podcast
details
.com
Print
Share
Look for any podcast host, guest or anyone
Search
Showing episodes and shows of
Sarah Cattani
Shows
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
54 Episode - Living Food
"Living Food" beschreift Liewensmëttel, déi an hirem natierlechen, onveraarbechten Zoustand konsuméiert ginn, ouni iwwer d'Kierpertemperatur erhëtzt ze ginn. Dëst bedeit, datt se sou wéineg wéi méiglech veraarbecht ginn, fir hir ursprénglech Nährstoffdicht an d'Enzymer, déi se enthalen, ze erhalen. D'Véronique Defosse huet no 25 Joer Aarbecht am finanzellen Beraich zu Lëtzebuerg hier Carrière komplett geännert an eng Formatioun op der EAVD gemach ( Ecole d’Alimentation Vivante et Durable) an proposeiert haut Atelieren, Teambuilding an an coaching ennert dem Numm "les vivantes" wou sie den Accent virun allem och op bio...
2025-06-05
25 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 53: Quantum Guidance
MAM RAPHAELE CHEVALIER Quantum Guidance "Quantum Guidance – Äre Wee zu Iech selwer" Entdeckt déi déif spirituell Wëssenswelten vun der Quantum Guidanc, oder guidance informationelle quantique op franseisch. Fir jiddereen, deen op der Sich no méi déifem Verständnis a Selbstentwécklung ass. Baséiert op Erkenntnisser aus der Quantephysik an moderner Bewosstsinnsforschung, verbënnt dëse Podcast spirituell Intuitioun mat wëssenschaftlecher Theorie. D'Raphaèle Chevalier vun der Geigend vun Montpellier schafft zanter 4 Jër mat dëser Technick an greissentdeels online.
2025-05-02
23 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 52: Menopause
MAM CAROLINE LENTZ Caroline Lentz ass geleiert Franséischproff. 2022 ass si duerch eng Operatioun vun haut op muer an d'Menopause komm wou Sie 45 Joer al war. Doropshin huet si sech immens vill zum Thema informéiert a mëscht haut eng Formatioun als Healthcoaching mat enger Holistescher vue vu Gesondheet an Nutritioun mam Schwéierpunkt op Menopause bei der Fra. Sie huet och fir de Forum en Artikel geschriwwen iwwert den Tabu vun der Menopause an der Gesellschaft a virun allem och an der Aarbechtswelt. Ma wat ass iwwerhaapt genee Menopause, mir ginn dësem Kapitel am Liewe vun der F...
2025-04-04
51 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 51: Systemesch Opstellungen
MAM ISABELLE FABER https://www.constellations.lu/ Haut interesseieren mer ais fir Konstellatiounen, net dei am Himmel vun den Staeren mee dei an aiser Famill, Arbechtswelt oder aaner Grupp vun Zesummenliewen. Mir sinn jo all Deel vun engem System - ais Famill, ais Frenn, aist Aarbechtsemfeld. An heiansto sin hei och mei schwiereg Situtaiounan oder Konflikter verstoppt. Onbewosst wiederhuelen mir dei selwecht Geschichten, Thematiken ëmmer nees. Mat enger systemescher Konstellatioun kann een des Problemer erauskristalliseieren an och Leisungen fannen. Wei dat ausgesait erklärt ais haut d’Isabelle Faber.
2025-03-07
38 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 50 : Rèckblèck
MAM SARAH CATTANI SarahJohnYoga
2025-02-07
13 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 49 : Tai Chi
MAM JOHNNY LI chiurlife.com Tai Chi ass eng meditativ Kampfkonscht. Nodeems de Johnny Li Northern Shaolin Kung Fu praktizéiert huet an a verschidde Buddhistesche Monastères war ass hien op den Tai Chi komm - mei prezis Wu Taijiquan - e ganz aalen Selbstoofwier System deen och déif am Taoismus an Buddhismus verankert ass. An dëser Technik, déi aus der Kampfkonscht kennt, geet et awer net drëms géint een ze kämpfe vu baussen, mee an der Ligne vun der TCM (Traditioneller chineeseschen Medezin) gëtt een als Praktikant ëmmer besser an...
2025-01-03
45 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 48 : Vegan Chrëchtdaag
MAM LIZ SINNER D’Feierdeeg sti virun der Dier an ech wollt mech haut emol mat der fro beschäftegen - wat kann een als Vegan oder vegetaresch Optiounen op den Dësch zauberen. An dofir schalte mir live op Wien bei d’Liz Sinner vu vegelizious . Si ass Rezeptentwecklerin an “Food”-Fotografin a schafft och zesumme mat BIOG oder der Moutarderie de Lux. Den Ament studéiert déi jonk Fra Diätologie zu Wien an haat nach ëmmer eng grouss Leidenschaft fir Iessen a Kachen. www.vegelizious.com
2024-12-03
23 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 47: Trauerbegleedung
MAM EBERHART DRIESLER www.omega90.lu Den Eberhard Driesler kënnt ursprünglech aus Bayern a schafft zanter gudd 30 Joer hei am Land. Hien ass Diplom-Theolog, Diplom-Psycholog, huet e Bachelor an der Philosophie an en Zousatzstudium an der Erwuessepädagogik, Formatioun als systemesche Psychotherapeut an EMDR. Hien huet laang als Pastoralassistent an der Lëtzebuerger Kierch geschafft a gläichzäiteg als Familljen- a Koppelstherapeut am Familljencenter. Zanter 5 Joer sinn ech Psychotherapeut bei Omega90 an schwätzt iwwert Trauer an Trauerbegleedung.
2024-11-01
41 min
Wat lauschters du?
Be Well - Mam Sarah Cattani
E Podcast ronderëm Yoga, Meditatioun, Präventioun a mental Gesondheet. Eise Podcast-Expert Cédric Reichel huet eragelauschtert en deelt seng Andréck.
2024-10-15
06 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 46 - Psychologesch Berodung am Bësch
MAM ANNE STAUDER anne-stauder-psycholog.lu semainesantementale.lu An dësem Episode gi mir an de Bësch fir eng psychologesch Berodung. A Kader vun de Semaines de la Santé mentale déi all Joer am Oktober sinn interesséiere mer äis nämlech fir eist mentaalt a psychescht Wuelbefannen. D'Anne Stauder trëfft hier Patienten net an engem Cabinet, mee am Bësch an erkläert äis wat hannert der Forest Walk & Talk Technik stécht.
2024-10-04
26 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 45: ADHS bei Erwuessenen
MAM ESTELLE THILGEN www.attention.lu An dësem Podcast interesséiere mer äis fir ADHS bei Erwuessenen. D'Estelle Thilgen ass diploméiert Psychologin mat enger Spezialisatioun an der Neuropsychologie an ADHS. Sie ass och Fondatrice an therapeutesch Coordinatrice vun der "Clinique de l’Attention", ee Service ambulatoire, deen sech op ADHS bei Erwuessene spezialiséiert am Centre Hospitalier du Nord.
2024-09-05
43 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 44: Diabetes Preventioun
MAM JESSICA DURBACH & KERSTIN www.ald.lu Haut interesséieren mer äis fir Diabetes, an dat ass un sech en Iwwerbegrëff fir verschidde Stoffwiessel Erkrankungen. All gemeinsam hunn se dass se zu erheischten Bluttzockerwäerter feieren a Patienten e Mangel um Insulin Hormon hunn oder d’Insulin Wierkung verréngert gëtt. Jessica Durbach huet e Master an der Gesondheetsfërderung an Erzeihung. Ass Expertin an der Suchtpreventioun an elo säit 2 Joer an der Maison du Diabète an do och zanter engem Joer Chargée de Direction. Niewenbai gett sie och Traininge fir evidenzbaseiert Suchtprevent...
2024-06-14
40 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode : 43 Reflexologie
MAM TAMARA LEUCK Reflexologie, gëtt och nach Zone Therapie genannt an ass eng alternative Methode bei där ee Pressioun gëtt op just een deel vum Kierper. An dësem Fall haut elo d’Féiss mee er kann een et och op Hänn, oder Oueren oder Kapp uwenden z.B normalerweis ouni Crèmen oder Ueleger an et geet een dovun aus dass de ganze Kierper och um Fouss, repetitiv op der Hand verknäppt ass. D'Tamara Leuck gëtt ais en klengen Ableck an d'Fouss Reflexologie. www.kierperfeissaseil.com
2024-05-02
17 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 42: Somatics
MAM TESSY BECKENE www.terrasomatics.com Somatics, aus dem engleschen - bedeit un sech de Beräich vun der Kierperraarbecht an der Bewegungsléier an zwar wei een wat vu bannen emfend a wei een déi Erfahrungen ka betounen. Tessy Beckené ass eng ganzheetlech a kierperorienteiert psychopedagogesch Beroderin a somatesch Coach. Sie ass spezialiséiert op Neurodiversität, wie ADHS-Beratung an -Coaching, Traumaverarbeitung, Bindungsproblematiken, souwei Hypersensibilitéit. Des Weideren huet si e Master a “Geistiger Behinderung und Entwicklungsstörungen” gemacht a schafft säit deem am Beräich Diagnostik, Berodung a Begleedung. Dëst geet vu Geeschteger Beh...
2024-04-05
43 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 41 : Faarfanalyse
MAM SABRINA IACOVAZZI brillaletz op Instagram Mir sinn all eenzegaarteg op dëser Welt a gesinn deemno och eenzegaarteg aus! Des Eenzegaartegkeet gëtt dann och nach duerch eng Kombinaisoun vun Nuancë vun eisem äusserleche Wiese betount- äis Aenfaarf, Hoerfaarf, Hautfaarf… Styliste kennen dëst scho laang ma och ee selwer kann erausfanne weieng Faarwe gutt bei ee passen an domat gesäit et net just optesch besser aus, ma et entseet och en neit Liewensgefill. Fir iwwer Farfanalyse ze schwaten ass haut d’Sabrina Iacovazzi am Studio. Dei haaptberufflech Danzproff hëlleft anere Leit fir déi richteg Faa...
2024-03-01
29 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 40: Mobbingpreventioun
MAM MICHELE BLOES freiraum.familie op Instagram Mir interesséieren äis haut fir d’Wuelbefanne vun de méi Klengen, awer natierlech kann alles dat wat mer haut beschwätzen och op déi Erwuessen iwwerdroe ginn. Et geet drëms ouni Angscht kennen am Alldag ze funktionéieren a Resilienz ass do e gudden Wee, an dat kennen och schonn Kanner a Jugendlecher leieren. D’Michele Bloes war selwer Chargé a Schouljoffer a schafft haut als Resilienzcoach mat ganz ënnerschiddleche Gruppe vun Kanner mat sengem Löwenheldtraining am Beräich vun der Mobbingpreventioun.
2024-02-02
29 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 39 : Theta Healing
MAM KIMBERLY JEITZ www.lessismore.kim Theta-Healing ass eng Meditationstechnik a spirituell Philosophie, déi vun der Amerikanerin Vianna Stibal gegrënnt gouf. D’Theta Healing-Technik hëlleft un sech fir de Geescht,, Kierper a Séil nei anzeriichten an deem een sech mat enger méi heiger Kraaft verbënnt. Et ass keng Relioun mee awer gleeft een hei drun dass et eng Createur gëtt vun dëser Welt. Weider Detailer ginn et haut mam Kimberly Jeitz.
2024-01-05
27 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 38: Wantersport
MAM ANNE FRISCH & GEOFFREY OESCH Preparez-vos-vacances-au-ski Di kal Saison steet virun der Dier an do gëtt fir deen een oder aneren Wantersport dann nees groussgeschriwwen. Natierlech denkt een do virop em u Schifueren, ma et ginn och nach aner Wantersportaarte wou sech all Joers leider vill Leit verletzen. Wat kann ee preventiv maachen fir dass et net op emol awer schif ausgeet… doriwwer schwätzen ech haut mat 2 erfuerene Kinesitherapeuten, dem Geoffrey Osch & Anne Frisch.
2023-11-30
19 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 37 : Chiropraktik
MAM SCOTT OLIVER www.luxchiro.lu Chiropraktiker konzentréieren sech virun allem op de Beweegungsapparat vun de Patienten. Et geet een heibäi dovun aus dass déi meescht kierperlech Beschwierden vu Gelenkverännerungen ausgi wei ZB Feelstellungen oder Blockaden. De Scott Oliver war ëmmer passionéiert fir Sport a wärend senger Aarbecht um Calgary Center for Health huet hie Chiropraktik kennegeléiert a war fazineiert vum Impakt vun deser Praxis op sportlech Leeschtungen, ma och generell op d’Gesondheet an mei wait och d’Liewen vun de Leit. Haut ass de Scott Oliver Direkter vun...
2023-11-02
48 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 36: Mentalfeldtechnik
MAM MANDY PONCIN D’Mentalfeld-Techniken (MFT) ass eng liewensbegleedend net invasiv Therapie - an Selbsthellefethode fir d’Balance fir den autonomen Nervesystem. Et kann ee Stress bewältegen egal op et physeschen oder mentale Stress ass an et ass eng Therapie déi ganz gutt hëlleft bei Ängschten, Phobien, Zwäng, Prüfungsangscht, Hyperaktivitéit, chronescher Péng, Allergien asw. Am Studio ass dofir d’Mandy Poncin, eegestänneg Physiotherapeutin mat engem grousse Bagage u Weiderbildungen huet si sech hiren eegene Wee gemaach a kann haut eng ganz breetgefächert Panoplie vun Therapien ubidden, dorënner och MFT.
2023-10-06
27 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 35: Massagen
MAM AYANO EVERLING Bodymindsoul.lu Massage ass jo bekanntlech eng Zort Behandlung vum mënschlechen Kierper duerch klappen, knieden, heemelen, drécken, zeien etc, ma des Technik déi een als Empfänger "kritt" kann och vill méi déif goen an ganz aner Blockaden léisen. D'Ayano Everling huet sech no enger Karriär am Enseignement reorientéiert an proposéiert haut ganzheetlech Massagen aus der ganzer Welt déi vill méi wäit wei just ënnert d'Haut ginn. Vun Lomi Lomi iwwer Reiki, Watsu, Thai, Balinesesch, Shiatsu bis hin zu Ayurvedeschen Massagen huet si ganz villes...
2023-09-01
29 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 34: Krafttraining
MAM CONNY KAYSER www.connykayser.com Virum Summer kucken mir wei mir eisen Kierper an eisen Geescht kennen stäerken. Kraafttraining kann net just d'Kierperkraaft verbesseren mee op laang dauer och en enormen Impakt hunn op ais Gesondheet an Mobilitéit am Alter. Wisou Kraafttraining wichteg ass, wei een déi Saach ungeet an och wei een dobäi blatzt, dat weess d'Conny Kayser mat hierer 20 järeger Erfarung an deem Beräich ganz gutt. Sie ass vun der Langhantel iwwerzeegt an erkläert ais weieng positive Effekter des Zort vun Training kann hunn. Lauschtert eran an gidd vu...
2023-06-01
34 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 33: Human Design
MAM FRANZISKA MULLER https://www.lovetolight.org/ Human Design ass souzesoen eppes wei een Bauplang fir eist Liewen. Jiddereen ass jo mat engem eenzegaartegen Zesummespill vun Veranlagungen, Eegenschaften an Talenter gebuer ginn an Human Design soll hëllefen des ze identifizéieren an domat dann d’Liewen esou ze gestalten dass een sech besser versteet an och säin ganzt Potential erfaassen kann. Deemno ass een dann och méi an der Balance an fillt sech méi ausgeglach… doriwwer wollt ech méi wëssen. Human Design System baséiert sech op eng Mëschung vun ho...
2023-05-04
28 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 32: Bioresonnance
Moien bei Be Well, dem Gesonde Podcast zu Lëtzebuerg. Um Mikro ass wei gewinnt d’Sarah Cattani, Journalistin an Yoga Instructeur an haut gi mer mol bëssi an den Kierper mossen… an zwar mat Frequenzen. Mir interesséieren ais nämlech fir Bioresonanz. Des Methode kënnt aus der sougenannter Medecine Quantique an et geet heibäi drëms Bilan'en ze maachen an eventuell Anomalien ze reperéieren an zwar mat elektromagnéiteschen Analyse. Fir äis dat alles méi am Detail ze erklären hunn ech haut den Eric Esch am Studio.
2023-04-07
29 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 31: Baubiologie
MAM RALPH BADEN https://scente.lu/ An dësem Podcast interesséieren mer äis un d’Ëmfeld an deem mer wunnen. Baubiologie ass un sech d’Leier vun der ganzheetlecher Bezéiung tëscht den Mënschen an hirer gebauter Ëmwelt. Baubiologie huet als Ziel een gesond naturno, nohaltegt an och ästhetescht Wunn oder Aarbechtsëmfeld ze schafen. Gebaier an Raim sinn fir Baubiologen souzesoen wei eng drëtt Haut vum Mënsch an dat kann op ganz villes en Afloss hunn, wou een vlait op den éischten Coup iwwerhaapt net drun denkt. Am Gespréich ass den Ralph Baden, D...
2023-03-03
24 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 30: Mindfullness
MAM MARIANNE REIMANN enter link description here An dësem Podcast gi mer eis emol ganz bewosst wat genee an dësem Moment geschitt. Weieeng Techniken een kann benotzen am privaten oder och am professionellen Liewen fir méi uechtsam ze ginn an deemno och méi bewosst ze handelen. Uechtsamkeet bezeechent en Zoustand vum Geescht an deem den Mënsch hellwaakreg ass an alles matkritt wat den Moment selwer geschitt souwuel kierperlech wei mental mee ouni Gedankenstreim dei hien op eng aner Platz matrappen, ouni Erënnerungen oder Projektiounen, ouni Phantasmen oder soss eppes wat hi...
2023-02-03
52 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 29: Hypnobalance
MAM CINDY GOUDEN www.hypnobalance.lu D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an domat dann och hier eegen Balance zreckzefannen. Lauschtert eran, et ass faszinant wat een alles duerch hynpobalance kann verschaffen léieren.
2023-01-06
27 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 28: Medical Tattoo
MAM SANDRA BIEWERS INKTOLOGY An dësem Episode schwätzen mir mat der Tattoo-artistin Sandra Biewers iwwert medizinesch Tättowéierungen. Zanter gudd 25 Joër gëtt et des Spezialisatioun op “3D Areola/Nipple Restorative and Scar tattooing”. D’Patienten kreien heiduerch en ganzt nait Narbenbild an et kann hinnen och hellefen nee zu sech selwer an zu hirem Kierper ze fannen. En faszinant Thema wat dei aktif Kënschtlerin elo och hei am Land ënnert dem Numm “Moldokter” ugefaangen huet.
2022-12-01
37 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 27: Energy Healing
MAM FRANCK W. HEALER Schamanismus bezeechent un sech eng Traditioun déi aus SIBIRIEN kennt an gëtt dohier och Sibireschen Animismus genannt. D’Heelritualer vun esou Schamanen ginn dobäi net just mam Moment selwer em mee kennen och an d’Vergaangenheet vun der Persoun goen déi bei si geet. Et ass weder eng Relioun nach just eng spirituell Praxis, mee Energieheelen oorientéiert sech awer un dësen Saachen an schafft wei den Numm et schonn seet mat Energien. Klengt vlait op den éischten Bléck bëssi skurril, mee mir wäerten gläich vill méi zu dësem Th...
2022-11-04
26 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 26: Schwangerschaft
MAM DANIELLE FEDERSPIEL-HAAG & STEPHANIE FABBRI www.biennaitre.lu www.hausumsand.lu Bei Be Well geet et haut em eng ganz besonnesch Zäit an enger Fra (an och engem Mann) hirem Liewen, nämlech wann en neien klengen Mënsch decidéiert huet op des Welt ze kommen. Schwangerschaft, déi eng hunn eng oder méi hannert sech, aner dreemen dovun oder wëllen guer näischt dovun wëssen. D’Schwangerschaft den Ufank vun all Liewen hei op dësem Planéit, an dat an egal wei engem Familiären oder sozialen Kontext. Et ass den Ufank vun...
2022-10-06
38 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 25: Emweltmedizin
MAM JOE DIEDERICH www.scente.lu (https://scente.lu/) Mir sinn äis all bewosst dass äis Ëmwelt an eist Ëmfeld en Afloss kenne hunn op äis Gesondheet an awer faellt et eis dacks schwéier ze gesinn wat iwwerhaapt en Impakt op eis huet an wat vlait net. Weien Elementer vun eisem alldeeglechen Ëmfeld sinn deelweis direkt am Zesummenhang mat eisem Wuel oder eben Onwuelbefannen, oder esouguer eisen Krankheetsbiller oder eiser Péng am Kierper? D’EmweltMedizin, och nach Ursaachen Medezin genannt setzt sech genee domat ausenaner. An fir haut mat mir doriwwer ze schwätzen begréissen ech de...
2022-09-08
39 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 24: Wassersport
MAM VINCENT VILLAIN www.erliewen.snj.lu www.freac.lu D’Element Waasser ass net aus dem Liewen net ewechzedenken, an an dësem Podcast beschäftegen mer äis mat Aktivitéiten déi een an oder um Waasser maachen kann. Waassersport ass grad am Summer och hei am Land op villen Platzen ugesot. Wat gëtt et iwwerhaapt fir Waassersportaarten? An wiefern ass et anescht um Waasser wei un Land an weieng Beneficer hunn Aktivitéiten an an ronderëm d’Waasser? Fir doriwwer ze schwätzen ass den Vincent Villain haut mäin Invité. Hien huet eng Format...
2022-06-30
21 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 23 : Aromatherapie
MAM CATHERINE LUDIVIG Contact Catherine Ludivig Lavendel fir ze entspanen, Eukalyptus wann een erkaalt ass, Rosen fir gutt Laun… dat huet een alt schonn emol op mannst héieren oder gelies mee wat genee stécht hannert dem Begrëff Aromatherapie? Wou an wei gëtt se agewennt, wat genee sinn ätheresch Ueleger an op wat muss een oppassen? Doriwwer schwätzen mer Haut mam Catherine Ludivig ,geleiert Gäertnerin an Assistante en Pharmacie. Hirem éischten Kontakt mat den Ueleger war an der Apdikt an zanterhier si mat vill Passioun déi 2 Beruffer. Virun 10 Joer koum dunn déi éischt...
2022-06-10
28 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 22 : Schlof
MAM MASA NOBILO restfulsleep.eu Schlof ass un sech en Zoustand vun absolutter Rou bei Mënsch an Deieren. Den Puls, d’Noutfrequenz an och den Bluttdrock veränneren sech an eisem Schlofphasen an schlof ass wichteg fir en gesond an equilibréiert Liewen, ma weder ze vill nach ze mann Schlof ass gutt fir äis. Wéi mir kennen besser schlofen, méi ausgeglach rouen an am Gesamtbild méi balancéiert kenne sinn dat ass der Masa Nobilo hier Aufgab. Dei fréier Interpretin an Iwwersetzerin ass haut als Coach Actif. Sie ass Embodied Fa...
2022-05-06
30 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 21: Allergien
MAM FANNY MOREL www.chl.lu Allergien sinn en Phänomen vum Occident, wisou dat esou ass an wat een preventiv kann maachen, dat beliichten mer an dësem Episode vum Be Well Podcast. Pollen, Liewensmëttel, Fell vun Deieren oder Milben… et ginn eng hëllewull un Saachen op déi déi Erwuessen ma och d’Kanner allergesch reagéieren an déi puer awer och heiansdo ganz vill Auswierkungen op den Alldag hunn. Mee wat genee ass iwwerhaapt eng Allergie, wei entstinn se an wei kann een se evitéieren oder esouguer heelen? Doriwwer schw...
2022-04-01
32 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 20: Trisomie21
MAM MARTINE EISCHEN www.trisomie21.lu Trisomie 21 ass déi heefegst genetesch Anomalie. 1 op 1000 Gebuerten getraff ass. Sie exiléiert op der ganzer Welt an dat schonn zanter ëmmer. Un sech enthalen Zellen vun engem Mënsch mat Down Syndrom eng zousätzlech Kopie vum Chromosom 21 also hunn si der am ganzen 3 puer an dohier och den Numm Trisomie 21. Mee wei ass d’Liewen mat deem “Chromosome en plus” an wei ass d’Situatioun haut . Doriwwer schwätzen mer mat der Presidentin an Fondatrice vun der Asbl Trisomie 21 am Kader vum Weltdaag vun der vun der Trisomie 21 den 21 Mäerz...
2022-03-04
30 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 19: Danz
MAM KAMILLE M. www.kamille-m.com Danz, dat sinn un sech eng Serie vun Mouvementer déi dacks ästhetesch oder symbolesch gemengt sinn, et ass d’Beweegung vum Kierper ouni Wierder, et ass quasi eng Zort Sprooch vum Kierper. Wat fir eng Auswierkungen huet Danzen op eis? Kann eigentlech jiddereen Danzen? Wei kann Danzen eis als Erwuessenen mee och als Kand positiv beaflossen an eventuell zu engem ganz neien Kierpergefill hëllefen. Doriwwer schwätzen mer mat der Danzpädagogin Kamille M. an naitsten Podcast Be Well, de gesonde Podcast zu Lëtzebuerg.
2022-02-04
19 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 18: Mindful Eating
MAM TAMMY DIDERICH Tammy Diderich op Instagram An dësem neien Episode beschäftegen mer eis haut mam Sprit vum Kierper, nämlech eisem Iessen an eisen Iessgewunnechten. Mindful Eating: wei kann ech méi bewosst an méi intuitiv Iessen an weieng ganz einfach Saachen kann ech an mengen Alldag ëmsetzen fir dass d'Iesssaachen déi ech zou mer huelen mir och an Leif an Séil gutt dinn. Doriwwer schwätzen mer mam Tammy Diderich, Diététicienne am Sportslycee. Sie ass spezialiséiert op Sporternährung an Intuitiv Iessen.
2022-01-06
27 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 17: Osteopathie
MAM LAURENT DEVALET Osteopathie ass eng eegestänneg Form vun Medezin an där mat den Hänn geschafft gëtt. Den Mënsch gëtt an senger Gesamtheet behandelt. Vill Leit ginn mat Neigebueren bei den Osteopath oder z-B wann se Péng am Kierper hunn oder aner Problemer. Wat genee ass Osteopathie? Wou hëlleft se an wat ënnerscheet Osteopathie, vun Kiné, Chiruparktiker oder MikroKiné? Vir doriwwer ze schwätzen ass haut den Laurent Devalet bei mir. Hien schafft 2015 als Osteopath an enger pluridisziplinär Praxis.
2021-12-02
35 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 16: Burnout
MAM VIOLAINE NEUSER www.gesondheetszentrum.lu Emotional exhaustion syndrome oder och Burn Out genannt huet een op 10 Employéen an Europa. Am Grand-Duché geet des Zuel souguer nach an d’Lut mat 2 Persounen op 10 déi sech op der Aarbecht gestresst fillen, an chroneschen Stress ass den gréissten Risikofacteur fir en Burn Out. Haut schwätzen mer mam Violaine Neuser , Psychologin am Gesondheetszentrum. Sie ass spezialiséiert am Stress Management an Biofeedback Therapy.
2021-11-05
26 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 15: Hypnotherapie
MAM VANESSA GRANDJEAN www.imhel.lu Hypnotherapie baséiert op Psychotherapie an schafft mat verännertem Bewosstsinn déi ënnert dem Begrëff „Trance“ zesummegefaasst ginn. Dëst passéiert duerch Techniken mat Suggestiounen an Formuléieren an sollen et erméiglechen un Partien vun Ennerbewosstgsinn ze kommen op déi mir soss am alldeeglechen liewen keen Accès hunn. Fir mat äis doriwwer ze schwätzen accueilléieren ech haut d’Vanessa Grandjean, si ass Psychotherapeutin am Centre Hospitalier de Luxembourg
2021-09-30
27 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 14: Microkinesitherapie
MAM CHRISTOPHE RADECK microkinefrance.org Microkinesitherapie ass eng douce an manuell Therapie wou mat Beréierung geschafft gëtt fir am Organismus déi Platzen ze fannen wou Wonnen nach net geheelt sinn. D'Microkiné, wéi se kuerz genannt gëtt kann Irritatiounen oder Trauma opschaffen déi engem un sech net vlait guer net wierklech bewosst ass. Fir doriwwer ze schwätzen ass haut den Kiné Christophe Radek bei mir am Studio deen zanter 30 Joer als Kiné schafft ma haut quasi just nach Microkiné praktizéiert zu Lëtzebuerg an an Frankräich.
2021-09-09
23 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 13: Yoga Therapie
MAM HELDER DA GRACA www.rajayoha.lu Yoga gëtt et an den ënnerschiddlechste Varianten an déi al Léier aus Indien ass scho laang e weltwäiten Trend. Et ass eng Antik Praxis fir den Kierper an den den Geescht ze harmonéieren an dat mat Otem Exercicer, Übungen an Meditatioun. Yoga Therapie ass wann een des Prozesser ganz bewosst a säin deeglecht Liewen abaut an applizéiert. Mir schwätzen mam Helder de Graça deen schonn méi wei 10 Joer Yoga an och Yoga Therapie enseignéiert an praktizéiert.
2021-07-01
27 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 12: Nutritioun
MAM ISABEL GALIANO cancercoach.org isabelgaliano.com Wat ass déi bescht Ernierung, eng Fro déi d'Leit schonn zanter laangem iwwerall op der Welt hunn. Eng kloer Aenwert gëtt et net, mee ech gëtt sécherlech Richtungen déi méi gesond sinn wei anerer. Wouropper kann een an sengem Alldag oppasse, an wat duerch wat ersetzen. Wei schiedlech ass Zocker an wei schwéier wichteg ass et sech bewosst ze ernären an net just einfach all puer Stonne eppes iessen. Iessen kann een gesond, mee eben och krank man. An net all Kierper b...
2021-06-03
35 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 11: Gesondheetsberuffer
MAM ELSA DO CARMO chl.lu ltps.lu Sie waren virun allem am leschten Joer déi absolut Helden vum Alldag! Infirmieren an Infirmiere, Dokteren, Aide Soignanten… dat ganzt medezinescht Personal an dat weltwäit. Wei wichteg et ass dass vill Leit der Beruffung als Fleeger noginn hunn mer alleguerten spéitstens do verstanen. Fir iwwert d’Passioun vun den Gesondheetsberuffer schwätzen ass haut d’Elsa Do Carmo, Directrice vum Pôle Centre Mère-Enfant aus dem CHL bei Be Well am Gespréich. Mir schätzen iwwert den Alldag an den Klinicken ma och iwwert d’Situatioun v...
2021-05-06
34 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 10: Otmung
MAM MICHELE SCHONS heartbreathing.info Et ass eng vun den banaalsten Saachen an eisem Liewen an awer stécht esou vill an eisem Otem wat mir net wouerhuelen. Mat den richtegen Techniken kann een sech entspanen oder nees Energie kréien, et kann een Saachen opschaffen oder sech komplett aus enger Stresssituatioun erauszéien. Wéi een den sougenannten "Breathwork" kann ugoen, an weieng ganz einfach Übungen een selwer kann man, dat erklärt äis d'Michèle Schons, Radiosspeakerin an Life Coach, mee och Expert am Breathwork, also Otemübungen.
2021-04-08
32 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 9: Ayurveda
MAM JOHN SCHLAMMES ayurveda-johnschlammes.com Dass Planzen eis kennen hëllefen ass scho laang bekannt, dass et awer ëmmer em déi richteg Mëschung geet an dass déi fir anescht ass ass vlait net esou gewosst. Haut Reesen mer bis an Indien an interesséieren eis fir hier traditionell Medezin an do spillt alles eng Rolle fir eis Gesondheet ugefaangen bei deem wat mer iessen. AyurVeda op englesch iwwersat “ knowledge of life and longevity" also "Langliewen an virun allem gesond" dat wëllen mer jo all, wei mer dat kennen ugoen mat Ayurveda dat erklärt eis den...
2021-03-18
23 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 8: Akupunktur
MAM TOM ELVINGER www.acupuncture.lu Alternative Medezin, do denkt een séier un also Traditionell Chinesesch Medezin an aus där kennt dann och d’Akupunktur an déi gëtt schonn iwwer 3000 Joer praktizéiert. An Asien Géigenden ass des Technik awer vill méi rezent. Wei kennen Nolen heelen an weieng Impulser setzen si am Kierper? Bei wat kann een Akupunktur uwenden an wei effikass ass dat ganzt? Fir doriwwer ze schwätzen ass den Dokter Tom Elvinger, Generalist & Akupunkturist.
2021-03-04
35 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 7: Psychotherapie
MAM MICHEL JUNCKER www.praxishippocampus.com Och 2021 zecken nach ëmmer vill Leit fir bei den Psycholog oder den Psychiater ze goen wann et hinnen séileg net gutt geet. Deels natierlech och well dëst nach net vun der Krankekeess gett, wat sech jo an Zukunft zu Lëtzebuerg kéint änneren. Wat ass iwwerhaapt den Ënnerscheed tëscht Psychologe, Psychotherapeut, Psychiater an Coach an wat kann wiem an weienger Liewenssituatioun hëllefen… ech schwätzen dorriwer mam Psychotherapeut Michel Junker Hien deen sech op Schematherapie spezialiséeiert huet an och Member ass vun der Association Luxembourgeoise de Cognitivo...
2021-02-18
35 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 6: Minimalismus
mam NICOLE WIESNER www.less.lu “Let go of things, calm your mind, nurture your soul” - www.less.lu Haut geet et em eppes wat mer all ze vill doheem hunn, nämlech Saachen… fir déi eng ass et den Schaaf voller Kleeder déi een ni undeet, déi aner hunn eng Kichen voller Tasen an Tupperware wou een ni richteg weess wouhin domat. 10 Handdicher op den Kapp oder 100 Puer schong… mir kennen den Problem an un sech och d’Léisung. Mat manner Saachen lieft et sech net just méi einfach mee och indirekt vil...
2021-02-04
25 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 5: Cold Yoga
MAM PHILIPPE KIEFFER www.altereco.me www.yogasante.org Schonn déi antik Tibetaner wossten et; de beschte Remède géint Keelt ass… Keelt! Hieren Yoga mécht een net nëmme méi resistent mee och méi staark a méi fit. TOUMO - iwwersat : "inner fire” also d’Feier wat an äis brennt ass eng Technik aus dem Tibetanesche Yoga an et geet drëms wei ee kann de Kierper an och de Geescht fir extrem Konditiounen adaptéieren. Et kann een sech natierlech virstellen dass dat gutt ass fir den Immun System, mee do ge...
2021-01-21
30 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 4: Faaschten
mam MONIQUE SCHMIT www.fastenwandern.lu/ Faaschten, also fir Stonne, Deeg oder esouguer Wochen näischt z'iessen gëtt et schonn Joerhonnerten. Wat huet et domadder op sech an wat geschitt dobäi am Kierper an am Geescht. Doriwwer schwätzen ech mam Monique Schmit vun Fastenwandern.lu. Si ass pensionéiert Infirmière an huet sech hiert Liewen laang mat Ernierung an Gesondheet beschäftegt. Zanter 25 Joer mëscht si all Joers eng Faaschtewoch no Buchinger a beschäftegt sech och soss ganz vill mat gesonder vitalstoffräicher Vollwertkascht. Nieft hirem Engagement bei den Faaschtenwanderer geet si och sos...
2021-01-07
18 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 3: Soundmassage
mam GILLES HEINISCH www.calme.lu Musek an Téin hunn en groussen Effekt op äis. Se kennen frou stemmen oder traureg. Ma doriwwer eraus kënnen se äis awer och déif entspanen an et ass och eng Methode fir verschiddenes am Kierper ze débloqueieren. Mam Gilles Heinisch, zertifiéierten Entspanungstrainer an Klangmassagepraktiker schwätzen mer an dësem Episode iwwert d'Beneficen vun Soundhealing an als Bonus gëtt et um Enn dann och nach eng Klangmassage fir vun doheem aus matzemaachen. Macht et iech also gemittlech.
2020-12-18
35 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 2: Mindset beim Sport
mam JEFF PAULUS www.aform.lu Dass Sport oder physesch Aktiviteit gudd ass fir den Kierper an och den Geescht ass wuel jidferengem bekannt. Mee wéi wichteg ass den Mindset beim Sport an op waat kann een selwer oppassen oder wéi kritt een sech selwer motvéiert? De Jeff Paulus ass Fitnesscoach, Personal Trainer an Athletiktrainer. Hien huet Sportwëssenschaft am Master zu Saarbrecken studeiert an ass Diplom Sportprof. Zanter 2011 ass hien selbststänneg an huet sain Studio AFORM gegrënnt (elo um Belval). Hien huet och vill Handball gespillt souguer och fir d’ Nationalequipe. Den Jeff...
2020-12-04
24 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Episode 1: Forestbathing
mam Karen DECKER www.beschcoaching.lu D'Karen Decker ass Bësch Coach, ma als passionéiert Bësch Guide weess hat awer och ganz vill iwwert d’Beem an och soss all Bëschbewunner ze zielen. D’Karen ass elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner, Educateur gradué an huet sech nach ëmmer fir orientalesch Philosophy a Spiritualitéit interesséiert. En Trip a Japan mat 19 Joer hat och do en groussen Afloss. D’Karen huet dann och Chinesesch Medezin studéiert, en Diplom als Face-Yoga-Prof a meditéiert reegelméisseg. 2016 hat hatt en totalen Burnout deen 3 Joer gedauert huet an den Bësch...
2020-11-26
25 min
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Epilogue
MAM SARAH CATTANI www.sarahjohnyoga.com Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen? Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani. Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen…
2020-11-01
01 min
Talking About Organizations Podcast
58: Contingency Approach - AoM 2019 Workshop LIVE
In the 2019 workshop at the annual meeting of the Academy of Management, we paid particular attention to the European(/UK) tradition as this is usually overlooked in our area (especially the work of the Tavistock Institute). We selected authors and groups representing different aspects of this approach with presentations by Sarah Kaplan (on Joan Woodward), Signe Vikkelsø (on the Tavistock Institute and Socio-Technical Systems), and Gino Cattani (on James D. Thompson). This was followed by roundtables mediated by the speakers and a plenary discussion.The episode begins with the presentation of some “postcards” — notes sent to us from several...
2019-11-19
44 min
EduMatch Tweet & Talk
High Performing PLCs
Recorded on May 20, 2018 Moderator:Josue Falaise (@JosueFalaise) Dr. Josue Falaise is a Rutgers University alum with a Bachelors of Arts from Rutgers Newark College of Arts and Sciences (NCAS). He received his Masters of Arts in Education Administration and Supervision from St. Peters University. He holds a doctorate in Educational Leadership from Nova Southeastern University. Dr. Falaise began his 19-year career as an elementary school science teacher. Then he became a middle and high school biology and environmental science teacher. After four years of teaching and time as an adjunct professor at Mercer County Community College, he spent the last 15 y...
2018-05-24
30 min