann iwwerhaapt wichteg ass Kanner ze erzéien. An dëser Episod gin mer ob folgend Froen an: - Wéi ass d'Eltereschoul 2002 entstanen? - Geet Erzéiung net einfach esou? - Wou kann een d'Eltereschoul iwerall fannen? - Wéi schaffe mir an der Eltereschoul? - Wéi gesäit d'Eltereschoul Erzéiung? Ob all dës Froë kritt Der an dësem Podcast eng Äntwert ,souwéi e klengen Exercice fir doheem. Spring by Ikson https://soundcloud.com/ikson Music promoted by...
2021-07-09
22 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 5: Cold Yoga
MAM PHILIPPE KIEFFER www.altereco.me www.yogasante.org Schonn déi antik Tibetaner wossten et; de beschte Remède géint Keelt ass… Keelt! Hieren Yoga mécht een net nëmme méi resistent mee och méi staark a méi fit. TOUMO - iwwersat : "inner fire” also d’Feier wat an äis brennt ass eng Technik aus dem Tibetanesche Yoga an et geet drëms wei ee kann de Kierper an och de Geescht fir extrem Konditiounen adaptéieren. Et kann een sech natierlech virstellen dass dat gutt ass fir den Immun System, mee do ge...
2021-01-21
30 min
Physik a Sport
Mam blousse Kierper géintenee kämpfen
Karate, Sumo, Wrestling, Boxen, Ringen, ... erfuerdere vill Kraaft a Gewiewegkeet, séier Reaktiounen an e gudden Sënn fir d'Gläichgewiicht, Kierperbeherrschung a Standfestegkeet. Och Aushale vu Péng, e staarke Wëllen an e staarkt Selbstbewosstsinn si gefrot, wann et drëm geet, sech dem Géigner ze stellen, hien op de Buedem ze werfen, him auszewäichen ...
2018-09-26
11 min
Ee staarkt Stéck Klassik
D'Peer-Gynt-Suiten Nr. 1 + 2
Do ass déi Zeen an der Telé, wou d’Sonn opgeet, wou den Da op de Blieder fonkelt, alles déif gréng ass ... an dann héiert een déi perfekt Melodie derzou, déi, déi absolut derbäi passt. Oder, während enger Poursuite an engem Krimi, wou et net méi spannend kéint sinn, verstäerkt eng kuerz Musiksequenz aus der klassescher Musek de Suspens. Hei huet dacks den Edvard Grieg déi musikalesch Grondlag geluecht. Dofir heescht haut dem Luc Nilles säi staarkt Stéck Peer-Gynt-Suite Nr. 1 + 2.
2016-07-20
00 min