podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
IK-CNCI & MUAR
Shows
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech
Kontaktéiert eisFir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen. Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum séieren Tram, dee queesch duerch Monnerech soll fueren um Programm vun eisem Gespréich. Aner Sujete...
2025-07-25
48 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 38: Jean Weiler X Käl
Kontaktéiert eisAn dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierleche Räichtum vun haut verbonnen. Et gëtt also genuch spannend Themen a Geschichten iwwert déi mer eis, matten an engem Park, mat Käler Buergerme...
2025-06-27
31 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng
Kontaktéiert eisAn dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industriekultur vun hirer Gemeng, e méigleche Béiermusée an d'Erausfuerderunge vun der Zukunft.Location vum Mount: Käerjenger MuseksschoulD'Käerjenger Gemeng...
2025-05-30
40 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht
Kontaktéiert eisAm 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt.Eis „Minett-Location“ vum Mount: D'BrillschoulD'Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, steet dëst imposant Gebai als Symbol fir d'Entwécklung vun der Stad Esch. Mat senge...
2025-04-25
55 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 35: Dan Biancalana X Diddeleng
Kontaktéiert eisDës Kéier féiert eis de Podcast "Minett Mash-Up" an d'Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen.Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d'ItalieEise Rendez-vous war beim Mémorial „Porte d'Italie“, eng Skulptur vun der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire aus dem Joer 2007. Dëst Monument steet als Symbol fir déi éischt italieenesch Aarbechter...
2025-03-28
40 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng
Kontaktéiert eisFir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass.Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft zwou vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, e groussen Industriepatrimoine opweises an ass Member vun europäesche Programm vun den „Net Zero Cities“, iwwert dee mer och an dësem Episod...
2025-02-28
50 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 33: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Bettembourg
Kontaktéiert eis2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Jer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen.An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer och wéi accessibel déi eenzel Plazen, déi eis Gäscht sech erausgesicht hunn, fir de Podcast opzehuelen, mam ëffentlechen Transport sinn.Den Optakt vun eiser Rees qu...
2025-01-31
40 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 32: Do Demuth X Ferro Forum
Kontaktéiert eisEisen, Stol an NaturFir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den neie Quartier Metzeschmelz soll entstoen. De Minett Mash-Up war dëse Mount um Site vun der aler Schmelz Esch-Schëffleng.Eis...
2024-12-27
58 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episode 31: Trixi Weis X Kinosch
Kontaktéiert eisEng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méiDëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 40 Joer no der Fermeture vun der leschter Minière am Land nach ëmmer, virun allem am Minett gefeiert gët...
2024-11-29
51 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 30: Serge Ecker X VeWa Diddeleng
Kontaktéiert eisParticipativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng StadOp eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site.Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWaVeWa steet fir « vestiaire-wagonnage” an ass en Deel vun der aler Diddelenger Schmelz, déi Uganks vum J...
2024-10-25
45 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl
Kontaktéiert eisVu Schinnen, Minnen, Päerd an ZichMam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen.Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an och op der Zowaasch nach zwou weider Linne bedre...
2024-09-27
46 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 28: Raoul Petit X Musée Ferrum
Kontaktéiert eisUm Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“.Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun enger Ausstellung ronderëm de Vëlo, mat eisem Invité iwwert de Vëlo als deeglecht Transportmëttel. Laang Jore war den Drotiesel am Minett ganz beléift, fir vu...
2024-08-30
47 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 27: Raffaella Campobasso X Musée des Mines
Kontaktéiert eisOp engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht.70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eiser Gespréichspartnerin vun dësem Mount, der Chargée de direction vum Musée des Mines: Raffaella Campobasso.Eise Gaascht...
2024-07-26
50 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 26: Carole Lorang X Ariston
Kontaktéiert eisNo eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an d’Reprise vum Stéck „Leurs enfan...
2024-06-28
48 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange
Kontaktéiert eisNo Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine. Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er.Uckange, um Enn vun der „Vallée de...
2024-05-31
46 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub
Kontaktéiert eisWéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn assOch wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.
2024-04-26
55 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 23: Rudolf Noben X 4MH
Kontaktéiert eisVu Sammler, Schmuggler a StongenThematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz ofgelagert gouf an...
2024-03-29
39 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte
Kontaktéiert eisSprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige EpisodeDëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen op...
2024-02-23
54 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras
Kontaktéiert eisLieweg Industriegeschicht matten an der NaturD’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun ass.Dir sidd natierlech...
2024-01-26
40 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI
Kontaktéiert eisFir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCINodeems d’Laurie am Fréijoer op Londo...
2023-12-29
49 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn
Kontaktéiert eisLegenden, Theater, Pedagogik a MermaidsDës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung "Transition Now" am Naturschutzzenter Ellergronn begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabaischen an de Raimlechkeete vun der fréierer Minn Cockerill ënnerbruecht.An dësem Epi...
2023-11-24
51 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 18: Carlo Hamling X Den Alen ARBED's Büro (Téiteng)
Kontaktéiert eisDëse Mount si mer op Besuch am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun der Uelzecht, an d'Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am Mëttelpunkt vun eisem Podcast stinn.Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Gemeng Käl-Téiteng, schwätzen awer och mat eisem Gaascht iwwer seng Aarbecht als Doudegriewer a seng Iddi, wéi een d’Erënnerung u berüümt Käldaller, déi vun...
2023-10-27
42 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 17: Michel Gira X Floater (Diddeleng)
Kontaktéiert eisOp eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng. D'Kabaische Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De Fonds de Logement amenagéiert hei mam Projet "Nei Schmelz" op ronn 33 Hektar 1600 Logementer fir iwwer 3000 nei Awunner.Diddeleng kritt e komplett neie...
2023-09-29
41 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 16: Charel Kugeler X Wagon-Gîte (Fond-de-Gras)
Kontaktéiert eisNo eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras. Dat ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen aus dem Minett a mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl eng Plaz, wou d’Häerzer vun Eisebunnsromantiker méi séier schloen.Al Lokomotiven an d’Passioun vun engem jonke Minetter, dee s...
2023-08-25
38 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum
Kontaktéiert eisDësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 europäesche Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vun de Kärzone vun eisem Biosphärenreservat auszeschaffen.Eise Gaascht: Mahmoud HashoushAls Gespréichspartner hu mir fir dësen Episod de Mahmoud Hashoush ausgewi...
2023-07-28
39 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 14: Michel Dadario X Schëffleng
Kontaktéiert eis Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätzen. Eise Gaascht: Michel DadarioDe Michel Dadario huet an de spéiden 1960er op der HADIR zu Déifferdeng ugefaange mat schaffen. Am Laf vu senger beruf...
2023-06-30
47 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 13: Nickie Lippert & Laura Hurst X Bieles-Réideng
Kontaktéiert eisNodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës Kéier si mer an der "belle vallée", dem schéinen Dall, wat och nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail natierlech och geet. Net wäit ewech vun der Gare Belval-Rédange steet d’Kabaische vun der Gemeng Suessem.Dës nei Konstruktioun zu Bieles ass déi gréisst vun all de K...
2023-05-26
48 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 12: Philippe Morgado X Lasauvage
Kontaktéiert eisDéi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschiddene Plazen um Minett Trail stinn a geschwënn alleguer fir eng oder méi Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn. Fir eis méi iwwert d’Kabaisercher...
2023-04-28
44 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 11: Maxime Weber X Parc Merveilleux
Kontaktéiert eis"Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett Mash-Up, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen. De Renert war ee vun de Sujete bei eiser drëtter Statioun fir d’Joer 2023, mä et goung méi riets iwwer eisem Gaascht säi...
2023-03-31
39 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 10: Julia Ruhmann X Wikkelhouse (Biergem)
Kontaktéiert eisAn der Februar-Episod vun eisem „Minett Mash-Up“-Podcast geet eis Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere virun. Mir maache nees Statioun um Minett Trail an hunn eis Invitée vun dëser Kéier an enger vun den 3 Kabaisercher vun der Gemeng Monnerech emfaangenempfaangen. Dës Kabaisercher sinn direkt hannert dem Centre Culturel „Beim Nëssert“ zu Biergem ze fannen an dat speziellt Konzept hannert dëse Konstruktioune ass ee vun de Sujeten an dëser Episod. Konscht an d’Engagement fir eise Planéit sinn awer de Fokus vun dësem Podcast fir dee mir d’J...
2023-02-24
45 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 9: Teena Lange X Gonnerhaus (Rumelange)
Kontaktéiert eisDëst Joer geet de „Minett Mash-Up“-Podcast nees op Entdeckungsrees duerch d'Minett UNESCO Biosphere. Bis Enn des Joers besiche mir déi 11 Gemengen aus dem Biosphärenreservat a schwätze mat eise Gäscht iwwer hir Aarbecht an hir Projeten, de Minett, déi eenzegaarteg Natur vum Süde vu Lëtzebuerg an iwwer den industrielle Patrimoine vun der fréierer Biergbau- a Stolregioun.Fir eise Podcast dëst Joer unzefänken, starte mir an der südlechster Stad vum Land, zu Rëmeleng, a begréissen d'Directrice artistique vum Projet Spektrum Teena Lang...
2023-01-27
41 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 8: Sergio Carvalho & Pol Zimmermann X Heure Bleue Ellergronn
Kontaktéiert eisFir dësen Episod vum Podcast, deen éischte vun 3 spezielle Summer-Podcasten, si mer an der direkter Noperschaft vum Sëtz vun der Minett UNESCO Biosphere bliwwen. Den Ellergronn ass net just eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Land, et ass och en Deel vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad.Um Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn steet d’Installatioun vun der Heure Bleue, déi vum Kënschtler Dimitri Mallet an dem Architekt Sergio Carvalho gemeinsam realiséiert ginn ass.De Sergio Carvalho war dann och ee vun eisen zwee Gäscht an dësem Episo...
2022-07-29
55 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 7: Lynn Theisen X Bremshaischen Téiteng
Kontaktéiert eisMatten am Bësch, op den Hiwwel vum pittoreske Käldall, hu mer dësen Episod vun eisem Podcast opgeholl. Op Besuch hate mir dës Kéier déi jonk Fotografin Lynn Theisen, déi no hirem Studium zu Berlin, dee Wee zeréck an de Minett fonnt huet a sech elo mat hirem Atelier am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng installéiert huet. Hire Wee an d’Fotografie an hire spezielle Konschtprojet fir Esch2022 si just zwee vun de Sujeten iwwert déi mir geschwat hunn.De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam I...
2022-04-29
49 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 6: Sören Salvatore X Schëfflenger Brill
Kontaktéiert eisHannert héije Gras a Beem verstoppt sech eng kleng Oasis an der Schëfflenger Stadlandschaft. Den natur&ëmwelt Ornitholog, Sören Salvatore, hëlt eis op dës geheim Plaz, déi mir zesumme mat all deene flotten Projeten diskutéieren, an deem hien involvéiert ass! Maacht mat eis mat als mir e puer nei lëtzebuergesch Wierder léieren, eis Stiwwelen schlamméieren a vill um Wee laachen! De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musé...
2022-03-25
1h 00
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 5: Sven Fielitz X Ellergronn
Kontaktéiert eis Den Minett ass 2020 eng UNESCO Biosphere ginn. Wat iwwerhaapt eng Biosphere ass an wat dat fir den Minett bedeit, kritt är an dëser Folg gewuer! Dozou kënnt och nach den Freestyle Footballer a Filmaker, Sven Fielitz, bei eis laanscht. Mir diskutéieren fléiend Kleeder, Schof a Goldfësch a mir probéieren e puer Freestyle Tricken selwer aus! De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).Déi komplett S...
2022-02-25
1h 05
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 4: Lynn Jung X Belval
Kontaktéiert eisLéiert am éischten Mount vum Joer d’mega cool a sportlech Freerunnerinn, Lynn Jung kennen. Mir virbréngen mat him eng kuscheleg Zäit am Café Dolmat a diskutéieren seng kandheet zu Belval a wéi d‘Lynn seng Passiounen an hir Aarbecht ëmgewandelt huet. An wann dir nach net Parkour oder Freerunning kënnt, keng suerg! Och dat kritt är am Podcast gewuer!De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).
2022-01-28
43 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 3: Daniel Migliosi X Diddelenger CNA Pomhouse
Kontaktéiert eisEis Rees hëllt eis dës Mount op Diddeleng an den flott rekonzeptualiséiert CNA Pomhouse. Mir treffen den Jazz Trompettspiller, Daniel Migliosi, a diskutéieren seng wuerzelen an Verbindungen mam Minett – Schlësselwuert Italien, Russland a vill Caféen! Kleng juwelen iwwer d’Jazz Zeen, Diddeleng an den Haard kritt är och gewuer! Fir méi detailléiert Show Notes, kuk op minett-biosphere.com :DDe Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbech...
2021-12-24
46 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 2: Lisa Junius X Escher Gaalgebierg
Kontaktéiert eisAn dëser Episod klamme mir bis op den Escher Gaalgebierg a begéinen der talentéierter Kënschtlerin Lisa Junius. Mir diskutéieren iwwert hir divers Kreatiounen an hir enk Verbindung zum Minett. Als Bonus, gëtt eis Wëssen iwwer d’Geschicht vum Escher Gaalgebierg getest! INSTA: @lisajuniusWEB: lisajunius.comEscher Gaalgebierg: esch.lu + Video iwwer de GaalgebiergSchreif eis gären un! INSTA: @minettbiosphere Email: prosud@prosud.luDe Minet...
2021-11-26
54 min
Minett Mash-Up: De Podcast
Episod 1: Minett Mash-Up - De Podcast!
Kontaktéiert eisHäerzlech wëllkomm zum Minett Mash-Up - de Podcast! An dëser éischter teaser Emissioun stelle mir eis fir, verroden méi iwwert de Podcast an wat iech erwaart. Eis Minett Location vum Mount Giele Botter, Differdange, Mine 1965 (Google Maps: 49°32'29.3"N 5°52'39.3"E) Extra Infoen iwwer de Giele Botter: https://environnement.public.lu/fr/publications/conserv_nature/Sentiers_Prenzebierg_-_Giele_Botter.htmlhttps://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/sentiers-nature/sud/prenzebierg_-_giele_botter_petange_niedercorn.html wwww.visitmi...
2021-10-26
21 min