podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Kameidi
Shows
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
100. Celebrating our 100th Episode of Kaméidi
Een neie Milestone ass erreecht an dat gëtt gefeiert mat engem Video Q&A vun ons fir iech. Kaméidi feiert hier 100 Episode a stëllt sech äre Froen. Mir hoffen et gefält, ons huet et jiddefalls Spaass gemaach a mir wäerten dëse Format sécher widderhuelen. Dëst ass ons Audioversioun, wann der ons wëllt nokucke wéi ons Gespréicher usech ausgesinn da klickt op de Link a gitt ons een thumbs up! Video kuckt sech héi: www.linktr.ee/kaméidi
2024-02-24
1h 23
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
97.EN Uncovered: ALCEST
Alcest, a big Inspiration for me personally and for my musical development, they are the reason I fell in Love with Shoegaze and the whole Spectrum of Dreamy and Atmospheric Music and today I want to honour them and tell you why these Fellows are so important. Episode in English!
2024-02-03
13 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
96. Metal and Religion?
Relioun a Metal? Ginn déi zwee Themen Hand an Hand? Ass et relevant, an ob dës Themen een Impakt op d'Metal Musek hunn?Alles Froen déi een esou delikat wéi méiglech muss handhaben a mir hunn ons des Froe gestallt a sinn ons eenz dat d'Metal Musek an d'Musek generell eng reng Konscht Saach ass. An dat d'Metal Musek ëmmer wäert déi béis Musek sinn, dat wësse mer, mee domat kënne mer gutt liewen.
2024-01-27
27 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
95. Solo Artists
Ganz fill Bands besti just aus enger Persoun an dëse Phenomen ass och am Metal ganz gutt vertrueden. Virdeeler, Nodeeler, Kontroll oder och Komplikatioune sinn hei sécherlech ee Begrëff a mir hu staark philosophéiert.
2024-01-20
27 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
94. Kaffi's Paus: SEMPERVIRENT
Ëmmer frësch! Dat ass de Motto vun de Lëtzebuerger Rock Newcomer SEMPERVIRENT. Eng Band am Ufanksstadium mat Talent, enger grousser Ambitioun an enger staarker Bünepresenz. Et gouf fill ze entlëften a wie méi well wësse lauschtert bis eran oder mëscht sech den 20.01.24 op den Hall O Metal zu Déifferdang fir eng Live Kostprouf ze kréien.
2024-01-13
22 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
93. One Goal: Lëtzebuerger Metal Zeen virun bréngen!
Metal zu Lëtzebuerg fir jiddereen an engem familiären Ëmfeld. Eng kloer Attitüd fir d'Zukunft. Mir haten den David an Hugo (Attitude Music Asbl) am Gespréich, an hunn ons de Kapp zerbrach wat et fir ons bedeit am stännegen Asaz ze sinn fir d'Lëtzebuerger Musek's Kultur ze beräicheren
2024-01-06
44 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
92. Albums of the Year 2023
Scho nees e Joer em, a schonn nees ganz fill Musek! Mir hunn den Tri gemaach an ons iwwert ons wichtegsten Alben vum Joer 2023 ënnerhalen a kucken ob een erfollegräicht Joer zeréck. Vun Progressive Metal iwwert Experimentelles Richtung Black Metal, et ass alt nees fir jiddereen eppes dobäi.
2023-12-16
1h 19
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
91.EN Uncovered: NIGHTWISH
Symphonic Gothic Metal Powerhouse Nightwish needs no real introduction. With 27 Years of of Existence there is definitely a lot to cover, so I tried my best to sum up my favorite Nightwish Moments. Episode in English!
2023-12-09
10 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
90. Kaffi's Paus: DROGHER
Ee Schëff op enger Rees ouni kloer Destinatioun, gedroe vu metallesche Wellen a stiermeschem Groove! D'Band DROGHER mëscht kloer dat hire Wee net a Stee gemeesselt ass mee léist sech um oppene Mier mat gehisste Seegelen droen, mat am Gepäck sinn deftegen Death Metal gemëscht mat Groove an Thrash Elementer an mir sin mat u Bord gaangen an hu staark mat diskutéiert.
2023-11-25
52 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
89. Uncovered: DARKTHRONE
Darkthrone gehéiert zu deene bescht bekannte Metal Acts aus der zweeter Norwegescher Black Metal Well déi och nach haut sou munches ze soen hunn a mat 37 Joer Bandgeschicht gëtt et genuch ze zielen. De Pit an de Gilles hun sech ob eng kal a rau Rees gemaach fir iwwert ebe genau des Band ze schwätzen
2023-11-18
27 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
88.EN Coffee Break Special: THE ANCHORET
Probably one of the best Records of the Year for sure and probably the most nervous I've been during an interview and yet we nailed it. It was an absolute honour talking to Eduard of THE ANCHORET and going into a very personal talk about Music, Life and THE ANCHORET's first Release IT ALL BEGAN WITH LONELINESS and if you want to know more about THE ANCHORET make sure to listen to this and a big Thank you once more to Eduard and THE ANCHORET.
2023-11-04
1h 01
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
87. Kaffi's Paus: HEXEEN
Mir sinn zwee Kreature begéint déi sech aus hirer Höll gewot hunn an sech mat ons op een Ritual agelooss hunn fir iwwert hir Musek, iwwer Anekdoten a perséinlech Aspekter vun der Black Metal Scene ze diskutéieren. Mat dobäi sinn d'Kehlengestein an de Wega Xayide vun der Black Metal Band Hexeen an et ass alles beschwiert gi wat een sech virstelle kann. Lauschtert bis eran!
2023-10-28
40 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
86.EN Uncovered: SYLVAINE
Back again to uncover some of our favorite Musicians, this Time we feature Norwegian Grammy Award Nominee Sylvaine with her unique way of making Black Metal weirdly uplifting. Once more, we had the Metal Inspector on the show and we got lost in our toughest and emotions. Enjoy! Episode in english!
2023-10-21
36 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
85. Our favorite Singers
Jo och eng Stemm ass een Instrument wat een beherrsche muss fir am Metal Opmierksamkeet ze erlaangen. Mir hunn iwwert ons Favoritten diskutéiert an selbstverständlech philosophéiert.
2023-10-14
44 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
84.EN Coffee Break SPECIAL: HILLS LIKE WHITE LIONS
Today a very special Episode featuring our Austrian Friends HILLS LIKE WHITE LIONS. A fresh Take on Post/Progressive Metal filled with a ton of Emotions and two truly great Records later Alexander and Florian gave us an Insight into the Vision behind their Band. Thanks to HILLS LIKE WHITE LIONS for all their Input, Love and Trust Episode in English!
2023-09-30
49 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
83. Kaffi's Paus: SLEEPERS GUILT
Kaffi drénkt sech a gudder Gesellschaft an och des Kéier haten ee wichtege Beitrag zur lokaler Scene, de Marc an Chris vu Sleepers Guilt ware bei ons an et gouf een Interessant Gespréich. Bandgeschicht, Influenze, néi Ep oder och deen éischte Metal Cruise zu Lëtzebuerg waren Thema. Dir wëllt méi wëssen, da si der hei richteg!
2023-09-23
46 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
82. Kachkéis Kultur interviewed Kaméidi
Eng nei Episode? op engem Méinden? Jo an Neen. Des Kéier war et um Gilles sech de Froe vun engem jonken a motivéierten Podcaster ze stellen deen sech fir al Genre vu Musek interesséiert. De Charel vum Lëtzebuerger Podcast Kachkéis Kultur huet den Gilles reegelrecht ausgequëtscht a wollt sou munches iwwert ons Metal Musek wëssen. Un dëser Stell nach eemol ee ganz grousse Merci un de Charel an de Radio ARA .
2023-09-18
29 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
81. India: A Metal Pilgrimage
Mir sinn zeréck an gin op Metal Entdeckungsrees. Wou hinner geet et? Indien! .... Indien? Jo genau, Indien ass een Land vun villen Gesiichter an Geschichten an och den Metal huet sech do verankert an hëlleft virun allem der Jugend duerch den complexen Alldag. Kommt mat an des wonnerbar Kultur an lauschtert mol wat Indien un Metal ze bidden huet.
2023-09-16
26 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
80. #Let's talk: Deathcore - Of Pig Squeals and Breakdowns
Gidd der och heiansdo gär vun Breakdowns an de Bueden gestaamt, loosst gär är Oueren duerch blosen mat schnellen Riffs an Blastbeats oder gefält iech och Gesang bei dem een net weess ob dat lo en Mënsch, en Déier oder awer en Dämon ass? Dann ass Deathcore villäicht genau dat richtegt fir iech! Mir sinn zréck an d'Ufank 2000er gaangen wou dësen brutalen Genre entstanen ass, an kucken och wou en haut zu Dachs drun ass. Wann der interesséiert sidd dann lauschtert eran.
2023-09-09
27 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
79. Kaffi`s Paus: ARDUINNA'S DAWN
Symphonic Gothic Metal zu Lëtzebuerg? Jo genau! Och wann d'Auswiel net besonnesch grouss ass hunn mer awer puer Bands wou genau dëst maachen. Haart Gittaren, Orchestral Elementer, Keyboards an deen typeschen female fronted Trademark. Mir haten d'Natasha an den Jimmy vun ARDUINNA'S DAWN agelueden an iwwert d'Band Geschicht esou wei deen neien Album REFLECTIONS geschwat. Dir wëllt méi wëssen? Dann lauschtert bis eran!
2023-09-02
40 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
78.EN Uncovered: Sylosis
It was pretty obvious that this episode needed to happen. As many of you might know by now, I am a huge SYLOSIS Fan, and this Band from Reading, UK basically defined what kind of a Guitar Player I was aiming to be at the Time. So here I am, having a 20 minute monologue trying to convince you that these Dudes are worth it! Episode in english
2023-07-29
21 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
77.EN Hidden Gems - Metal Secrets Revealed
The Boys are back for some Collab with our good Friend "The Metal Inspector" and we decided going as underground and dive deep into the realms of Metal and shine some Light on some of these Gems. Episode in English!
2023-07-22
1h 01
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
76. Kaffi's Paus: SUBLIND
Et ass ons een absolutten Plaiséier gewiescht d'Männer vun Sublind kënnen dobäi ze hunn an iwwert ons lokal Metalscene ze philosophéieren an natierlech iwwert hiren néitsen Longplayer "The Cenosillicaphobic Sessions" ze diskutéieren an zwar genau sou wei mer et gären hunn, vun der Long op d'Zong!
2023-07-15
53 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
75.EN Open Minded, first listen then speak!
As we all know it's never easy leaving ones comfort zone, similar situations occur with Music and ones ability to appreciate other kinds of Music. I had a chat with my Sister from another Mister, my Band mate and a truly good Friend of mine, please welcome Chia Chia to the Show as we try to find similarities and discover our open-mindedness and it got super emotional. Episode in English!
2023-07-08
40 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
74. Our Favorite Drummers
Drums sinn einfach een schéint Instrument an mëscht sou fill Kaméidi..... haha. Mir kucken ons eis absolut Favoritten hannert dem Drumkit un an hei gëtt gutt geknëppelt an gehummert
2023-07-01
25 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
73.EN Uncovered: Wilderun
Acoustic Guitars, Mandolin, Hammered Dulcimer and Resonator Guitars, these are just a few Instruments used by the amazingly talented Band WILDERUN. We had a chat with THE METAL INSPECTOR about this truly unique genre blending Band that is WILDERUN, want to know more about how beautiful Metal can be? Take a listen! Episode in English
2023-06-17
37 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
72. A Newcomers Guide through the Heavy Metal Universe
Mir hunn ons iwwerluecht wei een den Leit dobaussen kann den Metal schmackhaft mann, virun allem den Newcomer listeners wou net wëssen wou se sollen unfaenken. 20 Lidder hunn mer ons rausgesicht, fill ass diskutéiert gin, Klassiker gehuldëscht gin, an dest alles fir ons Metal Zukunft ze assuréieren. Wat géing dir den Beginners recommandéieren?
2023-06-10
40 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
71. Metalvision
Den Eurovision war rezent rëm an allen Medien an rëm genau sou faarweg an weird wei et nëmmen kéint sinn. Verschidden "Metal/Rock" Acts waren och vertrueden, ob se gutt oder schlecht waren ass usech egal mee et et ass awer flott ze gesinn dat déi lescht Joren ëmmer rëm sech déi Haart Musek an dësen gigantesche Contest veriert. Mir stellen ons d'Fro wien fir Lëtzebuerg 2024 kéint dobäi sinn, an wien mir ons vun onsen Metal Acts gären géingen do gesinn
2023-06-03
28 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
70.EN Uncovered: Hills like white Lions
Usually we try and check out Bands that have a certain History, good or bad, yet today is not that Day. Today I want to share an amazing Progressive Trio from Austria that we should be keeping an Eye on. Dark, emotional, beautiful, different, these are fitting Terms for HILLS LIKE WHITE LIONS and these Guys have a new Record coming up June 2nd, so share and support. Episode in English!
2023-05-21
11 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
69. Exiled - What essential records do you bring?
Stellt iech fir dir misst muer op eng einsam Insel, an dir kéint just 5 Albumen mat huelen... Wéi eng Albumen wären dat? Och wann dat en onwarscheinlecht Zenario ass, zum Gléck. Mir hunn eis déi Fro gestallt an raus fonnt dat se och net einfach ze beäntwerten ass. Wat dobäi raus komm ass fann der hei.
2023-05-20
28 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
68. #Let's talk: Metalcore -Core Kids unite!-
Ze laang ass et hier dat mer iwwer Genre geschwat hunn, Metalcore huet och seng Spueren an der lëtzebuergescher Scene hannerlooss an mir hunn ons Trademarks vun dësem wichtegen Genre ugekuckt!
2023-05-06
30 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
67. Legends, gone but never forgotten
Mir gedenken deenen déi ons verlooss hunn an blécken zeréck ob déi Gréissten déi ons beweegt hunn. Net an alle Fäll schwätzt een vun engem natierlechen Doud an wei dir all wësst kann de Musek Business och seng schlecht Seiten hunn, an doweinst welle mer och een appel un jidderen maachen dat engem kann gehollef gin.
2023-04-29
28 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
66. Uncovered: Ne Obliviscaris
Mir hunn laang iwwerluecht an gesicht fir och eppes Negatives iwwert des Band ze zielen mee usech ass et soss näischt wei een Liebesgeständnis un eng vun onsen absolutten Lieblingsband iwwerhaapt, dir wëllt och NE OBLIVISCARIS kenneléieren? Dann lauschtert bis eran!
2023-04-15
35 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
65.EN Similarities: Classic meets Metal
Classical music and heavy metal are closer related than many would think, and so this spontaneous episode occurred in unexpected ways. Really happy to have my brother-in-law in the spotlight on this one, a longtime pianist with a passion for music, classically trained meets a self-formed Metal Guitarist, you Guys are in for a Treat. Episode in English!
2023-04-01
1h 04
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
64. Uncovered: Cannibal Corpse
Sie gëllen als een vun den bekanntsten an brutaalsten Nimm am Business. Cannibal Corpse fueren säit iwwer 30 Joer op hirer knallhaarder Death Metal Schinn an et gesäit nach laang net sou aus wei wann se sech wëllen zur Rou setzen. An där Zäit ass natierlech vill geschitt, vill Kritik, Kontroversen, an Band Memberen déi komm an gaangen sinn, an et stellt een sech Fro ob se och haut nach ëmmer esou relevant an gutt sinn wei fréier. Wann der méi wëllt wëssen dann sidd der hei genau
2023-03-18
18 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
63. Our Favorite Guitarists
Et gin der fill ze fill fir se all hei opzezielen an awer hunn mir ons eis Top 5 Gittaristen erausgepickt an doriwwer diskutéiert. Vun groussen Nimm bis underrated, héi ass vun allem dobäi!
2023-03-05
34 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
62.EN Uncovered: Atavistia
Yep, it's happening! The first of hopefully many English speaking Episodes is out, and this Time I am trying to convince all of you to listen to one of my personal Favorite Bands out there. Let's travel to Vancouver, Canada and be stunned by the amazingly talented ATAVISTIA and their way of making epic melodic Metal great again
2023-02-25
16 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
61. Kaffi's Paus: PRAETOR
Lokales mat Schmackes! PRAETOR verdeedegen den Thrash Metal mat allem wat se hunn, an mir hunn mam Hugo hannert d'Kulisse vun PRAETOR gekuckt an et gouf nees genuch ze zielen
2023-02-18
32 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
60. Youtubers being Metalheads
Phenomen Youtuber oder Twitch Streamer sinn mëttlerweil keen onbekannten Begrëff méi mee gehéieren zum Alldag vun ons alleguerten, mir hunn ons verschidden Metal Youtubers ugekuckt an ass nees ganz fill gezielt ginn.
2023-02-11
32 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
59. Uncovered: Rhapsody of Fire
Et gëtt Zäit fir bëssen méi Power eran ze bréngen, deen gudden original Power metal mat ganz fill Symphonie an emseu méi Diskussiounen wei des Band evoluéiert ass. Des Kéier gin mer bei déi italienesch Sypmhonic Power Metal Titanen vun Rhapsody of Fire dei ons seit 1997 mat Alben beglécken, déi eng gutt déi aner naja... dir wëllt méi wëssen? Dann sidd der hei richteg!
2023-01-28
24 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
58. Kaffi's Paus: SERPENT BITE
An weider geet et mat onsen Interviews, des kéier war den Kevin Misci vun SERPENT BITE dobäi an mir hunn zesummen iwwert d'Band Geschicht, iwwert ons Musek Influenzen an ons perséinlechen Meenungen zur lokaler Metal Zeen geschwat. Dir wëllt méi wëssen? Dann sidd der hei richteg.
2023-01-21
32 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
57. Ons Missioun: Metal!
2022 ass eriwwer an domat wënscht Kaméidi en schéint neit Joer un jiddereen. Mir ginn mat neier Kraaft an neier Hoffnung an d'Joer 2023 eran. Wat sinn eis Pläng, wat hunn mer alles vir, wat ass eis Missioun??? Wann der méi wëllt wëssen dann lauschtert eran.
2023-01-14
22 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
56. The Best of 2022
Et gin Traditiounen déi mussen bäibehalen gin an doweint hunn mir ons wei all Joer nees zu enger Best of Episode zesummegedoen fir iwwert ons Favorit Alben ze schwätzen. Vun Progressive Metal iwwert Black Metal oder och Post Metal et ass nees ganz ofwiesslungsräich an fir jiddereen eppes dobäi
2022-12-26
54 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
55. Kaffi's Paus: FUSION BOMB
Et ass deen leschten Interview fir dëst Joer an mir haten de Luc vun onsen 80's Thrasher Fusion Bomb agelueden an hunn ons een Abléck verschaaft an d'Originne esou wei och an d'Originalitéit vun Fusion Bomb verschaaft. Villes gouf gesot, Geheimnisser revealed an wat genau huet et mat den famousen Hotpants op sech huet dir hei gewuer.
2022-12-11
24 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
54. Let's Dance - Wall of Death, Moshing, Circle Pits and more
Metal an Danzen? Geet dat iwwerhaapt? Majo selbstverständlech! Mir kucken ons am Detail déi verschidden ausdrocksvollsten Metal Danz Stiler un. Also keng Zeit verluer an fleisseg mat moshen!
2022-11-26
26 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
53. Gatekeeping, Defenders of the Genres
Weider geet et an dësem Sammelsurium un Wëssen, des Kéier schwätze mer iwwert Puristen oder Elitisten déi just eng Form vun Metal akzeptéieren an dësen deelweis op ganz bizarer Manéier verdeedegen. Prinzipiell esou: Ech lauschteren gären Metallica! Purist: Seid wéini? An domat geet et meeschtens schonns un.
2022-10-29
38 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
52. Kaffi's Paus: BLANKET HILL
Ons Kaffi's Konversatiounen gi weider, des kéier mat dobäi den David vun der Hardcore Band BLANKET HILL, mir schwätzen iwwert Bandgeschicht, iwwert Cringe Momenter, den famousen Kopleschter Metalfestival an fokusséieren ons op hiren neien Album The Courage of Hopelessness deen deemnächst d'Liicht vun der Welt erblécke wäert.
2022-10-15
1h 08
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
51. Metal ass ons Musek
Et ass erëm sou weit, Kaméidi ass zeréck, oder war villäicht och ni ganz fort. Op alle Fall, hunn rezent Evenementer eis dozou bruecht erëm zréck ze kommen. Eis Lëtzebuerger Metalheads déi an der Läscht op Social Media ënnerwee waren an de Sproch "Metal ass keng Musek" héieren hunn, wëssen vun wat mer schwätzen. Wat mir doriwwer denken an wat mer alles an deenen leschten Méint gemaach an gelauschtert hunn, fann der hei.
2022-09-24
37 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
50. Our Favorite Bass Players
Mir hunn eis virgeholl iwert eis favorite Musiker am Metal ze diskutéieren, an fänken mat engen Instrument un wat leider vill ze oft vergiess an och ënnerschat gëtt an zwa de Bass/Bassist. Wéi eng bekannt an och manner bekannt Musiker mer do op eiser Lëscht hunn fannt der hei.
2022-07-09
38 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
49. Uncovered: Cradle of Filth
Vun fillen gehaasst, vun fillen vergëttert, déi brittesch Titanen vun Cradle of Filth kenne ob eng stolz Carrière zeréck kucken wou sou munches ze bidden huet. Lauschtert bis eran wann der méi wësse wëllt.
2022-06-26
40 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
48. Categorising Genres, a constant argument about personal opinions
Wei dir wësst diskutéiere mir gären iwwer Musek, iwwert wat mer fleit nach léiwer schwätzen sinn déi verschidde Genren déi mir an der metallescher Musek erëm fannen, an wisou mir esou gären doriwwer schwätzen gitt dir hei gewuer
2022-06-11
34 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
47. Uncovered: Blind Guardian
Haut zéien mer eis déi wuel bekanntsten dätsch Power Metal Band op d'Long. Blind Guardian sinn bei Villen beléift an hunn och schonn eng beträchtlech Karriär hannert sech, an vill vun hiren Albumen suergen och schonn fir Discusiounen. Wat mir doriwwer denken an ze soen hunn, fann der hei.
2022-05-28
34 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
46. #Let's talk: NU Metal
Mir hunn se all matgemaach, the early 2000's hat eng ganz spezifesch Genre Saach un d'Dagesliicht bruecht, den Nü Metal
2022-05-14
37 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
45. Artworks - Of Record Covers and Album Artworks-
Et sinn der Kreativitéit keng grenze gesat, och net bei Metal Alben, ob Surreal, expressionistesch, klassesch, bluddeg, brutal oder dezent et gëtt vun allem wann mer eis Artwork an Coveren aus der Metalwelt ukucken. An genau dat hu mer gemaach!
2022-04-30
36 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
44. Kaffi's Paus: PLEASING
Dass ech groussen Unhänger vun Post-Musek sinn ass mëttlerweil keen Geheimnis méi, mee kéint et sinn dat ech zum Fanboy vun enger ganz bestemmter Band mutéieren? Absolut jo! -Gilles Kaméidi hat d'Jongen vun Pleasing agelueden an sinn mat Witz an charm an eng emotional an melancholesch Diskussiouns Ronn gestart. Lauschtert bis eran.
2022-04-16
52 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
43. Uncovered: Behemoth
Als Extreme Metal Band gehéieren se mat zu deenen Bekanntsten am Metal Business. Mir schwätzen haut iwwer Behemoth, eng Band iwwert déi schonn bal jiddereen seng Meenung huet an mat hirem kontroversen Frontmann Nergal och fir vill Gespréichsstoff suergt. Mir hunn eis dat ganzt ënnert Lupp geholl an wat dobäi raus komm ass, fann der hei.
2022-04-02
36 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
42. The Highs and Lows of Record Labels
Enn Plattendeal kann eppes Feines sinn mee et ass och net ëmmer alles sou einfach wei et op deen éischten Bléck wierkt. Responsabilitéiten, Deadlinen, Interviews etc. mussen agehale gin an kennen eng Band gutt wei och negativ beaflossen
2022-03-26
34 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
41. Kaffi's Paus: GHOST NOISE
Et war een absolutten Pleséier mat den Jongen vun Ghost Noise ze quatschen an bessen an déi melancholesch Post-hardcore Welt ze tauchen. Wat genau Ghost Noise fir Musek mëscht an wat et an Zukunft vun hinne gëtt fann dir hei.
2022-03-12
36 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
40. Video Games and Metal
Des grondverschidden Saachen sinn méi no verbonnen wei et ob den éischte bléck wierkt, taucht mat ons an déi fantastesch Video Game Welt an an entdeckt déi metallesch Aspekter vun der Game Welt.
2022-02-19
40 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
39. Le Metal à la Française
Ici on parle fançais, an dat metallesch! Mir kucken an déi franséisch Metall Scene bis eran an diskutéieren wat Frankräich alles un haardem ze bidden huet. Lauschtert bis eran!
2022-02-05
36 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
38. Uncovered: Metallica
Se brauchen keng Introduktioun, se hunn genuch opweises, ganz fill Guddes, leider och ganz fill kontroverse Saachen, mir hunn ons eng vun den Big 4 rausgekroopt an bëssen méi genau gekuckt wisou Metallica, oder eben wisou keen Metallica.
2022-01-22
28 min
Fro un den Affekot
Wéi vill Kaméidi dierf ee maachen?, 19/01/2022
Dat hänkt dovun of wéi ee Kaméidi, a d'Auerzäit wéini een ze haart ass
2022-01-19
02 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
37. Kaffi's Paus: MINDPATROL
Kaméidi ass och nees 2022 um Start, an mir fänken direkt un mat enger vun eisen Kaffi's Pausen. Des kéier hun mer den Luc an den Yann vun Mindpatrol dobäi an et gëtt nees vill diskutéiert, iwwer hier Geschicht, hiren leschten Album, Literatur an nach vill méi. Wat genau fann der hei.
2022-01-08
39 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
36. The Best of 2021
D'Joer ass seu gudd wei eriwwer, villes ass geschitt, vill Musek, vill nei Entdeckungen seu wei iwwerraschend Comeback's. Mir hunn ons iwwert ons lieblings Alben vun 2021 ënnerhalen, kommt an lauschtert bis eran an entdeckt och dier eppes neits.
2021-12-27
1h 01
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
35. #Let's talk: Folk Metal, Folk Tales & Pagan Legends
Mir fueren weider mat eisen Genre Episoden, des Kéier zéien mer eis den Volk Metal op d'Long. E-Guitaren, Bass an Drums kenne mer alleguer, mee hei kommen dann och nach Dréiuergel, Duddelsak, Violin an nach ganz aner ausgefaalen Instrumenter an d'Spill. Wat et do alles ze wëssen kennt, fannt der hei.
2021-12-11
29 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
34. The Non-Metal Stuff pt.1
Och wann mer alleguer hei Metalheads sinn an gär doriwwer philosophéieren, huet jiddereen vun eis och aner Musek oder Kënschtler abseits vum Metal déi gär gelauschtert ginn. De Gilles an de Pit weisen iech wat si dann nach sou alles lauschteren, vleit ass jo eppes dobäi wat der selwer gär hutt? Vill Spaass beim lauschteren!
2021-11-27
52 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
33. Kaméidi feat. The Metal Inspector: Hidden Gems of the Year
Wei dir wësst, philosophéiere mer enorm gären, nach méi flott ass et wann mer een Gaascht hunn deen genau sou gären matschwätzt. Mir hunn ons den Metal Inspector agelueden an iwwert ons grouss Momenter vum Metalleschen Joer 2021 geschwat
2021-11-13
56 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
32. Band Merch
All Metalhead kennt et oder besetzt et och. Egal ob T-Shirten, Hoodies, Kappen oder Patches... Awer et ginn och nach méi ausgefalen Merch. Wat genau an ob d'Welt dat braucht fannt der hei.
2021-10-30
29 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
31. Uncovered: Opeth
An et geet weider mat eisen Uncovered Episoden. Dës Kéier diskutéieren mer iwwer Opeth, eng Band déi schonn vill Verwandlungen an hirer Karriär hannert sech hunn. Wat genau gitt der alles hei gewuer.
2021-10-16
19 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
30. A Year has passed
Happy Birthday Kaméidi, Jo richteg, dir musst ons schonn een ganzt Joer laang erdroen an mir kucken zeréck ob fill Guddes an och komplizéiert Zäiten
2021-10-02
30 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
29. Our funeral Songs
Freier oder spéider gin mer all dohin, d Fro wou mir ons stellen ass wat fir eng Abschiedlidder mir gäre géingen héieren
2021-09-18
28 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
28. Japan's finest
Japan ass net dat éischt Land un wat een denkt wann een vun Metal schwätzt. Mee wéi och an eisem klengen Land gëtt et och do eng Zeen. Mir als Japan Nerds fillen eis verflicht dem op den Grond ze goen an kucken dat et do alles ze entdecken gëtt an wéi dat mat hirer Kultur zesummen hänkt. Vill Spaass
2021-09-04
39 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
27. Uncovered: InFlames
Nach eng lescht virun der Summer Paus, mir hunn ons geduecht ons Verstäerkung ze organiséieren an hunn een gudde Kolleeg vun ons mat an d'Boot geholl, häerzlech Wëllkomm un de Sam, de Sam, de Pit an de Gilles tauchen an an d'Déiften vun der melodic Death Metal Band IN FLAMES. Lauschtert bis eran.
2021-07-24
40 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
26. Kaffi's Paus: LEGACY OF ATLAS
Et geet weider mat enger neier Kaffi's Paus, dës Kéier dabei sinn LEGACY OF ATLAS. Sie zielen eis vun hirer Band Geschicht an wat se nach alles wëlles hunn. Lauschtert bis eran.
2021-07-10
48 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
25. Read 'em all! Heavy Metal beaflosst fun Literatur
Et gin fill Bands déi sech mol gären vun Literatur Stecker inspiréieren loossen, Ganz grousse Vertrieder sinn natierlech fantasie sou wei och Horror Bicher, mir hunn eis puer Saachen rausgeholl an gekuckt wat J.R.R. Tolkien oder och H.P. Lovecraft an der Metal Welt verluer hunn.
2021-06-26
38 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
24. #Let's talk: Black Metal (Part Two - The second Wave and it's Futur)
Des kéier den zweeten Deel vun onser Black Metal Saga, mir schreiwen d'Joer 1993, Norwegen. Do ass sou munches geschitt wat reegelrecht duerch d'ganz Welt gaangen ass, dir wëllt méi wëssen, dann sidd der hei Gold richteg.
2021-06-12
57 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
23. #Let's talk: Black Metal (Part One - Origins)
Endlech ass se do, eis Black Metal Episode. Well et do vill ze zielen gëtt, hunn mer eis geduecht zwee Deeler draus ze machen. Am éischten Deel ginn mer zréck an Zäit an kucken eis Originnen un vun dësem extreme Genre un. Vill Spaass
2021-05-29
43 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
22. Uncovered: Wintersun
Ons éischt Uncovered Episode, als laangjäreg Fans hunn mer Guddes wei och net sou Guddes iwwert Wintersun ze soen, maacht iech een eegent Bild.
2021-05-15
21 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
21. #Let's talk: Death Metal
Villäicht deen wichtegsten Sub Genre vum Heavy Metal, deen gudde Death Metal, wat? wou? wéini? gitt der hei gewuer!
2021-05-01
37 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
20. Kaffi's Paus: MILES TO PERDITION
D' Kaffi Gesabbels geet an eng 3t. Ronn, MILES TO PERDITION waren dobäi an mir sinn zeréck an d'Zäit gereest an hunn ons een Abléck an d'Geschicht vun dëser Band sou wei och an Memoiren aus der letzeboier Zeen erlaabt. An wat et mat "Escalope Crème Champignon" um Hutt huet ass och hei ze fannen....
2021-04-17
1h 01
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
19. Ladies of Metal
Ladies, you're up! Join us and get the involved in this week's episode where we discuss the rise of these Metal Goddesses. Listen to it! Now!
2021-04-03
32 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
18. #Let's talk: Progressive Metal
Mir zeien weider an de Kosmos vun den Metal Genren, et gëtt keen Genre wou et méi Diversitéit gëtt wei hei! Dat ass Fakt.
2021-03-20
42 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
17. Gilles' Top 25
Des Kéier ass et dann um Gilles säin Fanboy erauszeloossen Lauschtert bis eran an entdeckt puer nei Saachen
2021-03-06
1h 35
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
16. Kaffi's Paus: SCARRED
Et geet weider mat onsen Kaffi's Pausen, des Kéier mat dobäi keen aneren wei Scarred. Mir sinn mam Diogo an Yann zeréck an d'Geschicht gaangen, hunn ons iwwert Ufankszäiten wei och iwwert net sou schéin Saachen aus dëser Band Geschicht ënnerhalen. Net ze vergiessen gi mer och intensiv an d'Detailer vun hirem neisten Album deen firun kuerzem endlech d'Liicht erbléckt huet.
2021-02-20
47 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
15. Pit's Top 25
De Pit zielt iwwert seng Top25 Absolut Metal Albume, loosst iech verphilosophéieren
2021-02-06
1h 47
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
14. Kaffi's Paus: ASATHOR
Mir hunn schonn Seid laangem iwwerluet den letz. Metal Bands d'Wuert ze iwwerloossen, natierlech ass et an dësen Zäiten net einfach eppes zesummen ze wierfelen an awer sinn net enttäuscht gin. Den Ben an de Fränz vun ASATHOR hunn ons een Abléck verschaaft an mir haten nees eng richteg flott Diskussioun.
2021-01-23
38 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
13. Wëllkomm doheem - Lëtzebuergesch Metal Elite
Häerzlech wëllkomm am neie Joer, mir sinn zeréck an fläisseg wei nach ni, mir fengken d'Joer un mat der wichtegster Zeen, an zwar der Lëtzebuerger. Wat et "hei heem" sou op d'Ouere gëtt gitt der hei gewuer. Lauschtert bis eran.
2021-01-09
38 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
12. Bye Bye 2020
Ciao, Äddi, Au revoir, Sayonara 2020 Mir werfen een Bléck zeréck op ons Saachen an kucken wou 2021 hin geet. Mir wënschen jidderengem un dëser Stell een bessert Neit Joer, schéin Feierdeeg an bis geschwënn
2020-12-22
26 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
11. Ons Metal Alben vum Joer 2020
Mir hunn et gepackt, dat warscheinlech komeschste Joer säit laangem geet Endlech op een En, an domat och een schwéiert Museks Joer. Mir hunn ons eis positiv Iwwerraschungen rausgepickt an bëssen diskutéiert.
2020-12-19
1h 18
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
10. Clichés oder net Clichés? Daat ass d'Fro
Et gi esou munch Clichéen déi mat Metal ze dinn hunn, wei z.b. wat denken Leit déi keen Metal lauschteren iwwert déi an schwaarz gekleeten? Oder och wat Metalheads vun Metalheads denken? Dir wëllt méi wëssen?
2020-12-12
59 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
9. #Let's talk: Thrash Metal
Thrash is King!! Wann der méi wéilt iwwer early Trash Metal wëssen da muss der gedëlleg nolauschteren wei mer virun ons hin philosophéieren, an och méi wei eng Band wäerten erwänen, ënnert anerem Slayer, Metallica, Kreator, Sylosis an nach fill méi.
2020-12-05
48 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
8. Heavy Metal Cinematic's
Metal an Film? Do gëtt et et bëssen vun allem ob Dokumentatiounen oder Spill Filmer, mir hunn ons eis eegen Favoritten rausgepickt an bëssen doriwwer geschwat. Lauschtert mol rann
2020-11-28
47 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
7. #Let's talk: Power Metal
Ritter, Schwäerter, Buergen, Kitscheg fanatsy Story's an och Botter??? Wat et domat um Hutt huet gi der hei gewuer, mir erkunden een vun fillen Metal Genren an mir fänken mat Power Metal un. Fill Spaass dobäi
2020-11-21
49 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
6. Top 100 best Metal Albums of all Time by Rolling Stone Magasine Part 3
Deen leschten Deel vun eiser Trilogie, des kéier vun Platz 25. op Platz 1. Wat mengt dir dann wien op Platz 1. steet? Vill Spaass 😁
2020-11-14
1h 25
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
5. Top 100 best Metal Albums of all Time by Rolling Stone Magasine Part 2
Part 2 vun eiser Top 100 Best Metal Albums Trilogy, Mir kämpfen ons weider erof Richtung Nr.1, des Kéier wollte mer et net grad soulaang maachen an ons bësse mäi Zäit loossen fir iwwert alles ze argumentéieren, ob et ons gelongen ass.... dat ass eng aner Saach. Deen leschten Deel ass an de Maach.
2020-11-07
1h 33
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
4. Let's keep Music alive, stay safe and stay heavy
Et sinn net déi schéinsten Zäiten an mir wëssen net wéini eisen *normalen Alldag* wäert zeréck kommen, mee mir mussen all doduerch an am beschten och all zesummen halen. Seu och bei der Musek an allen betraffene Museker dobaussen, mir wëllen mat dësem klenge Message een Opruff mann un jiddereen deem eppes un der Musek läit.
2020-11-04
15 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
3. Top 100 best Metal Albums of all Time by Rolling Stone Magasine Part 1
Hmmm doriwwer léisst sech streiden an virun allem diskutéieren, mir hunn ons déi éischt 50. vun dem Rolling Stone Magasine mol méi genau ugekuckt an ons Meenung Preis gin. Lauschtert bis eran an loosst iech iwwerraschen sou wei mir iwwert sou munches iwwerrascht waren. Part 2 ass ënnerwee....
2020-10-31
1h 44
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
2. Queesch duerch d`Geschicht vum Heavy Metal
D`Geschicht vum Metal, wou fänkt een do un? Mir hunn probéiert et sou einfach an kuerz ze halen fir iech d'Ufanksjoren vum Heavy Metal ze erläuteren. Wat waren déi éischt richteg Heavy Metal Bands? Wéini war déi gëllen Zäit vum Heavy Metal? Gidd der alles hei gewuer, lauschtert bis eran.
2020-10-21
55 min
Kaméidi - Luxembourg's Finest Metal Podcast
1. Den Ufank
Wat ass Kaméidi? Kaméidi sinn de Gilles an de Pit, zwee passionéiert Musek Nerds, di vill ze vill ze zielen hunn. Dofir presentéieren mer iech hei den éischte Metal Podcast zu Lëtzebuerg!!!
2020-10-11
42 min
Check-Up
Vill Kaméidi ëm de Fluchkaméidi
Fluchkaméidi ass staark gesondheetsschiedlech. Et gëtt zwar u Moossname geschafft fir en ze reduzéieren, mee den ekonomeschen Impakt vum Fluchhafe spillt och eng wichteg Roll bei den Decisiounen, déi an dësem Kontext getraff ginn. D'Anne Schaaf wollt wëssen, op et zukünfteg méi oder vleit dach manner Kaméidi gëtt.
2017-09-19
09 min