Look for any podcast host, guest or anyone
Showing episodes and shows of

Podcast Vun Der Eltereschoul

Shows

Ee staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/Episode 11: Et gëtt een net als Grousseltere gebuerAn der 11. Episode vun "Ee staarkt Team, de Podcast vun der Elteschoul", dréint sech alles ëm d'Grousselteren: Grousseltere sinn – gëschter an haut. Wéi eng Roll spille Grousselteren haut an eiser verännerter Gesellschaft, eng Gesellschaft mat neien, anere Familljestrukturen? Wat gëtt vun hinnen erwaart? Wat sinn hir Erwaardungen u sech selwer? Firwat ass d’Bezéiung zu den Enkelkanner esou wäertvoll? Fir d’Grousselteren? Fir d’Enkelen? Doriwwer schwätzen d' Jeannine Schumann an d'Tania Hemmer vun der Eltereschoul an dësem Podcast fir Grousselteren an Elteren.2023-07-0740 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEpisode 10: GeschwësterNodeems et an den éischten Episode vun eisem Podcast ëm d'Entwécklung vum Kand goung, kucke mer lo op verschidden Aspekter vun de Familljekonstellatiounen. Am 10. Episod dréint sech alles ëm Geschwëster: wat ännert sech wann ee Geschwësterchen an d'Famill kënnt a wat hanno mécht d'Bezéiung ënnert de Geschwëster esou spannend? D'Véronique Nilles , Educatrice graduée an d'Nora van Daele, Sozialpädagogin, béid Mataarbechterinnen aus der Eltereschoul, sinn haut Invitéeën.2023-04-2750 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEpisode 9 Manner Stress am FamilljenalldagManner Stress am Familljenalldag D’Eltereschoul erkläert an dëser Episod vum Podcast “ee staarkt Team”, wat Stress ass, wéi Stress entsteet, wéi een op Stress reagéiert, awer och wéi een dee ganz normalen Familljendag meeschtere kann, ouni dem Stress ze vill Plaz ze loossen. Ausserdeem gëtt et ee klengen Abléck an d’Methode vum MBSR an eng kuerz Klangschuelerees, fir esou mat méi Geloossenheet an den Alldag zréckzegoen.2023-01-3050 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulE staarkt Team - Hors série: la méthode Janusz Korczak ?La méthode éducative selon Janusz Korczak : surtout pas de méthode! Discussion avec Eliza Smierzchalska Comment ce grand pédagogue polonais a-t-il repensé l’éducation et le statut de l’enfant ? Comment ce responsable d’un orphelinat a-t-il organisé un internat avec l'idée directrice de rendre l’enfant autonome ? Basée sur l'observation et respectant l'individualité de chaque enfant, qu’est-ce qui caractérise la pédagogie chez Janusz Korczak ? Dans cet épisode hors-série, Eliza Smierzchalska qui a retraduit et illustré le livre-culte de Janusz Korczak 'Le roi Mathias 1er' discute de manière informelle avec l’équipe de l’Ecole des parents...2022-12-061h 41Ee staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulE staarkt Team Episode 8: De Burn-out parental verstoenAn dëser Episod vum Podcast beschäftege mer eis mat engem Phenomen, deen et warscheinlech scho méi laang gëtt, mee deen awer eréischt an de leschten 20 Joer besser erfuerscht ginn ass. Wat ass de Burn-out parental? Wéi kënnt de Burn-out zustan a wat kann ee maachen fir en ze prevenéieren oder rëm erauszekommen? Wat si Konsequenze vun engem Burn-out parental fir d’Elteren a fir d’Kanner. D’Tania Hemmer, Mataarbechterin an der Eltereschoul an Expertin am Burn-out parental ass eis Invitee2022-10-1344 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulE staarkt Team - Episode 7: Schlof Këndche schlofDe Schlof vum Kand, eent vun deenen Theemen, dat villen Eltere besonnesch um Häerz läit.. Iwwert de Schlof vum Kand gëtt vill diskutéiert an debattéiert, an am Laf vun de Joerzengten sinn do eng Rei Mythen, Wourechten an Onwourechten entstanen. Fir e bëssen opzeraumen an deem Sujet an eis op de neiste Stand vun der Fuerschung ze bréngen, hunn ech haut d’Tania Hemmer, eis Spezialisten zum Thema Kanner an hire Schlof, invitéiert.2022-06-2735 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulE staarkt Team - Episod 6: Ech kann dat schon elengEltere vu klenge Kanner stelle sech ëmmer erëm d’Fro, wéini muss mäi Kand wat kënnen a wat ass, wann et dann eppes nach net sou gutt fäerdeg bréngt? Äntwerten op dës Froen an nach villes méi, héiert Dir lo an engem Gespréich tëschent dem Jeannine Schumann an dem Ana Luisa Carrilho vun der Eltereschoul. De Podcast dréint sech ëm folgend Punkten: Wat heescht dann eigentlech Autonomie? Wéini muss mäi Kand wat kënnen? Wéini riskéieren ech et ze iwwserfuerderen oder awer och z’ënnerfuerderen? Wat sinn...2022-05-0222 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulE staarkt Team Episod 5 Pubertéit ass...Pubertéit ass, wann Elteren ufänke schwiereg ze ginn, esou heescht de 5. Episod vun eisem Podcast iwwer d'Erzéiung. D’Haapttheeme sinn: D’Gehier vum Jugendlechen ass wéi ee grousse Chantier Wat geschitt mat dem Jugendlechen an der Pubertéit? Firwat déi staark Oppositioun? Brauch dee Jugendlechen nach Reegelen a Grenzen? Lassloossen, ouni falen ze loossen Eng gutt Bezéiung mat dem Jugendleche behalen2022-02-1638 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team Episod 4 An wann et dann awer mol schwiereg ass....An dëser Episod kucke mer wéi een als Elteren duerch méi schwiereg Momenter kënnt, wann et eemol net esou gutt klappt mat der Erzéiung, wéi ee sech dat virgestallt huet. Dëst erwaart iech an der Episod: - Wat huet Eltere sinn an Erzéiung mat enger Faarwepalett ze dinn? - Wéi kënne systemesch Familljeberodung an Triple P eng Ënnerstëtzung sinn? - Alternativen zum klengen Klapps op den Hënner - Wéi kann ech d'Verhale vun mengem Kand besser verstoen? - Wat erwaart mech an engem Triple P Cours? - Beispiller aus dem Alld...2021-12-0341 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team Episod 3 Modern ErzéiungAn dëser Episod gidd Der gewuer wat d’Elteren a Kanner mat enger Sportsekipp an hirem Coach ze dinn hunn. Mir kucken eis d'Grondiddien an Prinzipië vun enger "moderner" Erzéiung un Dëst erwaart iech am 3. Episod: - Wat huet sech an der Covidzäit fir d'Eltereschoul an hirer Aarbecht verännert? - Besoinë vun eisn Kanner fir staark Erwuessener ze ginn - Wat huet Erzéiung mat enger Sportsekipp an hirem Coach op sech? - Réckbleck ob verschidden Erzéiungsstiler - Wéi klappt e gutt Zesummeliewe mat eise Kanner? - Wéi eng Elementer gehéieren zu enger gudder K...2021-10-2728 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulE staarkt Team Episod 2 Et gëtt een net als Eltere gebuerAn eiser zweeter Episod schwätze mer doriwwer wéi d'Eltereschoul ob d'Iddi komm ass e Cours fir d'Maternitéen ze organiséieren a wéi dëse Cours ofleeft. Mir ënnerhalen eis iwwer d'Erausfuerderung fird' Famill an awer och fir d'Koppel, déi Gebuert vun engem Puppelchen mat sech bréngt. Froen ob déi mer am Podcast agi sinn: - Firwat sollen Elteren sech scho virun der Gebuert Gedanken zum Theema Erzéiung maachen? - Wéi ass d'Eltereschoul ob d'Iddi komm an Maternitéen ze goen? - Wat sin d'Theemen vum Cours? - Changementer déi ob d'Koppel no der Gebu...2021-09-2928 minEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team/ Podcast vun der EltereschoulEe staarkt Team 1. Episode D'Eltereschoul stellt sech virAm éischten Deel geet et ënner anerem drëms firwat et iwwerhaapt eng Eltereschoul gëtt, an ob et dann iwwerhaapt wichteg ass Kanner ze erzéien. An dëser Episod gin mer ob folgend Froen an: - Wéi ass d'Eltereschoul 2002 entstanen? - Geet Erzéiung net einfach esou? - Wou kann een d'Eltereschoul iwerall fannen? - Wéi schaffe mir an der Eltereschoul? - Wéi gesäit d'Eltereschoul Erzéiung? Ob all dës Froë kritt Der an dësem Podcast eng Äntwert ,souwéi e klengen Exercice fir doheem. Spring by Ikson https://soundcloud.com/ikson Music promoted by...2021-07-0922 min